Temporär Subventioun fir d'Liwwerung vu Wäermt fir Stéit déi un engem Fernwärmenetz ugeschloss sinn

Fir d'Stéit no der aussergewéinlecher Hausse vun den Energiepräisser opgrond vun der internationaler Situatioun ze ënnerstëtzen, huet d'Regierung eng staatlech Participatiounsmoossnam agefouert, fir d'Präishausse vun der Liwwerung fir Wäermt un Haushaltsclienten, déi un e Fernwärmenetz ugeschloss sinn, op ongeféier +15% am Verglach zum duerchschnëttleche Präisniveau vu September 2022, ze begrenzen. Dës Moossnam gëllt vum 1. Oktober 2022 bis 31. Dezember 2024.

FAQ

Fir wie gëllt dës Moossnam?

Dës Moossnam gëllt fir all Haushaltsclienten déi un e Fernwärmenetz ugeschloss sinn, denen hir vertraglech Leeschtung manner wéi oder d'selwecht ass wéi 650 kilowatt (kW), onofhängeg dovunner wéi een Energiemix als Primärenergie fir Wäermt ze produzéiere genotzt gëtt.

Cliente denen hier vertraglech Leeschtung méi héich wéi 650 kW ass, kënnen, mat Hëllef vun engem Formulaire vum Ministère, eng Subventioun beim Ministère ufroen, wa se kënne noweisen, datt op d'mannst 60% vun de privaten Eenheeten am Gebai fir Wunnzwecker genotzt ginn.

Wéi eng Demarchë muss ech ënnerhuelen?

De Client brauch keng Demarchen ze ënnerhuelen. 

Déi staatlech Bedeelegung gëtt an den Avancen an den Ofrechnungen, déi d'Clienten ze bezuelen hunn, verrechent. 

Wéi eng Demarchë mussen d'Fournisseuren ënnerhuelen?

D'Energiefournisseure mussen eng Demande beim Ministère fir Energie a Landesplanung erareechen, fir unhand vun engem spezifesche Formulaire an engem Regëster agedroen ze ginn.

D'Energiefournisseuren déi am Regëster agedroe sinn, kënnen dann dës staatlech Bedeelegung ënnert der Form vun enger Remise op dem vertraglech variabele Präis an Euro pro Kilowattstonn Wäermt applizéieren. 

Ech hu meng Avance scho kritt, mee dës Moossnam gouf net berücksichtegt. Wat muss ech maachen?

De Client brauch keng Demarchen ze ënnerhuelen.

Am Fall wou d'Moossnam nach net an den Avance déi ze bezuele sinn berücksichtegt gouf, gëtt, opgrond vun der retroaktiver Wierkung vun der Moossnam op den 1. Oktober 2022, dës spéitstens an der Joresofrechnung berücksichtegt.

Wéi vill Sue kann ech duerch dës staatlech Bedeelegung spueren?

Beispiller vu Standardclienten op der Grondlag vu ponderéierte Moyennen:*

 

Eng Standardwunneng mat engem Verbrauch vun 10.000 kWh pro Joer

  • Mat der Moossnam : 1.640 € TTC
  • Ouni d'Moossnam : 2.600 € TTC

Bedeelegung déi vum Staat bezuelt gëtt : 960 € TTC

 

Standard-Eefamilljenhaus mat engem Verbrauch vun 25.000 kWh pro Joer

  • Mat der Moossnam : 4.100 € TTC
  • Ouni d'Moossnam : 6.500 € TTC

Bedeelegung déi vum Staat bezuelt gëtt : 2.400 € TTC

 

*Et handelt sech hei em een Orientéierungspräis. De reelle Präis hänkt vun Ärem Verbrauch, Ärem Fournisseur a vum vertragleche Produit of.

Aktualiséiert