Discours de Francine Closener à l’occasion de la cérémonie d’ouverture de HOME and LIVING Expo

©MECO
Francine Closener lors de son discours

Monseigneur,
Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

D’Luxexpo huet sech fir des Editioun vun der Foire en neien Numm an en neit Konzept ginn:
„Home and Living”. Dofir well ech iech felicitéieren! Dësen Neiufank, deen der Hiirschtfoire eng nei Dynamik soll ginn, verbënnt sech ganz gutt mat de Virstellungen an de Projet’en vun dëser Regierung. Fir mech wéilt ech awer den Numm ë wéineg änneren, an deem ech soen, datt mer eis an Zukunft zu Lëtzebuerg méi en intelligent, méi en gescheit, oder wie een haut seet, méi e „smart“ „Wunnen a Liewe“wënschen.

Mir mussen nämlech de Confort an d’Liewensqualitéit an de Gebaier an Haiser wou mer dra liewen a schaffen verbesseren, an dobäi an engems de Verbrauch vu Ressourcen käschteneffizient reduzéieren. Dës zwee Zieler wëllen a kënne mer erreechen, an deem’s mer neit Wëssen an eise Betriber schafen, d‘Innovatioun virun dreiwen an parallel nei Secteuren mat neien Aarbechtsplazen hei zu Lëtzebuerg entwéckelen. Um Wee dohinner si mer an de leschte Méint gutt weiderkomm:
• virun e puer Wochen ass en neit Reglement a Kraaft getrueden, dat den definitive
Startschoss gëtt, fir all d‘Gebaier um Territoire vun eisem Land bis 2018 mat
intelligenten, also „smarte“ Stroumzieler oder -Compteuren z‘équipéiren. Beim Gas
soll deen Prozess bis 2020 ofgeschloss sinn. Wann d’Leit zu all Ament wëssen wat se
verbrauchen, da kënne se och méi energie-effizient, also méi bellech wunnen a
liewen. Domadder maachen sech di néidech Investitiouns-Käschte hei mëttel- a
laangfristeg bezuelt ;
• dem Aspuere vun Energie allgemeng hu mer schonn eng nei Dynamik ginn, wéi mer decidéiert hunn, datt vum nächste Joer un all Stroum- a Gasfournisseur eng „Energie- Effizienz Obligatioun“ respektéiere muss. Dat heescht, datt all Fournisseur eng gewëssen Quantitéit Energie bei sengen Client’en muss aspueren, am anere Fall gëtt hien „sanktionéiert“. Dem Fournisseur säin Ziel ass et also net méi onbedéngt, vir sengen Client’en esouvill wie méiglech Stroum oder Gas ze verkafen! Dat ass „carrément“ e Paradigmewiessel
• „Smart“ liewen heescht net nëmmen an „intelligenten“ Haiser wunnen, ma och sech „smart“ deplacéieren : an engem nächste Regierungsrot froen den Etienne Schneider an ech gréng Luucht, fir iwwer Land e Reseau matt 800 Statiounen op ze riichten, wou ee säin elektrescht Gefier kann oplueden. Esou eng Infrastruktur ass d’Virbedéngung, fir zesumme mam Minister François Bausch, den definitive Startschoss fir d’Elektromobilitéit zu Lëtzebuerg kennen ze ginn. Dat ass e Beräich, an deem mir eis international als Kompetenz-Zenter wëlle positionéieren. Lëtzebuerg muss e Schrëtt viraus sinn, en Tick méi séier sinn wéi di aner, wann eis Diversifikatiounspolitik soll opgoen, an déi geet nëmme op, wann d’Emwélt- an d’Energiepolitik Hand an Hand ginn.

Den amerikaneschen Ekonomist a Soziolog Jeremy Rifkin ass e renoméierten Virdenker am Beräich vun deem Wandel, deen eis Wirtschaftssystemer an den nächste Joeren erliewen. An enger vu senge leschte Publikatioune beleet dëse bedeitende Visionnaire, datt mir um Ufank vun der „drëtter industrieller Revolutioun“ stinn, déi di al, traditionell Logik vum Kapitalismus mëttel- bis laangfristeg op d’Kopp gehäit an nei Wirtschaftsmodeller néideg mecht : d’Reseau’en vun der Energie, der Kommunikatioun an vun der Logistik fusionéieren lues a lues, si gräifen aneneen wéi Puzzelstécker.

Di lëtzebuerger Economie huet dës Puzzelstécker, t’sinn „notamment“ déi Sekteren, déi de Wirtschaftsministère scho laang prioritär ënnerstëtzt !

Vum Energie-Reseau vun der Zukunft hunn ech scho geschwat. Informatioun a Logistik : virun 10 Joer war Lëtzebuerg scho „smart“ genuch, fir och op des zwou Kaarten ze setzen! An engem Ëmkrees vun 700 Kilometer vun eis ginn 80% vum europäesche PIB geschaf! A vill Marchandise“ geet iwwer Lëtzebuerg, well mir am Zentrum vun Europa leien. Dat huet eisem Logistik-Sekteur gutt gedoen an him et erlaabt, vir staark ze wuessen. „Entretemps“ schaffen do iwwer 13.000 Leit, soen eis di lescht Chiffren vum „Observatoire de la compétitivité“, déi elo geschwënn erauskommen.

Am Sekteur vun den Informatioun’s- a Kommunikatiounstechnologien goung et trotz der Wirtschafts- a Finanzkris ëmmer weider biergop.

T’ass natierlech d’Fro, wéi een dëse Sektor definéiert, wat richteg dozou gehéiert a wat net… mais t’gëtt geschaat, datt di lescht Joren iwwer 15.000 Aarbechtsplaze an bal 2.000 Betriber entstanen sinn. An och wann an dësem Kontext dacks déi grouss Betriber wéi Amazon oder Ebay genannt an sech op den nationale Fändel geschriwwe ginn, esou ass et den "Ensemble" vun deenen méi klengen, héich innovativen PME’en, déi de Grand-Duché an dësem Beräich zu deem maachen, wat en haut ass.

Di massiv Investissementer an d’Infrastrukturen an deem Beräich maache sech also bezuelt, sie kommen och dem Finanzsekter ze gutt. Mir mussen awer hei ëmmer „à la pointe du progrès“ sinn an di richteg Profiller hei ausbilden oder aus dem Ausland op Lëtzebuerg kréien, an se och hei halen. Soss lafe mer Gefor, datt d‘Aktivitéiten eemol an d’Ausland delokaliséiert ginn.

Performant, securiséiert Datenzentren an Infrastrukturen sinn haut d’ « Image de marque » vum ICT-Standuert Lëtzebuerg, mais déi Infrastrukturen an den Transfert vun informateschen Donnée’en mussen och protegéiert ginn. Eng gréisser IT-Sécherheets-Pann ka keen sech am Bild no bausse leeschten. Dat fänkt bei de Bierger doheem un, bei de Betriber an hält natirlech beim Staat selwer op. An de Bureau’en um Boulevard Royal si mer dofir houfreg op eis „Informatik-Pompier’en“, di mer am Haus hunn. D‘Expert’en vum nationalen „Computer Emergency Response Team“ hunn ziort iwwer 1.000 Incident’en an deene verschiddensten Informatik-Réseau’en behandelt. Iwwert hir speziell Plattform informéiert dës Equippe d’Betriber gratis an „en temps réel“ iwwer Cyber-Attacken, déi ënnerwee an eng Gefor fir si kéinte sinn.

Vill europäesch Regierungen hunn esou intern Spezialisten, néirewou schaffe se esou enk matt den Entreprisen zesumme wie hei zu Lëtzebuerg. Ech maan hei den Appell un d’Betriber, fir datt si all Zorte vu Cyber-Attacken op hir Systemer vertraulech mellen. Sief et bei eise Leit an der Economie oder sief et bei dénen hiire Kollegen vum „gov-cert“. Da kenne mer all di aner Entreprisen huerteg warnen, si kënne sech protegéieren an esou de Schued, an domadder onnéideg finanziell Perten evitéieren. Dat ass de Betriber hiren éejenen, einfachen mais „smarte“ Beitrag, fir datt mer a Saachen Bekämpfung vun der Cyber-Kriminalitéit allgemeng besser opgestallt sinn.

Den Economie’s-Ministère bedreift och zanter Joren Initiativen wéi „CASES“ fir d’Entreprisen oder „Bee-Secure“ fir Privatleit. Hei läit de wesentlechen Accent op der Informatioun an op der Präventioun.

Bei deene ville Kontakter, déi mer als Ministère matt kléng- a mëttelgrousse Betriber hunn, spire mer nach ëmmer eng gewësse Retizenz, fir op di nei Technologie’en ze sätzen. Dat ass geféierlech. Eis Jugend - also d‘Clientelle vu muer - wiisst mam Internet op, si ass ëmmer online. Wien ze spéit op dësen Zuch opspréngt, huet verluer. Dat gellt och, a besonnesch, fir d’Handwierk : de klassesche Showroom ass di eng Saach, eng virtuell Vitrine am „World wide web“ eng aner, si ass haut indispensabel a selbstverständlech. Di Konnexioun tëscht ICT an dem klasseschen Handwierk ass och d’Chance fir nees méi Jonker fir deen Aktivitéitsberäich ze begeeschteren, och méi lëtzebuerger jonk Leit, well soss verléiere mir fréier oder spéider di national Souveränitéit iwwer een vun eisen dynameschsten Wirtschaftsberäicher.
*****
Ech hat iech gesot, datt den amerikaneschen Ekonomist a Soziolog Jeremy Rifkin déi Referenz ass, wann et ëm nei Orientatioune vu Wirtschaftsmodelle geet! A sengem leschte, ganz rezente Buch seet den Här Rifkin, datt et spéitstens a 60 Joër kee Kapitalismus méi géif ginn! Ëmmer nei a besser Technologien géingen et erlaben, datt d‘Produktivitéit an Zukunft bal een totale Maximum erreecht. Wueren an Déngschtleeschtungen géngen doduercher esou bellech ginn, datt d’Investisseure bal kee Profit méi maachen an dofir och näischt méi weider wëllen investéieren.

Op dat esou kennt, wësse mer net. Op engem Punkt huet den Här Rifkin awer Recht : ëmweltschounend produzéieren, an parallell ëmmer manner Ressourcen a „matière première“ verschaffen, ass DEEN Defi vun der Zukunft. Dofir sinn d’Eco-Technologien zanter Joeren och een vun de prioritäre Sektere vum Wirtschafts-Ministère.

Mir géinge gären eng Aktivitéitszon matt Produktiounsbetriber schafen, di Modellcharakter am Beräich „économie circulaire“ hunn. Hei ginn Ressourcen a Material ëmmer nees, ouni Qualitéitsverloscht, benotzt. All „matière première“ kennt iergendwann nees an de Produktiouns-Prozess , t’gëtt guer näischt méi eweg gehäit. Dat geet vill méi wäit wie de Recyling, deen mer kennen. Domadder gëtt de Verbrauch vu Ressourcen am Entstoen vun neie Produkten bal op Null reduzéiert. Dat nennt sech „cradle to cradle“, en Begrëff, deen een sech iech mierke sollt. Dat ass ee vun de grousse Projet’en vun eisem Eco-Innovatioun’s- Cluster fir d’Zukunft.

Allgemeng sinn e puer honnert privat Akteuren zu Lëtzebuerg am Beräich Eco-Technologie aktiv, dozou gehéiert dat nohaltegt Bauen. Hei am Land däerfe vun 2018 un, just nach Haiser an der héchster Energieklass gebaut ginn. Mir féieren déi Obligatioun domadder 2 Joer éischter an, wéi dat am Rescht vun der europäescher Unioun de Fall ass. Domadder kritt eis Baubranche e Virsprong am Ëmgaang matt där Technik par Rapport zu hirer Konkurrenz aus der Groussregioun.

De Sekteur vun de Gesondheets- a Biotechnologien faasst esou lues Fouss. Zanter 2008 huet sech d’Zuel vun de Privatentreprisen hei méi wie verduebelt. Mir suivéieren och matt ganz vill Interêt wéi sech de Sekteur vun de Weltraum-Technologien zu Lëtzebuerg entweckelt. An deem Beräich schaffen iwwer 20 Betriber hei am Land. Bis d‘Enn vun 2015 assuréiert Lëtzebuerg d’Vize-Presidence vun der „European Space Agency“.

Am 2ten Semester dat anert Joer hu mer dann och nach d’EU-Presidence, wou d’Relatioune tëscht der ESA an der europäescher Unioun sollen op de Leescht geholl ginn. Dat ass eng gutt Geléenhéet, fir eis Renommée als EU-Grënnungsmember matt eisem Know-How an der Weltraum-Technologie ze verknäppen, an fir esou nei Jalon’en ze sätzen, di dësem Sekteur hei am Land zousätzlechen Opdriff ginn.
* * * *
Monseigneur, Mesdames et Messieurs,

La zone euro est condamnée à se réformer dans un contexte difficile, marqué par la désaffection des citoyens pour le projet européen et une quasi-stagnation de l’activité. Il faut espérer que la nouvelle Commission européenne va s’atteler à une relance concertée de l’économie, en donnant aux Etats membres la flexibilité dont ils ont besoin pour développer l’investissement public dans les infrastructures, la recherche, l’éducation ou encore au niveau de l’environnement.

J’ose espérer, qu’avec le changement à la tête de l’exécutif à Bruxelles, l’époque des politiques d’austérité et des réformes néolibérales imposées par les marchés financiers sera enfin révolue.

Toutefois, les perspectives plus moroses de la zone euro vont affecter à terme aussi de manière négative la croissance économique de notre pays. Pourtant, le PIB en volume du Luxembourg devrait progresser plus rapidement que celui de la zone euro. Alors que d’aucuns s’inquiètent de notre différentiel d’inflation avec nos pays voisins, l’Europe est hantée par le spectre de la déflation, le risque d’une chute continue des prix.

Selon les dernières prévisions du STATEC, le Luxembourg devrait atteindre un taux d’inflation de 1% cette année. L’inflation restera modérée en 2015, à 2%, même après la hausse de la TVA sur certains produits.

Eis Nopeschlänner kennen nach ëmmer jalous op eis sinn : di wirtschaftlech Perspektive vu Lëtzebuerg si gutt. D’Krisen an der Ukrain an am Noen Osten, an di méi schwéier Phase, duerch déi China den Ament geet, drécken awer mëttelfristeg op den Wuesstem an der europäescher Unioun. Dat kréie mir fréier oder spéider heiheem och ze spieren. D’Betriber hunn zanter dem Ufank vum Joer 4.500 zousätzlech Aarbechtsplaze geschafen, an awer geet dat nach ëmmer net duer, fir kuerzfristeg de Chômage-Taux am nämmlechte Mooss no ënnen ze drécken. De Kampf géint d’Aarbechtslosegkeet ass och een immensen Defi fir d’Zukunft, vläit esouguer dee gréissten iwwerhaapt fir d’Politik. Déi ass awer hei och op d’Hëllef vun de Patron’en ugewisen, déi wessen, wat se vun der Politik die nächst Joren z’erwaarden hunn an demno plangen kënnen : an dëser Legislaturperiod gëtt net un der Schrauf vun den direkte Betriebs-Steire gedréint, weder no ënnen, nach no uewen. Eisen läschte Berechnungen no, soll di nächst Indextranche am Abrëll 2015 erfalen. D’Investissementer vun der Regierung an national wichteg Infrastrukture bleiwen héich.

Allerdengs huet jiddereen sech un den Effort’en ze bedéelechen, fir d’Suen aus dem
Staatsbudget méi « smart » aus ze ginn.

Des Regierung gëtt kritiséiert, well se Saachen anescht mëcht an anescht upaakt. Dofir brauch ee politesche Courage, deen awer net gläich ze setzen ass mat politescher Sturheet oder Selbstherrlëchkéet, déi ganz gären matt Paternalismus Hand an Hand ginn, esou ewéi mer dat di läscht Joren heiansdo gesinn hunn.

Dës Regierung huet Zieler, si lauschtert de Betraffenen no, ajustéiert an adaptéiert dann hir Instrumenter, ouni awer hir Zieler op ze ginn. Dat ass jo bei de sektorielle Pläng de Fall. Dir wärt dat och nach bei anere Projet’e feststellen.

Monseigneur,
Mir hunn et dës Woch nees gesinn, wéi de Minister Etienne Schneider matt enger grousser Delegatioun op Wirtschaftsmissioun a Südkorea an a Japan ënnerwee war : ouni iech, an ouni äre Fils, kriite mer als kléngt Land net déi Entrée, net déi Präsenz an net déi Visibilitéit bei wichtegen, potentiellen auslänneschen Investisseuren fir de Standuert Lëtzebuerg do bekannt ze maan. T’ass net ze chiffréiren waat dir, a waat äre Fils matt ärem onermiddlechen Asaatz der letzeboier Economie bréngt. Merci am Numm vun eis all.

 

Dernière mise à jour