Aktualiséiert den
De Ministère
De Wirtschaftsministère ass fir d'Wirtschaftspolitik am Land zoustänneg. An dësem Zesummenhang, trëfft de Ministère déi strategesch Entscheedungen a setzt, am Kader vu sengen Attributiounen (Franséisch), déi néideg Instrumenter an, fir d'Dynamik an déi nohalteg Entwécklung vun der nationaler Wirtschaft ze garantéieren.
D'Attributioune vum Wirtschaftsministère ëmfaassen e breede Spektrum u Beräicher am Zesummenhang mat der wirtschaftlecher Entwécklung an dem ekonomeschen Ëmfeld vum Land, a sinn am interne Reglement vun der Regierung festgeluecht. Geméiss dësen Attributiounen, besteet de Wirtschaftsministère aus verschiddene Generaldirektiounen, déi an hirer Struktur am Organigramm (Franséisch) vum Ministère festgeluecht sinn. Déi verschidden Attributioune ginn de Kader fir d'Aktivitéite vum Wirtschaftsministère, sou wéi eng Panoplie un Servicer a Prozeduren, wéi se an der Rubrik "Aktivitéiten" detailléiert ginn.
Oppe Plazen am Ministère ginn um Portal govjobs.lu verëffentlecht.
D'Marché-publice vum Ministère ginn um Portail des marchés publics verëffentlecht.