Transcription du briefing du Premier ministre du 22 octobre 2014

Voilà, fir d’éischt Merci datt Dir zu dëser ongewéinlecher Zäit bei eis komm sidd. Dir wësst datt den Ament ech chargéiert Deeg hunn. Dir wësst och datt de portugisesche Premier haut op Visite zu Lëtzebuerg ass, an ech wäert dann och mäin Homologue direkt no dësem Briefing gesinn. Ech hunn et awer wichteg fonnt e Briefing haut ze hunn. Et soll keen den Androck kréien, d’Regierung géif sech no der Presentatioun vum Budget an dem Zukunftspak verstoppen.

Ech freeë mech och datt ab haut och de Briefing an der Gebäerdesprooch wäert gemaach ginn, dat heescht datt een zwou, dräi Stonnen nodeem en hei gehale ginn ass, och op eisem Internetsite, op Gouvernement.lu, ka kucken.

Mir hunn eis haut, mat vill politescher Aktualitéit, hu mir driwwer diskutéiert. Mir hunn iwwer de Sommet, wéi Dir wësst, deen och muer an iwwermuer zu Bréissel stattfënnt, diskutéiert.

Mir hunn iwwer d’Situation économique a financière geschwat.

Et ass, mir sinn elo nach amgaangen en Échange ze hunn iwwer de Plang iwwer Ebola, deen och wäert a kuerzer Zäit presentéiert ginn.

An et stoung och um Regierungsrot haut en anere Projet, deen den Éducatiounsminister och wäert op enger Pressekonferenz méi präzis presentéieren. Et geet em d’Kreatioun vun engem Institut de formation de l’Éducation nationale. Deen Institut gëtt zoustänneg fir de Stage vum Léierpersonal ze organiséieren, an och ze évaluéieren. Och d’Formation continue gehéiert zum Aufgabeberäich vun dësem neien Institut. E këmmert sech och em d’Personalgestioun am Enseignement, och am allgemengen. Dat bedeit zum Beispill och d’Ausschreiwe vun de Posten. De But ass fir méi Kohärenz an de Beräich vun de Stagen, a vun der Formatioun och ze kréien. Et soll eng zentral Plaz gi fir d’Ausbildung, d’Weiderbildung an d’Organisatioun vum Corps vun den Enseignanten. Et betrëfft, an dat ass wichteg och ze wëssen, kloer just de Volet nodeems déi Enseignanten hir Studien och ofgeschloss hunn, an hei zeréck op Lëtzebuerg kommen. Dobäi kënnt datt doduerch deen neien Institut och zoustänneg gëtt fir d’Supervisioun vun de Stagen, u sech Enseignanten déi den Ament niewent hirer eigentlecher Aufgab entlaascht ginn, an dofir méi disponibel sinn och fir an de Klasse kënnen ze schaffen.

De wëll ech Iech och soen, datt mir iwwer de Picasso geschwat hunn [gëtt ënnerbrach]

Étienne Schneider: Fir d’éischt.

Xavier Bettel: Fir d’éischt, well et ass, et ass jo déi lescht Deeg ass wéi wa mir schonn oft driwwer geschwat hunn. A mir hunn d’Informatioune kritt, den Tableau ass tatsächlech am Joer 2009, den 18. Januar 2009, Pardon den 18. Januar 1999 ass e, gëtt estiméiert, ass en accidentéiert ginn. Du sinn Experte genannt ginn. Ech kann Iech d’Conclusioun soen. En ass, et ass e schlechten Achat, also en ass fir ze deiert Geld kaaft ginn. An amplaz och elo nach eng schlecht Vente ze maachen, si mir der Meenung datt een dee sollt och am Patrimoine halen.

Ech wëll och matdeelen, datt d’Regierung, well hei gëtt gesot, d’Regierung hätt dee kaaft fir an eise Patrimoine ze setzen dès le départ, e Bréif hei zitéiere vun 2001, wou dra stoung: “Au contraire, le tableau est destiné à la revente, et doit dès lors être considéré comme un placement temporaire.” Dat sinn d’Aussoen, déi deemools gemaach gi sinn. Dat heescht datt en ni kaaft ginn ass fir iergendwéi zu Lëtzebuerg an eng Kollektioun ze setzen, mä datt deen de Staat deemools kaaft huet fir en och weider ze verkafen. Et stoung do kloer: “Tableau d’ailleurs entretemps restauré sans frais pour l’État se trouve dès lors en dépôt auprès d’une maison spécialisée dans les ventes d’arts”, seet dee Bréif och vun 2001. A mir sinn elo 2014, dann huet en och nach kee Revendeur, et huet keen Acheteur sech dofir gemellt. An dofir si mir der Meenung wa mir e schonn ze deier kaaft hunn, solle mir och nach net fir vill méi bëlleg verkafen, well mir déi Suen ni wäerten och erakréien. An dowéinst gehéiert deen Tableau dem lëtzebuerger Staat, an dem Patrimoine vun der lëtzebuerger Kultur.

Dann hu mir, an do wäert den Étienne Schneider méi wäit drop agoen, iwwer d’Consultation publique och op 2020, an och de Satellit GovSat hate mir um Ordre du jour. A mir hunn eng Rëtsch nach vun A-Punkten, déi Dir wäert och am Résumé duerno do erëmfannen. Voilà, Étienne.

Étienne Schneider: Iwwer de Projet GovSat, Dir wësst datt dat e Projet ass, dee mir schonn eng Zäitchen amgaange sinn ze preparéieren. Et geet drëm datt Lëtzebuerg, de lëtzebuerger Staat soll eng Joint-venture agoen, zesumme mat SES Astra, an där de Staat an SES Astra jeeweils géinge 50% vun den Aktien halen. Mir hunn haut den Avant-projet de loi deen an déi Richtung geet, an der Regierung ugeholl. Dat bedeit datt de lëtzebuerger Staat e Kapital abezilt an déi gemeinsam Sociétéit, vu 50 Milliounen Euro, an dat iwwer d’Period 2015 bis 2017. Dat selwecht mécht natierlech dann och d’Gesellschaft SES Astra.

Dësweideren wäert déi nei Gesellschaft en Emprunt ophuele vu ronn 125 Milliounen Euro fir dee Satellit kënnen an Orbit ze schécken, a fir deen och kënnen da spéider ze bedreiwen.

Et ass esou datt d’Regierung sech och engagéiert, an dat am Kader vu sengem Effort de défense, fir der Nato iwwer 10 Joer am Prinzip Kapazitéiten op deem Satellit zur Verfügung ze stellen, dat heescht datt de Staat sech engagéiert fir 100 Milliounen Euro iwwer eng Period vun am Prinzip 10 Joer, also 10 Milliounen Euro d’Joer, Kapazitéiten an där eegener Gesellschaft ze kafen, an der Nato déi am Kader vum Effort de défense zur Verfügung ze stellen.

Wann Dir wësst, datt eise Budget de défense de Moment ronn 200 Milliounen Euro d’Joer ausmécht, ware mir der Meenung datt anstatt datt mir, wéi déi Virgängerregierungen dat gemaach hunn, datt mir militärescht Material kafen, Dingoën, Fliger etc., datt mir géingen an eng Richtung goen, datt mir déi Suen an Zukunft ausginn esou datt se eng maximal Retombée économique och op Lëtzebuerg hunn. Wa mir Dingoën am Ausland kafen, oder en A-400M kafen, dann huet dat keng Retombée économique op Lëtzebuerg. Dat si Suen, déi mir bezuelen, déi mir an d’Ausland iwwerweisen, déi dann der lëtzebuerger Ekonomie verluer ginn.

Mat deem hei Projet hu mir am méifache Sënn eng win-win Situatioun, nämlech well mir déi Suen integral an enger gemeinsamer Gesellschaft investéieren, déi hei zu Lëtzebuerg ass, déi och hir ganz Aktivitéiten hei zu Lëtzebuerg wäert hunn, déi ënnert anerem der SES wäert erlaben e ganzt neit Geschäftsfeld opzebauen, a sech weider doriwwer ze développéieren. Déi Gesellschaft hei wäert natierlech och Aarbechtsplaze schafen. An déi Gesellschaft huet och Retombées économiques op d’lëtzebuerger Regierung, op d’lëtzebuerger Land vill méi, nämlech datt et eng Gesellschaft ass, déi herno och bénéficiaire fonctionnéiert, an déi ee Rendement fir deen Invest vum lëtzebuerger Staat wäert bréngen.

Dat do ass ganz kloer e Paradigmewiessel, well et ass fir d’éischt an der Geschicht vun der lëtzebuerger Arméi, datt mir eng Investitioun maachen, déi eis als Effort de défense vun den Nato-Partner ugerechent gëtt, an déi eis en plus Suen an d’Keese spullt. Et ass also en Invest an d’Zukunft, et ass en Invest deen eis hëlleft de Secteur vum Spatial, vum Aérospatial zu Lëtzebuerg weider ze développéieren, an et huet e Retour économique iwwer déi Gesellschaft, iwwer den Emploi, iwwer d’Steieren, déi do bezuelt ginn, op d’lëtzebuerger Ekonomie.

Ee Punkt, an ech mengen dat war deen, deen eis extrem wichteg war an deem hei Dossier, dat ass dee vun der Responsabilitéit vum lëtzebuerger Staat am Fall wou dee Satellit, dee Kommunikatiounssatellit géing benotzt gi fir arméiert Drohnen ze steieren. Ech mengen datt dat e Sujet ass, dee fir de Moment vill diskutéiert gëtt. A mir hunn eis eng ganz Rei Garantieë gi fir datt dat do net ka passéieren, also datt net arméiert Drohne kéinte mat esou engem Satellit, oder iwwer esou e Satellit gesteiert ginn. Mir hunn awer och zwee Avis juridiques erageholl fir eis ze konfirméieren, datt d’Responsabilitéit vum lëtzebuerger Staat do net touchéiert wier am Fall wou eppes esou kéint geschéien.

Et ass esou datt mir an där Gesellschaft natierlech als Staat am Verwaltungsrot wäerte vertruede sinn, also do emol iwwer de Verwaltungsrot e kloere Contrôle hu wien dee Satellit herno dierf benotzen a wien net. Mir hunn natierlech e Vetorecht drop wie Client vun deem Satellit wäert kënne ginn an Zukunft a wien net. Dat heescht, datt mir ganz kloer kënnen évitéieren, datt sougenannte Schurkestaate géingen eise Satellit benotze fir Aktivitéiten ze hunn.

De Satellit ass geduecht fir eisen Nato, fir der Nato zur Verfügung ze stellen, fir eisen Nato-Partnerlänner zur Verfügung ze stellen, fir internationalen Organisatiounen zur Verfügung ze stellen, ënnert anerem der Europäescher Unioun, awer och der ONU, also der UNO, oder aneren internationalen Organisatiounen, awer ëmmer esou datt mir natierlech d’Décisioun treffen a mat treffen ob mir e Client unhuelen oder net. An eng aner Konditioun, déi natierlech och festgehale ginn ass haut, dat ass déi datt mir natierlech an all déi Kontrakte mat deene Clienten d’Konditiounen dra schreiwe firwat dee Satellit dierf benotzt ginn oder net.

Lange Rede, kurzer Sinn. Et ass eis drëm gaange fir datt mir hei net an eng Situatioun kommen, wou mir e militäresche Satellit hunn, deen zu Zwecker mëssbraucht kéint ginn, déi net an der Logik vum lëtzebuerger Staat, vun der lëtzebuerger Regierung sinn.

Mir hunn dat do alles gekläert, mir hunn zwee Avis juridiques dozou, mir hunn dat och mat dem zukünftege Partner SES Astra gekläert, déi natierlech grad esou wéineg Intérêt hunn datt esou e Satellit géing eng Kéier vun engem Client mëssbraucht ginn, dat mir definitiv net brauchen, an dat definitiv kee gutt Liicht géing weder op d’Gesellschaft nach op Lëtzebuerg wäerfen. Esou datt mir eis eens gi si mat der Formuléierung vun deem Projet, wéi mir dee wëllen zesummen ugoen. An ech mengen datt dat do definitiv eng win-win Situatioun ka sinn, ebe just well mir deen Effort de défense souwisou musse maachen. Mir mussen 200 Milliounen d’Joer ausgi fir d’Défense, also probéiere mir se esou auszeginn, datt se och eng Retombée économique op Lëtzebuerg hunn, an net einfach stupid militärescht Material am Ausland akafen, wou mir dann och ganz oft nach net emol wësse wat mir dann domat maachen. Voilà dat dozou.

Da vläicht zum Prozess EU 2020, wollt ech just an engem Saz soen, datt mir eise Bréif un d’Kommissioun, eis Äntwerten op déi verschidde Froen, datt mir déi an dem Parlament diskutéiert hunn. Ech war gëschter an der Chamberkommissioun fir ze kucken de Fortschrëtt vu Lëtzebuerg an deem Beräich. Mir gesinn datt mir iwwerall virukommen. Mir hu jo eng Rei Ziler, sief dat am Beräich vun der Recherche, vum Developpement wat d’Investitioun dohin ugeet. Do muss ee soen, datt mir nach wäit vum Schoss sinn, wäit vun deem Zil dat mir eis ginn hunn. Wann een elo d’Rechnung mécht, da komme mir op knapp 1,2% vun eisem PIB, dee mir an d’Recherche investéieren. Mir hunn awer en Zil vun zwëschent 2,2% an 2,6%. Do ass also nach villes ze maachen. Et gesäit een awer generell an der Europäescher Unioun datt déi meeschte Länner Problemer hunn, aus deem einfach Grond well déi Kris awer laang Joeren ugehalen huet, a well op där enger Säit am Privatsecteur vill Rechercheprojeten zeréckgesat gi sinn, an doduerch natierlech och d’Subventionementer vum Staat, vun de Staate fir esou Projeten natierlech och net an deem Mooss erfollege konnte wéi dat gewënscht war.

Mir hunn aner Ziler, wat den Décrochage ugeet, an de Schoulen. Dat heescht datt e Maximum vu Leit sollen en Héichschouldiplom hunn. Do leie mir ganz gutt. Och wat d’Ofbrieche vun de Schoulen ugeet, also wat net d’Ofbrieche vun de Schoulen ugeet, och do leie mir ganz gutt.

Dann hu mir eis Ziler gekuckt, eng Kéier wat d’Pauvretéit am Land ugeet. Do stelle mir fest datt déi Zuele fir Lëtzebuerg net gutt ausgesinn, et allerdéngs awer esou ass, datt een déi Berechnungsmodien muss eng Kéier hannerfroen. Et ass esou datt de Moment de Risque de pauvreté definéiert gëtt doduerch datt eng Persoun manner wéi 60% vum Revenu médian verdéngt. Wann een dee Revenu médian zu Lëtzebuerg hëlt, deen ass 4.000 Euro, dann heescht dat datt jiddwereen, also e Jonggesell zum Beispill dee manner wéi 2.400 Euro netto verdéngt, datt deen engem Aarmutsrisiko ausgesat ass. Wann een dat awer hëlt 2.400 Euro netto fir e Jonggesell an deem hei Fall, da komme mir op eng Unzuel vu ronn 95.000 Leit zu Lëtzebuerg, déi am Aarmutsrisiko liewen. Mir mengen awer datt dat vum Calcul hier e bësse problematesch ass, well Lëtzebuerg awer eng speziell Situatioun huet, nämlech déi datt eis Revenuen, eise Revenu médian dramatesch an d’Luucht natierlech gedriwwe gëtt duerch d’Finanzplaz, duerch de Service Secteur, duerch d’europäesch Institutiounen, déi dozou féieren, datt no deem dote Calcul natierlech den Aarmutsrisiko bei eis ab engem Revenu scho stattfënnt, deen am Ausland bedeitend méi niddereg ass. Wann ech soen 2.400 Euro netto, wuel verstanen, fir e Jonggesell, da géing dat jo och am Umkehrschluss bedeiten, datt jiddwereen deen de Mindestloun huet, d’Office den Aarmutsrisiko, oder aarm ass. An ech mengen datt een dat net bei 2.400 Euro pro Persoun, an an engem Ménage net esou ka gesinn.

Mä gutt, dat ass eng Saach, déi mir opgeworf hunn, wou mir musse kucke wéi mir an Zukunft domat ëmginn. Mä generell muss ee soen, datt mir, a jo, ech hat déi aner, dat drëtt Zil nach vergiess, dat ass dat wat d’Ökologie ugeet, also déi ganz Aspekter CO2-Émissiounen, erneierbar Energien, etc. Do hu mir natierlech och nach e Wee ze goen, mä mir sinn awer och do optimistesch datt mir dat wäerte bis 2020 packen. Wat mir der Kommissioun nach wëlle proposéieren, dat ass, datt nach e weidere Critère soll opgeholl ginn an déi Bemoossung vun der Kompetitivitéit och vun de Länner, vum Fortschrëtt dee se maachen an der Croissance, dat ass nämlech dee vum Marché Intérieur. Well mir wierklech der Meenung sinn, datt mir de Marché Intérieur brauche fir, also e gutt fonctionnéierende Marché Intérieur brauche fir ze garantéieren, datt d’Croissance och ka stattfannen.

Dir wësst datt mir zu Lëtzebuerg zum Beispill ee grousse Problem hunn, nämlech datt ganz vill Distributeuren, Supermarchéen, etc., Geschäfter generell, datt déi forcéiert gi vun de Produzente fir sech an der Belsch ze approvisionéieren. Dat heescht, si kënnen net direkt beim Produzent akafen, mä si mussen iwwer e Fournisseur, iwwer d’Belsch ganz oft fueren, wat a ville Fäll dozou féiert, datt eis Geschäftsleit d’Wuere fir méi deier akafen, wéi se an eise Grenzregioune verkaaft ginn. An dat ass e Problem, deen ech elo e puermol an der Kommissioun zu Bréissel opgeworf hunn, deen ech och dem deemolegen zoustännege Kommissär Barnier e puermol gesot a geschriwwen hunn, dee mir versprach huet fir dëst Joer eng Étude ze maachen. Ech weess awer allerdéngs nach net ob hien dat gemaach huet. Mir wäerten natierlech, esou bal déi nei Kommissioun do ass, dee Problem nach eng Kéier ugoen, well dat do wierklech eppes ass wou onnéideg Kafkraaft vu Lëtzebuerg, vun de lëtzebuerger Clienten zerstéiert gëtt, just well hei Margen nach fir Zwëschenhändler bezuelt ginn, déi net, keng Mussesaach sinn.

Lange Rede, kurzer Sinn. Mir wëllen datt de Marché Intérieur, datt dat och e Critère soll sinn am Agenda vun EU 2020, an datt een dat och all Joer soll évaluéieren, wou mir do dru sinn, wéi mir weiderkomm sinn mam Marché Intérieur. Voilà, Merci!

Xavier Bettel: Ech wëll just nach vun der Geleeënheet profitéiere fir dem neie Kommissiounspresident a senger ganzer Kommissioun och ze félicitéieren, déi virun e puer Minutte mat 423 Stëmmen d’Vertraue vum Europaparlament geschenkt kritt huet.

Dernière mise à jour