Stroum, Gas, Pëtrol an Elektromobilitéit

Stroum

De Stroum spillt eng zentral Roll an eiser Gesellschaft, andeems en eng sëllegen Unzuel un ëffentlechen a privaten Notzungen a Zerwisser assuréiert. D'Qualitéit vun der Stroumversuergung zu Lëtzebuerg zielt zu deene beschten an Europa an et ass noutwenneg datt och an Zukunft d'Nohaltegkeet, d'Sécherheet an déi abordabel Tariffer dovunner geséchert sinn. Gläichzäiteg befënnt sech de Stroumsecteur an enger Iwwergangsphas fir kënnen aktiv op d'Erausfuerderunge vun der Dekarboniséierung vun de verschiddene Secteuren anzegoen a fir d'Ziler, déi duerch den nationalen integréierten Energie- a Klimaplang (PNEC) definéiert goufen, z'erreechen. Esou wäert de Stroum an Zukunft eng nach méi wichteg Roll spillen, well e relativ einfach ze dekarboniséieren ass an extreem flexibel fir eng grouss Palett un Uwendungen kann benotzt gi kann, wéi z. B. am Transport, beim Hëtzen a Killen, bei industrielle Prozesser, asw.

Am Stroumsecteur gëtt dofir op d'Oprechterhalen an déi adequat Entwécklung vum Stroummaart zu Lëtzebuerg an iwwert d'Grenzen eraus geuecht. Opgrond vu senger Gréisst a sengen Eegenschafte sinn d'Vernetzunge mat den Nopeschlänner immens wichteg a wäerten och weiderhin duerch en Engagement op europäeschem an nationalem Niveau ënnerstëtzt ginn. Esou erméiglecht dat vernetzte Stroumtransportnetz et d'Versuergungssécherheet vum Land ze erhalen an ze erhéijen an eng optimal Integratioun an den europäeschen Energiemaart ze garantéieren.

Duerch déi nei intelligent Stroumzieler wäerten den Eegeverbrauch an d'Kreatioun vun Energiegemeinschafte wichteg Elementer bei der Energietransitioun sinn, grad esou wéi d'Bedeelegung u Flexibilitéits- an Energieeffizienzprogrammen oder och d'Uwendung vu Stroumverträg mat dynameschen Tariffer.

© Sophie Margue

Elektromobilitéit

D'Elektromobilitéit spillt eng wichteg Roll an der Ëmsetzung vun den Ziler, déi am nationalen integréierten Energie- a Klimaplang (Plan national intégré en matière d’énergie et de climat - PNEC) festgehal goufen. Sie dréit dozou bäi d'Zäregasemissiounen an den Energieverbrauch am Transportwiesen däitlech erofzesetzen an och déi lokal Emissioune vu Loftverschmotzung a vu Kaméidi ze reduzéieren. Fir d'Ziler vun der Dekarboniséierung a vun der Energieeffizienz z'erreechen, gesäit de PNEC fir, datt bis 2030 49% vun den Autoen aus der Flott elektresch solle sinn. Dofir ass eng entspriechend Opluedinfrastruktur op alle Niveauen néideg. Fir eng Grondinfrastruktur fir ëffentlech Opluetstatiounen ze garantéieren, gouf fir en Ausbau vu gemeinsamer nationaler Infrastruktur mam Numm "Chargy" optéiert, mat 800 Opluetstatiounen, déi op ëffentleche Plazen a Parkingen, a P&R Parkingen installéiert ginn, dovunner 88 "Super Chargy" Schnell-Opluedstatiounen, déi alleguerten duerch 100% erneierbare grénge Stroum alimentéiert ginn.

Fir d'Entwécklung vun der Elektromobilitéit nach weider ze fërderen, gi künfteg Privatprojete fir zousätzlech Opluetstatiounen encouragéiert.

Nieft der ëffentlecher Opluedinfrastruktur ass et och wichteg, datt d'Benotzer vun Elektroautoen doheem vun enger zouverlässeger an technesch sécherer Opluedinfrastruktur profitéiere kënnen. Dat groussherzoglecht Reglement vum 19. August 2020 iwwert d'Aféierung vu privaten Opluedstatioune fir Elektrogefierer ënnerstëtzt Privatpersoune finanziell an hiren Demarchë fir eng adaptéiert Opluedinstallatioun.

D'Oplueden op der Aarbecht grad esou wéi d'Infrastruktur fir d'Oplueden vun de Betribsflotte vervollstännegen dësen Ökosystem deen noutwenneg ass fir d'Ziler an der Elektromobilitéit zu Lëtzebuerg ze erreechen.

Äerdgas

Am Äerdgassecteur bleift d'Oprechterhale vun der Versuergungssécherheet an der Iwwergangsphas op en dekarboniséierten Energieverbrauch immens wichteg, sief et duerch d'Vernetzunge mam integréierten europäesche Marché oder duerch déi technesch Sécherung vu bestoenden Infrastrukturen. Well bis 2050 d'Verwendung vu fossillem Äerdgas verschwanne soll, kann déi bestoend Gasinfrastruktur eng wichteg Roll an der Energietransitioun spillen, sief et fir den Transport vun dekarboniséiertem Gas (power to gas) oder vu gréngem Waasserstoff. Esou wäert den innovative Projet vun der Integratioun vum Lëtzebuerger a belsche Maart an een eenzege Belsch-Lëtzebuerger Gasmaart weiderhin eng wichteg Roll spillen.

Pëtrolsproduiten

Am Beräich vun de Pëtrolsproduiten, soll eng detailléiert Analys an Auswäertung vum Bedarf u Lagerkapazitéiten op nationalem Niveau duerchgefouert ginn, woubäi déi national Ziler fir 2030 berécksiichtegt ginn, an och déi laangfristeg Perspektive bis 2050, déi am PNEC zréckbehale goufen. An deem Kontext gëtt och d'Entwécklung vun de Lagerkapazitéiten op europäeschem Niveau bis 2030 a bis 2050 analyséiert, woubäi ganz besonnesch op d'Entwécklung vun de Kapazitéiten an de Nopeschlänner opgepasst gëtt.

Dës Analys dierft Weeër weise fir d'Versuergungssécherheet vun de Pëtrolsproduiten z'optiméieren an an engems d'Noutwendegkeet berécksiichtegen, fir d'Beräicher vum Verkéier a vum Hëtze bis 2050 ze dekarboniséieren.