Étienne Schneider au sujet de ses différents ressorts

Étienne Schneider: E schéine gudde Moien.

Roy Grotz (RTL Radio Lëtzebuerg): Ech hunn et gesot, et ginn eng ganz Rëtsch Revendikatioune vun der SNPGL, notamment, an ech zielen der elo emol einfach e puer op: Unerkenne vun de Carrièren, d’Disziplinarreglement, d’Offizéier sinn do net frou driwwer, respektiv och iwwer de Wëlle vun der Politik fir kënnen direkt Chefen, zum Beispill vu SREL, Arméi oder Police, kënnen ze entloossen.

Déi Dossieren déi ginn natierlech alleguer hire Wee. Dir hutt Entrevueë mat der Gewerkschaft, Dir waart zwar net selwer, mengen ech, op der Assemblée vun der Gewerkschaft, mä Dir gesitt Iech mat deene Leit. Wou sinn déi Dossieren do drun?

Étienne Schneider: Jo, also fir d’alleréischt wëll ech soen, datt nach ni e Minister op der Assemblée vun der Gewerkschaft war. Dat wëll ech eng Kéier virausschécken. Dat war awer net de Grond firwat ech net war. De Grond war einfach well et net zäitlech gaangen ass.

Ech hunn d’Gewerkschaften awer alleguer gesi vun der Police fir mat hinnen en Tour de table ze dréinen, fir ze kucke wou de Schong dréckt. Doropshin hunn ech dräi Projets de loi ausgeschafft, wat d’Reform vun der Police ugeet, d’Reform vun der Police judiciaire, an och d’Disziplinarrecht ugeet.

Doropshin hunn ech mech nach eng Kéier mat all, mat der Gewerkschaft, an all den Associatioune bei der Police getraff fir hinnen dat ze presentéieren, an hu se invitéiert mir bis den 21. schrëftlech matzedeele wat hinnen nach net gefält, respektiv wou si mengen, datt een nach muss Saache verbesseren.

Ech hunn hinne gesot, datt mir eis de 24. da gesi fir hir Iddien nach eng Kéier ze diskutéieren. Den 29. wëll ech domat an d’Chamber goen, fir och der Chamber ze soen, wou mir wëllen higoen.

An dann hunn ech hinnen awer ganz kloer vun Ufank u gesot, datt dat wat ech hinnen elo virgeluegt hunn, net den definitiven Text ass. Et ass en Aarbechtstext op deem mir elo schaffen.

Ech hu jo och mat der Madame Closener décidéiert, datt mir en Audite externe maache vun der Police. D’Police selwer ass och am gaangen e Leitbild auszeschaffen. An all déi Iddien, déi do erauskommen, déi wëll ech nach an déi Texter afléisse loossen, esou datt ech déi Texter am Hierscht fréistens wäert déposéieren. A bis dohinner hunn ech all, sti bei mir all Dieren op fir ze diskutéieren, a fir ze verhandelen.

Ech versti bei der Police judiciaire elo net firwat do elo déi grouss Opreegung ass. Ech hunn hinne selwer gesot, datt ech hire Problem géing verstoen, an datt mir missten iwwer den Audite externe eng Léisung dozou fannen, an datt ech op wier fir eng Léisung ze fannen. Dofir verstinn ech dat elo net, mä bon, dat ass wahrscheinlech esou.

Roy Grotz: D’PJ seet, dee Projet fir d’Reform wier nach méi verwässert wéi de Projet vum Virgänger Halsdorf am Joer 2009. Méi verwässert, bon dat ass elo e grousst Wuert. Dir sot, dat vollzéien ech esou net no, deen Text deen ass awer méi waasserdicht wéi esou.

Étienne Schneider: Neen, ech kann dat net novollzéien. Dat eenzegt wat do net méi dran ass, dat ass déi Carrière B1, déi do sollt agefouert ginn. An déi Carrière B1, esou wéi se virgesinn ass, kann ech se net aféieren aus deem einfache Grond well dat géing bedeiten, datt dat sech net nëmmen herno op d’Police judiciaire limitéiert, mä op d’ganz Police, an net nëmmen op d’ganz Police, mä och op d’Douane, op d’Giichtecher, op d’Arméi, an datt mir da missten higoen an eng komplett nei Carrière mat deenen, natierlech mat deene pécuniaire Konsequenze misste fir Dausende Leit aféieren. Ech mengen net datt dat de Moment ass fir ee punktuelle Problem ze léisen, fir Dausende Leit mussen eng komplett nei Carrière ze ginn, déi och nach esou vill méi deier gëtt.

Mä ech sinn awer bereet eng Léisung ze fannen. An ech hunn hinnen dat och gesot. Dofir verwonnert et mech datt se esou, ech soen elo emol, ongehale reagéieren.

Roy Grotz: Ongehalen och, well gesot gëtt, datt d’Situatioun an der PJ haut net vill besser wier wéi 1985, wéi d’Bommeleeër aktiv waren. D’Technik wier do, den Know-how an d’Effektiver net, gëtt gesot. Elo gëtt och nach den Effektif minimal vun 120 Leit aus dem Gesetz gestrach. Sot Dir net awer dat ass kontraproduktiv wa mir eng staark PJ wëllen?

Étienne Schneider: Also mir hunn, all déi Minimumen an déi Maximumen hu mir gestrach gehat aus dem Gesetz, fir do der Regierung e Maximum u Flexibilitéit ze loossen. Mä wann dat do wierklech eng Fuerderung ass, déi hinnen esou um Häerz läit, da kënne mir deen och erëm aféieren.

Ech mengen einfach datt een der Politik, datt een dem Minister soll e Maximum vu Flexibilitéit loossen, fir dann ze agéiere wann et néideg ass. Wa mir elo erëm Seuilen asetzen, dann hänke mir herno mat deene Seuilen. Dofir fannen ech dat net gutt.

Ech hunn och all déi Critèren erausgestrach aus dem Gesetz, déi zum Beispill gesot hunn, datt ee muss 20 Joer am Déngscht si fir kënne Generaldirekter vun der Police ze ginn, etc. All déi Konditiounen hunn ech gestrach, well ech mengen datt et finalement eng politesch Décisioun ass wien Generaldirekter gëtt, an datt déi net kann dorunner fixéiert sinn ob een elo 19 Joer oder 20 Joer am Déngscht ass, mä datt et nëmme méi kann drëm goen, datt deen dee genannt gëtt och deen ass wou de Minister mengt datt en am kompetensten ass fir deen Job ze maachen.

Parallel dozou halen ech och drop datt am Gesetz vun der Fonction publique drableift, datt de Minister, datt d’Regierung déi Leit kann ofsetze wa se hir Aarbecht net esou maache wéi se dat solle maachen. Dat gëllt esouwuel fir d’Generaldirekteren an der Police, wéi och beim SREL de Generaldirekter, respektiv de Generol an der Arméi. Ech mengen einfach datt dat esou muss sinn, an datt een do net kann iwwer eng normal Prozedur beim Staat fuere fir do ee kënnen lasszeginn. Dir kënnt net am Krich muer sinn, an da während 6 Méint streide mam Generol, ob Dir nach d’accord si mat deem oder net, am Noutfall musst Dir dat do kënne maachen.

Ech mengen einfach datt, d’Police an d’Arméi hunn en anere Regim wéi déi normal Staatsbeamten. Si wollten dee jo och, an deen huet natierlech eng Rei Virdeeler, mä en huet natierlech an deem do Punkt fir si och aner Konsequenzen. Mä ech mengen awer datt jiddwereen dee seng Aarbecht sérieux mécht, dat do net muss fäerten.

Roy Grotz: Hat Dir déi Dossieren do e bëssen ënnerschat, respektiv wat Dir do virfonnt hutt, mengen ech, hutt Dir elo vill Energie misste scho bis ewell investéieren?

Étienne Schneider: Jo, dann ass et jo gutt datt ech och Energieminister sinn, dofir hunn ech déi. Et ass effektiv esou datt ech déi Ressorte Police an Arméi virfonnt hunn, an net, wierklech net ageschat hu wéivill do am Argen géing leien, a wéivill do misst reforméiert ginn. D’Ambiance ass net extrem gutt.

Ech mengen datt vill Chantieren do opbliwwe sinn, leie bliwwe sinn, déi ech awer elo zesumme mat der Madame Closener alleguer uginn. A wéi gesot, ech maachen dat transparent, ech maachen dat och am Dialog mat de Leit. A jiddwereen dee mech kennt, dee weess, datt ee mat mir vill a laang kann diskutéieren, mä iergendwann hëlt de Minister dann och eng Décisioun, an da gi mir doduerch. Mä mir sinn nach net esou wäit. Mir si wierklech am Ufank vum Dialog, an ech invitéiere jiddwereen, esouwuel bei der Police wéi och bei der Arméi fir deen Dialog unzehuelen, a fir mat eis ze streiden.

Roy Grotz: Nach e leschte Punkt dozou. Sträit muss net mat schéissen op en Enn goen, an awer, Munitioun an déi ganz Diskussioun em sécher Munitioun, do war eng Réunioun mat Direktioun, och de Produzenten, mengen ech, vun de Munitiounen an der Gewerkschaft. Wat ass do erauskomm? Wat ass de Status quo? Gëtt et dat Changéieren, de Wee vum Revolver anzeféieren?

Étienne Schneider: Also fir mech ass dat wat am Wichtegsten ass, dat ass d’Sécherheet vun de Polizistinnen an de Polizisten. Dat muss gewährleescht ginn. Et ass jo eng Réunioun elo zestane komm tëscht der Direktioun, de Gewerkschaften an deene concernéierte Leit. D’Conclusioun déi mir, fir an engem Saz ze soen, déi mir elo getraff hunn, ass déi datt mir elo en Test maache während engem Mount, datt mir all Feelschëss, alles dat notéieren, datt mir eis duerno zesummesetzen an eng Diskussioun féieren, an eng Conclusioun zéien, Pardon, a wann d’Conclusioun déi ass, datt déi Munitioun, an datt déi Revolveren net sécher genuch sinn, da wäerte mir och eng Léisung fanne fir déi auszetauschen. Wéi gesot, also mir mussen dat kucken, mir mussen dat analyséieren, an dann huele mir eng Décisioun.

Roy Grotz: Elo switche mir e bëssen. Dir hutt den Energieminister ugeschwat. Dat ass, mengen ech, en aktuelle Sujet, en Dossier dee mir dëser Deeg hunn. EON an RWE trieden hir Parten an der Enovos of. De Staat wëllt sech d’Virkaafsrecht sécheren, an op d’mannst dann 51% vun de Parte sécheren. Firwat ass dat esou wichteg?

Étienne Schneider: Also fir d’éischt emol, d’Virkaafsrecht hu mir scho geséchert, well ech hunn deemools déi Fusioun do gemaach gehat tëschent deene Betriber Cegedel, Sotel a Saarferngas - Sotec a Saarferngas, Pardon, - an hunn deemools an d’Akten aschreiwe gelooss, datt de Staat zu all Moment dat Virkaafsrecht huet.

Elo kënnt de Moment wou RWE an EON wëllen hir Participatioune verkafen, well se an hire Mammenhaiser gréisser Problemer hunn, an de Moment amgaange sinn alles ze verkafe wat se net onbedéngt mussen hunn an hirem Konzern.

An do wäert ech elo der Regierung proposéieren, datt mir dat Virkaafsrecht zéien, datt mir, zesumme mat deenen ëffentlechen Akteuren, dat ass d’Stad Lëtzebuerg, dat ass d’SNCI, déi mir an dem Finanzminister ënnersteet, an dat ass natierlech de Staat selwer [gëtt ënnerbrach]

Roy Grotz: Ginn déi Parte komplett iwwerholl? Dat wieren dann 72%.

Étienne Schneider: Neen, neen, also d’Iddi ass net fir se komplett ze iwwerhuelen, mä d’Iddi ass fir der esou vill ze iwwerhuelen, datt mir eben eng Majoritéit hunn, 50% plus eng, oder wéinst menger och nach 51%. Domat dirigéiere mir déi Entreprise, an domat stelle mir virun allem sécher datt all déi Investitiounen an d’Réseauen, an d’Netzer gemaach ginn, déi och am Intérêt vun der Ekonomie sinn.

Dir wësst, datt wann eng Firma just no private Critère géréiert gëtt, da ginn oft Investitiounen, déi zwar vläicht interessant wieren, net gemaach, well de Rendement net direkt, oder net kuerzfristeg deen ass, deen de Privatinvestisseur gären hätt. Et ass och esou datt wann Dir Privatinvestisseuren hutt, déi hätte gären héich Dividenden. Bei mir als Staat ass et éischter ëmgedréint. Ech brauch d’Dividenden net onbedéngt, mä ech hätt gären datt d’Suen an der Firma bleiwe fir se weider ze développéieren.

Den Ausbau vun den erneierbaren Energie wëlle mir iwwer esou eng Mesure kënne méi schnell virubréngen, ouni just no Rentabilitéitscritèren mussen ze kucken, soit datt dat och nach ëmmer e Critère wäert sinn. Mä ech mengen datt et eis vill méi Sécherheete gëtt, virun allem si mir sécher datt net eng Kéier Friemer eis Energiepolitik hei am Land diktéieren.

Roy Grotz: 100%eg staatlechen Enovos gesi mir awer net?

Étienne Schneider: Also dat ass net ugeduecht, et mécht och kee Sënn. Firwat soll de Staat déi Suen alleguer ausginn, wann en och mat 51%, respektiv mat 50% plus enger Aktie quasi déi selwecht Rechter huet? Ech mengen net datt een dat onbedéngt muss ustriewen.

Roy Grotz: Energie. Da Lagerkapazitéiten, Pëtrol ass eng Diskussioun, de Site Mertert-Hafen ass festgeluegt. Wéi ass et mat den zwee aneren, déi och néideg sinn am Land?

Étienne Schneider: Bein, mir hu jo elo viru kuerzem eis als Regierung e Weekend zesummegesat fir ze diskutéieren iwwer déi ganz Plans sectoriels. An do ass eben och de Plan sectoriel Zones d’acitivités économiques dobäi. An do ass et natierlech esou datt déi dräi Siten, déi virgesi waren, datt déi nach ëmmer dra sinn, déi sinn nach ëmmer aktuell. Elo gi mir jo emol an d’Prozeduren, da musse mir mat de Bierger schwätzen, mir mussen emol kucke wat déi dovunner halen, an da wäerte mir eng Conclusioun do zéien.

Mä ech menge just, an Dir hutt de Merterter Hafen ugeschwat, wann de Merterter Hafen awer net méi ka gebraucht gi fir Pëtrol, da verstinn ech d’Welt net méi, well éischtens emol ass den Hafen dofir do fir Ëmschlag ze maachen. Zweetens hu mir nëmmen een Hafen. An et ass déi ökologeschst Aart a Weis fir de Pëtrol ze transportéieren, well e kënnt mam Schëff un, an e ka mam Zuch direkt weider fueren. Et ass am ökologeschsten, et ass am sécherchsten. An och haut, d’Lagertechnologien sinn haut esou top datt de Risiko quasi Null ass wat d’Geforen ugeet.

Also ech mengen datt een do déi Diskussioun muss offe féieren, an dat wäerte mir elo maache wa mir mat de Plans sectoriels bei d’Leit ginn, an da wäert ech mech och deenen Diskussioune gäre stellen.

Roy Grotz: Allerlescht séiert d’Wuert. An der Suite zur Deklaratioun vun der Lag zur Natioun, Här Schneider, mat der Annonce vum Staatsminister, et misst mat de Sozialpartner e globalen Accord fonnt gi wat d’Weiderféiere vun der Indexmodulatioun ugeet. Wat geschitt mam entspriechende Gesetz? Gëtt et auslafe gelooss, a wéini wier en neit Modulatiounsgesetz fälleg?

Étienne Schneider: Also dat alt Gesetz gëtt auslafe gelooss, dat ass d’Iddi, an et gëtt keen neit gemaach. De Moment gesi mir datt d’Inflatioun esou niddereg ass, an datt trotz dem Effet vun der Hausse vun der TVA, déi elo am Januar kënnt, datt d’Chance grouss sinn, datt et awer 12 Méint dauert bis eng nächst Indextranche dann erfält. Dir wësst dësen Dezember erfält eng Indextranche. A mir rechne wann d’Inflatioun esou weider sech entwéckelt wéi et elo ass, datt och d’nächst Joer fréistens am Dezember dann erëm eng Indextranche géing erfalen.

Mir wëlle mat de Sozialpartner kucken, datt mir en Accord fannen, wou mir soen, okay, a priori eng Indextranche d’Joer, datt een à la limite och nach akzeptéiert, datt se emol eng Kéier e Mount éischter oder méi spéit kënnt, mengen ech, ass d’Base de discussion, déi mir musse maachen. An deem Fall bräichte mir net ze légiféréieren, an dat ass d’Iddi dohannert. A mir wäerten déi Discussioune mat de Sozialpartner féieren, an hoffen, datt mir eensginn. A wa mir net eensginn, a wa mir mierken, datt d’Inflatioun erëm unzitt, a mir herno erëm méi wéi eng Indextranche d’Joer sollten hunn, da légiféréiere mir esou wéi et och am Accord de coalition steet.

Roy Grotz: Dir hofft awer op den Accord mat de Partner?

Étienne Schneider: Absolut, jo.

Roy Grotz: Esou wäit fir den Étienne Schneider, an d’Explikatiounen. Merci fir de Besuch de Moien am Studio.

Étienne Schneider: Ech soe Merci!

Dernière mise à jour