Discours prononcé par Francine Closener à l'occasion du "Salon Vakanz"

"Et ass meng Ambitioun, fir aus Lëtzebuerg eng Wanderdestinatioun ewéi d’Schwäiz, Eisterräich oder verschidden däitsch Regiounen ze maachen."

"Dir Dammen an dir Hären,

Léiw Partner aus dem Secteur,

Léiw Visiteuren,

Wann d’Wieder sou ass, wéi di lescht Deeg, dann ass een nach vill méi motivéiert, fir eng Vakanz oder een Weekend ze buchen- duerfir sinn ech sécher, datt och dëse Salon Vakanz eemol méi ee Succès wäert ginn.

Et ginn vill exotesch Destinatiounen z’entdecken - mee d’Exotik, déi hänkt natierlech vun der Perspektiv vum Betruechter of. An anere Wieder, fir ganz vill Leit op der Welt ass Lëtzebuerg eng exotesche Destinatioun, well si se nach guer net kennen. Dorop kann een opbauen, an grad an de leschte Wochen hunn eng ganz Rei vun auslänneschen Investisseuren de Kontakt mat eis gesicht, well se eben a Lëtzebuerg een Standuert mat engem extrem héijen touristeschen an ekonomesche Potential gesinn- an ech schwätzen elo hei net vun deenen ronn 1.000 Hotelszëmmeren, déi jo souwisou an de nächsten 3-4 Joer bei kommen. Hei sinn aner Projeten, déi sech ukënnegen, an dat beileiwen net just an oder ronderëm d’Stad. Dat ass villverspriechend an et mécht sech ganz kloer bezuelt, datt den Tourismus als Wirtschaftssecteur komplett an di generell Promotiounsaktivitéiten vu Lëtzebuerg agebonnen ass.

A villerlee Hisiicht leit eis Offer nämlech voll am Trend: eng intakt Natur, mat enger héijer Liewensqualitéit, wou een kann duerchootmen, sech et gutt goen loossen, respektiv d’Natur aktiv entdecken- dat ass genee dat, wat ëmmer méi Leit sichen, déi an onsécheren Zäiten op Valeur sûres setzen, an no authenteschen Plazen sichen.

An genee dat ass jo eis Force, de Volet Natur an Aktiv-Tourismus spillt jo eng ganz grouss Roll an eiser nationaler Strategie, wou et mir extrem wichteg ass, datt mir nëmmen dat promouvéieren, wou mir och wierklech staark dra sinn.

Haut de Moien ass de Mëllerdall Trail fir d’2. Kéier europäesch ausgezeechent ginn, e krut seng Zertifikatioun als "Leading Quality Trail- Best of Europe" erneiert. E gehéiert deemno zum Top vun den Wanderweeër an Europa. Där ginn et der just eng Dosen am Ganzen an Europa - a mir hunn der dovun 3 hei am Land,

Mëllerdall Trail, Escape Ardennes an Éislek. Dat ass impressionnant, an de Succès ass do. Elleng de Mëllerdall Trail sinn d’lescht Joer 105.000 Leit gaangen, e Plus vun 15.000 par Rapport zum Joer virdrun.

An dovun profitéieren a liewen d’Campingen, Jugendherbergen an och vill Hotellen an der Regioun, déi sech mat Zäiten op d’Wandertouristen agestallt hunn. De Moien sinn d’Chifferen presentéiert ginn, déi dat ganz kloer beleeën. D’Polemik, déi virun e puer Méint entstanen war, kann een also mat rouegem Gewëssen an den Tirang post-faktesch klasséieren.

De Wandertourismus huet awer och nach Entwécktlungspotential, och d’Kombinatioun mat Hebergement, Gastronomie an Commerce kann nach besser ginn. Duerfir ass d’Decisioun gefall, fir eisen ganzer Wanderréseau mat senge 5.000 Kilometer ze reorganiséieren, méi koherent ze maachen a besser ze beschëlderen. D’Consultatiounen mat den Acteuren, net op, mee wéi mir dat am Beschten maachen, déi fänken elo un an d’Aarbechten um Terrain dann direkt dono.

Et ass meng Ambitioun, fir aus Lëtzebuerg eng Wanderdestinatioun ewéi d’Schwäiz, Eisterräich oder verschidden däitsch Regiounen ze maachen. Mir kennen dat a mir packen dat.

Ween vun Aktiv-Tourismus schwätzt, schwätzt awer och vum Vëlo. Lëtzebuerg huet net nëmmen selwer vill Vëlosfuerer, mee zitt der och vill un, mat sengen iwwer 600 Kilometer Vëlospisten, an de Reseau gëtt bekanntlech op 850 Kilometer ausgebaut. Grad dëst Joer mécht et Sënn, fir eis Efforten op dëse Creneau ze konzentréieren, mat enger Rei groussen Evenementer, déi ustinn- d’Cyclo-Cross Weltmeeschterschaften an 2 Wochen zu Bieles, dem Gran Fondo Schleck an dann am Juni natierlech de Passage vum Tour de France. Aner sportlech Highlighten kommen derbäi: d’Dëschtennis-Europameeschterschaften oder de Marathon. Dat sinn optimal Geleeënheeten, vun deenen eisen ganzen HORECA Secteur direkt profitéiert. En plus ass et sou, datt d’Subsiden am Beräich Kongresstourismus och op d’Organisatioun vun sportlechen Manifestatiounen duerch Federatiounen erweidert ginn.

De Sport ass- Stéchwuert Nationbranding- eng ideal Plattform fir eist Land gutt duer ze stellen an duerfir mécht et och Sënn, eng gezielter Promotioun ze maachen, déi och méi laangfristeg eppes bréngt. D’Aarbecht leeft op Héichtouren.

Aktivtourismus kombinéiert mat Naturverbonnenhéet mécht sech och bei neien Hébergementsstrukture bemierkbar. Op eise Campingen ginn et ëmmer méi insolite Haisercher, Podden oder Baamheiser, wi um Gaalgebierg zu Esch, mee och am Westen, zu Useldeng deet sech eppes ganz Flottes. Iwwerhaapt ass mam neien ORT Guttland och do eng richteg Opbrochstëmmung ze spieren- an e puer Deeg mécht deen ORT eng éischt grouss Presentatioun- Avis aux Amateurs.

En aneren ganz flotten Projet, deen an Zesummenaarbecht tëscht der Gemeng Wolz, dem Staat an der Coopérations asbl soll realiséiert ginn, ass den Bau vun engem Hotel, deen vu behënnerte Leit soll gefouert ginn. Dëse Projet ass nach an der Etude, mee ech hoffen datt en sech realiséiere wäert. Well genee mat der Zort vun Projet’en kenne mer eis demarkéieren, an eemol méi weisen, datt mir eng Virreiderroll am Beräich"Tourisme pour tous" spillen.

Dir Dammen an dir Hären,

Mee net nëmmen di aner, och mir selwer kommen hei an do an d’Staunen, wann mer eis d’Méi maachen, Lëtzebuerg selwer z’entdecken. Dacks maache mer dat, wa mer Frënn aus dem Ausland op Besuch hunn. Et wier och flott, wann mir dat maachen, fir déi Leit, déi nach net sou laang zu Lëtzebuerg wunnen, a vleit eisen Noper sinn.

Duerfir lancéieren mer fir Nationalfeierdag am Kader vum Nation Branding eng Aktioun ënner dem Numm "Guide fir een Dag", wou mir d’Leit hei am Land opruffen, aneren hier Lieblingsecken vun hirem Quartier, hirem Duerf, hirem Bësch ze weisen.

An dann waméiglech och selwer e puer Deeg mat der Heibleifskäerchen duerch d’Land ze fueren. Schonn haut ginn 10% vun Iwwernuechtungen an den Hoteller op de Konnt vu Leit, déi zu Lëtzebuerg liewen a wunnen. Méi nohalteg kann een Vakanz net maachen, an och nach an engem di lokal Ekonomie stäerken, eis lokal Produzenten an Geschäftsleit.

Den Tourismus dréit gutt, dir Dammen an dir Hären.

Allgemeng sinn d’Chifferen vum leschte Joer positiv, an d’Lat lung jo héich, no de Rekordjoer 2014 an 2015. Mee och deenen éischten 8 Méint vum leschte Joer sinn se op deem héijen Niveau bliwwen.

T’ass encouragant, datt den Fräizaittourismus em 4% an d’Luut gaangen ass. Kloer ass allerdéngs och, datt déi international Onsecherheeten iwerall negativ Réperküssiounen op den Tourismus haaten, och hei zu Lëtzebuerg.

Grad Touristen aus Drëttlänner kombinéieren hire Sejour zu Lëtzebuerg jo meeschtens mat engem Passage an eisen Nopeschlänner. A well manner Visiteuren aus den USA an Asien bei si goungen, koumen der och manner bei eis.

Positiv ze bewäerten ass par contre déi gutt "arrière saison": de Beetebuerger Park, den Télésiège zu Vianden an d'Schlässer hunn am September an Oktober tëscht 20 an 30 % méi Visiteuren gehat wéi dat Joer virdrun.

Léif Gäscht,

All eis ORT’en sinn bei eis um Stand. Si sinn déi ideal Uspriechpartner fir iech iwwer är Vakanz heiheem z’informéieren. Kuckt iech dat mol un, an drénkt ee Patt- eis Wënzer hunn nëmmen dat Bescht mat bruecht- well dat ass fir Lëtzebuerg grad gutt genuch!"  

Dernière mise à jour