Temporär Subventioun vum Verkafspräis vu Masutt

No der aussergewéinlecher Erhéijung vum Pëtrolspräis op Grond vun der internationaler Situatioun, huet d'Regierung decidéiert eng temporär Ofsenkung vum Verkafspräis vum Heizueleg (Masutt) vu 15 Cts/l TTC anzeféieren.

Dës spezifesch an zäitlech begrenzt Mesure trëtt automatesch a Kraaft, Dir braucht keng weider Schrëtt z'ënnerhuelen.

Weider Informatiounen a Rotschléi fir Ären Energie-Konsum ze reduzéieren an esou nach weider ze spueren, fannt Dir op www.energie-spueren.lu.

FAQ

1. Wéi eng Demarchë muss ech ënnerhuelen?

Dës Moossnam gëllt automatesch, Dir braucht näischt ze ënnerhuelen.

2. Wéi laang gëllt dës Mesure?
  • D'Reduzéierung vun den Heizkäschten (Mazout) trëtt den 1. November 2022 a Kraaft a gëllt bis den 31. Dezember 2024.
3. Wat ass de finanziellen Impakt vun der Mesure fir mech?

Doduerch dass de Staat fir verschidde Pëtrolsproduite 15 Cts/L TTC iwwerhëlt, gëtt dës Präishausse ofgefiedert. De genaue finanziellen Impakt hänkt vun Ärem perséinleche Konsum of. Bei engem Verbrauch vun 3.000 Liter Masutt, géift Dir esou 450 Euro spueren.

Wéinst der aktueller Situatioun vum Marché, kënnen d'Pëtrolspräisser trotz dëser Mesure méi deier ginn. An deem Fall, gëtt den Impakt vun esou enger Hausse duerch dës Moossnam amortiséiert.

4. Vu wéini u profitéieren ech vun dësem finanzielle Virdeel?

D'Reduzéierung vu 15 Cts/L TTC gëtt automatesch an direkt applizéiert.

Aktualiséiert