Francine Closener au sujet du Nation Branding

"Et geet dorëm fir Lëtzebuerg op d’Weltkaart ze kréien"

Interview vum Max Theis (RTL Radio Lëtzebuerg):

Francine Closener, gudde Moien.

Francine Closener: E schéine gudde Moien.

Max Theis: D’Natioun kritt e Stempel opgesat, wann een dat fräi iwwersetzt. Wat versteet een da genee dorënner, “Nation Branding”?

Francine Closener: Also Nation Branding ass am Fong e Begrëff aus der Publicitéitswelt. Et geet eigentlech nëmmen dorëm fir eng Image de marque ze schafen. Esou wéi een dat och ka maache fir egal wéi e Produkt, kann een dat natierlech och maache fir e Land. An et geet natierlech dorëm fir d'Land besser duerzestellen, méi visibel ze maachen.

Max Theis: Mir hunn eis jo elo scho verkaaft mat esou enger Imagecampagne, e Video deen nawell zimlech gutt gemaach war. Geet et esou e bëssen an déi Richtung dann?

Francine Closener: Ech mengen, et ass elo nach ze fréi fir ze kucke wat herno hannen dobäi erauskënnt. Wichteg ass emol ze kucke wat mir alles scho gemaach hunn. Et ginn effektiv eng ganz Rei Promotiounsmechanismen déi mir schonn ugeleiert hunn, och a verschiddene Secteuren. Elo geet et natierlech dorëm fir do emol e Fil rouge dran ze kréien, eng kohärent Approche, an e Message mat deem all Secteur, an och d’Leit hei am Land sech kënnen identifizéieren.

Max Theis: Et kléngt no engem Logo an engem Slogan?

Francine Closener: Esou wäit si mir wierklech nach guer net. Fir d’éischt musse mir elo emol kucke wat mir eigentlech wëllen, a wat eigentlech de Problem ass.

An deen Haaptproblem ass menger Meenung no deen, an dat ass och aus e puer Étuden a Sondagen ervirgaangen, dat ass datt Lëtzebuerg einfach en Imageproblem huet, an deem Sënn datt et net bekannt ass, a wann et bekannt ass dobaussen an der Welt, da ganz oft mat enger negativer Connotatioun [gëtt ënnerbrach]

Max Theis: Steierparadies.

Francine Closener: Genre Steierparadäis, voilà.

Wann een elo kuckt, et ass jo nach net esou laang hier, datt aus Frankräich erëm Attacke koume vum Vize-President vun der UMP. Et ass zwar vläicht alles guer net wouer, also et ass bestëmmt net wouer wat hie gesot huet, mä wann e Land keng aner positiv Biller an de Käpp vun de Leit ervirbréngt, dann ass et natierlech, den Imageschued duerch esou eng Polemik ass dann ëmsou méi grouss. Dat heescht, mir hu wierklech all Intérêt dru fir esou eng Campagne ze maachen, fir esou eng Image de marque ze kreéieren.

Max Theis: Wat bréngt et da genee, ausser elo den Image? Dat heescht, et ass eng politesch Fro deelweis, eng ekonomesch Fro, Tourissem, alles dat soll stimuléiert ginn?

Francine Closener: Bein, absolut. Wéi gesot, et geet dorëm fir Lëtzebuerg op d’Weltkaart ze kréien, fir et visibel ze maachen a fir eis Atouten och wierklech ze valoriséieren. Ech mengen, datt mir där Atouten onheemlech vill hunn.

Aus deenen Étudë geet zum Beispill ervir, datt d’Liewensqualitéit zu Lëtzebuerg ganz gutt ass, also datt dat eng Valeur ass déi mat Lëtzebuerg identifizéiert gëtt. Awer och den internationale Charakter vum Land, de Multilinguisme; de soziale Fridden ass sécher e ganz, ganz wichtege Punkt.

An elo geet et natierlech dorëm fir dat no baussen och ze valoriséieren, also wéi gesot, deen Image de marque ze schafen.

A wat ass de Sënn an den Zweck vun der Übung? Majo dat ass, fir datt Touristen, Investisseuren, Entrepreneuren, Talenter, héichqualifizéiert Leit, datt déi Lëtzebuerg entdecken, virwëtzeg ginn op Lëtzebuerg a motivéiert sinn dann och wierklech emol heihinner ze kommen, an dann natierlech zu Lëtzebuerg ze bleiwen.

Max Theis: Aner Länner hunn dat jo och scho gemaach. Wat sinn dann do positiv Beispiller, déi een och vläicht kennt?

Francine Closener: Also ee Beispill wat bestëmmt jiddweree kennt, dat ass dat vun der Schwäiz. D’Schwäiz huet natierlech och de Virdeel vun engem onheemlech flotte Fändel mat deem rouden Hannergrond, mat deem wäisse Kräiz. Dat ass schonn am Fong eng Marque fir sech ginn. Mä d’Schwäiz schafft scho 40 Joer am Nation Branding, an déi maachen onheemlech vill, also si hu jo och eng Bankeplaz, mä wann een un d’Schwäiz denkt, ech mengen, wann Dir un d’Schwäiz denkt, denkt Dir bestëmmt och nach un aner Saache wéi just [gëtt ënnerbrach]

Max Theis: Aueren, Kéis, Schnéi.

Francine Closener: Voilà, un d’Bierger, un de Schokola. An déi hu ganz vill dorunner geschafft, och vill doranner investéiert, a si mussen awer och, dat ass och en dynamesche Prozess, et muss ee sech och bewosst sinn, datt een ëmmer erëm un där Marque muss schaffen. Also déi hunn och heiansdo hire Message anescht gedréint.

 Ee méi rezent Beispill ass Schweden. Mä och déi hu 4 Joer gebraucht bis se wierklech op deem Punkt waren, datt si gesot hunn, okay, dat do ass elo dat Richtegt.

Max Theis: De Projet ass duerch de Regierungsrot. An deem Sënn, de Prinzip vum Nation Branding, wéi geet dat dann elo genee, wéi wëll een do genee virgoen?

Francine Closener: Maja, also et ass jo schonn dorunner geschafft ginn an deene leschten zwee Joer, e bësse méi zaghaft, soen ech emol, an engem Comité, an engem interministerielle Comité. Deen huet dee ganze Prozess begleet. Et gëtt och eng Coordinatrice déi fulltime dorop schafft.

Elo geet et am Fong dorëm fir d’Acteuren déi interesséiert sinn a concernéiert sinn, fir déi emol alleguer ze consultéieren. Dat ass elo dat éischt wat gemaach gëtt an esou enger Zort Workshop. An da gëtt awer och de grand Public gefrot, well eben deen Image de marque muss och vun de Leit hei zu Lëtzebuerg gedroe ginn.

Well wat wierklech ganz wichteg ass, herno geet et net duer mat engem Slogan, mat engem schéine Film. An dat soen alleguer d’Experten: do wou Lëtzebuerg drop steet, do muss och Lëtzebuerg dra sinn. Also, de Message muss ganz authentesch sinn, fir datt net, wann d’Leit dann herno heihinner kommen, sief et Investisseuren oder Touristen, oder wien, datt déi hei eng Realitéit fannen déi iwwerhaapt guer näischt mat der Campagne a sech, oder mam Image de marque ze dinn huet. Dat ass kontraproduktiv.

Max Theis: Dir sot, et gëtt eng Coordinatrice. Do wäerten awer och extern Beroder da chargéiert ginn?

Francine Closener: Also dat ass, mengen ech, nach ze fréi fir dat ze soen. Mir sinn, wéi gesot, elo nach an där Phas wou mir emol den Ist-Zoustand analyséieren, an dann och alleguer d’Acteure froen, wat dann eigentlech hir Besoine sinn, wéi si sech et virstellen. An da muss mir dat emol alles kanaliséieren. Dat nennt sech an der Fachsprooch, Markenbildungsprozess. Dat ass elo dat éischt wat kënnt.

Herno leeft et natierlech drop eraus, datt ee Slogan, datt eng Marque, datt eng Campagne lancéiert gëtt. Ech mengen, datt och d’EU-Présidence am zweete Semester d’nächst Joer eng exzellent Geleeënheet ass fir Resultater vun deem ganze Prozess do ze testen. An dann deemno wéi muss ee vläicht och de Message och erëm ajustéieren.

Max Theis: Ee Volet ass jo den Tourissem. Dir hutt viru Kuerzem en Entwécklungsplang fir den Tourissem annoncéiert. Wou sinn déi Aarbechten dann drun?

Francine Closener: Jo, also mir si jo am Gaangen eng national Strategie do auszeschaffen. Dat ass eppes, dat mécht een net vun haut op muer. Ech wëll awer och soen, datt am Tourissem eigentlech schonn immens vill gutt, eng ganz gutt Offer do ass, datt och an deene leschte Joere ganz vill Efforte gemaach goufen extra an der Promotioun, an dat dréit och seng Friichten. Ech mengen, den Tourissem ass e ganz wichtege wirtschaftlechen Acteur. Dat dierf ee wierklech net ënnerschätzen. An do läit och nach ganz vill Potential.

Wat elo déi Strategie ugeet, ee wichtegen Akzent ass absolut de Geschäftstourissem. 58% vun allen Iwwernuechtungen déi et hei d’lescht Joer goufe koume vu Geschäftstouristen. An do ass e ganz grousse Potential, a virun allem hu mir och Acteuren déi bereet sinn, déi quasi an de Startbléck sti fir lasszefueren. Wat elo nach feelt, dat ass d’Kompetenzverdeelung, wie mécht wat, fir doubles Emploien ze evitéieren. Mir musse Synergien do schafen.

An dann, à la longue hätt ech eigentlech gären eppes wéi eng Zort Guichet unique fir Kongresstouristen. Dat heescht, wann ee wëll e Kongress, eng grouss Konferenz zu Lëtzebuerg organiséieren, da muss e just nach een Uspriechpartner hunn. An deen organiséiert alles. Dee këmmert sech vun der Rees, iwwer den Hotel, iwwer de Kongress a sech, iwwer de Kaderprogramm. Et ass genee dat wat gewënscht ass vun esou Leit déi esou grouss Kongresser organiséieren, e Programme à la carte.

An ech sinn iwwerzeegt dovunner, datt mir dat kënne bidden, well mir eigentlech alleguer d’Atouten hu fir et ze bidden.

Max Theis: Dat heescht, dat Potential gesitt Dir haaptsächlech doranner, an deem Kongress- Geschäftstourissem?

Francine Closener: Dat ass ee vun aneren, also mir hunn zum Beispill och de Oenotourissem, de Wäintourissem, wou mir jo absolut och ganz vill flott an interessant Projeten hunn.

Eppes anescht wou mir awer och dru schaffen ass fir ze kucken, déi Offer déi mir hunn, ech schwätzen elo emol Hotelen, oder soss Infrastrukturen, mir hu schonn eng ganz zolitt Offer. Elo musse mir kucken, wat feelt nach? An déi Projeten déi da presentéiert ginn, déi ginn dann och méi cibléiert ënnerstëtzt.

Ech soen elo emol ee Beispill, wat mir elo spontan afält. Zum Beispill an Éisterräich, oder Schwäiz, oder Däitschland do ginn et jo ganz vill esou Familljenhotelen, wou d’Kannerbetreiung eng ganz grouss Roll spillt. Dat zitt. Zu Lëtzebuerg gëtt et dat vläicht och schonn, awer a vill méi engem klenge Mooss. Dat ass zum Beispill eppes wou ee kéint drop setzen.

Eppes anescht ass natierlech de Wellness, dat ass nach ëmmer e Beräich wou ganz vill dran investéiert gëtt. An dat ass och ganz gutt esou. Oder en Designhotel, oder Sporthoteler. Dat sinn effektiv, ech mengen, datt dat en Atout ass.

Max Theis: Mä dat si privat Initiativen u sech, wéi wëllt Dir dat da politesch steieren? Méi subventionéieren, oder wéi?

Francine Closener: Jo, do kann ee jo iwwer den, mir hunn de 5 Joeresplang am Tourissem, wou jo esou Projete subventionéiert ginn. An do kann een natierlech dat da vill méi cibléiert maachen, a soen, okay, do sinn d’Critèren, an all Hotel, oder all Hotelier dee sech dorunner hält, dee kritt dann esou vill méi wéi een deen dat dann net mécht, wou et dann eben net an d’Strategie passt.

Nach just een anere Punkt. D’Professionaliséierung vun de Strukture läit eis och um Häerz. Natierlech geet den Tourissem net ouni bénévol Acteuren. Mä mir brauchen awer professionell Strukturen. An och do gëtt de Ministère relativ vill Suen dran. Et ass mir elo wichteg fir ze kucken ob déi Suen och gutt investéiert sinn. An et muss een einfach Indicateuren do fannen a mat abauen, fir datt och herno d’Resultater kënne gemooss ginn, datt ee gesäit, hei dat do ass och efficace wat mir maachen. Dat ass eppes wat nach e bësse feelt.

Max Theis: Ganz kuerz, ënnert dem, ech nennen dat elo emol, Aarbechtstitel “Luxembourg House” war u sech e Projet virgesi fir an der Stad och déi ganz Offer déi et zu Lëtzebuerg gëtt, och regional Produiten do unzebidden. Wou sinn déi Saachen dann drun? Et war emol Rieds vum Roude Pëtz, datt dat eventuell dohinner sollt kommen?

Francine Closener: Also, ech hunn elo viru Kuerzem an enger Zeitung mat Erstaune geliest, datt dee Projet op Äis léich. Also just de Contraire ass de Fall. Dee Projet läit guer net op Äis. Am Géigendeel, mir bauen dat esouguer nach gären aus. Mir sinn an der allerleschter Ligne droite fir matten an der Stad eng Plaz ze fannen.

A wou mir awer och nach aner Plazen identifizéieren, wou vill Passage ass, wou ganz vill va et vient ass, ech soen elo emol de Findel, dat ass jo awer eng Plaz déi sech wonnerbar eegent, a wou eigentlech och näischt ass, a wou d’Touriste jo awer bestëmmt nach an der leschter Minutt, ier se fortfueren, ier se Heem fueren, nach vläicht e Souvenir siche ginn. Ech mengen, do wier et jo awer optimal fir do esou e “Luxembourg House” hinzesetzen, wou se sech kënnen, vläicht esouguer och nach schmaachen, wou se sech kënnen nach mat lëtzebuerger Produkter andecken, soen ech emol.

An eng aner Plaz, déi och ganz interessant ass, dat ass hei de Centre de conférences, hei uewen um Kierchbierg. D’nächst Joer ass, wéi gesot, d’EU-Présidence. Do ass während 6 Méint dee Centre de conférences permanent beluecht, mä och an aneren Zäite si jo, wéi gesot, och vill Kongresser do a Konferenzen. Och dat ass eng optimal Plaz fir Lëtzebuerg gutt a visibel duerzestellen.

Ech mengen, mir kënnen houfreg sinn op dat wat mir maachen, op dat wat mir hunn, mir brauchen et just besser ze weisen.

Max Theis: Francine Closener, Merci datt Dir Iech de Moien Zäit geholl hutt.

Francine Closener: Merci och.

Dernière mise à jour