Interview vum Vizepremier Étienne Schneider mat RTL Radio Lëtzebuerg

"Mir hunn immens vill Positives gemaach."

Interview RTL Radio Lëtzebuerg (Carine Lemmer)


RTL Radio Lëtzebuerg: D’LSAP geet vun den Owend un op Tour. Queesch duerch d’Land. "Réckbléck an Ausbléck – dorëms geet et dëst Joer" sinn déi 4 ëffentlech Konferenzen iwwerschriwwen. Den Etienne Schneider ass elo schon eisen Invité. Gudde Moien.

Étienne Schneider: E schéine gudde Moien.

RTL Radio Lëtzebuerg:"Kommt an diskutéiert mat eis", fuerdert Dir d’Leit op an der Invitatioun. Diskutéiere musst Dir am Kontext vun den net gudden Ëmfroe fir d’Regierung, mä och fir d’LSAP. Minus 3 Sëtz am Süden. Wéi vill beschäftegen Iech dann déi schlecht Zuelen den Ament?

Étienne Schneider: Also, et ass ganz kloer esou, datt déi schlecht Zuelen déi mir am Süden hunn, datt déi eis natierlech beschäftegen. Mir stellen eis jo awer Froen, wéi dat dote méiglech ass. Bon, do ginn et eng Rei Erklärungen. Zum engen ass dee Sondage gemaach ginn ab Juni. Dat heescht, dat ass elo keen dee rezent just vun de leschten 2 Méint gemaach gi war, mä déi ganz Period vum Referendum, wou natierlech ganz vill Kritik géint d’Regierung war, déi fält nach do mat dran. Dat ass wuel ee Grond.

En anere Grond ass wahrscheinlech och déi schlecht oder mangelhaft Kommunikatioun deelweis vun der Regierung, vun de Regierungsprojeten.

Mä ech mengen, wat et definitiv net ka sinn oder net kann erklären, dat ass eis Aarbecht, well an dem leschte Joer enorm vill geschafft ginn ass.

Mir hunn immens vill Positives gemaach. Mir hunn eng Présidence gemaach, watee Parcours sans faute war, dat liest Dir an allen internationelen Zeitungen. COP21 hu mir et fäerdeg bruecht Europa als eent do stoen ze loossen an e rise Succès gehat. Mir hunn déi Flüchtlingskris besser gemeeschtert wéi all anert Land ronderëm eis. An dat zesumme mat de Leit.

Mir hunn eng ganz Rei Projeten awer och verabschid. Wéi zum Beispill de Congé parental deen elo virläit, dee bedeitend vill méi Verbesserunge bréngt wéi dat je geduecht gi war, mat Paie bis zu 3.200 € wou een haut ka kréien, vill méi flexibel.

Mir hunn eng Loyers-Soubventioun agefouert fir sozial méi schwaach Leit. Mir hunn de Budget fir sozial Wunnengen ze bauen dramatesch an d’Luucht gesat. Mir hunn e Renten-Ajustement gemaach. Mir sinn am Gaang d’Sozialboursë fir d’Studenten erëm ze verbesseren, etc.

Dat heescht, mir hunn alleng scho wat dat doten ugeet enorm vill geschafft.

Mir hunn et awer och fäerdeg bruecht, contrairement zu all deenen anere Länner ronderëm eis, fir aus der Wirtschaftskris definitiv eraus ze sinn. Mir hunn elo 2015 e Wuesstem gehat vu 5,4%. Dat fannt Dir néierens an der Europäescher Unioun. Déi meeschte Secteure vun der Ekonomie boomen. Eis Diversifizéierungspolitik ass e volle Succès. D’Kompetitivitéit hu mir weider verbessert. Mir si weltwäit iwwerall an den Top Ten a mir hunn immens vill investéiert an Infrastrukturen, trotz ville Spuermesuren déi mir hu misste maachen.

An dann e ganz wichtege Punkt, mir hunn de Chômage gestoppt a mir hunn d’Courbe vum Chômage ëmgedréint. Dat heescht, dat wat all Mënsch eis net zougetraut hat, och déi international Gremien hunn eis gesot, mir kriten de Chômage net gebremst; de Contraire ass de Fall. Mir hunn dat gemaach kritt. De Chômage geet no ënnen. Mir hu 15.000 Aarbechtsplazen d’lescht Joer geschaf. Mir hunn en Accord fir 5.000 Chômeure mat der UEL aus dem Chômage ze huelen.

An och e ganz wichtege Punkt: mir hunn awer während den 2 Joer wou mir elo an der Regierung sinn, d’Finanzplaz gebotzt. Mir sinn elo op kenger schwaarzer an op kenger groer Lëscht méi. A mir hunn dat fäerdeg bruecht an trotzdem fäerdeg bruecht, datt d’Finanzplaz weider wiisst.

Dat heescht, mir hunn haut eng zolitt Wirtschaftspolitik, eng zolitt Budgetspolitik déi eis et erlaabt, elo eng Rei nei Mesuren ze huelen am Intérêt vun de Leit. Dat heescht zum engen déi ugekënnegt Steierreform, zum aneren awer och eng Rei Sozialmesuren, wou mir de Leit och wëllen erëm méi ënnert d’Äerm erëm gräifen, wou mir wëllen an eng Richtung vun engem Triple A social goen.

Ech mengen, et ass d’Zäit elo komm fir déi hei Regierung fir de Bierger hir Kafkraaft ze erhéijen, an dat kënne mir maachen, well mir all déi Reforme virdru gemaach hunn.

RTL Radio Lëtzebuerg: Dir hutt dat elo alles opgezielt – dat kléngt alles gutt – an awer, anscheinend kënnt et net onbedéngt ëmmer esou un bei de Leit.

Elo komme mir zréck op d’LSAP. Am Süden verléiert d’LSAP virun allem zu Gonschte vun Déi Lénk an de Kommunisten. Wat seet Iech dat?

Étienne Schneider: Dat ass fir mech eng gewëssen Evidenz. Mir sinn als dat bekannt, d’Sozialisten, datt mir ëmmer erëm alles gemaach hu fir de soziale Fortschrëtt, ëmmer erëm nei Saachen erfonnt hunn, wéi mir de Leit kënne sozial hëllefen.

Mir sinn awer elo an där heite Situatioun ugetrueden, an där heite Regierung, wou mir eng Situatioun virfonnt hunn déi net déi üblech war, déi hei zu Lëtzebuerg während de leschten 30 Joer geherrscht huet. Et ass ëmmer nëmme biergop gaang, an d’Leit haten eigentlech guer net méi déi Gewunnecht, datt et och mol eng Kéier e puer Joer kéint schlecht goen.

Mir hunn hei déi Regierung iwwerholl. Déi Regierung déi sech op de Fändel geschriwwen huet, aus där Scholdespiral erauszegoen déi déi Virgängerregierung gemaach huet. Well mir hunn eis Scholde quasi verduebelt an der leschter Legislaturperiod.

Mir hu gesot, mir wëllen en Zukunftspak maache fir de Sozialstaat kënnen ze garantéieren. Dir wësst, eis Renten zu Lëtzebuerg sinn duebel sou héich wéi am Ausland. Eise Mindestloun ass vill méi héich wéi am Ausland. Eis Sozialleeschtunge sinn déi bescht wäit a breet an d‘Cotisatiounen déi niddregst. Alles dat kënnt net vun näischt.

A vu datt mir an där Kris waren wou mir waren, hu mir missten eng Rei Mesuren huele fir dat dote kënnen ofzesécheren. Fir net muer mussen dat ze maache wat d’ailleurs vum CSV-Finanzminister proposéiert gi war an der virechter Regierung, nämlech fir Rentekierzungen ze maachen, fir d’Paie beim Staat ze kierzen. Alles dat wollte mir net.

Mir hu gesot, mir ginn op e Wee wou jiddwereen e bësse muss bäileeën. Dofir deen Zukunftspak, deen natierlech herno awer verhaasst war. Well jiddwereen ass jo der Meenung, datt muss gespuert ginn, awer net bei sech.

Finalement ass et awer esou, datt mir duerch deen Zukunftspak, duerch déi Mesuren déi mir geholl hunn, hu mir de Budget erëm am Equiliber an dat erlaabt eis haut eise Sozialstaat ze verdeedegen, respektiv en och nach an Zukunft auszebauen. An et ass genee dat, wat elo an enger nächster Etapp wäert geschéien.

RTL Radio Lëtzebuerg: Mä eng Sozialistesch Aarbechterpartei, sidd Dir déi nach?

Étienne Schneider: Absolut. Mir sinn eng Sozialistesch Aarbechterpartei. Mir stinn no bei de Leit, mir wëllen de Leit de Sozialstaat esou verbessere wéi se sech e wënschen. Mir schaffe jo och dorun.

De Problem ass natierlech, wann Dir déi dote Mesurë musst maachen, déi ech Iech elo just opgezielt hunn – Zukunftspak, Budget sanéieren, etc. – ier Dir emole rëm kënnt, ech soen elo mol, Positives eriwwer gi bei d’Leit, dat dauert eng Zäit. An do huet eng Oppositioun et natierlech einfach. Déi brauch ëmmer nëmme mam Fanger op dat ze weise wat net gutt ass, si brauch awer ni Léisungsvirschléi ze maachen. Si ka fuerdere wat se wëll, mä si muss awer net soen, wéi s’et finanzéiert.

An dat ass de Moment d’Situatioun, net nëmme bei deene Lénken, mä och bei der gréisster Oppositiounspartei, bei der CSV. D’CSV, déi eis jo permanent attackéiert, huet awer nach zu kengem Moment gesot, datt se Projeten déi mir gestëmmt hu géinge réckgängeg maachen. Au contraire, si vernennen eis elo, datt mir dee Spuerpak net komplett duerchzéien. Si soen eis awer net wou si da mengen, datt mir nach méi musse spueren.

Mir sinn der Meenung, datt mir déi Saachen déi mir gemaach hunn, datt déi gedéngt hunn. Mir hunn e Budget deen am Equiliber ass, a wann dat sou ass, da brauche mir d’Leit net weider rosen ze maache mat weidere Mesuren. D’CSV fuerdert dat jo vun eis. Si soll eis soen, wou si da mengt, datt nach weider soll gespuert ginn.

RTL Radio Lëtzebuerg: Wat seet dann den Ablack d’Kritik, parteiintern? Zejoert gouf et jo eng Rei Genossen an Äre Reien, déi nees méi eng sozialistesch Politik gefuerdert hunn, nees back to the roots. Wéi massiv ass déi Kritik den Ament? A wéi reagéiert Dir doropper?

Étienne Schneider: Ech mengen, mir hate jo elo eisen Neijoeschpatt déi lescht Woch, wou ech och probéiert hunn de Leit nach eng Kéier ze erklären, ëm wat et eis gaang ass déi éischt 2 Joer vun där heiter Regierung, a wou ech hinnen och an Aussiicht gestallt hunn, datt se an den nächste Joere sech erëm méi kënnen identifizéiere mat hirer Partei, well mir ebe speziell och iwwert d’Steierreform wäerten dofir suergen, datt d’Kafkraaft dobausse méi héich gëtt. Datt speziell déi Leit déi manner verdéngen, datt déi och eppes vun där Steierreform hunn.

Ssoss war et ëmmer esou, datt wat ee méi verdéngt huet, wat ee méi vun der Steierreform hat. Dat wäert dës Kéier e bëssen aneschters goen.

Dann, déi Mesuren déi ech Iech opgezielt hunn. Congé parental, Loyers-Subventiounen, Gratis-Kannerbetreiung déi och dëst Joer soll ulafen. Alles dat sinn awer mengen ech positiv Messagen a pour le reste musse mir kucke wéi et elo geet wa mir eise Kongress hunn, eisen Nationalkongress. An da wäerte mir eis natierlech am Détail mat eise Memberen doriwwer austauschen a kucke wéi dann d’Stëmmung och ass.

RTL Radio Lëtzebuerg: D’Steierreform ugeschwat: do muss a wäert ee jo dann déi sozialistesch Nues erkennen. Net datt een als Sozialist erëm muss op d’Zänn bäisse wéi virun der Chrëschtvakanz wéi déi Steier vun 0,05% gestëmmt gouf fir déi extra grouss Boîten.

Étienne Schneider: Jo, also ech mengen et ass jo ganz kloer, datt eng Steierreform oder all Reform déi ee mécht an enger Koalitioun zu 3, mussen déi 3 Parteien sech dran erëm fannen. Deeës si mir eis jo och bewosst. An et ass evident, datt net alles wat eise Wonsch war wäert an där Steierreform dra kënne sinn, grad sou wéineg wéi och net alles wat eng DP sech wënscht oder wat Déi Gréng sech wënsche wäert an där Steierreform dra sinn.

Dat ëm wat et eis geet, dat ass e gesondenen Equiliber ze hunn, an een Equiliber ze hunn deen herno dozou féiert, datt d’Leit méi an hirem Portemonni hunn. Ech mengen, dat ass dat wat zielt an doru schaffe mir.

RTL Radio Lëtzebuerg: Ech wëll Iech awer och nach zum Schluss 2 Froe stellen déi net LSAP-gebonne sinn. Als Minister. Zu Nice gouf elo de Weekend e jonke Lëtzebuerger verhaft wéinst dem Verdacht vun der Radikaliséierung. De Mann ass awer och nees fräi gelooss ginn. Ginn et do elo nei Détailer? Ginn d’Lëtzebuerger Justiz a Police där Saach weider no?

Étienne Schneider: Also, nei Détailer kann ech Iech de Moment net soen, et ass awer esou, datt mir och gëschter de ganzen Dag a Kontakt ware mat deenen zoustännegen Instanze fir eng Rei Informatiounen nach eraus ze schielen. Et ass och esou, datt haut nach eng Rei Meetinge wäerte sinn, fir dee Fall do weider opzeklären, mä de Moment kann ech Iech do leider nach keng weider Informatioune ginn.

RTL Radio Lëtzebuerg: Eng aner aktuell Problematik wat d’Sécherheetspolitik betrëfft an zwar d’Situatioun am Garer Quartier. Kee rechtsfräie Raum soll et ginn zu Lëtzebuerg, mä d’Kriminalitéit do ass e Problem. Wat ënnerhuelt Dir do dogéint, Här Schneider?

Étienne Schneider: Also ech mengen, datt eent mol ganz kloer ass. Ech sinn definitiv net d’accord, datt d’Stater Gare oder aner Plazen hei am Land zu engem rechtsfräie Raum ginn. Ech hunn e Samschden eng Reunioun gehat zesumme mam Justizminister, zesumme mam Parquet, zesumme mat der Police, zesumme mam Wirtschaftsministère, well deen och an engem gewësse Sënn matspillt wat d’Autorisations de commerce vu verschiddenen Etablissementer ugeet, wou mir eis zesumme gesat hunn a wou mir gekuckt hunn, wéi mir deem dote Problem besser kenne Meeschter ginn.

Et ass effektiv esou, datt eis Police immens vill Asätz mécht op der Gare, ronderëm d’Stroossbuerger Strooss an och op anere Plazen hei am Land. Et ass och gewosst, datt se Razzien mécht. Erënnert Iech un déi Aktioun déi zu Waasserbëlleg gestart ginn ass wou awer eng ganz Rei Drogendealer héichgeholl gi sinn. Alleng d’lescht Joer huet d’Police am Garer Quartier 100 Drogendealer verhaft.

Alles dat si Mesuren déi wichteg sinn, déi gutt sinn, mä et geet net duer. Mir mussen dofir suergen, datt déi organiséiert Kriminalitéit déi mir do virun eisen Hausdieren hunn, datt mir déi elo lassginn. An Dir wäert gesinn, datt mir eng Rei Iddien iwwert de Weekend ausgeschafft hu wéi mir dat dote wäerte maachen. An dat wäert kuerzfristeg ulafen.

RTL Radio Lëtzebuerg: Déi Dir awer lo nach net kënnt méi ausféieren, oder?

Étienne Schneider: Ech kéint Iech se ausféieren, mä da sinn déi Leit gewarnt déi se concernéieren, an dofir maachen ech dat lo emol léiwer net. Mä gitt emol dovunner aus, datt mir all déi déi do dee Quartier zu deem maache wat en de Moment ass, nämlech en éischter ongemitterleche Quartier, en onagréabele Quartier, datt mir deene keng fräi Minutt, keng roueg Minutt méi wäerte loossen. An do wäert Dir ganz kuerzfristeg och Resultater gesinn.

Ech wëll awer och soen an deem Kontext, datt d’Reform vun der Police hei och eng ganz wichteg Roll spillt. Mir hunn de Problem, datt an deene Joere viru menger Zäit vill ze wéineg Beamten agestallt gi sinn, datt elo an dëse Joeren immens vill Beamten an d’Pensioun ginn, an datt déi Leit déi mir eigentlech astellen plus minus duergi fir déi ze ersetzen. Dat heescht, et bleift am Endeffekt net méi ganz vill iwwereg fir déi Posten ze besetze wou mir wierklech Leit brauchen.

Dofir si mir jo am Gaang eng ganz Rei Reformen ze maachen. Dofir huet d’Regierung och decidéiert, bis d’Enn vun dëser Legislatur 350 Leit wëllen an d’Ausbildung fir Polizist opzehuelen. Mir hunn decidéiert viru Kuerzem, datt mir 45 zivil Plaze schafe bei der Police, fir datt déi Plaze wou de Moment Polizisten drop schaffen, fir datt déi kënne vun Zivilisten assuréiert ginn, an datt mir dann doduercher 45 Leit méi nach um Terrain hunn.

Mir wäerten iwwerall do Policebüroen wëllen zesummeleeën déi net efficace fonctionnéieren, well se zum Beispill net gutt genuch besat sinn. Well mir awer d’Leit net hu fir iwwerall einfach ze soen, ma elo setze mir der e puer bäi, huet d’Police e Programm ausgeschafft wéi ee kéint méi efficace schaffen, wéi ee kéint dofir suergen, datt d’Policebüroe vill méi laang op sinn op där enger Säit, awer och permanent Patrullen op der Strooss sinn.

Mä ech hu vun Ufank u gesot, wéi d’Police dat do proposéiert huet, am Dezember, datt mir dat elo emol mat de Buergermeeschtere schwätzen, datt mir déi mussen natierlech iwwerzeegen, datt dat doten eng gutt Saach ass, wéi gesot . An ech hunn dat vun Ufank u gesot, et gëtt näischt gemaach an deem hei Plang ouni den Accord vun de Buergermeeschteren. Mä dat wat d’Police hei proposéiert ass definitiv am Intérêt vun der Sécherheet vun hire Bierger. Ech hoffen, datt mir eis Buergermeeschteren dann och dovunner iwwerzeegt kréien.

Mä d’Sécherheet vun de Bierger an de Rechtsstaat déi gi mat Sécherheet hei net bradéiert a si sti mat Sécherheet och net zur Dispositioun.

RTL Radio Lëtzebuerg: Étienne Schneider, villmools Merci, datt Dir de Moien bei eis waart.

Étienne Schneider: Merci och.

Dernière mise à jour