-
Aluedung fir d'Table ronde "Nohaltegen Tourismus: Méi ewéi eng Alternativ?" an der Nationalbibliothéik
Am 21. Joerhonnert ass d'Tourismusbranche mat groussen Erausfuerderunge konfrontéiert. Net nëmmen déi aktuell COVID-19-Kris, ma och d'Diskussiounen iwwert de Klimawandel geheien d'Vakanzen, wéi een se säit Jore kennt, op d'Kopp: Fortbeweegungsmëttel wéi de Fliger an d'Schëff gi staark kritiséiert a sinn ëmmer méi ëmstridden.