Étienne Schneider au sujet des différents sujets de l’actualité politique

"Et geet drëm d'Steierlandschaft méi gerecht ze maachen"

Interview vum Claude Zeimetz (RTL Radio Lëtzebuerg):

An domatter nach mol gudde Mëtteg a wëllkomm am “Background” mam Étienne Schneider. Gudde Mëtteg.

Étienne Schneider: E schéine gudde Mëtteg.

Claude Zeimetz: Dir kommt lo direkt vu Senneng, do souz d'Regierung gëschter Mëtteg an och de Moien a Klausur zesummen, fir mat de Partei- a Fraktiounspresidente vun de Majoritéitsparteien ënnert anerem do iwwert de Budget ze schwätzen, de Budget vun der neier Generatioun, nom Iwwergangsbudget vun dësem Joer. Wat gouf da lo do festgehalen?

Étienne Schneider: Wat genee am Detail festgehale ginn ass, dat wäert Dir gewuer ginn, awer réischt an der Rentrée, well mir eis dat sou ofgemaach hunn, datt mir wëllen an der Rentrée de komplette Pak devoiléieren an och erklären an och mat de Sozialpartner dann duerchdiskutéieren. Et ass sou, datt de Finanzminister, zesumme mat deene verschiddene Ressortministeren e puer Honnert Propositiounen zesummegestallt hunn, déi hu mir alleguerten opgelëscht an déi hu mir lo an deenen zwee Deeg, mä awer och schonn a Meetingen dee mir virdrun haten, hu mir déi duerchdiskutéiert.

Claude Zeimetz: Dat waren déi Aarbechtsgruppen, déi 19 Aarbechtsgruppen déi och do gemaach goufen?

Étienne Schneider: Déi Aarbechtsgruppen, voilà, déi hu jo lo eng ganz Zäit gedaagt an do sinn elo e puer Honnert där Propositiounen déi sinn op den Dësch komm vun de Ministeren, déi sinn do diskutéiert ginn. Do sinn eng Rei Saachen déi als, ech soe lo mol “no go” erkläert gi sinn, well d'Regierung seet, politesch wëlle mir dat do net maachen.

Claude Zeimetz: Wéi eng wieren dat dann?

Étienne Schneider: Do sinn Propositioune komm, fir Iech eng ze soen, zum Beispill an de Pensiounen am 13. Mount vun de Rentner, fir deen eventuell ofzeschafen, well dat eben technesch Propositioune waren, déi vu Beamte gemaach gi sinn, wou gesot hunn, ma wa mir musse spueren, dat do wären eng Rei Méiglechkeeten. Do hu mir awer kloer gesot, datt mir dat net wäerte maachen. Dat sinn dann eben déi Punkten déi mir annuléiert hunn, déi also net a Fro kommen. Da sinn eng Rei Saache wou mir soen, ok dat do maache mir, dat wëlle mir änneren. An da sinn eng Rei Saache wou mir elo nach iwwert de Summer musse préiwe wat wierklech d'Influenz ass, wat d'Repercussioune si wann een dat dote mécht, fir datt mir dann am September wann d'Summerpaus eriwwer ass, datt mir da kënnen en connaissance de cause soen, hei dat dote sinn déi Linnen déi mir maachen. An da wäert Dir gesinn, datt mir ee ganze Pak Spuermesurë wäerte maachen. Mä mir maachen eis natierlech och näischt vir, egal wou ee spuere geet trëfft een iergendwou iergendeen. Dat gi mat Sécherheet vill Diskussiounen, dat gëtt mat Sécherheet och net einfach fir déi verschidde Ressortministeren, mä mir maachen dat dote solidaresch als Regierung an dofir huele mir eis och déi néideg Zäit nach iwwert de Summer fir et ze finaliséieren.

Claude Zeimetz: Well gespuert muss jo ginn, et ass eppes bis iwwert eng Milliard bis 2018? Dat si vill Suen.

Étienne Schneider: Jo absolut. An et dierf ee jo och net vergiessen, datt déi virescht Regierung schonn e puermol sou Spuerbudgete gemaach huet, Spuerpaquete gemaach huet, wou ëmmerhin awer och ee ganz Pak vu Sue gespuert ginn ass. Dat heescht déi “low hanging foods” déi waren net méi do, dat heescht et ass elo eng [gëtt ënnerbrach]

Claude Zeimetz: Wat heescht dat?

Étienne Schneider: Ma dat heescht déi Saache wou et einfach war ze spueren, ech soen lo mol Bicen zielen an esou Saachen, dat geet net méi, dat geet net méi duer. Dir hutt et gesot, et ass ronn eng Milliard déi eis feelt, an eng Milliard Euro ass ganz vill Geld bei engem Budget vun 13   14 Milliarden Euro. Dat heescht et gëtt ëmmer méi sauer fir déi Suen zesummenzekraatzen déi mir brauchen. Lo muss een awer fairerweis och soen, datt eis Konjunktur erëm unzitt, datt dat eis natierlech och hëlleft, well mir doduerch erëm méi Steierrecettë wäerten an deenen nächste Joere kréien, zumindest erhoffe mir dat. Op där anerer Säit fält de Commerce électronique ewech, dee kascht eis op ee Coup 800 Milliounen Euro. Also alles dat sinn Aspekter déi mir consideréieren, fir eng Spuerpolitik ze maache wou mir wierklech queesch duerch de Gaart, iwwerall do wou et Sënn mécht oder do wou et kee Sënn méi mécht, déi Ausgaben ze maachen, déi dann ze sträichen. An do kënnt ee ganze Paquet op den Dësch an et kommen natierlech och supplementar Ausgaben dobäi well d'Politik wëll och regéieren an och konstruktiv gestalten, sou datt mir och eng Rei Saachen definéiert hu wou mir gesinn, do musse mir usetzen, do musse mir och d'Situatioun vu verschidde Leit nach verbesseren, fir sozial méi gerecht ze ginn.

Claude Zeimetz: Changementer déi jo schonn annoncéiert goufen ass zum Beispill d'Kannergeld, do weess d'Ëffentlechkeet jo nach ëmmer net wou d'Rees higeet, kënnt Dir dann do scho lo virun der Rentrée dann awer e bëssen eppes soen?

Étienne Schneider: Also et ass, dat wat ech Iech ka soen, dat ass déi Mesuren déi mir am Kannergeld wäerten huelen betreffen net déi Kanner déi lo schonn op der Welt sinn. Ech mengen dat ass ee wichtege Punkt. Een anere wichtege Punkt ass deen, datt mir eis ganz Familljepolitik wëlle reforméieren, datt mir se wëlle modern gestalten an datt mir wëlle méi Infrastrukturen zur Verfügung stelle fir d'Betreiung vu klenge Kanner.

Claude Zeimetz: Gratis Kannerbetreiung mëttelfristeg ass jo och virgesinn.

Étienne Schneider: Voilà an datt mir déi och wëlle gratis dann zur Verfügung stellen, datt mir also méi wëllen a Sachleeschtunge goe wéi a Geldleeschtungen. Mir schwätzen och driwwer, dat ass eng Piste déi mir festhalen, datt mir fir déi zukënfteg Kanner och keng Differenze méi wëlle maachen tëscht dem éischte Kand, deem zweeten oder deem drëtte Kand. Déi natalistesch Politik wëlle mir ofschafen. Et gëtt ee Kand behandelt wéi dat anert.

Claude Zeimetz: Dat heescht et ass dat wat d'Familljeministesch jo och schonn ugekënnegt hat, uklénge gelooss hat, datt de Montant vum Kannergeld fir dat éischt, fir dat zweet an d'Kanner duerno gläich wäert sinn.

Étienne Schneider: Voilà dat hu mir och zeréckgehalen, datt mir dat wäerte maachen. An da wéi gesot kucke mir ee ganze Programm opzeleeën, dat kascht Honnerte Milliounen, fir d'Infrastrukturen auszebaue, fir d’Betreiung vu klenge Kanner, fir déi kënne gratis ze offréieren, zumindest fir déi éischt Liewensjoeren. Dat ass natierlech eppes wat ee muss iwwert d’Joeren en place setzen, dat ass eppes wat Recettë brauch, wat Sue brauch an och do hu mir eng Rei Iddien an déi wäert d'Familljeministesch dann deemnächst eng Kéier presentéieren.

Claude Zeimetz: Bis wéini oder wéini kann een dann domatter rechnen, datt déi gratis Kannerbetreiung wäert kommen?

Étienne Schneider: Also et ass jo elo schonn zum Deel hu mir jo schonn eng ganz Rei Infrastrukturen. Mir sinn elo am gaang e Modell ze fanne wéi mir dat kënnen technesch ëmsetzen, datt dat da ka gratis an Zukunft sinn. Mir probéieren natierlech sou schnell wéi méiglech, datt dat gräift, mä et wäert natierlech bis, mat Sécherheet un d'Enn vun dëser Legislatur goen, fir datt och jidderee finalement kann dovu profitéieren. Mir hunn awer och gesinn, wa mir vu Kannergeld schwätzen a vu Kanner generell, datt déi Kategorie Leit déi am meeschte benodeelegt sinn an och am meescht am Aarmutsrisiko sinn, datt dat déi sinn déi monoparentaux sinn, dat heescht allengerzéiend Mammen, allengerzéiend Pappen, datt mir och do mussen eppes maachen, fir deene Leit entgéintzekommen an do wäert wéi gesot ee ganze Paquet ficeléiert ginn, deen d'Madame Cahen dann am Numm vun der Regierung wäert och am Fréijoer, pardon an der Rentrée am September da presentéieren.

Claude Zeimetz: ee grousse Pak deen usteet ass och d'Steierreform, déi ass jo nach net direkt elo fir d'nächst Joer, mä kommen zousätzlech Steierhaussen am nächste Staatsbudget op d'Leit duer?

Étienne Schneider: Also et war jo sou, datt mir eis an de Koalitiounsverhandlungen eens gi sinn, datt et net drëm geet d'Steieren ze erhéijen fir deen Eenzelnen, mä datt et drëm geet d'Steierlandschaft méi gerecht ze maachen, datt mir och dee Mëttelstandsbockel wëllen offiederen. Dat heescht datt een net méi grad sou schnell um Spëtzesteiersaz ass, datt mir dat wëllen also offiederen, dat heescht déi Reformen déi mir maache wäerte sech eigentlech am globale Kader vun den aktuelle Steierrecetten erëmspillen. Dat heescht global geet et eis net drëm méi Steieren eranzehuelen, mä et geet eis drëm d'Steierlaascht méi gerecht ze verdeelen innerhalb vun deenen déi Steiere bezuelen.

Claude Zeimetz: Dat ass lo déi grouss Iddi, mä lo nach eng Kéier konkret dann nogefrot, am nächste Staatsbudget mussen do d'Privatleit sech op Changementer astellen? Nieft der TVA, déi kënnt jo dann.

Étienne Schneider: Also vun de Steieren aus gesinn nee. Et ass lo net esou, datt fir d'Joer 2015 gëtt mat Sécherheet keng Steierännerunge gemaach. Et ass jo sou, datt mir eis gesot hu mir géingen déi Steierreform 2016 wëlle fäerdegkréien, fir datt se d'Applikatioun wär ab dem Januar 2017. Dat heescht do geschitt de Moment nach näischt an et heescht och - an ech wëll dat nach eng Kéier ënnersträichen - datt et eis a priori net drëm geet fir d'Steierlaascht vun de Bierger ze erhéijen, och net déi vun den Entreprisen d'ailleurs, mä et geet eis drëm se méi gerecht ze verdeelen an doru schafft de Finanzminister, de Pierre Gramegna zesummen natierlech mat de Koalitiounspartner an ech sinn iwwerzeegt, datt mir do och eng Steierreform hikréien déi an dat heite Jorhonnert passt.

Claude Zeimetz: Steieren ass da fir méi spéit. A wéi engem Beräich ass da lo scho vum nächste Joer un, Dir hutt d'Kannergeld hu mir elo e bëssi geschwat, wat kënnt da soss nach vu Changementer fir e bëssen eng Indikatioun och lo scho kënnen ze ginn.

Étienne Schneider: Ech mengen, datt eng ganz Rei Mesuren déi am September wäerten decidéiert ginn, datt déi schonn direkt, respektiv ab dem nächste Joer gräife wäerten. Et sinn eng Rei Mesuren déi mir diskutéiert hunn, déi mir net sou schnell ëmgesat kréien, dat heescht déi en cours de route da wäerten a Kraaft trieden. Generell ass et awer esou an dat maache mir jo och elo mat dem Budget, datt mir déi Steiermesuren déi mir lo all diskutéiert hunn, datt mir déi evaluéiert hunn iwwert déi 5 Joer déi elo kommen, fir ze kucke wat ass den Impakt iwwert déi nächst Joren. Dir hutt och eng Rei Reforme wou mir soen, ok dat musse mir da kucke wat dat herno am Detail bréngt, déi lo nach net, also wou mir nach kee Montant drop gesat hunn, wou mir nach net wësse wéivill dat herno Aspuerunge géing bréngen, mä eng ganz Rei Saachen déi am Beräich si vun der Moderniséierung vum Staat, déi eis wäerten hëllefen an Zukunft ee ganze Pak Suen ze spueren an da kommen [gëtt ënnerbrach]

Claude Zeimetz: Wéi eng sinn dat dann déi direkt kommen?

Étienne Schneider: Wann ech Iech lo een aus mengem Ressort ginn, dann ass et zum Beispill dee vun de Commissariats de police. Mir hu Wëlles do eng Rei Kommissariater zesummen ze leeën, fir kënne méi efficace ze schaffen, fir kënnen och méi laang dem Bierger zur Verfügung ze stoen. Mir hunn lo op X Plaze Kommissariater déi zweemol d'Woch op si fir de Public, déi eigentlech ni um Terrain sinn, well se nëmmen zu 4 an hirem Kommissariat sinn, well Leit am Congé sinn, krank sinn oder wéi och ëmmer, wou mir soen, ma et mécht méi Sënn et leet een der zwee zesummen an et huet een dofir Permanencen, et huet een dofir all Dag eng Ouverture fir d'Leit, fir de Bierger, et huet ee fir all Dag Patrullen och op der Strooss. Dat hëlleft eis Sue spueren, dat hëlleft de Service um Bierger ze verbesseren, mä et hëlleft eis och Sue spueren. Lo ass et awer sou, datt mir dat kënne chiffréieren. Wa mir dat maachen, pro Zesummeleeung schätze mir, datt dat eis ronn 300.000   350.000 Euro d'Joer spuert. Ech mengen dat ass jo scho Suen. Mä lo ass et awer och sou, datt mir mussen am Dialog mat de Gemengen, mat de Buergermeeschteren déi concernéiert sinn jo och kucken do een Accord ze fannen, datt mir dat och hikréien.

Claude Zeimetz: Datt d'Leit och net d'Gefill hunn, dat lo op eemol kee méi no hinne kuckt.

Étienne Schneider: Voilà eben, ech mengen dat muss ee jo och oppassen an et ass jo och, et gëtt jo eng subjektiv Sécherheet déi d'Leit spieren an eng objektiv. An et muss een awer och de Bierger mathuelen, dem Bierger erkläre firwat et besser ass. A mir hu mat enger Rei Pilotprojeten lo ugefaangen an déi si vun eiser Siicht aus op alle Fall extrem positiv. A fir zréckzekommen op d'Spueren a wéi dat dann ëmgesat gëtt: de Fait ass deen, datt mir dat dote wëlle maachen. Wéivill dat herno aspuert kann ech Iech réischt soe wann ech mat all deene concernéierte Gemenge geschwat hunn, Accorde fonnt hunn. Da réischt kann ech soen ok an deenen an deene Gemenge maache mir dat do lo an do zéie mir dat duerch. De Staat huet Wëlles eppes ze maache wat d'Logement de Servicen ugeet. Dir hutt ganz vill Logement de Servicë bei der Police, bei der Douane, bei der Arméi, bei de Giischtercher etc., och bei dem normale Fonctionnement a Schoulen a sou weider. Dat heescht mir hunn iwwert 800 Logement de Servicen. Mir sinn am gaang ze kucke fir dat am Prinzip ofzeschafen. Wann ech lo vun der Police erëm eng Kéier schwätzen ass et sou, datt déi Logement de Service agefouert gi si well d'Police an der Zäit ee Périmètre d'habitation hat. Dat heescht si hu missen an der Géigend vun hirem Kommissariat wunnen. Or an Zäite wou ee sech haut liicht deplacéiere kann, wou een net méi mam Päerd muss op säi Kommissariat reiden oder zu Fouss goen ass dat Kabes. Dat heescht dee Périmètre d'habitation schafen ech of, also fält och déi Obligatioun mat de Logement de Service. Lo gëtt et awer eng ganz Rei speziell Ëmstänn, déi een awer muss kontrolléieren, déi ee muss kucken. An der Arméi ginn et eng Rei Argumenter firwat verschidde Logement de Service musse behale ginn. An der Police ginn et der. Sou datt mir kënne soen, ok brutto sinn et 800 där Logementer déi een an Zukunft net méi muss zur Verfügung stellen, déi een och deene Leit ka fir een anstännege Präis da ka verkafen, also hinnen d'Virrecht ginn etc.

Claude Zeimetz: Well de Staat bezilt jo net nëmmen d'Wunneng do, et ass jo och zum Beispill d'Fraise vun de Poubellen.

Étienne Schneider: Et sinn d'ganz Fraisen déi ronderëmhänken, voilà alles dat, mä fir genee kënnen ze soe wat mir da lo aspueren, do musse mir d'Analys am Detail maachen an och mat deene Concernéierte schwätzen an da réischt kënne mir dat soen. Dofir nach eng Kéier gesot, et ass schwéier Iech elo ee Montant ze soen, mä Dir kënnt sécher sinn, datt dee Spuerpaquet plus déi Mesurë wat d'TVA ugeet an anerer, datt mir do awer eng Rei Honnerte Millioune wäerte spueren an domat probéiere sou schnell wéi méiglech eise Budget an den Equiliber ze kréien, sou wéi et virgeschriwwen ass an erëm eis selwer Spillraum ze ginn fir och d'Politik kënnen ze gestalten.

Claude Zeimetz: De Rendezvous vun der Rentrée deen hu mir op alle Fall notéiert.

Étienne Schneider: Et gëtt ee spannende jo.

Claude Zeimetz: Ee Problem manner fir d'Regierung ass den Ament den Index, wann een dat lo sou soe kann. De Premier sot gëschter Moien och virum Ufank vun der Tripartite, déi jo offiziell keng war, mä awer, et wéilt een an den nächste 4 Joer net iwwert den Index schwätzen, do gouf eng Décisioun geholl, ouni datt d'Patronen awer iwwerzeegt goufen. Dir hat am Virfeld scho gefuerdert, d'Patronat misst den Index elo endlech als Realitéit zu Lëtzebuerg unerkennen an och säi Wuertlaut änneren. Bon dat huet sech gëschter an och en Donneschdeg bei der UEL nach net sou unhéieren. De Jean-Jacques Rommes dee sot op enger Pressekonferenz en Donneschdeg dat heiten:

 Jean-Jacques Rommes (O-Toun): Och wann d'Inflatioun déif ass, och wann nëmmen eng Indextranche pro Joer erfält, ass dat nach keng Ursaach fir ze menge lo hätte mir de Problem net méi, well dat ass d'Analys vun der Regierung an déi Analys ass falsch, well et ass eng Analys déi sech op d'Inflatioun bezitt wéi se lo ass a wéi se projezéiert ass an net op den Différentiel d'inflation dee mir mat eisen Handelspartner hunn an et ass dorop wou et ukënnt.

Claude Zeimetz: Eng falsch Analys seet d'Patronat. Firwat hält d'Regierung dann un enger falscher Analys fest Här Schneider?

Étienne Schneider: Well et hir falsch Analys ass. Et ass sou, datt d'Inflatioun läit de Moment bei 0,85%. mir hunn a ville Länner an Europa éischter lo de Problem, datt mir fäerten eng Deflatioun ze kréien wéi eng Inflatioun. Bei eis ass et sou, mir so lo bei 0,85. mir hunn, ech hunn d'Assurance vun den Energiekonzerner hei zu Lëtzebuerg, datt mir d'Gaspräisser net wäerten hiewe musse fir de Wanter, dat heescht si sinn op engem historeschen Déif a si wäerten och do bleiwen. Ech kréien annoncéiert, datt mir d'elektresch Präisser d'nächst Joer nach eng Kéier kënnen erofsetzen. Wann ee weess, datt d'Energiepräisser am Index eng immens wichteg Roll spille well se héich gewiicht sinn, da weess een, datt doduercher d'Inflatioun nach eng Kéier wäert erofgoen, den Index nach eng Kéier wäert erofgoen. Dat heescht et ass ee falsche Sujet. Dovun ofgesinn, wann ech vum Index schwätzen, well ech Iech soen, datt mir eng Etude maache gelooss hu vun der Uni Lëtzebuerg zesumme mat belschen Unien, fir ze kucke Länner mat Index wéi Lëtzebuerg an d'Belsch a Länner ouni Index wéi Däitschland a Frankräich ob den Index, ob d'Indexéierung vun de Léin wierklech een negativen Effet op d'Loungestaltung huet, also aus der Vue vun de Patronen. An déi komme ganz kloer zum Schluss, datt et keng signifikativ Differenz gëtt tëscht Länner mat Index a Länner ouni Index. Dir gesitt jo wann Dir an Däitschland kuckt, a Frankräich, do wou Kollektivverträg ausgehandelt ginn, mä do schwätze si jo awer vu Beträg vun 3%, 4% Lounerhéijung. Da kuckt mol wat hei ausgehandelt gëtt. Mir sinn all bei null Komma. Dat heescht bei deene Verhandlunge gëtt jo scho considéréiert, datt et souwisou een Index gëtt, dat heescht dee gëtt do neutraliséiert an deene Verhandlungen an d'Gewerkschafte si jo realistesch genuch fir net méi ze fuerderen wéi dat. Also vun do hir mengen ech d'Responsabilitéit vun de Gewerkschaften déi ass hei voll geholl. Déi vun de Patronen net. Well ech muss Iech awer ganz kloer soen, wa mir déi Paix sociale hunn, déi mir hei hunn, keng Streiken, eng Beleegschaft an de Betriber déi méi oder wéineger awer zefridden ass, déi net vill feelt, dann ass dat awer och, well mir probéieren d'Leit alleguerte matzehuelen. Dir musst wëssen, datt 50% vun de Leit déi hei am Land schaffen hu kee Kollektivvertrag. Wa mir net wéinstens déi Garantie vun den 2,5% Index hätten, da géingen déi Leit ni eng Augmentatioun vun hirem Salaire kréien. Rechent dat mol op 10 Joer mat enger Indextranche d'Joer, da sidd der op 25% wou déi eng Kategorie vu Leit, déi déi ouni Kollektivvertrag schaffen par rapport zu deenen aneren géingen offalen. An da komme mir an ee System vun enger Zweeklassegesellschaft dee mir net wëllen. An ech soen Iech och ganz kloer als Policeminister, d’Sécuritéit hei am Land ass extrem héich. Hei muss een nach net fäerte fir virun d'Dier ze goen alleng . Mä dat kënnt awer och, well mir ee Land hu wou mir probéiere jiddereen um Wuelstand sou gutt wéi méiglech mat drun deelhuelen ze loossen. A mir hunn net déi Situatioun wéi a villen anere Länner wou Dir Quartieren hutt, ganz Quartieren oder ganz Dierfer wou kee Mënsch ee Fouss méi wëll dran erasetzen. An da wëll ech awer och zu de Patronen soen, si schwätzen ëmmer nëmme vum Index als negativ. Si schwätzen awer ni vun all deene positiven Avantagë par rapport zum Ausland. D'Soziallaaschten déi a kengem Land méi bëlleg si fir d'Patronen wéi bei eis. Wéi ee Land an der ganzer Europäescher Unioun garantéiert de Patronen, datt d'Steiere fir d'Betriber an den nächste 5 Joer net an d'Lut gesat ginn? Dat ass Previsibilitéit. All déi Mesuren déi mir maache fir d'Kompetitivitéit vum Land ze verbesseren, dat Omnibusgesetz, aus deem den Dan Kersch, den Inneminister, de Fonction publique Minister elo een TGV Gesetz gemaach huet.

Claude Zeimetz: Wou jo laang drop gewaart ginn ass...

Étienne Schneider: Wou laang drop gewaart ginn ass, mä ech wëll Iech just soen, dat Gesetz wat den Här Juncker proposéiert hat, dat hätt genee 3 Gesetzer ëmgeännert mat 5 Mesuren. Dat Gesetz wat den Här Kersch elo presentéiert huet, dat ännert 13 Gesetzer ëm mat 30 Mesuren. An dann héieren ech nawell d'Patronen soen et geet net wäit genuch, et geet eis net duer. An dat d'autant plus wou den Här Kersch selwer seet dat do ass en éischten Ufank. Mä mir schaffe weider op deenen Dossieren. Also ech mengen einfach, datt mir hei an engem faux Débat sinn an déi Patronen, sou gär wéi ech se jo och hunn, si solle vläicht eng Kéier ophale permanent mam selwechte Kapp an déiselwecht Mauer ze rennen. Si solle probéieren konstruktiv op deene Punkten ze schaffe wou mir kënnen zesummen eens ginn fir d'Kompetitivitéit vun deem Land hei ze verbesseren an den Index ee fir allemol als eng Realitéit déi bénéfique fir Lëtzebuerg als Ganzt ass, déi unzeerkennen.

Claude Zeimetz: Dir sot ee faux Débat wat den Index ugeet, mä de Sozialdialog dee soll relancéiert ginn, dee wëll d'Regierung relancéieren. Dat kann am Hierscht zum Beispill de Fall sinn. Wéi wëllt Dir dat da lo mat sou engem schlechten Optakt, soen ech da lo mol, hikréien?

Étienne Schneider: Also ech muss Iech soen an ech hunn de Patronen, de Leit vun der UEL dat och gesot, datt si hei een denkbar schlechten Ufank gemaach hunn. Fir déi heite Reunioun, wou den Index fir si de Moment net spillt, wou eng Garantie si vun eis kréien, datt et sécher net méi wéi eng Indextranche d'Joer gëtt, wou all d'Indicateuren drop hiweisen, datt et souguer nach vill méi laang Periode gi wou et keen Index gëtt. Well wann lo deen Index deen dëst Joer fir den Oktober virgesi war, wann dee lo réischt am Mäerz kënnt d'nächst Joer, dann ass dat jo net well ech dat politesch décidéieren oder wéi d'Regierung et décidéiert, mä dann ass dat well d'Inflatioun sou niddereg ass, datt e réischt erfält. An ech soe mir einfach, si hunn ee strategesche Feeler gemaach vis-à-vis vun där heiter Regierung, fir op deen do Wee ze goen, fir d'Konfrontatioun mat der Regierung ze sichen op engem Punkt deen et wierklech net derwäert ass, deen et wierklech net derwäert ass, well et hinnen näischt wäert schuede wat mir hei décidéiert hunn, au contraire si sti besser do wéi ënnert deene 5 Joer vun der vireschter Regierung.

Claude Zeimetz: Wat heescht ee strategesche Feeler? Heescht dat, datt d'Regierung da wann et da muss sinn, wann et haart op haart kënnt, tranchéiere wäert, ouni en Accord mat de Patronen?

Étienne Schneider: Also Dir kënnt sécher sinn, datt déi Regierung hei permanent wäert tranchéiere wa mir keng Accorde fannen, well mir sinn déi déi politesch gewielt sinn, mir sinn déi déi a 4,5 Joer mussen d'Konsequenzen droen, déi sech dem Wieler musse stellen an déi dofir wäerte riicht stoen, fir dat wat si décidéiert hunn. Mir probéieren am Dialog mat de Sozialpartner eens ze ginn. Dat ass hei net gelonge par rapport zu de Patronen, et ass eis awer gelonge par rapport zu de Gewerkschaften. Mä ech soen Iech, egal wéi et ass, mir wäerte ganz gär den Dialog féieren, mä mir wäerten awer och ganz gär Décisiounen huelen wann et sou wäit ass.

Claude Zeimetz: Wéi ass et mat der Diskussioun do vun de Karrenzdeeg déi de Robert Dennewald op dëser Plaz virun 2 Wochen mengen ech lancéiert hat?

Étienne Schneider: D'Karrenzdeeg sinn een “no go”, dat kënnt net a Fro. Dat ass weder am Accord de Coalition nach d'Volontéit vun der Regierung dat doten ze maachen. Mir sinn der Meenung, datt een um Absenteismus muss schaffen, mä dat ass awer an aller éischter Konsequenz mol eng Aufgab vun de Patronen dofir ze suergen, datt hir Leit net krank sinn, datt hir Leit op d'Aarbecht kommen. Ech kennen eng ganz Rei Betriber déi brauche kee Karrenzdag, déi maachen dat andeems si ee positiven Incentive ginn, andeems si hire Mataarbechter soen, hei wann s de Manner wéi souvill Deeg d'Joer krank bass kriss de eng Prime vu souvill. Mir si souguer bereet mat hinnen doriwwer ze schwätzen, datt mir déi Prime géinge steierfräi an Zukunft ausbezuelen, fir eben nach een Incentive méi ze ginn.

Claude Zeimetz: Dat heescht, éischter ee positiven Incentive wéi een negativen.

Étienne Schneider: Voilà, ech mengen, datt et eng ganz Rei Saache gi wou ee ka positiv Incentiver maachen anstatt ëmmer iwwert deen negative Wee, iwwert d'Bestrofen ze goen, soll ee mol iwwert d'Motivatioune schwätzen a mir si mat Sécherheet bereet mat dem Patronat déi doten Diskussioun ze féieren an och an déi dote Richtung ze denken. Mä e Karrenzdag kann ech Iech haut scho soen, ass mat där heiter Regierung net ze maachen.

Claude Zeimetz: Eppes wat sécher kënnt an och jiddereen trefft dat ass d'Hausse vun der TVA op den 1. Januar. Wéi wäit wäert déi Hausse een Impakt op d'Präisdeierecht hunn, dat ass jo och eng Angscht vum Patronat.

Étienne Schneider: Also ech hunn dat bei menge Leit vum Statec berechne gelooss. Dir musst jo wëssen, datt zwee Drëttel vun allem wat Dir am Supermarché kaaft, vun alle Liewensmëttel, vun all Biens de première nécessité, déi si jo komplett ausgeschloss vun där Hausse vum Index an déi bleiwe bei, vun der Hausse vun der TVA pardon, an déi bleiwe bei 3%. dat heescht d'Influenz vun där Hausse vun 2% vun der TVA wäert insgesamt an der Inflatioun maximal eng Hausse ausmaache vun 1%. An doduerch datt d'Inflatioun jo generell schonn niddereg ass, wäert dat eben och net dozou féieren, datt déi Indextranche déi no där vum nächste Mäerz erfält, datt déi éischter wéi 12 Méint erfält, d'autant plus wou d'Energiepräisser d'nächst Joer nach eng Kéier wäerten erofgoen.

Claude Zeimetz: Dat do dat si lo d'Artikelen aus dem Supermarché sot der. Mä d'TVA Logement op der Zweetwunneng, do ass och an der Lescht vill Kritik komm, zulescht och vun der Fédération des Artisans, d'Chambre des métiers huet sech driwwer geiergert. De Romain Schmit sot dës Woch bei eis am Moiesjournal dat Ganzt kéint ee Schoss no hanne sinn, d'Regierung hätt do net alles beduecht. Wat so Dir dozou?

Étienne Schneider: Jo si soe mir hätten net alle beduecht, mir soe si sinn net frou domat. Wat ech versti vun hirer Vue aus, well dat natierlech e bëssen op d'Margë vun där Branche geet. Dat schéngt mir evident. Mä wann een eis seet, datt doduercher, datt ee wann ee sech eng zweet, eng drëtt, eng véiert, eng fënneft Wunneng keeft, datt déi nach ëmmer muss subventionéiert si vum Staat, da soe mir, dat ass alles schéin a gutt an Zäite wou de Staat sech dat leeschte kann. Mä ech kann awer beim beschte Wëllen net dem Bierger dobausse kloer maachen, datt deejéinegen dee sech seng 5. Wunneng keeft, datt deen och nach eng Kéier vum Staat déi ganz oder quasi déi ganz TVA erëmbezuelt kritt. Beim beschte Wëllen, dat geet net. Mir maachen an deenen Zäite wou mir liewen, musse mir mat deene Mëttel eens ginn déi mir hunn a mir soen, jiddereen dee sech déi Wunneng keeft fir dran ze wunnen dee behält dee bëllegen TVA Saz an een deen investéiert, deen huet, dee kritt en net méi an Zukunft, mä deen huet honnert aner Méiglechkeete fir deen Investissement deen en huet steierlech geltend ze maachen. Dat heescht dee gëtt indirekt souwisou scho subventionéiert vum Staat. A mir mussen awer trotz allem an Zäite vu knappe Keesen eng Rei Décisiounen huelen an egal wou mir se usetzen, et sinn ëmmer Leit déi wäerte reklaméieren, mä mir mengen datt dat heiten awer och eng Mesure ass déi sozial gerecht ass an déi déi net trefft déi hir Wunneng kafe fir dran ze liewen, mä déi natierlech déi e bëssen trefft déi investéiere wëlle well si Sue wëlle placéieren, wat jo net schlecht ass. Mä awer si hunn, wéi gesot, X aner Méiglechkeete fir dat geltend ze maachen.

Claude Zeimetz: Et ass ee spannend Thema dat dote, mä mir gi mat grousse Schrëtt op de Mëttesjournal schonn duer, mir wäerten no den Noriichten nach mol kuerz doropper zeréckkommen an dann hu mir nach eng ganz aner Partie Sujeten op déi mir da wäerten agoen.

[Noriichten]

Claude Zeimetz: Jo, gudde Mëtteg nach emol am “Background”. Invité ass haut, wéi gesot, den Étienne Schneider.

A mir hunn et grad an den Noriichten héiere gehat, d’Fédération des Artisans hat eng Ëmfro lancéiert. Do goufen elo Resultater via Facebook publizéiert. 83% vun den 800 Leit déi matgemaach hunn, sinn der Meenung datt d’TVA um Logement, d’Hausse vun der TVA um Logement d’Loyerspräisser wäert an d’Luucht drécken. Elo seet d’Regierung dat wier falsch.

Étienne Schneider: Jo, dat ass mat Sécherheet net de Fall, well esouwuel d’Loyerspräisser wéi och d’Präisser vun dem Logement dobaussen, déi ginn net iwwer d’TVA geregelt, déi ginn iwwer d’Offer an d’Demande geregelt. Dat ass dat eenzegt Argument. Ob Dir een Appartement verlount kritt fir dee Präis deen Dir gären hätt, ass deen ob Dir genuch Leit hutt, déi bereet sinn dee Präis ze bezuelen, soss kritt Dir e ganz einfach net.

Ech wëll Iech just drun erënneren, wéi d’virëscht Regierungen décidéiert hunn deemools fir eppes fir de Logement ze maachen, an dunn d’Iddi koum fir d’TVA vu 15% op 3% erofzesetzen, fir de bëllegen Akt anzeféieren, wat hat dat da fir en Effet op d’Loyeren, an op d’Präisser vun den Immobilien zënterhier? Iwwerhaapt kee positiven. Et ass näischt méi bëlleg ginn, et ass weder e Loyer an deene ganze Joere méi bëlleg ginn, nach ass en Appartement oder en Haus méi bëlleg ginn, au contraire, d’Präisser hu sech ver-x-facht.

Dat heescht, deen Effet, deen hat just een Effet, nämlech deen op d’Promoteuren. D’Promoteuren hunn déi Plus-value déi se do kruten, déi hu se carrément integral agestach. An ech kennen ee ganz wichtege Mann, deen et muss wëssen, dee sot mir ëmmer, Dir hutt, mat där do Mesure hutt Dir de Logement op der Côte d’Azur finanzéiert, awer net deen hei zu Lëtzebuerg.

An ech soen et nach eng Kéier ganz kloer. Dir wäert dat och gesinn, datt dat hei net wäert dozou féieren, datt net méi gebaut gëtt, an datt dat och net wäert dozou féieren, datt d’Loyeren oder d’Präisser an d’Luucht ginn. Et ass ganz einfach esou datt d‘Margë vu verschiddene Leit doduerch sech wahrscheinlech e bësse wäerte reduzéieren. Mä et ass awer och esou datt d’Margen, déi een haut huet wann een an de Logement investéiert fir ze verlounen, datt déi esou eppes vu vill méi héich ass wéi en Zënssaz, deen een zum Beispill kritt wann ee seng Suen um Spuerbuch huet oder soss iergendwou placéiert, datt den Incentiv fir weider an de Logement ze investéieren, nach ëmmer massiv vill méi grouss ass wéi d’Suen elo einfach um Spuerbuch stoen ze loossen. Dofir maache mir eis relativ wéineg Suergen doriwwer datt dat esou en Effet gëtt.

Natierlech déi Lobbygruppe probéieren de Leit dat, mat der Angscht vun de Leit ze spille fir hinnen iwwer dee Wee, fir se iwwer dee Wee ze recrutéiere fir Oppositioun géint déi Mesure vun der Regierung ze maachen.

An ech soen et nach eng Kéier. Jiddwereen dee säi Logement keeft fir dran ze wunnen, dee bénéficiéiert och an Zukunft dovunner, mä all déi, déi just hir Suen investéieren, déi bénéficiéieren net méi dovunner, mä si bénéficiéieren awer vun enger ganzer Rei steierleche Mesuren, nach ëmmer, wat dozou féiert, datt de Staat souwisou nach ëmmer e gudden Deel vun hirem Invest matfinanzéiert.

Claude Zeimetz: Mä manner Marge, do besteet jo awer de Risiko datt een dat da weidergëtt hanneno un deen, deen herno dra wunnt? Well et wëllt ee jo ni manner kréien.

Étienne Schneider: Nach eng Kéier. Wann ech soen, datt d’Präisser definéiert hei gi vun der Offer an der Demande, dann ass et einfach nëmmen esou, Dir kënnt froe wat Dir wëllt, wa kenn Iech dee Präis herno gëtt, well genuch Offer do ass, da kritt Dir en net, da musst Dir mat Ärem Präis erofgoen.

De Moment ass d’Situatioun zu Lëtzebuerg ganz einfach déi, datt mir vill méi Demande hu wéi Offer, an datt de Präis doduerch definéiert gëtt, an datt mir probéieren als Regierung, an ech mengen d’Maggy Nagel ass jo amgaangen mat hirem Pacte Logement, dee se reforméiert huet, mat hirem Baulückeprogramm, dee se opgeluegt huet, ebe just massiv nei Wunnengen ze baue fir d’Offer méi grouss ze maachen, fir doduerch d’Loyerspräisser erofzesetzen.

An ech mengen de Staat sollt seng Suen, dat si jo seng Suen, déi TVA déi en de Leit do gëtt, e soll seng Suen huele fir déi do Mesuren ze finanzéieren, fir selwer dofir ze suerge, datt Logement um Marché ass, an domat kréie mir [gëtt ënnerbrach]

Claude Zeimetz: Well Mietwunnengen a Sozialwunnengen, déi feele jo awer, dat ass jo e Fakt.

Étienne Schneider: Majo, absolut. An ech mengen datt d’Madame Nagel jo och amgaangen ass fir dat do komplett op de Leescht ze huelen, a komplett nei unzestousse fir ebe just do, datt d’Regierung do hir Responsabilitéit hëlt. A gitt och dovunner aus datt mir dat wäerte maachen.

An da wäert Dir gesinn, datt mir dat wat mir eis op de Fändel geschriwwen hu während där hei Legislaturperiod, datt mir déi Ziler och wäerten erreeche fir d’Situatioun um Logementsmarché um Enn vun dëser Legislaturperiod verbessert ze hunn.

Claude Zeimetz: De Risiko datt d’Schwaarzaarbecht an d’Luucht geet?

Étienne Schneider: Jo, dat ass, also dee Risiko hutt Dir iwwerall datt Dir Schwaarzaarbecht hutt. Mä och do wëll ech Iech soen, datt den Nicolas Schmit amgaangen ass vill méi massiv Kontrolle maachen ze loossen op de Chantieren. An dat ass definitiv just eng Fro vu Kontroll. Wann Dir wësst, datt ni eng Kontroll bei de Chantiere gemaach gëtt, dann hutt Dir e Risiko datt ëmmer méi Leit probéieren iwwer Schwaarzaarbecht dat ze maachen. Dat si mir amgaangen drastesch ze verschäerfen. Dofir dat eent huet mat deem aneren definitiv näischt ze dinn.

Claude Zeimetz: Eng aner Hausse vun der TVA déi net gefält, ass déi um Alkohol an de Caféen a Restauranten. Den Alain Rix vun der Horesca, dee sot an engem Interview bei eis dat hei dozou.

Alain Rix(O-Toun): Dat ass vläicht nëmmen 30 Centimes op engem Humpen, vläicht nëmmen, well dat geet beim Wäin, op eemol sinn dat da 5 Euro, 6 Euro, da gëtt näischt méi gedronk. Also mir krute scho mam Alkohol, mam Waasser, mat allem krute mir der esou op d’Kopp, datt, mir ginn an d’Gätten. An ech menge mir sinn nach déi, déi nach Leit am Emploi huelen, esouguer vill Leit. Mä wa mir esou Saache kréien, ma da gëtt et net méi, dann ass den Emploi bei eis och fäerdeg, au contraire, da licenciéiere mir.

Claude Zeimetz: Étienne Schneider, Dir hutt d’Classes moyennes och bei Iech an der Responsabilitéit. Leet dës Regierung der Horesca dann esou vill Steng an d’Wee?

Étienne Schneider: Neen. Ech mengen, et muss een, also ech versti jo hir Suergen, dat ass jo richteg datt ee muss vun hirer Vue aus op hir Marge kucken, datt si natierlech vun hire Marge liewen.

Et ass awer och esou datt am Ufank déi TVA-Erhéijung sollt op dee ganzen Horeca-Beräich kommen, dat heescht, esouwuel op d’Zëmmeren an den Hotellen, wéi op d’Iessen, wéi op den Alkohol. Do hu mir herno an Diskussiounen, déi mir mat hinne gefouert hu fir ebe just hinnen entgéint ze kommen, huet d’Francine Closener an der Regierung proposéiert, mä da komm mir limitéieren dat, mir probéieren dat esou, datt dat esou mann wéi méiglech Effet op deen do Beräich huet. An doropshi sinn déi ganz Hotelszëmmeren erausgeholl ginn aus der Regel, och d’Iessen an de Restauranten ass erausgeholl ginn. Dat heescht, do bleift iwwerall d’TVA bei 3%.

Mä et ass awer an enger Zäit wou een eng Gesondheetspolitik wëllt maachen, wou een allméiglech Sensibiliséierunge mécht fir géint Alkohol, géint Zigaretten etc, datt een dann awer net kann novollzéien, datt een nach weiderhin den Alkohol subventionéiert iwwer de Staat. Well et ass och esou datt, an dat soen d’Betriber ni, den Horesca-Beräich ni, si kréien, si bezuelen 12%, also si kréien 12% TVA vum Staat erëm, a si fakturéieren der nëmmen 3%. Dat heescht, och do hu se nach eng Marge ëmmer grad. Ech verstinn, datt dat wéideet wann een déi op eemol net méi huet, mä Fait ass awer elo datt eng Fläsch Wäin, wann Dir elo eng Fläsch Riesling kaaft, déi 25 Euro kascht, déi muer 28 oder 29 Euro kascht, wann dat déi eenzeg Variatioun ass, déi Dir elo op Ärer Rechnung hutt, ech mengen net datt dofir manner Leit muer an de Restaurant ginn, oder [gëtt ënnerbrach]

Claude Zeimetz: Mä d’Horesca seet jo, et wier de Cumul mat dem Fëmmgesetz, d’Waasserpräisser, do géif ebe vill elo beienee kommen.

Étienne Schneider: Jo, mä dat ass an der Rei, mä da sot mir emol a wéi engem Land datt een nach dierf an de Restaurante fëmmen, oder an de Caféë fëmmen. Mir sinn an enger anerer Zäit.

An ech weess och vun enger Rei Leit, déi an deem Secteur schaffen, déi sinn dankbar datt dat do komm ass, déi sinn dankbar éischtens emol fir hir Gesondheet, fir d’Gesondheet vun hire Mataarbechter an deem Beräich, mä déi sinn awer och dankbar, well se eng ganz aner Clientèle ewell erëm kréien, well Leit déi soss ni an e Bistro, oder soss ni an e Restaurant gaange si well gefëmmt ginn ass, déi awer elo ginn. Frot emol dobaussen op der Strooss ob nach ee sech ka virstellen am Restaurant ze iessen, wann deen niewendrun Zigarette pafft? Ech mengen net datt dat de Fall ass. Ech weess, datt dat ëmmer schwéier ass sech ëmzestellen, datt dat ëmmer eng Zäit vu Gewunnecht brauch, datt och eng Rei Leit genervt sinn, mä ech mengen awer am Endeffekt datt et déi richteg Décisioun war.

Claude Zeimetz: D’TVA just um staarken Alkohol vun 3% op 17% eropzesetzen?

Étienne Schneider: Neen, dat war jo eng Propos, déi nach an der Lescht vun hinne koum fir dat just ze maachen. Jo, mä da bréngt se näischt. Et deet mir Leed, et gi keng Drëppe méi an de Restaurante gedronk. A fir do elo just d’TVA ze hiewen, dat bréngt näischt.

An ech soen et nach eng Kéier. Eis feelen 800 Millioune bis eng Milliard. An iergendwou musse mir se siche goen. Dat do, d’TVA um Alkohol, dat si ronn 30 Milliounen. Mä da soll ee mir soen, wou mir déi soss solle siche goen. Ech kann déi awer net fannen, an de Finanzminister och net, andeem mir an de Bicke spueren. An et sinn, an ech hunn dat ganz am Ufank gesot, all Mesuren déi Spuermesure sinn, sinn à la base net beléift. Mä d’Regierung hëlt hei hir Verantwortung.

Mir hu laang iwwer eis Moyenë gelieft, a mir sinn an enger Situation budgétaire, déi net gutt ass, a mir mussen déi an de Grëff kréien. An dat kascht Opfer. A mir probéieren, datt mir déi Opfer, déi do musse bruecht ginn, datt mir déi esou verdeelen, datt kee sech léséiert fillt andeem hi seet, et ass just mir déi hei getraff sinn, an déi aner net.

Claude Zeimetz: An de Grëff kréie wëllt Dir och de Malaise wou zanter méi laangem scho bei der Police gëtt. Do gouf et elo an de leschte Woche gréisser Changementer, och Personalchangementer. Wéivill huet déi schlecht Ambiance da mat eenzelne Leit ze di gehat?

Étienne Schneider: Also ech wëll net iwwer déi eenzel Leit schwätzen. Ech wëll just soen, datt natierlech, also datt et e puer Ursaache gëtt. Et gëtt eng historesch Ursaach, dat ass d’Reform déi gemaach ginn ass, respektiv d’Zesummeleeë vu Police a Gendarmerie. Do sinn eng Rei Séquellen deemools entstanen, déi sinn ni wierklech opgeschafft ginn. A vun dohier kommen eng Rei Problemer, déi mir hunn.

Da kënnt dee ganze Bommeleeër-Prozess, deen dozou gefouert huet, datt mat enger Rei Aussoe vun aktive Polizisten, an en plus un der Spëtzt vun der Police, wou déi sech net onbedéngt mat Ruhm bekleckert hunn, esou wéi se sech an deem Prozess do verhalen hunn.

Da gëtt et Malaisë vun Disziplinarverfahren, wou déi ënnescht Carrière mengt, datt déi iewescht Carrière sech alles eraushëlt, an déi ënnescht Carrière awer fir all Klengegkeet, fir all Feelverhalen d’Konsequenze muss droen.

Da gëtt et personell Problemer, wou déi eng net mat deenen anere kënnen. Also et ass eng Ribambelle vu Problemer, déi an där Police do opkomm sinn, déi dozou féiere generell datt et e Malaise gëtt, datt et eng schlecht Stëmmung an der Police gëtt.

Ech muss awer hei ganz kloer soen, datt ech iwwerzeegt sinn, an ech mierken dat och an deenen 8 Méit wou ech elo dofir responsabel sinn, datt den absolute Gros, also 95% vun deene Polizisten, Polizistinnen a Polizisten, hir Aarbecht absolut korrekt maachen, absolut professionell maachen, an datt dee Malaise, datt dee muss ofgeschaaft ginn, an datt mir och eng Rei Reforme musse maache fir Saachen, déi eben, déi deemools vläicht net beduecht gi sinn, wéi d’Policereform gemaach ginn ass, datt mir déi erëm riichtbéien.

Dofir hunn ech gesot, datt mir elo eng Rei Auditen an Optrag ginn, déi hunn ech elo zur Ausschreiwung fräi ginn. Da wäerte mir [gëtt ënnerbrach]

Claude Zeimetz: Wa gëtt dann do genee gekuckt?

Étienne Schneider: Gelift?

Claude Zeimetz: Wat gëtt dann do gekuckt?

Étienne Schneider: Also do gëtt extrem villes gekuckt. Dat sinn zwou Säite vun Oplëschtungen, wat mir kucken. Dat ass internt Fonctionnement, dat ass d’Zesummespill tëschent de Kadere vun der Police an den ziville Kader an der Police, well et gi jo och Leit, déi Zivilist sinn an der Police. Et gëtt gekuckt, wie muss da wéi eng Aufgabe maachen. Et gëtt gekuckt wéi d’hierarchesch Organisatioun vun der Police muss sinn. Et gëtt d’Disziplinarrecht bei der Police gekuckt. Jee, eng ganz, also am Fong déi ganz Bandbreet wat d’Organisatioun ugeet, och wat d’Zesummeleeung vun de Kommissariaten ugeet, vun den Divisiounen, etc.

A wa mir déi Auditen do hunn, an ech hoffen datt mir déi am Hierscht wäerte kréien, da wäerte mir doropshin eng ganz Rei legislativ Changementer maache fir eben d’Reform hinzekréien. Bon, ech mengen et hunn eng Rei Persounen un der Spëtzt vun der Police, no Gespréicher déi ech mat hinnen hat, annoncéiert, datt se géingen hir Retraite huelen. Elo muss ee kucken ob dat et da war, oder ob do nach eng Rei Ännerunge wäerte kommen. Mä dat wäert sech deemnächst alles weisen.

Claude Zeimetz: Dat muss och elo séier geschéien, bis d’Présidence, do hu mir nach e Joer Zäit.

Étienne Schneider: Also absolut, ech probéieren datt mir déi Police erëm topfit hu fir déi Présidence.

Claude Zeimetz: D’Police ass elo ee Ressort, deen Dir hutt. Do kënnt nach d’Wirtschaft dobäi, d’Classes moyennes. Et ass relativ vill. Kritt Dir dat dann alles esou gemanagt?

Étienne Schneider: Also ech soen emol, ech langweile mech net. Dat kann ech definitiv net soen. Ech muss awer och soen, datt ech e bëssen d’Aarbecht ënnerschat hat, déi ech vun der Police an och vun der Arméi hat, ech hu geduecht, dat géing esou easy going lafen. Wann een awer seng Aarbecht wëllt anstänneg maachen, da gesäit een, datt ee ganz villes muss upaken.

Ech wonnere mech och elo net datt mäi Virgänger an deene Ressorte léiwer verschidde Saachen net ugepaakt huet. Ech weess elo firwat.

Mä bei mir ass et einfach esou, ech sinn net deen, deen hallef Saache mécht. Dofir hunn ech laang Aarbechtsdeeg, dofir hunn ech kuerz Weekender, wann iwwerhaapt, mä ech hunn en Zil virun Aen, an dat ass meng Aarbecht anstänneg ze maachen, an dat wäert ech an deene Joere vun dëser Koalitioun dann och fäerdeg maachen.

Claude Zeimetz: Wat géift Dir soen, ass elo dee wichtegsten Dossier, deen Dir an deenen éischte 6 Méint elo scho konnt an Ugrëff huelen, an och vläicht schonn ofschléissen?

Étienne Schneider: Bon, ech mengen, ech hu jo dee groussen Avantage datt ech d’Ekonomie scho virdrun hat, datt ech déi um Rullen hunn, datt ech och do eng exzellent Équipe hunn, datt ech do mech relativ wéineg muss drëm këmmeren. Ech hunn den Avantage datt ech d’Madame Closener hunn als Staatssekretärin, déi mir awer ganz vill Domainen ofhëlt. Si këmmert sech elo fir de ganze Secteur vun de PMEen, fir de ganze Secteur vum Tourismus, fir e gudden Deel vun de Secteuren an der Ekonomie, esou datt ech mech elo wierklech ka konzentréieren op den Développement économique am Ausland, dat heescht nei Entreprisen unzéien, d’Land dobausse verkafen, an op déi Reform vun der Police, an och em d’Arméi, well och do gëtt et eng ganz Rei Saachen ëmzeänneren, an do kënne mir vläicht an engem nächste Gespréich eng Kéier drop zeréckkommen.

Claude Zeimetz: D’LSAP elo an der Dräierkoalitioun. De leschten Ëmfroen an der Sonndesfro am Tageblatt do huet déi ganz Majoritéit u sech och agebéisst. D’CSV huet d’Stëmmen, also besser gesot, Zoustëmmung bei de Leit zougeluegt. An den Europawahle war et och net esou déck. Wat leeft dann do awer schif bei Iech an der Partei den Ament?

Étienne Schneider: Also ech géing net soen, datt eppes an der Partei schif leeft. Ech menge wann een d’Europawahlen hëlt, wou ee muss soen, datt mir kee gutt Resultat gemaach hunn, dann ass dat awer ganz kloer esou datt mir natierlech do fir dee falsche Kandidat als LSAP, als europäesch Sozialisten agestanen hunn. Mir sinn agestane fir e sozialistesche Kandidat, dat war en Däitschen, an d’CSV konnt hei astoe fir e lëtzebuerger Kandidat, fir den EVP-Kandidat deen zoufälleg ebe Lëtzebuerger war, a Jean-Claude Juncker geheescht huet. A wann Dir eist Resultat mat der SPD an Däitschland vergläicht, wou d’SPD jo konnt mat hirem nationale Kandidat optrompen, esou wéi d’CSV dat hei zu Lëtzebuerg konnt, da gesitt Dir, datt d’SPD dat bäigewonnen huet an Däitschland wat mir hei verluer hunn.

Wann Dir dann d’Sondagen duerno kuckt, da gesitt Dir, datt mir do erëm an enger normaler, normale Parage si vun den Ëmfroen. Dat heescht déi Europawahlen dat war ebe just doduerch bedéngt, pour le reste [gëtt ënnerbrach]

Claude Zeimetz: Mä et gi sech awer och intern bei Iech an der Partei och Froe gestallt, och de Parteipresident hat bei eis op der Antenn gesot, et misst ee sech selwer a Fro stellen [gëtt ënnerbrach]

Étienne Schneider: Et muss ee sech ëmmer a Fro stellen.

Claude Zeimetz: Dee Junker-Effekt dee ka jo awer elo net alles do erklären.

Étienne Schneider: Neen, ech wëll jo net soen, datt dat dee just de Juncker-Effekt ass. Ech menge ganz einfach datt et kloer ass, datt mir och nach e bëssen d’Nowéien hunn, well mir déi waren an där virëschter Regierung, déi de Courage haten de Schrëtt ze goe fir Neiwahlen. Dat ass ni gäre gesi bei de Leit. Ech mengen dat hu mir och gemierkt an den Ëmfroen. Mir hunn et awer gepackt, datt mir e Wiessel an deem Land hei hikruten, och wa mir dofir e bëssen d’Rechnung bezuele bei enger Rei Leit.

Mä ech muss awer soen, datt an där Regierungséquipe d’Klima extrem gutt ass, datt mir wierklech op enger immenser frëndschaftlecher Basis diskutéieren, an och leidenschaftlech diskutéieren, an datt mir alleguer eppes en Vue hunn, an dat ass den Intérêt vun dësem Land, dat Land hei virunzebréngen.

An ech menge jugéiert gi mir 2018, da sollen d’Wieler soen, hu se eppes gedaacht d’Sozialisten an där Regierung, oder hu se näischt gedaacht. Ech sinn iwwerzeegt, datt mir dofir suergen, datt d’Leit dat och mierken, datt mir dofir suergen, datt d’sozial Gerechtegkeet an deem Land hei nach verbessert gëtt, an datt mir trotz der Kris déi Leit, déi un de Staat ugewise sinn, net vergiesse wäerten. An da wäert dat scho riicht ausgoen.

Claude Zeimetz: D’Zesummenaarbecht dobannen an der Regierung, déi schéngt jo gutt ze sinn, dat gëtt jo ëmmer erëm gesot. Mä kritt Dir dat no baussen och genuch esou de Leit och gewisen?

Étienne Schneider: Bein, ech weess et net. Ech mengen dat eent ass jo, et kann een elo all Dag no den Ëmfroe kucken, et kann een all Dag op de soziale Medie kucken, ob een eppes Béises géint d’Regierung seet, oder géint de Premier, oder géint de Vize-Premier, oder wien och ëmmer, mä da mécht ee keng Aarbecht méi. Mir sinn hei ugetruede fir dat Land ze reforméieren, a mir reforméieren dat.

Ech kann Iech soen, deen oftmools Kabes, deen ech muss liesen an de Commentairen op de soziale Medien, ma ech di mir dat scho laang net méi un. Dir kënnt awer net permanent just regéieren op Basis vun Ëmfroresultater. D’Politik ze gestalten hëlt seng Zäit, an do kann een net op all Trend sprangen, an all Mënsch et gerecht maachen.

Et ass herno, um Enn vun der Legislatur, wou d’Leit musse wëssen, hunn déi do eppes beweegt am Intérêt vum Land oder net, a wann dat net de Fall ass, da solle se se ofwielen, a sech déi huele wou se mengen, datt dat besser maachen. Ech hunn domat kee Problem. Ech mengen dat ass Demokratie, an esou soll et och sinn.

Claude Zeimetz: Et ass schonn 1 Auer. Ech wollt awer just nach eng lescht Fro stellen, déi jo ganz an der Aktualitéit elo ass. De Luc Frieden, dee jo dës Woch annoncéiert huet, säi politescht Mandat als Deputéierten néierzeleeën, an elo Vice-chairman vun der Deutsche Bank ze ginn. Wéi gesitt Dir dann dee Wiessel do?

Étienne Schneider: Bein, ech menge mir hu jo generell an der politescher Klass de Problem datt mir op där enger Säit soen, an ech si selwer dofir agetrueden, ze soen, mir missten d’Ministeschmandater op 10 Joer limitéieren, well ech net wëll datt Leit just, also datt se ofhängeg gi vun der Politik, an datt se vläicht déi Décisioun déi se huelen, just huelen ëmmer am Intérêt fir erëmgewielt ze ginn, mä datt se Décisiounen huelen déi am Intérêt vum Land sinn.

Wann een dat also seet, an higeet a seet, mir wëllen dat limitéieren op 10 Joer, jo mä da muss een deene Leit awer och eng Méiglechkeet gi muer nach en normalen Job kënnen ze féieren. Wann ech net dierft schaffe goen an e Secteur fir deen ech zoustänneg sinn, an Dir hutt meng Secteure virdrun opgezielt, mä da kann ech nach beschtefalls muer Hiewann ginn, an dofir hunn ech den Diplom net.

Also muss ee schonn zouloossen, datt een dierf herno nach e Beruff ausüben. Well wat wier d’Konsequenz? Soss misst de Staat ee jo bezuele bis ee pensionéiert gëtt. Mä wann een also dat wëllt zouloossen, da muss ee just ganz kloer regelen, wat dierf een a wat dierf een net. An dësen [gëtt ënnerbrach]

Claude Zeimetz: Ass dat da scho kloer genuch?

Étienne Schneider: Majo leider hunn ech missten d’Réunioun vun der Regierung éischter verloosse fir bei Iech op de Radio ze kommen, soss kéint ech Iech elo soe wat dobäi erauskënnt. Mä an dësem Moment ass de Code de déontologie vun der Regierung wahrscheinlech ugeholl ginn, wou dat kloer geregelt gëtt, wou kloer gesot gëtt, okay, et gëtt eng Period während där een extrem muss oppasse wat ee mécht, an datt ee virun allem net dierf vu sengem Wësse profitéiere par rapport zu sengem neien Employeur. Dat heescht, datt een net Insiderwëssen dierf profitéieren, an datt dat muss kloer geregelt si fir datt do keen Abus gedriwwe gëtt.

Mä pour le reste mengen ech awer, muss ee jiddwerengem d’Méiglechkeet ginn och no der Politik nach e Beruff auszeüben. A pour le reste, mengen ech, ass et dem Här Frieden seng Décisioun wat hie mécht. An ech kennen den Här Frieden laang genuch fir ze wëssen, datt hien näischt mécht wat net legal wier, oder wat kéint beanstand ginn.

Claude Zeimetz: Mir kéinten nach laang elo weider schwätzen, leider si mir schonn iwwer d’Zäit, zwou Minutten esouguer schonn.

Dernière mise à jour