Energie

Subventiounen

Informatiounen iwwer déi aktuell Subventiounen fannt Dir op www.subventions-energie.lu.

Energiepolitik - op de Wee vun enger nohalteger, sécherer a kompetitiver Energieversuergung am Kontext vun der Dekarbonisatioun

D'Zil vun der Lëtzebuerger Energiepolitik ass et d'Erausfuerderungen am Beräich vu Klima an Ëmwelt unzegoen an d'Versuergungssécherheet vum Land ze garantéieren. Lëtzebuerg passt sech de Klima-Ambitiounen, déi sech déi international Gemeinschaft duerch d'Paräisser Ofkommes ginn huet, un. Fir dëst Zil z'erreechen ass et wichteg d'Objektiver vun den Null-Emissioune bis 2050 an den Iwwergang op 100% erneierbar Energien unzestriewen an ze realiséieren.

Den integréierten nationalen Energie- a Klimaplang (PNEC) stellt d'Grondlag vun der Klima- an Energiepolitik zu Lëtzebuerg duer. E beschreift d'Politik an d'Moossnamen déi et erméiglechen déi ambitiéis national Ziler fir d'Reduzéierung vun den Zäregasemissiounen (-55%), den erneierbaren Energien (25%) an der Energieeffizienz (vu 40 bis 44%) bis 2030 z'erreechen. Hie stellt den Handlungsplang duer, deen duerch d'Ofstëmmung vu Reglementer, Programmer a Projeten an de spezifesche Beräicher tëschent 2020 an 2030 soll ëmgesat ginn.

D'Haaptpiliere sinn de massiven Ausbau vun erneierbaren Energien, hier Integratioun an d'Energienetz ënner anerem duerch d'Entwécklung vun dezentraliséieren Energiespäicheren, digitaliséierten an dofir vill méi effizienten Energienetzer, d'Notzung vu méi nohaltegen Transportmëttelen, en intelligenten Immobiliebestand an eng Reduktioun vun der groer Energie an de Materialstocken a -stréim.

Aktualiséiert