Temporär Subventioun vum Verkafspräis vu Flësseggas fir d'Stéit

Opgrond vun der aussergewéinlecher Hausse vun de Pëtrolspräisser, déi op déi aktuell international Situatioun zeréckzeféieren ass, huet d'Regierung decidéiert eng temporär Reduzéierung vum Verkafspräis vu Flësseggas vun 0,20 Euro pro Kilo anzeféieren, fir Stéit, déi Flësseggas am Tank (Propan am Lassene fir den Haushaltsgebrauch) benotze fir hir Haiser ze hëtzen.

Dës Moossnam gëtt automatesch vum 31. Oktober 2022 bis den 31. Dezember 2024 applizéiert.

Fir nach méi Käschten ze spueren, besicht d'Websäit www.zesumme-spueren.lu wou Dir iwwer verschidde Méiglechkeeten informéiert gitt, déi Iech hëllefen Äre Gasverbrauch weider ze reduzéieren.

FAQ

Fir wien gëllt dës Moossnam?

Dës Moossnam gëllt fir all privat Clienten déi Flësseggas am Tank (Propan am Lassene fir den Haushaltsgebrauch) benotze fir hier Haiser ze hëtzen. 

Wéi laang gëllt dës Mesure?

Dës Moossnam gëtt automatesch vum 31. Oktober 2022 bis den 31. Dezember 2024 applizéiert.

Wéi eng Demarchë muss ech ënnerhuelen?

Dës Moossnam gëllt automatesch, Dir braucht näischt ze ënnerhuelen.

Wéi vill Sue kann ech duerch dës staatlech Bedeelegung spueren?

Doduerch dass de Staat fir 20 Cts/kg TTC iwwerhëlt, gëtt dës Präishausse vum Propan ofgefiedert. De genaue finanziellen Impakt hänkt vun Ärem perséinleche Konsum of. Bei engem Haus mat engem Verbrauch vu 4.000 Liter Propan pro Joer, géift Dir esou järlech 408 Euro spueren.

Wéinst der aktueller Situatioun vum Marché, kënnen d'Pëtrolspräisser trotz dëser Mesure méi deier ginn. An deem Fall, gëtt den Impakt vun esou enger Hausse duerch dës Moossnam amortiséiert ginn.

Aktualiséiert