Temporär Subventioun vum Verkafspräis vun Holzpellets fir d'Stéit

Opgrond vun der aussergewéinlecher Präishausse fir Holzpellets, déi op déi aktuell international Situatioun zeréckzeféieren ass, huet d'Regierung decidéiert eng temporär Reduzéierung vum Verkafspräis vun Holzpellets am Lassenen, déi fir d'Primärheize vun de Stéit genotzt ginn, anzeféieren an dëst an enger Héicht vun 35%, mat engem maximale Betrag vun 200 Euro TTC pro Tonn. Dës Reduktioun gëllt fir Liwwerunge vun Holzpellets am Lassene per Tankwon op dem Territoire vum Grand-Duché:

-          un Eefamilljenhaiser mat enger maximaler Quantitéit vu 5 Tonne pro Liwwerung;

-          u Residenzen (mat op mannst 2 Wunneenheeten) mat enger maximaler Quantitéit vun 10 Tonne pro Liwwerung.

Dës Moossnam gëllt vum 1. Januar 2023 bis den 31. Dezember 2024 fir Bestellunge vu Pelletsliwweranten déi an dësem Regëster agedroe sinn.

Fir Energie ze spueren, besicht d'Websäit www.zesumme-spueren.lu, wou Dir iwwer verschidde Méiglechkeeten informéiert gitt, déi Iech hëllefen Ären Energieverbrauch weider ze reduzéieren.

FAQ

Fir wie gëllt dës Moossnam?

Dës Reduktioun gëllt fir d'Liwwerunge vun Holzpellets am Lassene per Tankwon u privat Stéit mat enger maximaler Quantitéit vu 5 Tonne pro Liwwerung fir Eefamilljenhaiser an 10 Tonne pro Liwwerung fir Residenzen (op mannst zwou Wunneenheeten).

Wéi laang gëllt dës Mesure?

Dës Mesure gëllt vum 1. Januar 2023 bis den 31. Dezember 2024.

Wéi eng Demarchë muss ech ënnerhuelen?

Wann Dir Pellets bestellt, ass et néideg ze kontrolléieren ob Äre Liwwerant am Register ageschriwwen ass.

Zousätzlech musst Dir eng Déclaration sur l’honneur (Modell hei verfügbar), déi ugëtt, ob et en Eefamilljenhaus oder eng Residenz mat e puer Wunnunitéiten ass, ausfëllen, ënnerschreiwen, an dem Fournisseur fir all Liwwerung vun de Pellets ginn.

D'Präisreduktioun gëtt automatesch op d'Rechnungen applizéiert.

Wéi vill Sue kann ech duerch dës staatlech Bedeelegung spueren? [1]

Beispiller fir Standardliwwerungen

 

Liwwerung vu 5 Tonne fir en Eefamilljenhaus (estiméierte Basispräis)

  • Mat der Moossnam: 2.400 €
  • Ouni Moossnam: 3.400 €

1.000 € Contributioun vum Staat bezuelt

 

Liwwerung vun 10 Tonne fir eng Residenz (estiméierte Basispräis)

  • Mat der Moossnam: 4.800 €
  • Ouni Moossnam: 6.800 €

2.000 € Contributioun vum Staat bezuelt

 

[1] Beispiller vu Standardclienten op der Grondlag vu ponderéierte Moyennen

Wou fënnt een d'Lëscht vun de registréierte Liwweranten?

Eng Lëscht vun de Liwweranten, déi am Regëster agedroe sinn, gouf hei vum Ministère fir Energie a Landesplanung publizéiert.

Aktualiséiert