Discours de Francine Closener à l'occasion de la Home and Living Expo 2015

"D’Cyber-Sécherheet ass e bedeitende Promotiounscritère fir eisen Wirtschafts-Standuert ginn"

Seul le discours prononcé fait foi

"Altesses royales,

Excellences,

Här President,

Dir Dammen an dir Hären,

D’Politiker kréien dax reprochéiert, datt si net méi wäit denken, wéi bis bei déi nächst Wahlen, datt se sech keng Gedanken maan, iwwer d’Wuel vun den nächste Generatiounen.

Dat ass net mäin, an och net dem Etienne Schneider säi Verständnis vu Politik. All Regierung huet, a mengen Aen, di politesch a moralesch Obligatioun, fir sech Gedanken driwwer ze maan, wéi eist Land an 20, 30 Joer wäert ausgesinn, a wéi mer eise Wuelstand an déi domadder verbonne sozial Kohäsioun och fir déi nächst an iwwernächst Generatiounen nach garantéieren.

Dofir ass et net nëmmen legitime, et ass absolut onerlässlech, fir ze kucken, wat duerch di séier an omni-präsent Digitaliséierung op eis duer kënnt, wat déi Entwecklung fir eise Wirtschaftsmodell bedeit a wou mer mussen aktiv ginn, fir deen Modell unzepassen, mam Ziel, eis aktuell Liewensqualitéit ze secheren.

Am Interêt vun eise Kanner, a spéider vun deenen hire Kanner, musse mir eis haut iwerléen, wéi mir d’Weiche stellen, fir eise Wuesstem laangfristeg a virun allem nohalteg z’erhalten.

Keen kann sécher soen, wéi eis Welt an e puer Joerzéngten ausgesäit, an awer ginn et Entwécklungen, op déi een sech kann a muss préparéireren.

Zum Beispill wësse mer, datt an der Zukunft fossil Brennstoffer quasi keng Roll méi spillen,  duerfir d’Nohaltegkeet an alle Liewensberäicher eng ëmsou méi grouss.

Et kann éen haut schonn Autoen am Car-Sharing mam Smartphone réservéieren. An Zukunft wäerten ëmmer méi Leit net méi wëllen Proprietaire vun engem Gefier sinn; si kafe léiwer een Service, andeems se en Auto fir eng kuerz Zäit lounen, fir vun A op B ze fueren.

Elo schonn wësse mer, datt Autoen wäerten vum selwen fueren, ouni Chauffer, well iwwerall laanscht d’Strooss Sensoren installéiert sinn, di se guidéieren.

D’Fro ass net méi, op sou Autoen eng Kéier fueren, d’Fro ass, wéini se fueren, a wéi mir eis dorop virbereeden.

Wéi laang dauert et zum Beispill och nach, bis all Stot doheem eng grouss Batterie huet, déi matt der eegener Photovoltaik gelueden gëtt ?

Mam Stroum, deen sou produzéiert gëtt, lueden mer an Zukunft eist Elektrogefier op, oder mer speisen d’Energie, déi mer net brauchen, an een intelligente Stroumreseau.

An dat Netz gi mer och d‘Energie sichen, wann d’Sonn mol net schéngt. Esou parken mir d’Energie an den Haiser a matt der Informatik géréieren mer d’Spëtzten am Netz.

Dat alles kënnt op eis zou, dat ass eng Entwécklung, déi sech mëcht a woubäi sech decidéiert, wéi an den nächste Joren ICT, Mobilitéit an di dezentral Produktioun vun erneierbarer Energie an engem intelligente Reseau zesummgefouert an zesumme geluecht ginn.

Wéi gesäit dee Réseau aus ? Wat muss Lëtzebuerg maachen, fir den Uschloss un dee Réseau net nëmmen net ze verpassen, mee matt ze bestëmmen ?

Dat ass den Defi, een Defi, deen ëmsou méi grouss ass, well et an der Praxis nach keen Modell gëtt, un deem mir eis inspiréiere kënnen.

Duerfir maache mer elo d’Etude Rifkin.

Duerfir kucke mer ganz laangfristeg, wat d’Entwécklung an den nächste Joerzéngten kéint sinn, wéi eng Opportunitéiten, ma och wéi eng Risiken sech doraus erginn, fir di lëtzebuerger Economie, fir di ganz Gesellschaft.

Keen ass sou naiv ze mengen, datt dem amerikaneschen Economist seng Iddien sech "tel quel" op Lëtzebuerg applizéieren. Dat ass och net d’Ziel. D’Ziel ass, ze kucken, wat bei eis passt, well mer an deene Beräicher elo schonn gutt opgestallt sinn, a wat net passt, well dat net eis Prioritéit war an och net gëtt. Mir wëllen wëssen, wat realistesch a realisabel ass, a wéi sech eist Land - matt alle lëtzebuerger Spezifizitéiten - am Beschten op esou een technescht a wirtschaftlecht verännert Ëmfeld kann virbereeden.

Een Exercice vun där Envergure ass bis haut nach ni zu Lëtzebuerg gemaach ginn. Se kascht de Staat maximal 40 Cent pro Awunner, ee Präis, deen mer net iwwerdriwwen schéngt. 

Mir coordinéieren deen Projet zesumme matt der Chambre de Commerce a mam IMS, dem gréissten nationale Réseau vu Betriber, déi sech am Beräich sozial Responsabilitéit engagéieren.

Dat Ganzt ass e partizipative Prozess, deen vun ënnen no uewen verleeft, a wou vill aaner Acteuren matt agebonne ginn: Ministèren, Sozialpartner, Vertrieder vun der Zivilgesellschaft an natierlech d‘Betriber  selwer.

Schliisslech sinn si an hier Mataarbechter virop concernéiert. Vill Entreprisen hunn dofir schonn hiren Interêt manifestéiert, fir matt ze maan.

Wéi gesot: mir wëllen wëssen, wourop mer den Akzent sollen leeën, an dat mëcht natierlech am meeschten an deene Beräicher Sënn, wou mer a Punkto Digitaliséierung schonn fit sinn.

Duerch di national a multisektoriell Diversifikatiounspolitik hu mir di lescht Joren an de Secteuren wéi den Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien, der Logistik – also der Mobilitéit - an den Eco-Technologien scho gutt Viraarbecht geleescht.

Mir hu performant, securiséiert Datenzentren an Infrastrukturen, wéi de séieren Internet, ëm déi eis vill Länner beneiden. Do derbäi kommen di 850 vernetzt Bornen, déi mer an den nächste 5 Joer queesch duerch d’Land opriichten fir elektresch Gefierer op ze lueden, an déi intelligent Stroum- a Gascompteuren, mat deenen all Stot an den nächste Joeren equipéiert gëtt.

Och eis national Strategie fir Cybersecurity mëcht sech haut am Kontext "Etude Rifkin" bezuelt. Wat nämlech Maschinnen, Mënschen, Haiser, Betriber oder Infrastrukturen méi vernetzt sinn, wat de Risiko vu Cyberattacken wiisst. Duerfir muss dat séchert Iwwermëttelen vun informateschen Donnée’en, an sécher Infrastrukturen eng absolut Prioritéit hunn. Dat ass haut schonn de Fall: matt Initiativen wéi BEE Secure, CASES oder CIRCL, an den techneschen Instrumenter, déi do drun hänken, hu mer fir Privatleit a Betriber den Accès zur IT-Sécherheet demokratiséiert. Jiddereen kann vun der Berodung vun deenen Initiativen profitéieren.

A villem si mir hei Virreider. D’Cyber-Sécherheet ass extrem wichteg. Fir d’Leit, déi zu Lëtzebuerg wunnen a schaffen, mee och fir Betriber, déi mam Gedanken spillen, fir op Lëtzebuerg ze kommen. D’Cyber-Sécherheet ass e bedeitende Promotiounscritère fir eisen Wirtschafts-Standuert ginn.

Mir wëllen also matt dësem Projet déi 3. industriell Revolutioun aus dem lëtzebuerger Brëll kucken. Mir erwaarden eis Indikatiounen, wéi eist Land sech kann virbereeden op eng komplett digitaliséiert a vernetzt Gesellschaft, wou de Bierger selwer produzéiert an anescht consomméiert. Mir antizipéieren déi Ëmstellung, fir am richtegen Ament di néideg Puzzelstécker prett ze hunn, déi eis Wirtschaft beräicheren an eise Betriber um Wee dohinner nei Opportunitéite bidden.

A well mer de Projet, als éischt Land, op nationalen Niveau uginn, kéint Lëtzebuerg de perfekte Laboratoire ginn, fir héichinnovativ Iddien ze testen an, jee nodeem, ëmzesetzen. Dat ass eng Chance, déi een net soll ënnerschätzen.

Allerdéngs, dat schéngt mir awer och kloer, ersetzen sou Projeten eisen aktuellen Wirtschaftsmodell net, se completéieren en héchstens.

Och no der 3ter industrieller Revolutioun a matt der Sharing Economy ginn et Creneau’en, wou Betriber eng Plus-Value schafen, Leit beschäftegen an de Sozialmodell erhalen. Elleng fir Réseauen an Infrastrukturen op ze bauen, brauche mer och iwwer di nächst Joerzengten nach ëmmer ganz vill „main d’oeuvre“.

Mat der Etude Rifkin bereeden mir eis also proaktiv op dat fir, wat an de nächste Joerzéngte soll kommen. Aner Initiativen, Iwwerleeungen, Reformprozesser oder soss Projet’en, déi am gaangen sinn, ginn normal virun.

Op eiser Visite vum Salon herno, gi mer de Stand vun der POST an vun Enovos besichen. Do kréie mer gewisen, wat alles haut schonn am Beräich „SMART Home“ méiglech ass. Da kréien mer en Avant-Goût wéi "Lëtzebuerg 3.0, jo esouguer 4.0" wärt ausgesinn.

Dovunner wärt och d’Handwierk – oder soll ech soen - d’e-Handwierk profitéieren. Allebéid hunn eng sécher Plaatz an där Welt, déi sech matt der Digitaliséierung am Gaang ass, opzemaachen. Fir intelligent Haiser ze bauen, brauch d’Handwierk natierlech dat néidegt Fachwëssen a Fachpersonal. Matt Initiative wéi Neobuild oder den zwee geplangten, neien Kompetenzzentren ass d’Handwierk sécher um richtege Wee a gëtt sengem Ruff als éiwege Motor vun der lëtzebuerger Economie eemol méi gerecht.

Allerdéngs ass et kruzial, datt de Secteur bei den aktuellen an zukünftegen Salariéen nach méi attraktiv gëtt. Duerfir musse mer d’Handwierk anescht positionéieren.

"Perception is reality": den Image vun enger Branche, vun engem Secteur spillt nun mol eng zentral Roll, wann et drëm geet, capabel Leit unzezéien an d’Iwwerliewen vun de Betriber ze sécheren.

Monseigneur,

Ech well Iech soen, wéi staark är Initiative appréciéiert gëtt, fir an den nächste Wochen a Méint eng Rei interessant a modern Handwierksbetriber queesch duerch d’Land besichen ze goen. Dir gitt dem ganze Secteur sou déi Visibilitéit, déi e verdéngt an déi e brauch. Dir sidd domadder di beschten Hëllef, fir d’Promotioun vum Handwierk’s-Beruff bei jonke Leit ze mäen, déi op der Sich no serieux’en a sécheren, berufflechen Perspektive sinn.

D’Problemer vun muer mussen eis beschäftegen, d’Problemer vun haut mussen geléist ginn.

De 4ten Aktiounsplang fir kleng- a mettelgrouss Betriber geet nach dest Joer duerch de Regierungsrot. Doranner ass firgesinn, datt mer nach méi maache fir den Esprit d’entreprise a mir facilitéieren d’Liewen vum Entrepreneur :et gëtt méi einfach, fir e Betrib ze grënnen, den Accès zum Finanzement gëtt besser, a mer versichen, datt Betriber manner séier an d’Faillite faalen. Mir iwwerschaffen d‘Législatioun iwwert d'Staatshëllefen, wa Betriber investéieren a sech moderniséieren. Mir passen den "droit d’établissement" un d’Réalitéiten vum Terrain un.

Dir Dammen an dir Hären,

Ee Secteur, deen d’Digitaliséierung am Gaang ass, nohalteg ze veränneren, ass de Commerce.

Engersäits ass de Chiffre d’Affaire vum traditionellen Eenzelhandel zu Lëtzebuerg tëscht de Joren 2007 an 2013 em ëmmerhin 15% geklomm, bedéngt virun allem doduerch, datt d’Populatioun wiist an well vill Auslänner bei eis shoppen kommen. Dat ass gutt.

Anerersäits ginn d’Leit, déi zu Lëtzebuerg liewen, hier Suen enzwousch anescht aus: am Ausland an am Internet. Elleng 2013 huet sech d’Fuite vun der Kafkraaft iwwer d’Grenzen eraus op 660 Milliounen Euro chiffréiert. Doduerch krut den Staat dat Joer 73 Milliounen manner TVA eran. Deen Trend musse mer stoppen.

Duerfir hun ech mech di lescht Woch matt der Confédération du Commerce op een gemeinsamen Aktiounsprogramm geéenegt, deen mer elo nach am Detail ausschaffen.

Mir kucken do, ënnert anerem och, wéi eisen Eenzelhandel, besonnesch di kleng Butteker, matt der Konkurrenz aus dem Internet sollen ëmgoen. Mir dierfen den Internethandel net als Konkurrent gesinn, mee als Alliéierten an en an eise Geschäftsmodell matt abezéien.

Mir ginn do awer och een anere Problem un, deen allerdéngs bei wäitem net nëmmen de Commerce betrëfft, mee Secteur-iwwergräifend eng Tatsaach ass.

Lëtzebuerg ass zu enger Service-Economy ginn, mee d’Qualitéit vum Service kënnt leider dax ze kuerz. Dobäi wësse mer dach all selwer, wéi wichteg et ass, als Client gutt, kompetent a frëndlech behandelt an zervéiert ze ginn. Vill Produiten sinn hautesdaags eigentlech austauschbar; eng déif verwuerzelt Service-Kultur vun engem Betrib, déi vum Chef bis bei de Portier gelieft gëtt, kann keen sou liicht kopéieren. Eng enorm Plus-Value, em déi sech awer erstaunlech dax erstaunlech wéineg Gedanken gemaach gëtt.

Ween en Devis fir Arbëchten bei engem Betrib ufreet, muss och an engem raisonnabelen Délai eng Äntwert kréien.

Wien akaafe geet, muss frendlech empfaangen an kompetent berooden ginn.

Ween op Lëtzebuerg an d’Vakanz oder fir Business ze maachen kënnt, muss top betreit an guidéiert ginn, um Fluchhafen, an de Garen, an den Taxien, an den Hotellen, an an den Restauranten.

Mir sinn een oppent Land, mir sinn houfreg drop, dann kommt, mir ginn eisem Image och beim Service gerecht. Fir vill Leit ass et genee dat, wat se ënner Luxus verstinn, an net gëlle Krinn am Buedzëmmer.

Mir brauchen allgemeng - an all Secteur - eng “Qualitéitsoffensiv”, fir Client’en ze behalen an fir neier dobäi ze kréien.

Dofir hu mir als Ministère zum Beispill der Horesca proposéiert, fir e Qualitéit’s-Label fir Bistroen an ze féieren; deen Label gëtt an de nächste Wochen lancéiert. Ech géif mer aaner Initiativen an deem Genre wënschen.

Altesses royales,

Dir Dammen an dir Hären,

Par rapport zu anere Länner ass Lëtzebuerg "relativ" gutt duerch d’Wirtschafts- a Finanzkris komm. Matt engem Wuesstems-Taux vum PIB vun 4,1 Prozent ziort, steet déi lëtzebuerger Economie gutt do, an dat trotz der Restrukturatioun am Bankewiesen. Dëst an dat nächst Joer dierft d’Croissance ähnlech exzeptionell sinn. Mir sollten dat net als selbstverständlech huelen, an och net als pur Chance: mir kennen op déi Performance do roueg e wéineg houfreg sinn. Well mir et fäerdeg bréngen, datt eis Wirtschaft weider dréit, a mer paraléll Léin a Gehälter indexéieren, e Mindestloun bezuelen an e generéise Sozialsystem hunn, op deen vill aner jalous sinn.

Allerdéngs ginn et oppe Froen, wat di laangfristeg, economesch Perspektiven uginn: wéi geet et matt de geopoliteschen Turbulenzen am mëttleren Osten virun, wat ass matt der Ukrain, der wirtschaftlecher Entwécklung a China, wéi evoluéiert den Zënsniveau vun der amerikanescher Zentralbank?

Méi no bei eis, an der EU, gëtt et de Risiko vum Brexit. Kee ka richteg soen, wéi sech de Wandel vun eiser Finanzplaz op d’Steierrecetten auswiirkt.

Léif Invitéen,

Net nëmmen eis Wirtschaft, mee eis ganz Gesellschaft steet virun groussen Erausfuerderungen, op déi mer nach keng definitiv a fäerdeg Léisungen hunn. Dat gëlt och fir d’Flüchtlingswell, matt där Europa konfrontéiert ass. Et steet der Luxexpo an hire Responsabelen gudd zu Gesiicht, datt si sech séier an onbürokratesch um nationalen Effort bedeelegt hunn, fir de Flüchtlingen ze höllefen.

De Grand-Duché ass zanter dem 20te Joerhonnert éen Immigratiounsland. Déi Leit, déi koumen, hunn ëmmer zum Wuelstand vum Land bäigedroën. De Boom an der Stoolindustrie war och de Verdéngscht vun Portugiesen an Italiéner. Bélsch, franséisch a brittesch Staatsbiirger hu gehollëf, de Finanzsecteur op ze bauen.

Bis haut ass jiddferengem bewosst, daat et ëmmer Leit aus der Fréimt waren di derzou bäigedroën hunn, datt Lëtzebuerg sëch esou entwéckelt huet, wéi mer ët haut kennen.

Wa mer eis och laangfristeg dësen oppenen Etat d’esprit erhalen, dann ass et mir och ëm di nächst Generatiounen zu Lëtzebuerg net baang."

 

 

Dernière mise à jour