Temporär Subventioun vum Gas-Präiss

No der aussergewéinlecher Erhéijung vun de Gaspräisser opgrond vun der internationaler Situatioun, huet d'Regierung decidéiert d'Hausse vun de Gaspräisser fir déi privat Clienten op +15% am Verglach zum duerchschnëttlechen Gaspräisniveau am September 2022 ze begrenzen.

Dës Moossnam gëtt automatesch applizéiert, et muss keng Demarche duerchgefouert ginn. Si gëtt vum Oktober 2022 bis Dezember 2024 applizéiert. De Staat wäert och weiderhin d'Reseauskäschten bis Enn Dezember 2024 iwwerhuelen.

Fir nach méi Käschten ze spueren, besicht d'Websäit www.zesumme-spueren.lu wou Dir iwwer verschidde Méiglechkeeten informéiert gitt, déi Iech hëllefen Äre Gasverbrauch weider ze reduzéieren.

FAQ

Wéi laang gëllt dës Moossnam?

D'Moossnam fir d’Erhéijung vun de Gaspräisser ze limitéieren gëtt vum 1. Oktober 2022 bis den 31. Dezember 2024 applizéiert.

De Staat wäert och weiderhin d'Reseauskäschten bis Enn Dezember 2024 iwwerhuelen.

Fir wien gëllt dës Mossnam?

D'Subventioun vun de Reseauskäschten an d'Mesure fir d'Erhéijung vun de Gaspräisser ze limitéieren gëlle fir all Clienten, déi e Gaszieler hunn, deem säi maximale Stonnefloss manner wéi 65 m3/h ass (Kat. 1 oder Kat. 2).

Cliente mat engem Gaszieler, deem säi maximale Stonnefluss méi héich oder gläich ass wéi 65 m3/h ass (Kat. 3, grouss Wunngebaier), kënnen, mat Hëllef vun engem Formulaire vum Ministère, eng Subventioun beim Ministère ufroen, wa se kënne noweisen, datt op d'mannst 60% vun de privaten Eenheeten am Gebai fir Wunnzwecker genotzt ginn.

Wat ass de finanziellen Impakt vun der Moossnam fir mech?

Duerch de staatleche Bäitrag gëtt d'Hausse vun de Gaspräisser op +15% am Verglach zum duerchschnëttleche Gaspräisniveau am September 2022 limitéiert. De finanziellen Impakt hänkt virun allem vun Ärem perséinleche Verbrauch of.

Zu wéi engem Zäitpunkt profitéieren ech vun dem finanzielle Virdeel? Huet dës Moossnam en Impakt op meng Avancen?

Dat hänkt vum Kontrakt mat Ärem Gasfournisseur of. An deene meeschte Fäll ginn d'Avancen all Mount oder all 2 Méint berechent an d'Fournisseure berécksiichtegen automatesch de finanzielle Virdeel an hirer Ofrechnung. Dir fannt Erklärungen iwwert den Impakt vun dëser Moossnam an Ärer Joresofrechnung. Och wann dëst net direkt fir Iech ersiichtlech ass, profitéiert Dir vun der dëser Moossnam vum 1. Oktober 2022 un.

Ech benotze Flësseggas fir ze Hëtzen, gëtt et eng Subventioun?

Jo, all Informatiounen dozou fannt Dir hei.

Aktualiséiert