Discours d'Étienne Schneider à l'occasion de la Foire de Printemps 2016

"Lëtzebuerg iwerhëlt e wichtege Rôle beim Schafe vun engem europäesche Réseau fir Supercomputere mat extrem héije Rechekapazitéiten"

Seul le discours prononcé fait foi
©MECO
Étienne Schneider lors de son allocution

"Altesses royales,

Excellences,

Här President,

Dir Dammen an Dir Hären,

Dëst Joer steet d'Fréijoersfoire ënner dem Motto vun den "Happy Days"! D'Mannequinen op den Affichë vun der Foire vehikuléiere mat hiren zefriddene Gesiichter en État d’esprit, deen och exzellent bei déi aktuell, ekonomesch Situatioun vu Lëtzebuerg passt.

Mir haten zejoert e Wirtschaftswuesstem vu ronn 5%. Renomméiert a fiabel international Organisatioune soe fir déi nächst Joere viraus, datt déi Croissance hei am Land op engem héijen Niveau bleift, an net ënner 3,5% fale wäert.

Zanter 2013 goufen zu Lëtzebuerg 25.000 nei Aarbechtsplaze geschaf. Den Emploi salarié ass déi lescht 12 Méint ëm ronn 3% geklommen. Mat 6,5% ass de Chômagetaux nees esou niddereg wéi am Januar 2013. Déi Tendenz no ënne bleift och fir déi nächst Joeren. Den Taux soll bis 2019 weider erof goen, op 6%.

Dës ekonomesch Performancë baséieren op enger zolitter a kohärenter Wirtschaftspolitik, déi fir d'Zukunft op en intelligenten an nohaltege Wuesstem setzt.

Mir wëssen, wat mir der Finanzindustrie als Wirtschaftsmotor aus de leschte Joerzéngten ze verdanken hunn. D'Finanzplaz ass am Gaange sech ëmzeorientéieren. Strukturell Ajustementer sinn néideg fir konform ze si mat internationalen Transparenzstandarden.

Dës Regierung huet mat deem Paradigmewiessel viru LuxLeaks, a laang virun de Panama Papers ugefaangen. Dee Wandel hat bis haut net de gefaarten Impakt op den Emploi an deem Secteur. 25% vum PIB gi vun der Finanzindustrie erwirtschaft. Dat heescht awer och, datt ¾ vum produzéierten, nationale Räichtum vu ganz anere Secteuren hierkommen.

Allgemeng loosse mir no an no d’Souveränitéitsnischen aus der Vergaangenheet hannert eis, a bauen op Kompetenznischen op, déi vill méi nohalteg sinn.

Dat geet net vun haut op muer.

Mir brauchen dofir vun den Entreprisë méi héich Investissementer a Fuerschung an Entwécklung.

Déi aktuell 0,66% vum PIB, déi Entreprisen an d'Recherche investéieren, ginn à terme net duer fir déi sektoriell Diversifikatiounspolitik mat esou vill Succès virunzeféieren, wéi bis elo. Eis Diversifikatiounspolitik ënnerstëtzt prioritär den Automobilsecteur, divers Weltraumaktivitéiten, Aktivitéiten déi op Eco- a Biotechnologië baséieren, d'Materialfuerschung an natierlech d'Logistik an den ICT-Beräich.

All déi do Secteuren entwéckele sech zanter Joere gutt, a beschäftegen haut schonn zesummen iwwer 30.000 Leit, d'Halschent dovunner alleng an den Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien.

Besonnesch an deem Beräich investéiere mir an den nächste Joere weider massiv, well sech d’Digitaliséierung queesch duerch all d'Secteuren zitt, och duerch déi méi traditionell wéi d'Handwierk oder de Commerce. Dofir wëllen a musse mir Lëtzebuerg och nach weider als dynameschen ICT-Standuert an Europa, an doriwwer eraus, positionéieren.

Performant, securiséiert Datenzentren, déi exzellent Konnektivitéit an haaptsächlech d'Infrastrukturen droen haut schonn zum internationalen "Image de marque" vum ICT-Standuert bäi. Mat Investissementer am High Performance Computing wëlle mir e villverspriechende Schratt méi wäit goen. Lëtzebuerg iwwerhëlt e wichtege Rôle beim Schafe vun engem europäesche Réseau fir Supercomputere mat extrem héije Rechekapazitéiten.

D'Recherche oder d'Industrie 4.0 brauchen esou Kapazitéiten, déi an der EU nach éischter seele sinn. De Wirtschaftsministère huet dëse Projet am Kader vun "Digital Lëtzebuerg" initiéiert, an zesumme mat Spuenien, Frankräich an Italien lancéiert. De Projet gehéiert zum 50 Milliarden Euro deiere Pak vu Mesuren, deen déi Bréisseler Kommissioun dës Woch presentéiert huet fir déi europäesch Betriber am Beräich Digitaliséierung par rapport zum Rescht vun der Welt fit ze maachen. High Performance Computing ass ee vu ville Projete mat deem mir d’Weiche stelle fir eng erfollegräich, wirtschaftlech Entwécklung vum Land an den nächste Joeren. Aner Projete sinn den Automobilcampus, deen op de Rouscht bei Bissen kënnt, oder den nationale Composite-Zenter, wou mir déi national Kompetenzen am Beräich Entwécklung an Traitement vun héich innovative Materialien zesumme leeën.

Mat Investissementer an esou Infrastrukture schafe mir Aarbechtsplazen a mir consolidéieren de soziale Wuelstand. Parallel sinn esou Projeten awer och déi bescht Reklamm, fir Lëtzebuerg als Innovatiouns- an als Investitiounsstanduert am Ausland bekannt ze maachen. Den Argumentaire op eise Wirtschaftsmissioune queesch duerch d'Welt limitéiert sech nämlech scho laang net méi alleng op den Taux vun der Betribsbesteierung, eis geografesch Lag an Europa oder eis Villsproochegkeet.

Altesses royales,

Dir Dammen an Dir Hären,

Déi lescht Wochen a Méint hu mir eis d’Moyene gi fir jonk an innovativ Betriber am Technologieberäich finanziell z'ënnerstëtzen. Mir hunn elo d’Instrumenter fir Start-Upen an der Ufanksphas an och nach doriwwer eraus finanziell ze begleeden.

Zesumme mam Incubateur Technoport a mat der Agence Luxinnovatioun hu mir zejoert de Programm Fit4Start opgeluecht fir esou Betriber z'encadréieren. Dee Programm ass elo scho wäit iwwer d’Grenzen eraus bekannt. Beim éischten "Appel de candidatures" hate sech iwwer 100 Entreprisë gemellt fir mat ze maachen, do waren der esouguer aus der Tierkei an aus Indien dobäi.

Zesummen mtt renomméierte Betriber aus dem Privatsecteur hu mir den Digital Tech Fund lancéiert, deen an esou Betriber ka Participatiounen huelen. De "Luxembourg Future Fund" huet rezent säin éischten Invest mat 20 Milliounen Euro am Beräich Cybersecurity gemaach.

De Grand-Duché gëtt sech also déi néideg Mëttel fir eng dynamesch "Start-Up Nation" ze ginn.

All Start-Up ass u sech eng PME, genee wéi déi aner 32.000 Betriber déi gréisstendeels aus de Secteuren Handwierk a Commerce kommen. Si gehéieren alleguer zum Mëttelstand, deen als gréissten Employeur iwwer d’Halschent vun de Leit zu Lëtzebuerg beschäftegt.

Déi 99 Mesuren am Aktiounsplang PME sinn ambitiéis, awer realistesch, well se mat de concernéierte Secteuren ausgeschafft, a mat de betraffene Ministèren ofgeschwat sinn. Dofir ass et och net schwéier, fir dës Mesuren an den nächste Joeren no an no ëmzesetzen. Domat hëllefe mir dem Mëttelstand fir sech als nationalen Job- a Wirtschaftsmotor weider z'entwéckelen.

No der nämmlechter Approche hu mir zesumme mat der Confédération du commerce an der Handelskummer de Pakt PRO Commerce ficeléiert, deen d’Staatssekretärin Francine Closener op der leschter Hierschtfoire hei op dëser Plaz annoncéiert hat.

Den Handel zu Lëtzebuerg huet vill Potential, ma e muss sech op Défië fir d’Zukunft preparéieren. Dat si virun allem d'Digitaliséierung an allgemeng d'Qualitéit vum Service.

Altesses royales,

Dir Dammen an Dir Hären,

Dës Regierung huet vum éischten Dag un hir Hausaufgabe gemaach fir de Budget an d'Staatsfinanzen erëm an den Equiliber ze kréien. Dat war net ëmmer einfach, et huet eis deelweis och vill Sympathie kascht. Ma mir gesinn haut, datt den esou genannten Zukunftspak seng Friichten dréit, Friichten déi mir de Bierger op eng sozial gerecht Aart a Weis iwwer d'Steierreform weider ginn.

De Bierger kritt vun 2017 un 1% vum PIB, also ronn 500 Milliounen Euro zousätzleche Pouvoir d’achat. Dovunner profitéiert d’Ekonomie a speziell den Handel an d'Handwierk. D'Betribsbesteierung geet erof. Mir hunn och nodréiglech nach un de Schrauwe fir d'Steierbonifikatioun fir Investissementer gedréint. Mir belounen esou Entreprisen déi generell méi investéieren an Aarbechtsplaze schafen.

Erstaunlecherweis ginn et Politiker déi soen, datt eis Wirtschaft an eist Land ze schnell wuessen, an datt d'Regierung en Zukunftsdësch misst organiséieren. Dës Politiker hunn entweder net matkrut, dat mir scho laang esou en Zukunftsdësch hunn, oder si hunn de Sënn an Zweck vun eiser Initiativ mam Jeremy Rifkin net verstanen.

Am Kader vun der Démarche Rifkin analyséiere mir nämlech déi grouss Tendenzen déi op eis an op eise Wirtschafts- a Sozialmodell duerkommen, wa mir bis an enger komplett digitaliséierter a vernetzter Welt liewen, an et gi Modeller ausgeschafft fir eise Wuesstem nohalteg ze gestalten. 

Altesses royales,

Dir Dammen an Dir Hären,

Mir sinn eng performant, ma och eng kleng an oppen Ekonomie, déi vu villen externe Facteuren ofhänkt. International gekuckt musse mir dofir opmierksam suivéiere wat ronderëm eis, an an der Welt geschitt.

National gekuckt si mir finanzpolitesch um absolut richtege Wee. Wirtschaftspolitesch si mir aktuell a fir d'Zukunft esou gutt opgestallt wéi scho laang net méi.

Sozialpolitesch si mir am Gaang zu Lëtzebuerg eng Politik vum soziale Rattrapage ze bedreiwen an esou verschidde Grief, déi an de leschte Joeren op enger Rei Plazen entstane sinn, nees no an no zouzeschëdden.

Altesses royales,

Dir Dammen an Dir Hären,

Dës Regierung léisst 2018 mat Sécherheet e bessert Land zeréck wéi dat, wat se 2013 iwwerholl huet."

Dernière mise à jour