Discours de Francine Closener à l'occasion de "Home & Living Expo 2016"

Seul le discours prononcé fait foi

"Altesses royales,

Excellences,

Här President,

Dir Dammen an dir Hären,

Am Kader vum Nation Branding hu mer des Woch eng nei Signature fir Lëtzebuerg presentéiert. Iwwer d’Grenzen vum Land eraus, gi mer domatt de Message, datt een méi wäit kënnt, wann een Projet’en zesumme mat Lëtzebuerg mécht.

Déi Approche vum "Zesummen reusséieren" déi applizéire mer och regierungs-intern bei allem, wat d’Land soll weiderbréngen. Di éischt Usätz aus der Rifkin-Etude weisen eis de Wee, wou et soll higoen a wéi den nächste Wirtschaftsmodell fir Lëtzebuerg kéint ausgesinn.

Dat war keng Etude wéi eng aner: t’huet keen Expert eis e fäerdegen Rapport dohinner getässelt. Mir hunn eis Zäit geholl a mer suutzen een halleft Joer zesummen... mat interesséierte Vertrieder vun der Zivilgesellschaft, awer och mat Dosenden Experten aus de Beräicher digital Ekonomie, Kreeslafwirtschaft, Bau, Energie, Industrie, Finanzen oder Mobilitéit. Zesummen mir eis de Kapp zerbrach, iwwer d’Zukunft vum Land a senger Ekonomie.

Dobäi huet et guer keng Roll gespillt, op déi Spezialisten, déi do hiert Fachwëssen mat abruecht hunn, beim Staat, bei enger ONG oder am Privatsecteur schaffen. Wichteg war hiren Input an hiren Know-How vum Terrain, deen garantéiert, datt bei de Pisten, déi opgezeechent goufen, de Partikularitéiten vu Lëtzebuerg Rechnung gedroe gëtt an datt dat, wat festgehale gouf, och praxisbezunn a realistesch ass.

D’Resultater vun deem Prozess stelle mer de 14. November hei an der Luxexpo fir an ech invitéieren jiddereen, fir lauschteren ze kommen.

Iwwerhaapt steet de ganze Mount November am Zeechen vun neie Weeër, déi mer wëlle goen, fir ee qualitative Wuesstem fir eist Land, sief dat am Beräich Wirtschaft oder Landesplanung. Et geet em eng kruzial Fro: muss eng Croissance vu 4% all Joer gläichbedeitend sinn mat 10-12.000 Aarbechtsplazen, déi mer schafen? Packt Lëtzebuerg dat? Packt eise Stroossereseau mëttelfristeg deen Trafic deen domadder bäi kennt? Wou sollen all di Leit wunnen, déi duerch dee Wuesstem op Lëtzebuerg schaffen a liewe kommen?

Matt deene Froen beschäftegt sech d’Regierung scho laang an dat gesäit een ënnert anerem am Staatsbudget, deen des Woch deposéiert gouf. Nach nie virdrun ass sou vill Wäert op nohalteg Investissementer geluecht ginn, di zur Liewensqualitéit vun jiddwerengem bäidroen... Investissementer an Waasser- an Ëmweltschutz, an Bus, Zuch, Tram, Velo- bref an déi ganz Mobilitéit. Matt ronn 617 Milliounen Euro fir 2017 hu sech di nohalteg Investissementer an de leschten 3 Joer verdräifacht. Matt der Steierreform geht d’Kaafkraaft vun de Leit ropp a Betriber gi manner belaascht. An awer hu mer op Grond vun den Effort’en aus de leschte Joren richteg gesond Staatsfinanzen. Den « Triple A » fir de Grand-Duché ass hënnt nach emool konfirméiert ginn.

Loosse mer eis awer och näischt virmaachen: mir brauche Croissance fir eise Sozialmodell an eise Liewensstandard z’erhalen. Mir brauchen Wirtschafts-Wuesstem....mee wann mer sou weider wuessen, da geet et mat enger Welt net duer.

Den nächsten Wirtschaftsmodell fir eist Land ass nohalteg, am Interêt vun eise Kanner a vun deenen hire Kanner. An den nächste Wochen diskutéiere mer, wéi eng Weichen dofir nach musse gestallt ginn. Mir wëllen dobäi d’Jugend als di Haaptbetraffen an di Diskussioune mat abannen, d’Sozialpartner, Gremien wéi den "Conseil supérieur du développement durable" an natierlech d’Parlament.

Zesumme méi wäit, eben.

An dat ass och de Motto vum Wirtschaftsministère senger proaktiver Politik zu Gonschten vum Mëttelstand. Am Fréijoer hunn ech den neien Aktiounsplang PME virgestallt, deen 32.000 Betriber aus Handwierk a Commerce ze gutt kënnt, an zesummen mat Vertrieder vun deene Secteuren ausgeschafft gouf.

Di 99 Moossnamen vun deem Plang sinn zu engem gudden Deel schonn ëmgesat oder an der Ëmsetzung. D’House of Entrepreneurship, dat d’lescht Woch opgaangen ass, ass eng zentral Moossnam, well sech Beruffschamberen, Ministèren, staatlech Verwaltungen an de Privatsecteur gemeinsam esou opstellen, datt se den aktuellen an den zukünftegen Entrepreneuren sou efficace wéi méiglech weiderhëllefen.

Eng aner wichteg Moossnam vum Aktiounsplang PME ass de Pakt PRO-Commerce. Den Eenzelhandel steet virun enger Rei Defien, virun allem awer  virun der Erausfuerderung vun der Digitaliséierung, an dem Phenomen On-line Shopping.

Vill Butteker - an ech mengen dobäi net di grouss Chaînen- hunn nach guer keng Presenz um Internet, oder héchstens eng minimalistesch virtuell Visittekaart. Dacks trauen sech d’Geschäftsleit net do drun, well se net wëssen wéi oder well d’Käschten hinnen ze héich sinn. Mäin Ziel ass et, eng national E-Commerceplattform opzebauen, op där all Commerçant seng perséinlech Online-Vitrine kritt, a wou de Client dann och verschidden Produiten direkt iwwer Internet kann kafen. Inspiréiert hu mir eis duerfir an der Schwäiz un der Stad Bern, déi sou eng Plattform huet.

De Projet ass komplex a verlaangt eng Ëmsetzung an e puer Phasen, als éischt cibléieren mer besonnesch den Eenzelhandel an de Stadzentren, well de Besoin do am gréissten ass. An deem Kontext gesinn ech iwwermuer eng Partie Gemengeresponsabel, fir di éischt Phase vun der Ëmsetzung vun dëser virtueller Maartplaz ze lancéieren.

Mee och am Handwierk wëllen mer eng  Offensive starten.

Virun dräi Wochen sutz ech mat Vertrieder vum Lëtzebuerger Handwierk zesummen, fir iwwer d’Zukunft vun hirem Secteur ze schwätzen.

Ähnlech wéi fir den Eenzelhandel, hu mir zesummen decidéiert, fir een Pakt fir den Artisanat op d’Been ze stellen. Di 4 Haaptvolet‘en vun dësem Accord sti schonn :

- d’Promotioun vum Handwierk;

- d’Transmissioun vun den Entreprisen;

- d’Qualitéit vum Zerwiss;

- an och hei d’Digitaliséierung, wou d’Defien allerdéngs e wéineg anescht gelagert sinn, wéi am Commerce.

D’Dynamik, déi vun der Fédération des Artisans an vun der Chambre des Métiers ausgeet, loossen mech keen Moment um Succès vun dësem gemeinsame Projet zweiwelen - an et ass sécher net eisen läschten fir dëse Secteur, wou sou vill Leit mat sou vill Passioun fir hire Beruff schaffen.

Altesses royales,

Dir hutt Iech bereet gesot, fir Ugangs Dezember d’Ausstellung "de mains de maîtres" ze patronéieren, déi d’Konschthandwierk an de Mëttelpunkt stellt a valoriséiert. Dir weist domadder eemol méi Ären Intressi an Ären Engagement fir d’Lëtzebuerger Ekonomie. Déi Estime fir hir Aarbecht ass bei de Leit um Terrain méi wéi appréciéiert.

Dir Dammen an dir Hären,

Ween vun Strategien fir d’Zukunft schwätzt, deen schwätzt vun Vernetzung, vun Interaktivitéit tëscht eenzelen Servicer, mam Ziel, fir eis Ressourcen esou intelligent an esou efficace an effizient wéi méiglech anzesetzen. Nieft dem transversalen ICT-Sekteur ass de Logement ee Schlesselelement vun dëser Strategie.

D’Gebaier sinn haut fir 40% vun eisem ganzen Energieverbrauch an fir 36% vun den CO2-Emissiounen an der EU responsabel. Eis Ambitioun ass et dofir, Neibau- a Renovatiouns-Projeten esou intelligent wéi méiglech ze plangen an ëmzesetzen.

Duerfir wëlle mer Entreprisen aus dem Bausecteur nach méi geziilt mat abannen. An där Logik huet Myenergy sech des Woch mat zwee neie Partner zesummegedoen: der Chambre des Métiers an dem OAI (Ordre vun Architectes an Ingénieurs-Conseils) fir d’Energie-Transitioun zesummen mat den Entreprisen ze realiséieren.

Iwwer d’Halschent vun de Gebaier hei zu Lëtzebuerg sinn iwwer 40 Joer al. D’Renovatioun spillt dofir eng elementar Roll an där Transitioun A fir eng gemeinsam Renovatiouns-Strategie opzeleeën, huet de Wirtschaftsministère an de leschten 12 Méint 200 Acteuren aus dem Energie- a Bausecteur an diversen Aarbechtsgruppen zesummebruecht.

Di meescht Aarbecht ass gemaach, Enn des Jores gëtt sech nach eemol zesummegesat, fir datt déi Renovatiounsstrategie  ka finaliséiert ka ginn. Och mat dësen Initiativen bereeden mir d’Land op d’Zukunft fir, an deem mer konsequent manner Energie verbrauchen, manner CO2 ausstoussen, an an engems dem Handwierk an der Wirtschaft nei Impulser ginn.

Monseigneur, Madame,

Léif Invité’en,

Mat der Ënnerschrëft "Luxembourg. Let’s make it happen" wëlle mir eenheetlech dobaussen optrieden, fir souwuel wirtschaftlech Aktivitéiten, wéi och Touristen op Lëtzebuerg ze bréngen.

Mam Zesummeleeën vun all den Effort’en fir déi wirtschaftlech Promotioun am Ausland, hu mir ënnert dem Numm "Luxembourg for Business and Innovation" ee ganz breeden sektoriellen Know-How beieneen. Zesummen mat Acteuren aus der Wirtschaft – notamment der Chamber de Commerce an Luxinnovation - gouf eng Struktur opgestallt, fir den Wirtschafts-Standuert Lëtzebuerg am Ausland nach méi a besser bekannt ze maachen. Dës nei Plattform erlaabt eis fir auslännesch Betriber an Investisseur’en nach méi gezielt ze démarchéieren, an engems awer och eis eegen Betriber am Ausland ze ënnerstëtzen.

Profitéieren deed dovun och den Tourismus-Secteur, deen systematesch op de Wirtschaftsmissiounen mat vertrueden ass, soubal et an déi Länner geet, déi zu den Pays Cibles vun der Marketing-Strategie vun Luxembourg for Tourism gehéieren.

LFT, Luxembourg for Tourism ass ee weidert Beispill derfir, datt een gemeinsam besser viru kënnt. Privat an ëffentlech Acteuren hunn sech zesumme gedoe, fir no baussen koherent als attraktiv Touristen-Destinatioun professionnell opzetrieden an no bannen di touristesch Offer besser ze koordinéieren. Och die eenzel Offices Régionaux de Tourisme setzen elo mat um Dësch an zanter datt mir virum Summer den 5. ORT fir de Westen an den Zentrum gegrënnt hunn, gëtt et keen wäisse Fleck méi op der touristescher Landkaart vu Lëtzebuerg.

Den Tourismussecteur ass ee wichtege Bestanddeel vun eiser Wirtschaft, en dréit grad souvill zu eisem PIB bei, wéi d’Industrie, an e schaaft Aarbechtsplazen, déi een net kann delokaliséieren. An de leschten Joren ass d’Zuel vun den Iwwernuechtungen konstant an d’Luucht gaangen, a fir di weider Entwécklung vum Secteur ass et natierlech wichteg, datt mer och genuch Capacitéiten hunn. An de nächsten 4 Joer kommen 1.000 Hotelszëmmeren derbäi, net all, mee di meescht an an ronderëm d’Stad.  Dat ass gutt.

Iwwer Land hunn mir allerdéngs an den leschten 30 Joer bal 40% vun den Hotelszëmmere verluer. Dacks ass kee Repreneur oder Successeur do, fir de Betrib z’iwwerhuelen.

Wou een den Hiewel kann usetzen, fir deen Trend ze stoppen, dat sinn ech am Gaang, zesummen mat institutionellen Acteuren z’analyséieren. Mir wëllen d’Hotelscapacitéiten op strategesch wichtege Plazen stabiliséieren an nei Impulser ginn, fir Investisseuren  unzezéien.

AltessesRoyales

Dir Dammen an Hären,

Wei mer am Kader "Nation branding" iwert eis Land diskutéiert hunn, iwwer dat, wat Lëtzebuerg charakteriséiert, iwwer seng DNA, huet sech erausgeschielt, datt d’Combinaison vun dräi Wäerter typesch lëtzebuergesch ass....eis Oppenheet, eis Ouverture d’esprit, eis Dynamik wann et drems geet, sech ëmmer nees nei z’erfannen an nei op ze stellen, an eis Zouverlässegkeet, wéinst där esouvill Partner mat Lëtzebuerg wëllen zesumme schaffen.

Et sinn och des Valeuren, déi eis Wirtschaft schonn zanter Joerzéngten ausmaan a viru brengen....an dat wäert och an Zukunft net anescht sinn. All déi Initiativen a Projeten, vun deenen ech elo geschwat hunn, weisen dat. Bleift also just nach eppes ze soen:  let’s make it happen!

Merci."

Dernière mise à jour