Stabiliséierung vum Stroumpräis fir d'Stéit

Fir d'Stéit no der aussergewéinlecher Hausse vun de Stroumpräisser opgrond vun der ugespaanter Situatioun op de Stroummäert ze ënnerstëtzen, huet d'Regierung eng staatlech Contributioun agefouert, fir d'Stroumpräisser fir privat Clienten am Duerchschnëtt op hirem Niveau vun 2022 ze stabiliséieren, an dat fir all privat Clienten, déi manner wéi 25.000 kWh pro Joer verbrauchen.

Dës Moossnam gëtt automatesch vum 1. Januar 2023 bis den 31. Dezember 2024 applizéiert.

Fir onst globaalt Zil vum Energiespueren ze erreechen, besicht d'Websäit www.zesumme-spueren.lu wou Dir iwwer verschidde Méiglechkeeten informéiert gitt, déi Iech hëllefen Ären Energieverbrauch weider ze reduzéieren.

FAQ

Fir wie gëllt dës Moossnam?

Dës Moossnam gëllt fir all Clienten déi manner wéi 25.000 kWh pro Joer verbrauchen.

Wéi laang gëllt dës Mesure?

Dës Moossnam gëtt automatesch vum 1. Januar 2023 bis den 31. Dezember 2024 applizéiert.

Wéi eng Demarchë muss ech ënnerhuelen?

Dës Moossnam gëllt automatesch, Dir braucht näischt ze ënnerhuelen.

Dës staatlech Contributioun gëtt direkt (ab dem 1. Januar 2023) an den Avancen an den Ofrechnungen, déi d'Clienten ze bezuelen hunn, verrechent. 

Wéi vill Sue kann ech duerch dës staatlech Bedeelegung spueren?

Beispiller vu Standardclienten op der Grondlag vu ponderéierte Moyennen:

Beispill 1

An engem typeschen Appartement mat engem Stroumverbrauch vun 3.500 kWh pro Joer, hätt déi vun de Fournisseuren annoncéiert Hausse vum Stroumpräis zousätzlech Käschte vun ongeféier 430€ pro Joer mat sech bruecht. Dës zousätzlech Käschte ginn an der Moyenne vollstänneg duerch dës staatlech Mesure kompenséiert.

Beispill 2

An engem typeschen Eefamilljenhaus mat engem Stroumverbrauch vu 5.000 kWh pro Joer, hätt déi vun de Fournisseuren annoncéiert Hausse vum Stroumpräis zousätzlech Käschte vun ongeféier 610€ pro Joer mat sech bruecht. Dës zousätzlech Käschte wäerten an der Moyenne vollstänneg duerch dës staatlech Mesure kompenséiert ginn. 

Ech hunn en Elektroauto, kann ech vun der staatlecher Contributioun op de Stroumpräis profitéieren?

Jo, Dir kënnt vun der Präisreduktioun profitéieren.

  • Wann Dir Ären Elektroauto doheem opluet, profitéiert Dir direkt vun der temporärer Reduktioun vum Verkafspräis vum Stroum.
  • Wann Dir Ären Elektroauto op enger fir de Public zougänglecher Opluedstatioun um Territoire vum Grand-Duché opluet, kënnt Dir vun enger Präisreduktioun profitéieren.

Dës Moossnam gëllt automatesch vum 1. Januar 2023 bis den 31. Dezember 2024, wann Äre Mobilitéitsdéngschtleeschter sech am Register ugemellt huet.

Dir kënnt hei kucken ob Äre Mobilitéitsdéngschtleeschter am Register vun de Fournisseuren ass, déi d'Präisreduktioun applizéieren.

Aktualiséiert