Discours de Francine Closener à l’occasion de la cérémonie d’ouverture de la Foire de printemps 2014

Altesses Royales,

Här President,

Dir Dammen an dir Hären,

Et gëtt eng gudd Uersaach, firwat de Wirtschaftsminister de moien net- wéi gewinnt-d’Ouvertüres-Ried vun der Fréijors-Foire hällt. Den Etienne Schneider war des Woch un der Spëtzt vun enger Wirtschaftsmissioun am Kader vun der Staatsvisite vum Grand-Duc an der Grand-Duchesse a Polen an as an dëse Minuten ënnerwee vu Krakau op Salt Lake City an den USA.

Altesse royale, Dir selwer gesidd de Wirtschaftsminister muer un der Westküst vun Amerika, wou Dir matt him zesummen, eng Prospectiounsmissioun leed, fir nei Betrieber ze motivéieren, sech zu Lëtzebuerg z’établéieren.

Ech wëll op dëser Plaz dem Grand-Duc an och Iech, Altesse Royale, ee grousse Merci soen fir all är Beméiungen, sief et ob Wirtschaftsreesen am Ausland, sief et heiheem, wou dir ëmmer nees groussen Interessi fir d‘Betrieber weist. Äeren onermiddlechen Asaatz as esou wichteg fir eist Land.

Här President,

D’Luxexpo geet nei Weeër, a Punkto Exploitatioun, a Punkto Moderniséierung vum Site an a Punkto Valoriséierung vun den Infrastrukturen. Ech weess, datt der nach vill Projeten hutt, fir d’Luxexpo optimal ze notzen, an ech wëll iech an äre Mattaarbechter Merci soen an iech encouragéieren, op deem Wee weider ze goen.

Dir Dammen an dir Hären,

ass Lëtzebuerg dann elo aus der Kris eraus oder net ? Musse mer nach ëmmer schwaarz gesinn oder läit déi Zäit ee fir allemol hannerun eis?

Musse mer tatsächlech nees dee Niveau erreechen, op deem mer virun der Kriis waren, fir ze soen, mir wiren aus der Kris eraus? Oder musse mer net einfach akzeptéieren, datt et eis zwar nees besser geet, och am Verglach matt aanere Länner ronderem eis, mee eben e bessen manner gutt wéi virun der Kris? Wéi ass de réellen Zoustand vun eiser Ekonomie ? Net esou schlecht wéi mer méngen!

E puer Zuelen virausgescheckt:

Dem STATEC no, goung de PIB am Joer 2013 em 2,2% an d’Luucht, a fir dëst Joer geet de STATEC vun engem Plus vun 3,1%, aus. Daat ass eng gutt Noricht, och wa mer et nach misste besser kënnen.

D’Inflatioun gett fir 2014 matt 1,5% berechent a bleiwt virausiichtlech op engem nidderegen Niveau vun 2% bis 2018. Och dat si gutt Perspektiven.

Den Taux d’emploi soll, iwwer déi nächst 3 Joer, an der Moyenne matt 2,5% pro Joer klammen. Nach emol eng positiv Entwécklung.

Allerdéngs: d’Staatsschold as ganz staark geklomm, vun 2,5 Milliarden Euro am Joer 2007 op 11 Milliarden Euro am Joer 2013. Do musse mer onbedengt besser gin.

A Läschtens: leider wäert de Chômagetaux net esou séier erof goen, wéi mer eis dat wënschen. 6,5% fir d’Joeren 2016 bis 2018 sinn d‘Prévisiounen. An daat ass guer net gutt, dat ass eng vun eisen groussen, wa net déi gréissten Erausfuerderung.

Am Résumé: d‘Aussiichten fir déi nächst Joren sinn, trotz allem net esou schlecht. Mir mussen eis allerdéngs bewosst sinn, datt mer et ouni méi wirtschaftleche Wuesstem schwéier wäerten hunn.

Wou kréien mir deen « méi » un Wuesstum dann elo hier ? Mir suivéieren eng duebel Strategie:

  • Wuesstum vu Baussen: Op eisen Wirtschaftsmissiounen, wéi eben elo an den USA, ginn eenzel Betriber, déi eis interessant schéngen, geziilt demarchéiert, fir nei Aktivitéiten op Lëtzebuerrg ze zéien. Ähnlech wëlle mer och an der Tiirkei, a Japan, a Südkorea an an Indien virgoen.
  • Wuesstum vun Bannen: Eis Entreprisen am Land mussen sech kënnen virun entwéckelen, an dat mat eiser Ënnerstetzung.

Doriwwer eraus dreift de Wirtschaftsministère d’Diversificatioun vun eiser Economie an deenen verschiddenen Secteuren virun. Ech denken hei un Logisitk, Biotechnologie, Ecotechnologie, den ganzen ICT Beräich.

Dir Dammen an dir Hären,

Och d’Entreprisen an aaneren Secteuren si matt groussen Erausfuederungen confrontéiert, zum Beispill am Bausecteur. Der Traditioun steet hei ëmmer méi dat neit Konzept vum Nohaltegen Bauen géintiwwer. Dat ass eng Entwécklung, déi mir net dierfe verpassen a mir verpassen se net, dovunner sinn ech iwwerzeecht, well mer eng Strategie hunn, déi op e puer Pilieren opbaut.

Den éischte Pilier ass eis Gesetzgebung.

Enger europäescher Directive no, muss bis zum Joer 2020 d‘Passivhaus Standard sinn. Hei wëlle mir di éischt sinn an hunn dofir décidéiert, dee Standard schonn 2 Joer éischter an ze féieren, also 2018. Zwar mussen sech eis Betriber dowéinst méi séier ëmstellen, mee si kréien doduerch ee Virsprong un Erfahrung a Kompetenz an dësen neien Bautechniken. Domatt kennen se de Spiess ëmdréinen an an der Groussregioun a Punkto nohaltegem Bauen besser ginn wéi d’Konkurrenz. 4

Den zweeten Pilier ass deen vun der Formatioun. Do si schon vill Initiativen am Laafen. Ech nennen hei just als Beispill, den IFSB, den Institut de Formation Sectoriel du Bâtiment, oder och nach de Label „Energie fir d’Zukunft PLUS“ vun der Chambre des métiers.

An den drette Pilier ass deen vun der Recherche an der Innovatioun. Hei ënnerstetzt de Wirtschaftsministère ennert aanerem de Projet Neobuilt, e „Pole d’Innovation“, dee besonnesch de PME’en am Bausekteur am Beräich vun de neien Technologien soll hëllefen

A schliesslech huet d’Regierung viru kuerzem entscheed,fir mam Privatsecteur de „Conseil National de la Construction Durable“ ze schafen, eng Zort Denkfabrik, wou déi concernéiert Akteuren zesummen nei Iddien a Konzepter sollen entwéckelen, fir de Secteur vum nohaltege Bauen hei zu Lëtzebuerg ze förderen a virun ze bréngen.

Dir Dammen an dir Hären,

a propos Bausecteur nach dëst zum regulären TVA Saatz um Neibau vun Locatiounswunnengen.

Ech verstin, dass esou eng Mesure fir Opregung suergt an dass d’Entrepreneuren an d‘Vertrieder vum Handwierk net begeeschtert sin. Allerdéngs: D’EU-Kommissioun huet d’Membersstaaten nun emol opgefuerdert, déi super reduzéiert TVA Sätz EU-wäit nemmen nach fir „des biens de première nécessité“ bestoen ze loossen. Eng zweet nei Wunneng, fir ze verlounen gehéiert der Regierung hierer Meenung no net an déi Kategorie. Fir Leit, déi awer selwer an hieren Neibau wunne ginn, bleift dee bellegen TVA-Saz natierlech bestoen.

Muss een elo fäerten, datt d’Präisser um Immobiilenmaart dowéinst drastesch klammen? Wéi d’Regierung virun Joeren d’Decisioun geholl huet, fir dee super reduzéierten TVA Saatz vun 3 % och um Neibau z‘applizéieren, sinn deemols d’Präisser trotzdeem net am selwechten Mooss gefall. De Präis am Logement gett, wéi och soss iwwerall, duerch d‘Offer an d’Demande bestemmt.

De Staat huet Instrumenter, fir den Entrepreneuren, de Promoteuren an de Propriétairen vum „ Logement locatif“ entgéint ze kommen, Instrumenter wéi zum Beispill den „ amortissement accéléré“bleiwen bestoen an och Investissementer an d’Energieffizienz vun Zweetwunnengen fir ze verlounen, gi nach méi wéi bis elo finanziell vum Staat ennerstetzt.

Anere ganz aktive Secteur: de Commerce. Och hei leeft villes gutt, an och hei ass nach méi dran.

Den Handel huet haut nach emmer e sérieusen Nodeel, nämlech deen, dass vill vun eise Geschäfter net fräi sin, do anzekaafen, wou et fir sie am bellegsten gëtt. Si gin gezwongen, iwert Importateuren an Teschenhändler ze fueren, mat der Konsequenz, datt vill Produiten zu Lëtzebuerg méi deier sin, wei am Ausland. Elo endlech huet d’Europäesch Kommissioun dat agesin, nodeems mer ëmmer nees ob déi Problemer hingewisen hun. De Kommissär Michel Barnier huet an engem rezenten Breif versprach, fir elo Remedur ze schaafen. Ech hoffen staark, datt daat nach virum Enn vun desem Joer geschitt. Op alle Fall wier dat e groussen Fortschrett fir den Handel a natiirlech och fir de Client.

Fir deem Client sengen Usprech méi gerecht ze ginn, diskutéiere mer d’nächst Joer iwwert d’Ouvertureszäiten vun de Geschäfter, sou wéi mer dat am Regierungsprogramm festgehal hunn. Dass daat am Sozialdialog geschitt, ass évident. Datt mer et mussen maachen, och!

Eng attraktiv Shoppingoffer intresséiert och Leit aus dem Ausland. Beispill Geschäftstouristen: 58% vun allen Iwwernuechtungen am Joer 2013 waren am Bereich vum Geschäfts-a Kongresstourismus. Fir hei nach besser ze ginn, wëll ech gären à terme eng Zort „guichet unique“ schaafen, eng eenzeg Ulafstell fir all Organisateur, deen hei zu Lëtzebuerg ee Kongress, eng Konferenz oder soss ee gréissert Event plangt. Dësen eenzegen Uspriechpartner këmmert sech dann ëm alles: d’Rees, den Hotel, déi ideal Plaatz fir de Kongress, de Kaderprogramm a sou weider. Här President, ech sinn frou, datt och d’Luxexpo sech aktiv un eiser MICE-Strategie bedeelegt an eis Iddi vun engem Cluster matt dréit.

Mir mussen den Touristen weisen, wat mer hunn, do wou si sinn. D‘„Luxembourg House“, wat an der Stad geplangt ass, kritt direkt zwou Annexen: am Kongresszentrum vum Héichhaus um Kierchbierg an um Findel an der Aérogare. Dëst ass och en Deel vun eiser Strategie vum „Nation branding“, der Art a Weis, wei mer eist Land no baussen wellen duerstellen, virun allem am Hibléck op d’EU-Présidence dat nächst Joer.

Mir mussen de Besoinen an den Erwaardungen vun deenen, déi bei eis op Besuch kommen, gerecht ginn. Lëtzebuerg huet am Tourismus nemmen dann eng Chance, wa mer eng qualitativ heichwaerteg Offer kënnen ubidden, souwuel wat d’Fräizäit- Aktivitéiten ugeet, wéi och d’Hoteller. Een Entrepreneur, een Hotelier, deen an deem Sënn a säin Hotel investéiert, gëtt geziilt ënnerstëtzt. Ziil muss awer och sinn, datt déi Betriber dat ganzt Joer op sinn. Mir wëllen net méi, datt de Staat dem Hotelspersonal muss Chômage bezuelen well de Patron an der Niewesaison zou mecht.

Mir wëllen dem Patron hellefen sech sou opzestellen, datt sain Betrieb d’ganzt Joer iwwer dréit, seng Leit d’ganzt Joer iwwer Arbecht hun an d’Touristen d’ganzt Joer iwwer oppen Diren fannen.

Dir Dammen, Dir Haeren,

Am Juni gëtt den Haut comité pour le soutien des PME geschafen. Deem seng éischt Aufgab ass et, d’Emsetzen vum neien Aktiounplang fir Kléng- a Mëttelbetriber ze begleeden, een Aktiounsplang, deen di nächst Woch un di Concernéiert verschéckt gëtt. Dee Plang zeechent Pisten op fir d’Kompetitivitéit vun de PME’en ze verbesseren an hir Entwecklung a Kapazitéit, Arbechtsplaatzen ze schaafen, z’ënnerstëtzen.

Stëchwieder hei sin:

- Transmission d’entreprise

- Statut vum Indépendant

- Den Accès zu de Finanzementer

- Een-Euro-Entreprise

- A net zu Läscht eng besser Qualificatioun vum Personal.

Dir Damen, die Hären,

E Chômagetaux vun 7% trotz engem Wuesstum vun der Beschäftegung vun 2,5% pro Joer ass ee Paradox. D‘Betriber siche verzweifelt no qualifizéierte Mattaarbechter, déi se awer um nationalen Aarbechtsmaart net fannen. An d’Potential an der Groussregioun as mëttlerweil zu engem groussen Deel ausgereizt.

Matt de Responsablen vun der Chambre des métiers siche mer no Méiglechkeeten, fir deene Jonken eng besser Orientatioun net nëmme kënnen un ze bidden, mee och ze garantéieren. Eng Ausbildung am Handwierk ka keen 2. Choix sinn, just well een am Lycée classique net weiderkënnt. Aleng d’lescht Joer hun d’Betrieber aus dem Handwierk 2.900 Aarbeschtplaatzen geschafen an all Joer bleiwen Léierplaatzen opstoen. Sou laang mir als Gesellschaft d’Handwierksberuffer als zweetklasseg, als deuxième Choix ofstempelen, geet eiser Wirtschaft an domatt eisem Land enorm vill Potential verluer.

Altesses Royales,

Här President,

Dir Damen, dir Hären,

Lëtzebuerg haat ëmmer an huet och haut ganz vill gudd Argumenter fir sech. An dat wat mer maachen, kann net esou verkéiert sinn, wann ee bedenkt, datt Industrie-Betriber wéi International Can zu Iechternach, wéi Ampacet zu Diddeléng, wéi Faymonville bei Klierff, trotz Produktiounsanlagen an eise Nopeschlänner décidéieren, bei hirem Ausbau, bei hirer Weider-Entwécklung op Lëtzebuerg ze setzen.

Daat ass dach en staarkt Zeechen. Musse mir eis schlecht riede loossen, vun aneren a virun allem, musse mir eis selwer méi schlecht rieden wéi mer tatsächlech sinn?

Sécher, et kommen Verännerungen an déi Verännerungen ginn diskutéiert. Einfach gëtt dat net. Dat ze mengen, ass eng Illusioun. Allerdéngs, et kann een d’Glas hallef eidel oder hallef voll gesinn. Wa mir ons op eist eegent Potential besënnen, op eis eege Méiglechkeeten, dann ass d‘Glas doudsécher méi voll wéi eidel.

Mir hunn et selwer an der Hand, dee Wuesstem ze schaafen, dee mer zum Wuel vun eisem Land brauchen. Mir mussen et just wëlle maachen.

Ech soen iech merci.

Dernière mise à jour