Francine Closener au sujet du "Nation branding"

Nathalie Bender: 5 op halwer 8 um Radio 100,7, domat Zäit fir eisen Invité vum Dag ze begréissen. Dat ass haut de Moie bei eis am Studio d’Francine Closener, d’Staatssekretärin am Wirtschaftsministère. Gudde Moien! 

Francine Closener: E schéine gudde Moien. 

Nathalie Bender: Mir schwätzen haut de Moie gären iwwer d’Marque Lëtzebuerg, eng Marque déi bis elo nach net esou existéiert, wéi mir se gären hätten. En Thema awer, deen Iech besonnesch um Häerz läit, Nation Branding. Et gëtt schonn eng Zäit laang dru geschafft. Dir hutt elo am Abrëll e Point gemaach. Kënnt Dir eis nach eng Kéier de Rappel maache wou mir elo dru sinn am Nation Branding zu Lëtzebuerg? 

Francine Closener: Jo. Also ech mengen et geet jo virun allem emol drëm fir Lëtzebuerg op d’Weltkaart ze kréien. Lëtzebuerg ass vläicht net bekannt genuch, an a ville Beräicher, oder a ville Länner wou Lëtzebuerg bekannt ass, oder och, et gesäit een oft an der franséischer Press hu mir dann och en negativen Image oft als Steierparadäis. Dobäi huet Lëtzebuerg immens vill ze bidden. Dat wësse mir, mä mir mussen dat besser no baussen droen. Mir mussen Touristen unzéien, mir mussen Investisseuren unzéien, mir wëlle ganz vill Talenter unzéie fir déi verschidde Secteure grad an der Ekonomie, déi mir amgaange sinn ze diversifiéieren, awer och a ganz villen anere Beräicher. Voilà, an dofir musse mir ebe Lëtzebuerg besser dobausse positionéieren. A wat ganz wichteg ass, ass eben eng Image de marque ze schafen. Dat awer net vun uewen erof, mä an engem partizipative Prozess. A wat ganz, ganz wichteg ass natierlech och, datt déi Leit hei am Land, déi hei liewen, awer och déi hei schaffen, datt déi och dohannert stinn, datt dat eppes ass wou se sech selwer kënnen domat identifizéieren. An dat ass elo den Défi dee mir amgaange sinn ze maachen. Am Abrëll ass am Regierungsrot de Prinzip guttgeheescht ginn, och de Budget guttgeheescht gi fir op dee Wee ze goen. A voilà, d’Saach ass elo lancéiert. 

Nathalie Bender: Elo gëtt dru geschafft. Mir hunn elo grad gesot datt am Fong no bausse Lëtzebuerg dacks de Stempel vum Steierparadäis kritt. Dat ass jo een am Fong, dee sech selwer gebilt huet, ouni datt een eppes dofir oder dogéint gemaach huet, mä dat war eng Situatioun déi entstanen ass. Wat sinn da vläicht nach aner negativ Aspekter, emol dovun ofgesinn, datt Lëtzebuerg carrément net visibel ass op enger Weltkaart, deemno wou een ass, an et seet een, ech komme vu Lëtzebuerg, da froen d’Leit wou ass dat iwwerhaapt? 

Francine Closener: Jo, bon dat ass deen ee Problem. Deen anere ass datt, virun zwee Joer gouf e grousse Sondage gemaach. Deemools hat sech e Grupp, en interministerielle Grupp gebilt, deen och haut nach am Komitee Nation Branding erëmzefannen ass, an deen huet dann och Sondage gemaach gehat. An do gouf ënnert anerem zum Beispill festgestallt, datt mir entweder net bekannt genuch sinn, oder vläicht als zevill konservativ, bourgeois, renferméiert gëllen. An dat si jo natierlech Saachen, an och en Image, dee mir absolut guer net wëllen. An ech fannen et ass och e falschen Image. 

Wann ech elo kucken, gëschter war Nationalfeierdag, bei där ziviller Zeremonie gëschter Moien am Groussen Theater goufen an deenen offizielle Rieden, déi gehale goufen, ass ganz vill erauskomm, datt mir genee dat net sinn, datt mir eis ganz weltoffe weisen, an datt mir weltoffe sinn, datt mir eng diversifiéiert Gesellschaft sinn, datt mir eng solidaresch Gesellschaft sinn. Ech mengen dat si Valeuren, op déi mir kënnen houfereg sinn, a wou mir natierlech och gären hätten, datt dat dobaussen esou percevéiert gëtt. 

Nathalie Bender: Wann een iwwer sech selwer soll eppes soen, dann ass dat jo oft eng Vue, déi natierlech personaliséiert ass, a vläicht och net ëmmer eng objektiv Vue. Dofir ass et vläicht net onnéideg fir dann och emol aner Leit ze froen, déi vläicht keng Lëtzebuerger sinn, an och net onbedéngt schonn éiweg hei schaffen. Gëtt dat gemaach an deem Prozess vum Nation Branding? 

Francine Closener: Absolut gëtt dat gemaach. Also wat elo geschitt, dat ass elo, am Fong déi éischt Etappe geet elo un. Dat heescht, dat ass esou en däitsche Begrëff “Markenbildungsprozess”, also mir wëllen elo déi Marque dann etabléieren. Fir dat ze maachen, maache mir eng ganz Rei Workshopen, mat Acteuren déi dorunner interesséiert sinn. Aus deene verschiddenste Beräicher zu Lëtzebuerg melle sech d’Leit och fir ze soen, hei mir wëllen dorunner matschaffen, an déi ginn alleguer associéiert. Da maache mir awer och Sondagen. Mir probéieren och vläicht via en Internet-Site de grand public mat anzebannen. Mir schwätze mat Leit, déi mat “Expaten”, also mat Auslänner déi dann zu Lëtzebuerg schaffen, a froen déi och, wat war äert Bild vu Lëtzebuerg iert dir heihinner schaffe komm sidd, a wat ass äert Bild elo, wou ginn et do Ënnerscheeder? Ech mengen dat ass en immens interessanten Discours. 

Nathalie Bender: Bis elo gouf jo ganz vill och Promotioun gemaach, zum Beispill am Beräich vum Tourismus. Do fënnt ee jo och op de verschiddene relevanten Internet-Siten zum Beispill Videoen, déi gemaach goufe fir Lëtzebuerg no baussen ze weisen, fir Touristen unzezéien. Wat feelt dann do? Do si vläicht verschidden Aspekter vum Land berücksichtegt ginn, an anerer awer net. Wat...? 

Francine Closener: Et feelt eigentlech een, wéi soll ech soen, e grousst Ganzt. Jiddweree mécht natierlech immens gutt Promotioun. Mir hunn LFB, mir LFF, also Lëtzebuerg for Finance, a Lëtzebuerg for Business, déi maachen natierlech eng super Aarbecht. Dat steet och guer net zur Debatt. Wat mir eigentlech brauchen, ass en Iwwerbegrëff fir datt mir eis kënnen dorunner alleguer, also d’Messagen déi fir all Secteur gëllen, wou d’Leit am Land dohannert stinn, an déi mir da kënnen deklinéieren op déi eenzel Secteuren. 

Dir hutt elo d’Promotioun vum Tourismus ugeschwat. Dat leeft immens gutt. Do gouf virun, mengen ech, annerhallwem Joer, zwee Joer eng nei Marketingstrategie entwéckelt. An et gesäit een och ganz gutt wéi déi ukënnt. Also dat bréngt schonn eppes. 

Mä wat mir jo eigentlech gären hätten, dat ass datt mir ee Message hunn, oder een, Valeuren hunn a Referenzen hunn un deene jiddweree kann adhéréieren, zu deene mir stinn, zu deenen d’Leit am Land, a wéi gesot och d’Frontalieren, also net nëmmen d’Lëtzebuerger déi hei liewen, oder d’Auslänner déi hei liewen, mä och d’Frontalieren, déi all Dag heihinner schaffe kommen, datt déi sech och kënnen domat identifizéieren. Dat ass am Fong dat, datt net all Secteur just säint mécht, mä datt mir dat, en Iwwerbegrëff esou ze soe schafen. Dat ass eigentlech de Sënn an Zweck vun der Übung. 

Nathalie Bender: Gouf sech do un sougenannten “best practices” an anere Länner e bëssen, jo, inspiréiert, quitt datt een esou eppes natierlech net ka kopéieren, well dann ass et jo net méi dat wat et soll sinn am Endeffekt? 

Francine Closener: Jo, ganz genee. Also ee Beispill wat ech ëmmer nennen, ass dat vun der Schwäiz. Déi schaffen allerdéngs schonn 30, 40 Joer dodrunner, mä déi maachen dat wierklech konsequent. Ob dat d’Futtballmannschaft ass, oder Foire sinn, oder, ech weess net, Tankstellen, d’Autosraststätten, also iwwerall gesäit een do déi Marque Schwäiz. Et weess ee ganz genee datt dat, de Fändel ass natierlech hiren, ee vun hiren [gëtt ënnerbrach] 

Nathalie Bender: Eppes wat se visibel mécht. 

Francine Closener: Also ech wollt elo soen, hire Visuell eigentlech, woumat mir nach Problemer hunn. Dat hu mir jo grad nach net. Mä fir iwwerhaapt dohinner ze kommen, musse mir fir d’éischt eng Kéier dee ganze Prozess duerchlafen, an d’Leit associéieren. 

Wat net gutt wier, dat wier fir elo ze soen, voilà, hei ass eise Slogan, hei ass eis Grafik, an elo musst dir dat gutt fannen, well mir iech et imposéieren. Dat ass eigentlech genee dat wat mir net wëlle maachen. 

Nathalie Bender: Dir hutt en Appel d’offres gemaach am Fong un Acteuren, déi sech interesséiere fir esou eng national Strategie, fir eng Marque Lëtzebuerg opzebauen. Do hu sech natierlech Leit gemellt. Wien interesséiert sech dann do? Wie wëll hëllefen esou eng Strategie opbauen? 

Francine Closener: Also et sinn 10 Dossieren erakomm. Dat si Consultanten, dat sinn Agences de publicité, de promotion, dat geet vu bis. 

Ech mengen datt et wichteg ass eng Kéier vläicht kuerz op d’Critèren zeréckzekommen. Et ass natierlech esou, et muss een eng Experienz hunn am Positionéiere vun enger Marque, also am Branding. Dat ass zum Beispill natierlech ee wichtege Critère. Dann ass et awer och esou datt een och Experienz muss hunn an engem Projet wéi deem hei, dee wierklech breet gefächert ass, dee ganz villsäiteg ass, an et ass och e grousse Projet, deen och relativ laang dauert. Och dat ass natierlech ganz wichteg. De Käschtepunkt ass sécher e Facteur. Och eng gutt Methodologie fir datt mir eist Zil och erreechen. Dat si sécher déi grouss Facteuren. 

Mir hätten awer och natierlech gären ee Consultant, dee wierklech de lëtzebuerger Terrain ganz gutt kennt, an dee de Bléck vu bausse siche geet, mä deen awer trotzdem Lëtzebuerg kennt esou wéi et elo ass. Also ech mengen datt dat awer ganz, ganz wichteg ass. 

Nathalie Bender: An deem Cahier de charges, dat si jo elo relativ vill Saachen, déi een dann awer muss kënnen, oder wëssen. Da sinn 10 Dossiere vill, oder war Dir do iwwerrascht? 

Francine Closener: Neen, weder nach. Also mir haten eis elo keng Virstellunge gemaach wéivill der elo géifen erakommen. Ech mengen awer datt mir relativ séier wäerten eng Décisioun do kënnen huelen, datt sech séier Saachen do erausschielen. Et gëtt elo nach eng Kéier ganz genee gekuckt natierlech, och vum Komitee, deen zoustänneg ass fir den Nation Branding. An da virun der Summervakanz fält do eng Décisioun fir datt mir kënne lassfueren. 

Nathalie Bender: Dat heescht bannent engem knappe Mount gëtt dann do nach eng weider Etapp gemaach. 

Et sinn am Abrëll 380.000 Euro am Fong genannt gi fir deen Nation Branding, fir eng éischt Strategie. Wat heescht dat? Ass dat bis elo heihinner, oder sinn déi 380.000 Euro, ginn déi nach e bësse weider? 

Francine Closener: Neen, dat ass fir déi éischt Etapp. Also dat war ganz kloer gesot. Déi éischt Etapp, et ass natierlech och déi wichtegst Etapp. Also dee ganze partizipative Prozess ass, mengen ech, dat wou et herno drop ukënnt wat hannen dobäi soll erauskommen. Also dat ass wierklech fir déi Etapp, duerno gëtt da e Visuel, eng Grafik entwéckelt. Dat ass déi drëtt Etapp am Fong geholl. An dann, jo, da maache mir natierlech e Kommunikatiounsplang, an dann d’Mise en oeuvre dovunner. Mä fir déi éischt Etapp elo, déi wichtegst, ass dat de Budget. 

D’Regierung huet Nation Branding zu enger Prioritéit erkläert, steet och tel quel am Regierungsprogramm, a si gëtt sech déi Moyenen, déi se brauch fir datt et klappt. 

Nathalie Bender: Dat heescht, am Viraus wësse mir net wat dat Ganzt kascht? 

Francine Closener: Et gouf e Budget opgestallt, mä ech géif mengen, et ass nach e bësse fréi fir doriwwer ze schwätzen. Also de Budget ass och nach net ganz definitiv fixéiert, et huet ee sech esou eng Linn ginn natierlech. Mä ech menge mir mussen déi éischt Etapp elo emol ofschléisse fir iwwerhaapt ze wëssen a wéi eng Richtung datt et geet. 

A wat ebe wichteg ass, dat ass, datt et net vun uewen erof, also dekretéiert gëtt am Fong, datt d’Leit sech wierklech sollen dorunner bedeelegen. An ech mengen datt dat och eng ganz flott Saach ka sinn, datt wierklech eppes, et ass jo jiddwereen eigentlech dorunner interesséiert, datt Lëtzebuerg dobausse gutt do steet. A mir sollen eis och bewosst sinn, datt dat eng onheemlech Chance ass fir dat ze maachen, datt mir déi Leit kënnen op Lëtzebuerg zéien, déi mir hei wëllen hunn. 

Nathalie Bender: Wann et eppes Authentesches soll sinn, dat ass e Wuert wat ëmmer erëm fält am Beräich vun deem Nation Branding, da misst et jo eppes si wat eigentlech scho laang existéiert zu Lëtzebuerg, wat vläicht bis elo nach keen esou konkret an d’A gefaasst huet fir deen Nation Branding. Kënne mir eis do eppes virstellen? 

Francine Closener: Also ech hunn elo keng konkret Virstellung, wéi gesot. Ech soen, wéi gesot, mir wëllen dat jo eigentlech évitéieren. Mä et ginn natierlech Saache wou Lëtzebuerg sech, also herausragt. Ech huelen elo emol d’Liewensqualitéit zu Lëtzebuerg, déi ass immens gutt. Mir sinn eis dees vläicht net ëmmer esou bewosst, mä déi ass ganz, ganz, ganz héich. 

Nathalie Bender: Awer abstrakt duerzestellen. 

Francine Closener: Jo, een aneren Aspekt ass zum Beispill d’Sécherheet. Wann ee mat Leit schwätzt, déi zu London gelieft hunn, oder zu Paräis, déi si ganz begeeschtert datt se kënnen hei owes spéit awer nach duerch d’Stad goen. Natierlech ginn et och ëmmer bei eis Tëschefäll, dat ass jo kloer, mä am grousse Ganze fillen d’Leit sech awer immens sécher zu Lëtzebuerg. Dat ass awer een Aspekt, deen een net dierf vergiessen. 

Da punkto Tourismus. Mir hunn onheemlech vill ze bidden. A mir hunn och nach do vill Entwécklungspotential. Mä och dat, do kann ee wierklech drop bauen, an drop houfreg sinn, an dat eben no bausse weisen. 

Nathalie Bender: Dat heescht, ganz geschwënn kann een eventuell mat engem neien Internet-Site da rechnen, wou eventuell dann och gefrot ass, datt ee seet, ech fannen de Superjhemp cool zu Lëtzebuerg, ech wëll datt deen do mat dobäi ass, oder ech hunn de Kachkéis gären zum Beispill? 

Francine Closener: Zum Beispill, jo, firwat net. Also dat musse mir natierlech elo mam Consultant ganz genee kucke wéi mir dat ariichten, esou ee Site, mä dat ass awer eng Iddi, déi mir absolut hu fir eben dem grand public och d’Méiglechkeet ze gi fir ze soen, hei wat gefält dir och net, wat ass och net esou flott? Domat muss ee rechnen, datt een net nëmmen déi positiv Aspekter kritt. Mä dat wëlle mir awer trotzdem. Also dee Match do mam Public wëlle mir awer agoen, dat ass kee Problem. 

Nathalie Bender: Mä do komme wahrscheinlech nach vill Diskussiounen och op Iech duer, well déi negativ Aspekter, déi gi jo meeschtens als éischt genannt iert een da bei déi positiv kënnt. Mä et geet jo wierklech drëm fir dat positiivt Bild ze bréngen? 

Francine Closener: Jo, mä wéi gesot, mir hu jo och do, déi Consultanten huele mir jo net fir näischt, dat si jo Profien, déi maachen dat jo och net fir d’éischte Kéier. A wann dat elo just de Staat oder d’Ministèrë sinn, déi concernéiert sinn, déi hu jo net déi Experienz domat. Do brauche mir wierklech Kommunikatiounsexperten, déi sech domat auskennen, an déi wäerten dat schonn esou maachen, datt dat herno gutt gëtt. 

Nathalie Bender: Dir sidd zouversiichtlech, an Dir freet Iech drop? 

Francine Closener: Ech freeë mech wierklech ganz vill drop. Ech fannen datt dat en immens flotten Défi ass. An ech sinn och immens frou datt d’Regierung do hannendru steet, datt mir do wierklech ukommen, well eigentlech ass jo scho virun zwee Joer déi éischte Kéier esou eng grouss Konferenz organiséiert gi vun deem interministerielle Grupp. An deemools waren op där Konferenz do waren 300 Leit, an déi waren alleguer ganz dofir fir endlech esou eng Strategie ze entwéckelen. Do ass Zäit vergaangen aus diversen Ursaachen. An elo sinn ech wierklech frou datt mir domat endlech kënnen ukommen. 

Nathalie Bender: Da si mir gespaant wéi dat weider geet. Ech soe villmools Merci Francine Closener fir d’Visite haut de Moien am Studio. 

Francine Closener: Merci och.

Dernière mise à jour