Étienne Schneider à l'émission "Riicht eraus" (Radio 100komma7)

"Dat wat mir lo maachen dat ass eng Punktlandung"

Interview vum Jean-Claude Franck (Radio 100komma7):

De Spuer- an de Steierpak op deen 10 Méint laang gewaart gouf ass dës Woch virgestallt ginn. Et ass déi éischt richteg grouss Épreuve fir déi blo-rout-gréng Regierung, dat hunn déi 3 Parteien och ni verstoppt. An der Chamber geschwat hunn dës Woch de liberale Premier Xavier Bettel an de liberale Finanzminister Pierre Gramegna, de sozialistesche Vize-Premier hu mir nach net dozou héieren. Dofir ass den Étienne Schneider, Minister fir Wirtschaft, bannescht Sécherheet an Défense haut bei eis am Studio, gudde Mëtteg.

Étienne Schneider: Gudde Mëtteg.

Jean-Claude Franck: D'Eckdate vum Staatsbudget 2015 an dem pluriannuelle Plang sinn déi heiten: d'Administration publique soll bis 2018 een Iwwerschoss maachen, souguer den Zentralstaat kee ganz groussen Defizit méi. Är Partei huet an der Vergaangenheet dacks gesot et géif duergoe wann d'Administration publique, also déi ëffentlech Hand am Equiliber wär. Maacht Dir aus der LSAP eng Austeritéitspartei?

Étienne Schneider: Nee, ech mengen definitiv net datt ee ka vun enger Austeritéitspartei oder och net vun enger Austeritéitspolitik vun der Regierung schwätzen. Mir hu Verpflichtunge vis-à-vis vu Bréissel, déi Verpflichtungen déi si mir agaangen och nach ënnert der aler fréierer Regierung. An déi Verpflichtunge soen, datt eise Budget muss ee Solde structurel vun 0,5% opweisen. Dat wat mir lo maachen dat ass eng Punktlandung, et ass nämlech genee dohinner wou mir komme mat deenen heite Mesuren. An ech mengen et muss ee jo wëssen, datt wa mir dee Spuereffort hei musse maachen, vu ronn 1 Milliard Euro, dann ass dat jo net well mir d'Leit wëlle péngegen, dann ass dat net well mir d'Leit wëlle rose maachen, mä dann ass et einfach eng Nécessitéit. Dir wësst, datt d'nächst Joer alleng duerch de Commerce électronique ronn 800 Milliounen Euro wäerten am Budget feelen. Dat ass ee rise Lach bei engem Budget vun ëm déi 14 Milliarden Euro ass dat enorm vill Geld a mir mussen dat doten, plus deen Defizit dee mir souwisou schonn hunn, musse mir iergendwéi opfänken. An do gëtt et nu mol keng honnert Weeër. Et gëtt wahrscheinlech eng Rei, et hätt ee kënnen aner Optiounen huelen, dat ass sécher, mä ech mengen dat ass déi politesch Diskussioun déi jo lo wäert kommen an ech challengen effektiv d'Oppositiounsparteien fir eis dann ze soe wou si déi Milliard siche gaange sinn, gaange wären, wann dat wat mir hei proposéieren hinnen net gefält.

Jean-Claude Franck: Hëlleft Äre Staatsbudget dann d’Économie op verschiddene Plazen unzedreiwen oder riskéiert en awer net d'Kafkraaft sou staark ze limitéieren, datt och d'Demande intérieure erofgeet an dat och der Croissance zu Lëtzebuerg schuede kann?

Étienne Schneider: Ech mengen net, datt dat de Fall wäert sinn. Well kuckt mol, mir hunn déi TVA Erhéijung déi mir maachen, dat ass jo eng vun deene grousse Mesuren déi d'Leit och direkt wäert treffen, woubäi ee muss soen, datt zwee Drëttel vum Wuerekuerf deen een am Supermarché ka kafen guer net betraff sinn, well all déi Biens de première nécessité jo ausgeschloss si vun enger Erhéijung, déi bleiwe bei 3%. Mä mir hunn awer eppes gesot an dat mengen ech ass nei, mir hunn den Index rëm komplett agefouert. Dat heescht et gëtt keng Modulatioun vum Index an ech ka mech erënneren, an der vireschter Regierung do ass och driwwer geschwat gi fir déi TVA Erhéijung ze maachen, ech mengen dat ass bekannt, an do ass och driwwer geschwat ginn ob een deen Index soll neutraliséieren, ob een déi Erhéijung soll neutraliséieren am Index oder net, dat heescht ob een dee Kafkraaftverloscht soll neutraliséieren am Index. Dat hu mir an där heiter Regierung net gemaach. Mir hu gesot, mir loossen den Index rëm voll spillen, dat heescht, wann et ee Kafkraaftverloscht gëtt, doduerch datt déi Deierecht do op d'Präisser schléit, da gëtt e kompenséiert iwwert den Index.

Jean-Claude Franck: Dir hutt awer och gesot, datt soubal d'Inflatioun nees unzitt, datt der en dann awer rëm moduléiert op déi Léisung vu maximal enger Tranche d'Joer, dat heescht am Fong maacht der dann awer dat selwecht wéi déi Regierung virdrun oder net?

Étienne Schneider: De Fait ass, datt mir de Moment eng Inflatioun hunn déi éischter ze niddereg ass wéi ze héich, ech mengen dat ass ee Fait, dee mir an der Europäescher Unioun hunn. A mir sinn zu Lëtzebuerg mat engem Prozent Inflatioun souguer nach relativ héich par rapport zu deenen anere Länner. Déi Influenz déi déi heiten TVA-Erhéijung wäert hunn, déi féiert dozou, datt d'Inflatioun wahrscheinlech op 2% eropgeet, also trotz allem nach keng Indextranche wäert méi schnell déclenchéiere wéi dat bis elo de Fall ass. Fait ass einfach deen, datt ee mat deene Mesuren déi mir hei maachen éischtens mol wat d’TVA ugeet, ok dat huet een Effet, mä dee gëtt ausgeglach iwwert den Index. Wat déi aner Mesuren ugeet, Kannergeld, wann ech dovu schwätzen, Allocation d'éducation etc. etc. do muss ee jo awer nach eng Kéier kloer soen, et kritt jo kee Mënsch eppes ewechgeholl, au contraire, souguer beim Kannergeld kritt ee puer Euro méi wéi dat de Moment de Fall ass.

Jean-Claude Franck: Mat engem Kand. Et ass jo och esou, datt déi Leit déi dann duerno Kanner kréien trotzdem awer manner kréien.

Étienne Schneider: Et ass richteg, datt déi Leit déi haut nach keng Kanner hunn an déi an Zukunft wäerte Kanner kréien, datt déi manner wäerten hunn. Mä Dir huelt, mir huele kengem eppes ewech. Et kritt ee just, déi Leit déi spéider Kanner kréien, kréie manner Direktënnerstëtzung iwwert de finanzielle Wee vun eis, mä et muss een awer gesinn, datt mir parallel déi Sue jo guer net wëlle spueren. Mir wëllen déi Suen investéieren an ee massiven Ausbau vun de Betreiungsstrukture fir Kanner. Mir wëllen d'Kanner am nidderegsten Alter, vun engem bis dräi Joer scho léiere Sprooche léieren, datt si déi Defiziter déi mir haut hunn, speziell vu Kanner aus auslännesche Familljen, déi hei wunnen, datt mir déi Defiziter kënnen opfänken ier si an d'Schoul ginn an datt mir net méi an der Situatioun sinn wou Kanner ganz einfach duerch hir Origine Nodeeler am Lëtzebuerger Schoulsystem hunn an doduerch eigentlech oft veruerteelt si keng Carrière kënnen an hirem Liewen ze maachen, well si de Schoulsystem net packen. Dat heescht, mir wëllen d'Betreiungsstrukture massiv ausbauen, mir wëlle se zu engem gudden Deel gratis maachen, mir wëlle se qualitativ verbesseren, andeems mir de Kanner Sproochenunterrecht ginn, alles dat kann een awer net soen, datt dat de Familljen net zegutt kënnt. Ech mengen, an dann nach eng Kéier, dat heite bréngt eng kleng Erspuernis fir de Budget mä dat wat mir wëlle méi ausgi fir d'Kannerbetreiung, fir d'Infrastrukturen, dat ass bedeitend méi.

Jean-Claude Franck: Datt Dir vum selwen elo direkt op d'Kanner an d'Kannerbetreiung ze schwätze kommt weist, datt dat ee sensibele Punkt ass, mä mir ginn e bëssen am Detail méi drop nach an. Fir de generelle Kader awer vun de Staatsfinanzen nach ze schwätzen, et ass jo kee Geheimnis, datt d'Konjunktur sech no Ärer Regierungserklärung de leschten Dezember verbessert huet an datt Dir deemools nach ausgaange sidd vun engem Effort vun 1,5 Milliard Euro déi Dir misst sanéieren, datt Dir lo 1 Milliard maacht well Dir eben net méi sou vill musst wéinst der Konjunktur. Hätt Dir déi 1,5 Milliard och fäerdegbruecht? Hat Dir och Piste fir sou wäit ze goen?

Étienne Schneider: Also ech muss Iech soen, datt mir jo vill Pisten haten. Mir si jo ugaange vu ronn 500 Mesuren déi mir detectéiert haten, déi op Beamtenniveau och detectéiert gi sinn, déi mir dunn all diskutéiert hunn. An do sinn der eng ganz Rei ewechgefall well mir soten, politesch ass dat do net machbar oder dat ass och net dat wat déi hei 3 Parteie wëllen an Dir hutt Recht, den Effort ass manner héich wéi deen hätt misse si wa mir eis hätte misse baséieren op déi Chifferen nach vum leschte Joer. Mä dat wat lo iwwereg bliwwen ass, dat ass eben dat, fir dat ze combléieren, dat Lach ze combléieren wat mir hunn. Ech wëll awer hei och nach soen, datt mir, an ech mengen, datt dat extrem wichteg ass, datt mir trotz der Politik wou mir mussen eng Rei Aspuerunge maachen, wou mir eng Moderniséierung maache vun eisem Budget, datt mir eng enorm héich Investitiounspolitik hunn. Investitiounen an Infrastrukture fir d'Zukunft vum Land, fir de Wuesstem ze förderen  a fir den Emploi ze förderen. Alleng fir d'nächst Joer sinn 1,7 Milliarden Euro fir Investitioune virgesinn. Dat ass den héchsten Taux deen Dir an der Europäescher Unioun kënnt fannen. An déi 1,7 Milliarde gi bis zum Enn vun dëser Legislaturperiod och nach bis 2,5 Milliarden erop. Dat heescht, den Effort fir z'investéieren an d'Zukunft, an de Wuesstem, an d'Aarbechtsplazen, dee geet nach massiv an d'Lut an deenen nächste Joren.

Jean-Claude Franck: An d'Kompetitivitéit vun de Betriber?

Étienne Schneider: Ech mengen, datt mir d'Kompetitivitéit vun de Betriber, dat ass eppes wéi ee Perpetuum mobile, do schaffe mir permanent drun. Mir hunn déi [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Franck: Et huet sech awer laang ëmmer nëmmen op den Index, d'Diskussioun jiddefalls an der Ëffentlechkeet, limitéiert.

Étienne Schneider: Dat ass well d'Patronen ëmmer nëmmen iwwert den Index schwätzen. Ech hunn de Patrone gesot, si solle sech mol eng Kéier d'Realitéit virun Ae féieren a gesinn, datt et weder an der Majoritéit, nach an der Oppositioun Stëmme gëtt fir den Index ofzeschafen. Also solle si ophale mat der Diskussioun, well et bréngt si net virun. Mir sinn awer op ville Punkten de Patronen entgéintkomm. Wann ech alleng nëmmen dierf drop hiweisen, datt den Dan Kersch, als Minister, dat Omnibusgesetz deposéiert lo huet am Parlament, dat virescht Gesetz wat ënnert der vireschter Regierung sollt ausgeschafft ginn, dat hätt 3 Gesetzer geännert an et hätt 5 Mesurë betraff. Dat Gesetz wat den Dan Kersch deposéiert huet ännert 13 Gesetzer a ronn 30 Mesuren, alleguerten [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Franck: An awer nach ëmmer net alleguerten déi déi Dir gären geännert gehat hätt, well Dir hat do eng Kéier ee Bréif gemaach, d'CSV pickt Iech och ëmmer domat, wou si seet, datt an deem Gesetz wat awer lo vun dëser Regierung deposéiert ginn ass villes nach net dran ass wat Dir awer gär gehat hätt.

Étienne Schneider: Dat ass ganz richteg, et ass awer esou, datt lo dat Gesetz wat lo do läit, datt dat 6 mol méi Mesurë mécht wéi ënnert der vireschter Regierung diskutéiert gi sinn an et ass och sou, datt mir eis an der Regierung eens sinn, datt dat do lo net dee leschten Akt ass, datt mir weider un anere Punkte schaffen an ech sinn iwwerzeegt, datt do nach Punkten, déi a mengem Bréif vun deemools, datt déi do nach opgegraff ginn. Et sinn eng Rei Saachen déi méi komplex sinn an do loosse mir eis e bësse méi Zäit fir dat och hinzekréien, mä et war eis als Regierung wichteg fir direkt een Zeechen ze setzen an eppes fir d'Kompetitivitéit ze maachen, andeems mir alleguerten déi dote Reformen op de Wee kënne ginn. Et hätt ee lo kéinte soen, lo waarde mir bis mir se alleguerten sprochräif hunn, mä da wäre Joere verluer gaangen an et wär parallel näischt geschitt. Lo kréie mir déi doten 30 Mesure scho mol ëmgesat a parallel schaffe mir zesumme mat de Federatiounen vun den Entreprisen un deenen nächste Mesuren. Ech wëll Iech och drun erënneren, datt mir den Haut Comité à l'industrie agesat haten d'lescht Joer, datt mir dëst Joer lo als nei Regierung och een Haut Comité fir d'PMEen agesat hunn, alles dat am Intérêt fir Léisungen ze fanne fir d'Kompetitivitéit nach weider ze verbesseren. An da wëll ech awer och als Wirtschaftsminister soen, datt wann ech eis Kompetitivitéitsfacteure vergläiche mat deene ronderëm eis, da si mir  bedeitend besser wéi an anere Länner. An ech kéint Iech lo hei de ganze Mëtte Mesuren opzielen déi ech alleng a mengen 3 Joer wou ech fir d’Économie verantwortlech sinn ëmgesat hunn an ech mengen d'Patrone wëssen dat och. Mä et ass natierlech normal, datt si permanent fuerderen, et ass och normal, datt mir dauernd nobesseren a probéieren eis besser opzestellen.

Jean-Claude Franck: Déi selwecht Patronen déi soen, de Budget wär op vill zevill optimistesche Prognosen opgebaut. Et ass jo effektiv esou, datt och wa mir virdru gesot hunn d'Konjunktur huet sech verbessert, datt et awer eng ganz Partie international Risike gëtt, och an der Eurozon. Deen Szenario deen Dir do zeechent vun Iwwerschoss, gesamtëffentlech Finanzen an liichten Defizit just nach beim Zentralstaat bis 2018, dat kann awer och nach ganz anescht goen?

Étienne Schneider: Ben, Dir wësst ni wat a 5 Joer ass, dat ass evident, et brauch nëmmen eng Kéier [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Franck: Wann et sou geet, schéisst Dir dann ee Pak no? Well et héiert een, Dir hätt Iech am Fong intern drop gëeenegt, datt Dir sot, mir wëlle just eng Kéier Mesuren ergräifen an da, wat mir méi no bei déi nächst Wahle kommen, datt dann näischt méi muss nokommen, mä dee Plang geet net onbedéngt op.

Étienne Schneider: Nee dee Plang geet op wann déi Chifferen op déi mir eis baséieren, wann déi richteg sinn. Et ass ganz kloer, mir haten am Ufank wollte mir eise Budget baséieren op déi Chifferen déi mir deemools haten, ee Wuesstem fir d'nächst Joer vun 3,3%. Et sinn awer entretemps eng Rei Effeten agetrueden, ënnert anerem och déi Kris déi mir hu mat Russland mat der Ukrain, déi dozou féieren, datt de Wuesstem, d'Wuesstemsprognose fir Lëtzebuerg d'nächst Joer op 2,7% no ënne revidéiert gi sinn. An dee Budget baséiert op engem Wuesstem vun 2,7%. Elo ass et natierlech sou, wa lo eng Katastrof geschitt, da musse mir kucke wéi mir domatter dee Moment ëmginn. Ech mengen dat ass awer an all Land d'selwecht. Dir musst iergendwann eng Zuel definéieren op déi Dir Äre Budget opbaut an dat hu mir gemaach. Dat hu mir sou gemaach wéi dat och an all anere Länner gemaach gëtt, a wann eng Katastrof sollt virkommen, jo da musse mir kucken dee Moment wéi mir op déi Katastrof da reagéieren. D'Iddi ass awer - an do hutt Dir Recht - datt de Spuerpak, dee mir lo annoncéiert hunn, déi 258 Mesuren, datt dat eigentlech déi Mesure sinn, déi mir dëst Legislatur wëlle maachen. An do sinn der jo eng Rei dobäi, déi gräifen direkt, déi gräifen direkt ab 1. Januar, et sinn der eng Rei dobäi, déi gräife réischt méi spéit, vläicht d'Joer drop oder nach ee Joer méi spéit, well et Mesurë sinn déi ee muss ëmsetzen an déi an der Ëmsetzung eng Zäitche brauchen. Mä a priori ass dat doten de Pak dee fir dës Legislatur virgesinn ass, well et och dee Pak ass deen eis da wäert erlaben eis Ziler wat d'Budgetspolitik ugeet an déi vu Bréissel virgi sinn, fir déi kënnen ze respektéieren.

Jean-Claude Franck: Wann ech mer lo d'Ausgabe vun Ärem Ministère, also vun der Économie lo geschwat ukucken, da sidd Dir net besonnesch ee Spuerkënschtler, also do ginn d’Kreditter an d'Lut.

Étienne Schneider: Ma jo, dat ka jo och guer net anescht sinn.

Jean-Claude Franck: Firwat?

Étienne Schneider: Wat ass de But vu mengem Ministère? Mee de Wirtschaftswuesstem ze förderen, Betriber heihin ze kréien, nei Secteuren ze developpéieren. Alles dat kascht Suen. Wéi d'Regierung decidéiert huet, datt si wéilt hir Économie diversifizéieren, fir manner ofhängeg ze gi vun der Finanzplaz, do huet se decidéiert si wéilt an de Beräich vun den Ecotechnologien goen, an de Beräich vun der Médecine personnalisée, vun der Biotechnologie, an de Beräich vun dem ICT, an de Beräich vun der Logistik. Mä wéi mir dat decidéiert hunn, do huet dat awer bedeit, datt do mussen all déi Infrastrukture geschafe ginn, datt do mussen déi Servicer geschafe ginn déi dat dote kënnen opbauen. Alles dat si Fraisen, déi natierlech och zu engem gudden Deel bei mech op mäi Budget vu mengem Ministère falen, mä dat sinn Investissementer an d'Zukunft, dat sinn Investissementer fir ebe just eise Wirtschaftswuesstem auszebauen. An dofir ass et logesch, datt et a mengem Ministère net ganz vill Moyene gëtt fir spueren ze kënnen, dovun ofgesi mengen ech ass de Wirtschaftsministère ee vun deene klengste Kreditter, also ee vun deenen déi am mannste Suen ausginn. Mee Fait ass awer och, datt ech gesot hunn, an deem heite Pak kucke mir eis ganz Förderpolitik wat d'Investissementer ugeet, respektiv wat d'Recherche- Développement ugeet, datt mir do wierklech strictement just dat fördere wat wierklech muss gefördert ginn a wat vläicht net gemaach géif gi wann et net vun eis géing gefördert ginn. Dat heescht do zéie mir de Rimm e bësse méi enk un an da probéiere mir och do iwwert dee Wee eng gewësse Rei vun Aspuerunge kënnen ze maachen. Mä nach eng Kéier de Wirtschaftsministère brauch Sue fir déi nei Secteuren ze developpéieren, wat mengen ech an deene leschte Joere fir déi Beräicher déi ech Iech lo genannt hu mat vill Succès awer och geschitt ass. Alleng déi Wirtschaftsmissioun déi mir elo a Korea an a Japan haten huet zum groussen Deel dorop gefousst, datt mir ebe just déi dote Secteure promouvéieren am Ausland a mat engem ganz gudden Echo, a mat enger ganzer Rei Entreprisen déi lo interesséiert sinn op Lëtzebuerg ze kommen an zu Lëtzebuerg ze investéieren.

Jean-Claude Franck: Bréngt Dir et als Wirtschaftsminister dann och fäerdeg, datt d'Chambre de commerce an d'Chambre des métiers fusionéieren? Dir hutt, also de Xavier Bettel huet an der Chamber sou ganz léif gefrot, datt déi dat sollte maachen. Mir hunn dunn duerno mam Generaldirekter oder mat den Direktere vu béide Kammere geschwat. Lauschtere mir eis kuerz u wat den Direkter vun der Chambre des métiers, den Tom Wirion eis dozou dës Woch sot.

Tom Wirion (O-Toun): Mir sinn oppe fir ze diskutéiere wéi een de Staat ka moderniséieren, mat enger Konditioun, datt déi Solutioun déi ee fënnt, dat ass fir ons nëmmen eng Solutioun wann d'Situatioun domatter eng besser Situatioun fir de Secteur vum Handwierk gëtt wéi et se haut ass. Mir gesinn awer à ce stade des discussions net, datt eng grouss Chamber eng besser Solutioun duerstellt wéi haut déi Situatioun wéi mir se kennen.

Jean-Claude Franck: Étienne Schneider, dat kléngt net onbedéngt wéi wann Dir dat do vun haut op muer géift fäerdeg bréngen an do Subventioune spueren.

Étienne Schneider: Jo wësst Dir, ech si jo immens iwwerrascht. Et si jo all déi dote Leit déi der Regierung permanent am Ouer leien si misst d'Simplification administrative maachen, si misst sech moderniséieren, si misst sech reforméieren. Si baséiere sech all op Jorhonnerten al Strukturen déi si ni wëlle selwer a Fro stellen. Do soen ech mer awer dann, de deux choses l’une, wann ee vun der Regierung verlaangt, datt si sech fit mécht, datt si sech besser opstellt, datt si sech moderniséiert, da muss ee sech et och gefale loossen, datt d'Regierung si freet fir dat och ze maachen. Ech mengen ech si mat der Chambre de commerce a mat der Chambre des métiers hunn ech Gespréicher gefouert a mir sinn eis eens, datt mir dat lo wohlwollend wäerte préiwen, fir an déi dote Richtung ze goen. Mä ech soen Iech am Kader vun eng Simplification administrative ass dat do och fir hire Secteur eng win-win Situatioun. Strukturen ze moderniséieren an och hir Efforten alleguerten zesummen ze leeën. Wann ech kucken, datt Dir lo zwou verschidde Lobbyen hutt déi musse vis-à-vis vun enger Regierung agéieren an Dir hutt herno eng grouss Lobby déi sämtlech Beräicher ëmfaasst, dann hutt Dir dach vill méi Pouvoir, vill méi Poids vis-à-vis vun der Regierung an dofir verstinn ech vum Prinzip hir net, datt et souvill Retizenze gëtt fir dat do ze maachen, mä ech mengen dat huet och ganz vill mat Posten a Pöstercher ze dinn wou verschidde Leit fäerten, datt si eppes verléiere wann et dozou kënnt. Ech soen Iech dat sou riicht eraus, well ech et sou mengen an Är Sendung och sou heescht, mä ech sinn awer iwwerzeegt, datt mir deen néidege Wee fannen. Et geet jo hei net drëm, datt [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Franck: Dat heescht  Dir bréngt et fäerdeg?

Étienne Schneider: Ech gi mol dovun aus, datt mir dat fäerdeg bréngen. Et geet jo hei net drëm fir datt d'Chambre de commerce soll d'Chambre des métiers ofschlécken oder schlécken, mä et geet drëm eng nei Representatioun ze schafen an déi d'Chambre des métiers afléisst an an déi d'Chambre de commerce afléisst. A wou mir selbstverständlech wäerten dofir suergen, datt jiddwereen do säi Poids huet an datt jiddwereen do och sech kann erëmfannen a seng Representatioun ka garantéieren. Dat ass d'Iddi derhannert. Et geet jo net drëm een ze schwächen, au contraire, et geet drëm si ze stäerken. An et ass jo awer e bësse verwonnerlech, datt déi Initiative fir si ze stäerken, datt déi muss vun der Regierung kommen an net vun hinne selwer kënnt.  

Jean-Claude Franck: Dir sidd net nëmme Wirtschaftsminister, Dir sidd och LSAP Politiker. Een Budget mat enger staarker sozialer Komponent huet de Finanzminister Pierre Gramegna de Budget genannt. Sinn dat och Är Wierder?

Étienne Schneider: Absolut. Ech mengen dat wat mir, wann ee jo bedenkt den Effort dee mir musse maachen, mir mussen eng Milliard spueren, dee Budget deen de Pierre Gramegna deposéiert huet am Numm vun der Regierung, ass ee Budget deen et fäerdeg bréngt eng Milliard ze spueren an deen trotzdem kee Kahlschlag mécht am soziale Beräich. Ech menge mir hu virdru vum Kannergeld geschwat. Dat trëfft kee Mënsch deen haut Kanner huet. Et si Mesuren dran, déi an déi Richtung ginn, datt mir d'Kannergeld vereenheetlechen, dat heescht, datt ee fir dat eent Kand souvill kritt wéi fir dat anert, well mir déi Kopfprämie do net méi wëlle maachen, well déi natalistesch Politik och all déi Joren näischt bruecht huet. Dofir maache mir dat, mä et dierf een nach eng Kéier net vergiessen, dat wat d'Leit an Zukunft fir hir Kanner manner u Cash kréien, kréie si bedeitend méi an den Infrastrukturen an an de Servicer déi de Staat hinnen ubitt. Ech muss Iech soen, datt ech et eng Katastrof fannen, wann ech zréck denken, déi Zäit wou ech an der Schoul war, déi Kollegen, déi Klassekomerode vu mir, déi en cours de route alleguerten ewechgefall sinn, well si aus enger auslännescher Famill waren, well si aus enger net Lëtzebuerger Famill waren, wou si entweder Problemer mat der Sprooch haten, wou et da mam Däitschen oft net geklappt huet a si doduerch ausgesonnert gi sinn oder well si de Problem haten, datt hir Elteren net konnte mat hinne léieren. Ech mengen, datt dat eng Katastrof ass, déi mir do ugeriicht hunn, all déi Joren, vis-à-vis vun deene Kanner, vis-à-vis vun deene jonke Leit, just well si een aneren Hannergrond haten. An ech mengen,  datt de Staat sech eigentlech misst dofir entschëllegen datt en do net éischter reagéiert huet, fir deene Kanner déiselwecht Chancen ze gi wéi de Lëtzebuerger Kanner, de Kanner aus Lëtzebuerger Famillen. An et ass och ee Gâchis fir eis Économie. Wann ee bedenkt, datt mir souvill Leit hir Formatioun eigentlech net maache gelooss hunn, well mir gesot hunn, du bass net gutt genuch am Däitschen, da mengen ech ass de Claude Meisch definitiv um richtege Wee fir nei Systemer anzeféieren an d'Corinne Cahen ass um richtege Wee fir ze soen, ma mir ginn de Leit net méi, an Zukunft, net méi grad souvill Cash an d'Täsch mä mir probéieren déi Servicer ronderëm sou ze adaptéieren, datt herno d'Kanner méi Chancen hu fir hiert Liewe kënnen ze bestreiden.

Jean-Claude Franck: Hat Dir dann awer mat deenen heftege Kritike grad an deem do Beräich gerechent? Wann een dëser Deeg lo virun de Schoulen zum Beispill war, do wou d'Elteren sech treffen, da gëtt et just nach dat doten Thema. Et si vill Mammen a Pappen déi den Androck hunn, datt grad bei hinne géif gespuert ginn oder bei de Kanner. D'Koppelen hunn den Androck si misste lo zu zwee schaffe goen an et wär net méi erwënscht, datt een doheem no de Kanner kuckt. Et huet een, hunn och Leit den Androck, Kanner wäre besser an enger Crèche opgehuewe wéi doheem. Hat Dir mat deenen doten heftege Reaktioune gerechent?

Étienne Schneider: Also ech muss jo soen, datt ech mat deene Reaktioune gerechent hunn, aus deem einfache Grond, well ech mierken, datt d'Populatioun zimlech allergesch generell ass op Reformen. Et gëtt ee groussen Économist, de Mancur Olson, deen huet eng gréisser Étude geschriwwe gehat wou en eraus, wou d'Conclusioun déi ass, datt Länner deenen et ze laang ze gutt geet quasi reformonfäeg ginn, well d'Leit einfach net méi akzeptéieren, datt een iergendeppes eng Kéier a Fro stellt. An ech mengen an där dote Situatioun ass Lëtzebuerg, dat ass ee Phenomen deen ee muss akzeptéieren, deen esou ass. Mä ech mengen, wann déi Reaktioune sou schaarf si wéi se de Moment sinn, dann ass dat natierlech well d'Leit sech Suerge maachen, natierlech ass dat sou an ech weess och, datt ganz villes op Mëssverständnisser opbaut. Ganz vill Commentairen déi ech héieren, déi sinn einfach nëmme falsch. Well d'Leit net wierklech verstanen hunn ëm wat et geet, well d'Leit net verstanen hunn, datt hinne selwer mat hire Kanner déi si haut hunn iwwerhaapt näischt geschitt. An ech menge wann et drëm geet déi Allocation d'éducation déi ofgeschaf gëtt, do ass et en, dat ass ee Paradigmewiessel vun der Politik vun där heiter Regierung. Mir wëllen d'Leit - a meeschtens sinn et jonk Mammen, jonk Fraen - net dozou encouragéieren och nach datt si doheem bleiwe fir hir Kanner ze erzéien a sech dann aus hirer Carrière erausklicken a keng Cotisatioune bezuele während deene Joren an da komplett ofhängeg gi vun hirem Partner.

Jean-Claude Franck: A wann dat dann ee bewosstene Choix ass vun enger Famill, fir fir d'Kanner doheem do ze sinn?

Étienne Schneider: Ma da kann déi dat jo nach ëmmer maachen. Da kann déi dat jo nach ëmmer maachen. Ech wëll just soen, datt mir jo gesinn, datt méi wéi 50% vun de Mariagë gescheet ginn, dat ass ee Fakt. Mir gesinn och, datt de gréissten Deel vun der Aarmut hei zu Lëtzebuerg baséiert op Familles monoparentaux, dat heescht allengerzéiend Elterendeeler, an dat si ganz oft déi dote Leit. Dat sinn déi Leit, déi Dammen, meeschtens sinn et leider Fraen, déi hir Carrière opginn hunn, fir doheem no de Kanner ze kucken, wou de Mann se herno verlooss huet oder wou se einfach nëmme gescheet gi sinn aus wéi engem Grond och ëmmer an da sti se komplett virum näischt, an da sti si virum näischt a falen an eng Aarmutsfal, aus där si ni méi erauskommen. Dofir ass et dëser Regierung wichteg, datt mir och déi Fraen encouragéieren weider schaffen ze goen, datt mir hinne parallel hëllefe fir hir Kanner kënnen natierlech a Crèchen ze ginn, well mir d'Strukturen ausbauen, well mir se gratis zur Verfügung stellen, zu engem gudden Deel, well mir se qualitativ verbesseren, fir datt si a Rou kënnen hir Carrière och weidermaachen an datt si sech déi dote Suergen dann net musse maachen. Ech mengen einfach, datt dat eng Politik ass, déi méi richteg ass. A wann ech jo gesinn, datt d'Caritas souguer, déi jo lo net am Verruff steet deenen 3 Parteien aus der Regierung nozestoen, wann déi souguer seet, datt dat de richtege Wee ass dee mir do ginn. An ech wëll Iech just erënneren, datt d'Familljeministesch, déi fréier Familljeministesch, d'Madame Jacobs sëtzt am Comité vun der Caritas, déi huet dat och mat decidéiert, datt dat do [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Franck: Ech géif zwar soen d'Caritas hëlt d'nächst Woch nämlech gären am Detail Stellung zum Ganzen, da waarde mir awer mol of wéi hir, Dir berufft Iech ëmmer op d'Caritas, mä dat war eng Ausso an engem Interview, wou nach guer net alles bekannt war.

Étienne Schneider: Jo ech ka mech nëmmen op dat beruffe wat d'Caritas selwer gesot huet, mä nichts destotrotz menge mir, datt dat heiten dee richtege Wee ass. D'Fraen net ofhängeg ze maache vun hirem Ehepartner an hinnen déi Méiglechkeet ze ginn. Dovun ofgesi gëtt et jo nach ëmmer de Congé parental. Ech mengen deen ass jo deemools agefouert ginn, fir datt d'Leit hir Carrière net mussen ënnerbriechen, datt si finanziell ofgeséchert sinn déi Méint wou si sech fräihuele fir bei hire Kanner ze sinn, datt hir Kotisatioune kënne weider kënne bezuelt ginn an dat, dee wëlle mir jo nach flexibiliséieren, fir datt nach méi Leit kënnen dovunner profitéieren. Ech mengen, datt dat do dee richtege Wee ass. An dat heescht natierlech net wann een decidéiert, ma ech bleiwen awer doheem, da kann deen dat natierlech maachen. Ech menge mir soen [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Franck: Et gëtt awer dann ëmmer méi schwéier.

Étienne Schneider: Et gëtt net méi schwéier, et gëtt einfach esou, datt ee sech et muss leeschten doheem kënnen ze bleiwen. Et ass awer och esou, datt kee mir muss soen, duerch déi knapp 500 Euro déi en de Moment vum Staat kritt, kéint en iwwerliewen andeem en doheem bleift. Dat kann et jo och net sinn.

Jean-Claude Franck: Et geet awer, et ginn awer och mat deem wat virgesinn ass, Kierzunge bei Famillen déi an Zukunft méi Kanner kréien. Dir hutt virdru gesot d'Familles monoparentaux déi si virun allem dem Aarmutsrisiko ausgesat, et ass déi Kategorie déi am meeschten dem Aarmutsrisiko ausgesat ass. Et ass awer esou, datt generell Famillje mat méi Kanner och zimlech staark dem Aarmutsrisiko ausgesat sinn, méi wéi zum Beispill Célibatairen a wéi Koppelen déi keng Kanner hunn. A wann een d'Kannergeld lo generell, gitt Dir jo an der Enveloppe kierzen, d'Kannergeld gëtt méi bëlleg mam neie System wéi mat deem alen. Verstäerkt Dir dann awer net grad deen dote Phenomen?

Étienne Schneider: Nee, also fir d'éischt muss ee jo soen, datt mir jo de Problem vun de Monoparentaux erkannt hunn an datt mir op 2 Säite wëllen agéieren. Éischtens mol wëlle mir, datt d'Frae schaffe ginn a sech hir Carrière weider opbauen a sech och hir Sécurité sociale weider kënnen opbauen. Dat ass déi eng Säit wou mir dru schaffen, also d'Leit net motivéieren doheem ze bleiwen an ofhängeg ze gi vun hirem Partner. An op där anerer Säit hu mir gesot, datt mir de Problem vun deenen aktuell bestehende Monoparentaux gesinn, datt dat wierklech déi Grupp vu Leit ass, déi am meeschten dem Aarmutsrisiko ausgesat ass an dofir hu mir decidéiert, datt mir doru schaffen, datt mir eis eng Method wäerte ginn, wéi  mir déi an Zukunft méi kënnen ënnerstëtzen, wéi mir hinne méi kënnen hëllefen, fir aus deem Aarmuts, aus där Aarmutsfal erauszekommen an d'Ministesch, d'Madame Cahen, ass am gaang dorunner ze schaffen a soubal wéi mir do ee Projet hunn, wäert mir deen natierlech diskutéieren. Dat anert, do muss ee jo wëssen, wou ass dat dann hierkomm, datt ee fir dat éischt Kand, fir dat zweet Kand méi kritt wéi fir dat éischt a fir dat drëtt méi wéi fir dat zweet? Mä dat ass eng natalistesch Politik gewiescht. Dat war eng Politik fir eigentlech d'Foyeren doheem ze motivéieren méi Kanner ze kréien  [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Franck: Mä ass dat sécher, ass et dann net einfach vläicht well och einfach d'Käschten an d'Lut ginn? Een dee 4 Kanner huet, huet awer, ech mengen net, datt een onbedéngt dat einfach ka sou soen  [gëtt ënnerbrach]

Étienne Schneider: Also ech kann Iech soen, aus menger Zäit, mir waren zu 3 doheem a fir meng Eltere Gott säi Dank 3 Bouwen, dat heescht dee leschten an der Rei deen hat Pech, well deen huet déi Boxen nach ugedoen, déi déi 2 virdru schonn ugedoen haten. Zumindest an deene Beräicher kann ech net onbedéngt behaapten, datt dat 3. Kand méi deier gëtt wéi dat éischt. Et ginn eng ganz Rei Saachen déi ee vun deem éischten op dat zweet Kand natierlech an engem Stot ka verwennen. Et gi mat Sécherheet och Argumenter déi soen, et gëtt méi deier. An do denken ech haaptsächlech un de Logement. Dir braucht eventuell eng Kummer méi [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Franck: Dat ass jo awer net näischt an engem Budget vun enger Famill.

Étienne Schneider: Absolut, mä och do muss ee gesinn, datt dee Montant dee mir ginn, déi 265 Euro, dat ass deen héchsten, deen Dir kënnt fannen. Gitt mol an Däitschland kucken, do kritt een alt fir ee Kand 40% manner Kannergeld. Also ech menge schonn, datt dat eng korrekt, ee korrekte Montant ass dee mir ginn. Mir hunn eis och d'Wuert ginn, datt mir all puer Joer de Montant revidéiere wäerten, dat heescht mir kucken, mir kontrolléieren, ob dee Montant nach deem entsprécht wat een engem muss ginn. A wann dat net de Fall ass , da wäerte mir en och dann adaptéieren. Mä nach eng Kéier, eis geet et drëm fir ewech ze kommen, an dat ass dat wat mir heimatter maachen, e bëssen ewech ze komme vun enger Geldpolitik, wou mir de Leit Geld ginn, well  mir och gesinn, datt net jiddereen déi Suen déi e kritt och wierklech am Intérêt vun de Kanner benotzt. Ech mengen dat ass och ee Fait, deen ee leider constatéiert. Am dofir soe mir, mir wëllen dofir vun eiser Säit d'Investitiounen an d'Kanner, d'Investitiounen an d'Jugend wëlle mir bedeitend eropsetzen an hinne besser Infrastrukturen, eng besser Éducatioun bidden an den Elteren en plus dat zu engem gudden Deel gratis zur Verfügung stellen, nämlech méi gratis wéi dat bis lo de Fall ass. Also mengen ech ënnert dem Stréch verléieren d'Famillen näischt, si gewannen.

Jean-Claude Franck: Hutt Dir schonn Echoen aus dem Staatsrot op déi, Dir hutt jo dem Staatsrot, hutt Dir nach keng Echoen? Wéini mengt Dir, datt Dir do een Echo kritt?

Étienne Schneider: Also ech hunn lo op dem Wëssensstand vun haut, hunn ech lo keng, ech weess och lo net, ech hunn och haut net mat der Familljeministesch geschwat ob si entretemps eppes kritt huet.

Jean-Claude Franck: A wéini mengt Dir als Regierung, datt der eng Äntwert vum Staatsrot kritt op dat do verfassungskonform ass wann Dir all Kand datselwecht gitt?

Étienne Schneider: Also mir hate gemengt a gehofft mir géingen dat dës Woch kréien, wa mir de Budget déposéieren, dat ass awer net de Fall. Dofir hoffe mir , datt mir dat dann lo an deenen nächste Woche wäerte kréien.

Jean-Claude Franck: Sidd Dir bereet Är Pläng nozebesseren oder nach ze ännere wann Dir vun der Kritik iwwerzeegt gitt, datt Dir vläicht um Holzwee sidd?

Étienne Schneider: Also lauschtert mol, mir sinn iwwerzeegt vun deem wat mir hei maachen, datt dat de richtege Wee ass an ech sinn iwwerzeegt och, datt d'Leit eis a 5 Joer wäerte Recht ginn, wa si gesi wat mir op d'Bee gestallt hunn am Plaz vun deene puer Euro déi et d'Leit am Endeffekt kascht, andeem se fir een 2. oder een 3. Kand e bësse manner kréien wéi dat de Moment de Fall ass. An da musse mir kucken. Wann natierlech lo een Avis vum Staatsrot kënnt deen net an déi Richtung geet wéi mir et hoffen, da musse mir dat an der Regierung diskutéieren an da wäerte mir och eng Léisung fannen.

Jean-Claude Franck: De Staatsrot kéint jo zum Beispill soen, datt der et fir jiddweree musst maachen, och fir déi Leit déi lo scho Kanner hunn.

Étienne Schneider: Dat kéint natierlech och eng Versioun vum Staatsrot sinn, mä et ass jo och d'Méiglechkeet d'Avise vum Staatsrot ze iwwergoen.

Jean-Claude Franck: Ma jo dat gëtt jo dann nach spannend. Mä Dir hutt mech op jidder Fall scho fir d'zweete Kéier vum selwen op de Kannersujet geleet gehat. Ech wollt eigentlech generell iwwert déi sozial Komponent vum Budget schwätzen. Fir vläicht dann als Introduktioun dozou lauschtere mir vläicht kuerz wat den OGBL President Jean-Claude Reding dës Woch iwwert déi sozial Ausriichtung vum Spuer- a Steierpak gesot huet hei op der Antenn.

Jean-Claude Reding (O-Toun):  Ech hunn an deem Budget keng eng Moossnam, awer keng eng Moossnam héieren, datt d'Recette solle gehéicht ginn, doduerch datt een och bei déi richteg Räich mol Sue siche geet. Vun enger Räichesteier, déi jo bei de Wahlen an der Diskussioun war, ass jo keng Spur, ass, dat ass mol kee Sujet. Mir hu keng Diskussioun iwwert d'Verméigenssteier. Zu Lëtzebuerg ass et och ganz normal wann een 2 Milliounen Euro verierft an direkter Linn, datt een do keen Zantim brauch dovunner ofzeginn, wat et a kengem aneren europäesche Land gëtt, dat sinn alles sou Tabuthemaen, awer et ass ganz normal, datt mir och bei de Mindestlounbezéier, do maache mir ganz grosszügeg immuniséiere mir dann 1/4 vu sengem Mindestloun. Ech fannen dat net sozial.

Jean-Claude Franck: Étienne Schneider, ech hunn den Androck den OGBL probéiert Iech do, op grad deene Punkten ze attackéieren, wou Dir als LSAP Iech an der Koalitioun vläicht net duerchgesat kritt hutt.

Étienne Schneider: Nee, do leit der komplett falsch oder zumindest wat d'Duerchsetzen ugeet. Et dierf een hei zwou Saachen net vermëschen: dat hei ass den Zukunftspak wou mir soen dat do ass déi Budgetspolitik déi mir iwwert déi nächst 5 Joer wëlle maachen.  Mir hunn awer, a mir ginn net midd dat ze soen als Regierung, datt mir déi  Steierreform maachen, datt déi Steierreform kënnt. Déi gëtt 2016 decidéiert, trëtt 2017 a Kraaft. An da ginn all déi Sujeten déi den Här Reding lo ugeschwat huet, déi ginn an deem Kader diskutéiert. Mir kënnen awer net vun haut op mar nieft deenen doten Efforten, déi mir alleguerten lo hu misse maachen, an deenen Délaien, an deene kuerzen Délaien déi mir hunn, och nach eng komplett Steierreform mat op de Wee bréngen. Dat ass einfach technesch an zäitlech net dran.

Jean-Claude Franck: Dir hutt awer scho Steiermesurë jo lo geholl, et ass jo lo net wéi wann Dir d'Steieren lo ganz op der Säit gelooss hätt.

Étienne Schneider: Et ass déi Contributioun vun 0,5%, mä dat ass an deem Sënn fir eis, an ech mengen do kann een iwwert d'Terminologie schwätzen, dat ass fir eis keng Steiermesure, et ass eng Mesure déi geholl gëtt fir de massiven Ausbau vun de Betreiungsstrukture fir Kanner, fir déi kënnen zum Deel [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Franck: Et ass awer eng Steier.

Étienne Schneider: zum Deel géigen ze finanzéieren. Ech wëll Iech just soen, datt de Staat ëmmer nach 90% selwer dovu bäidréit an déi 0,5% maachen 10% vun deem Effort aus. An ech mengen den Här Reding schwätzt vum Mindestloun, datt och op de Mindestloun déi 0,5% musse bezuelt ginn. Mä dat huet jo och ee Grond. Ech mengen éischtens mol muss ee soen, datt mir ee Véierel vum Mindestloun immuniséieren, dat heescht, op ee Véierel muss een déi net bezuelen. Wann ech dat dann ëmrechnen, dann heescht dat, datt een deen haut de Mindestloun huet, muss 8 Euro de Mount bäileeë fir eng Kannerbetreiung ze hunn, ze kréien an Zukunft, déi gratis ass an déi qualitativ vill besser ass. Ech mengen, datt 8 Euro muss jidderengem, och dem Mindestlounbezéier wäert sinn, fir d'Betreiung vu senge Kanner kënnen ze verbesseren. Ech mengen einfach, datt dat net a Relatioun steet, déi 8 Euro déi e muss bäileeën, fir deen Service deen en herno geleescht kritt, respektiv fir déi Zukunftschancen déi säi Kand oder seng Kanner herno méi hunn. Ech fannen déi 8 Euro, ech fannen dat awer ee Betrag deen een engem muss kënnen zoumudden. An dann ass et jo awer och esou, datt dat jo gestaffelt ass. Et ass jo ee Prozentsaz um Gehalt. Also een dee vill verdéngt, dee bezilt och vill méi wéi déi 8 Euro, sou datt dat jo awer och eng sozial gerecht an équilibréiert Mesure ass.

Jean-Claude Franck: Mä Dir waart schonn an enger Regierung déi eng Krisesteier hat vun 0,8%, do war beim Salariat ee ganze Mindestloun eraus, also als Fräibetrag erausgerechent a bei den Indépendanten, wann ech richteg informéiert sinn 3/4. Déi heite Koalitioun geet also léiwer bei de Mindestlounempfänger Sue siche wéi déi virdrun?

Étienne Schneider: Nee, et ass just de Fait ass deen, datt Dir mat der Mesure, mat deenen 0,5%, wann der déi géingt, wann der de Mindestloun géingt integral immuniséieren, da géing dat jo bedeiten, datt se fir jiddereen, ob en de Mindestloun verdéngt oder 10.000 Euro verdéngt, eemol de Mindestloun deen erausgerechent gëtt. Wann der wësst, datt d'Moyenne vun de Léin zu Lëtzebuerg ronn 2,5 mol de Mindestloun ass, da géingen eis herno vun där Recette déi mir geplangt hunn ronn 40% feelen. An nach eng Kéier, mir mengen einfach, datt et richteg ass, datt jiddereen hei solidaresch muss sinn, datt jiddereen, datt een och engem mam Mindestloun kann déi 8 Euro do zoumudden. Et gëtt och ëmmer geschwat vun dem Kafkraaftverloscht, mä wann d'Kafkraaft an d'Lut geet dovu schwätzt keen. Ech wëll Iech just un d'Energiepräisser erënneren. D'Energiepräisser si sou drastesch an der leschter Zäit gefall, datt dat largement déi 8 Euro do gutt mécht. Dat heescht wann ech sou rechne wéi verschidde Leit eis dat lo wëlle virrechnen, da muss ech och all déi Saachen, all déi Mesuren déi méi bëlleg gi sinn, da muss ech déi och kënne comptabiliséieren an dann ass et eng ganz aner Situatioun. Mä ech wëll hei net, ech mengen et ass net fir hei polemesch ze sinn, et ass einfach esou, datt mir mengen, datt ee jidderengem kann eben déi 8 Euro och zoumudden, well dogéint ebe just ee Service steet, eng Déngschtleeschtung steet, déi hiresgläichen a ganz Europa siche geet.

Jean-Claude Franck: Mä wann den OGBL als awer déi gréisst Gewerkschaft am Privatsecteur sou direkt zimlech séier nom Dépôt vum Budget esou ee kriteschen Toun unhëlt, ass dat net grad fir Är Partei, well den OGBL steet Ärer Partei méi no wéi anere Parteien, [gëtt ënnerbrach]

Étienne Schneider: Dat sot Dir jo sou.

Jean-Claude Franck: Nee nee dat ass och esou, op mannst och eenzel Deputéiert aus Ärer Fraktioun sti wahrscheinlech dem OGBL och méi no wéi anerer. Dir hutt eng dënn Majoritéit an der Chamber. Ass dat do awer net fir Iech ee Problem?

Étienne Schneider: Sou wäit ech weess ass den OGBL jo lo net an der Chamber. Et ass esou, datt mir [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Franck: Nee nee, mä do sinn awer Deputéiert déi dem OGBL méi no stinn [gëtt ënnerbrach]

Étienne Schneider: Lauschtert mol, jiddereen huet säi Rôle ze spillen. Ech menge mir hu Verantwortung ze iwwerhuelen an der Regierung, mir hu mat deem Zukunftspak hei politesche Courage gewisen, net well mir Spaass drun hunn den OGBL rosen ze maachen oder soss eng Gewerkschaft oder d'Leit dobausse rosen ze maachen, mä einfach nëmme well et eng Nécessitéit ass. An ech wëll et nach eng Kéier soen, de fréiere Koalitiounspartner d'CSV, déi jo d'Finanzen ënnert sech hat, déi wousste jo scho laang, datt dee Commerce électronique, datt dee géing ewechfalen, dat ab nächstem Joer ee Lach vun 800 Millioune feelt an awer ass net mat Zäiten eppes gemaach ginn fir dat doten an de Grëff ze kréien. Et ass nu mol un där heiter Regierung Verantwortung ze iwwerhuelen, déi huet dat dote geierft, dee Misär a si muss mat deem Misär lo eens ginn. A si huet lo ee Pak op den Dësch geluecht, wou mir mengen, datt en équilibréiert ass an deen d'Strooss hält. Ech soen Iech just, et wäert net an déi Richtung goen, datt mir d'Oppositioun einfach lafe loossen andeems si iwwert alles meckert an alles schlecht fënnt wat mir hei decidéieren. Mä da solle si eis Wuert fir Wuert soe mat wat si déi Milliard siche gaange wären. Oder ob si d'Staatsschold einfach an d'Lut gesat hätten oder wat hire Moyen da gewiescht wär fir déi dote Situatioun ze berengegen. An da gesi mir jo wiem seng Iddie besser sinn.

Jean-Claude Franck: Et sinn, ee Punkt bei dem Équilibrage vum Spuer- a Steierpak deen och interessant ass ze diskutéieren, grad mat engem LSAP Politiker, ass den Équiliber tëscht Stéit a Betriber. Et ass och sou, wann ech dat kucken, dann trëfft d'Halschent vun der TVA Hausse, dat huet de Pierre Gramegna gesot, trëfft mol d'Stéit, duerno ass de Staat zu engem Deel concernéiert an d'Betriber och, awer net därmoosse wéi d'Stéit. D'Steier vun 0,5% trëfft d'Stéit. Da sinn eenzel Kierzunge bei Leeschtungen dobäi, 50:50 ass déi Relatioun, dat Verdeele vun der Laascht do awer net.

Étienne Schneider: Ma jo lauschtert mol, wann Dir jo d'UEL, d'Patronen héieren hutt, da soe si jo, datt si géingen 250 Millioune vun deem Pak hei stemmen. Wa mir wëssen [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Franck: Dat wär 1/4.

Étienne Schneider: Ma ja, wa mir wëssen, datt de Pak eng Milliard ass, dovun d'Halschent nei Recettë sinn, déi aner Halschent, pardon déi aner Halschent Spuermoossname beim Staat sinn, da mengen ech ass dat doten eng Zomm déi awer somme toute sech weise léisst. Also een jo [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Franck: D'Zomm ass just nach net sou awer bewisen, ob déi sou richteg ass.

Étienne Schneider: Jo gutt, mir hunn [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Franck: Hutt Dir keng eege Rechnung gemaach wéivill d’Stéit a wéivill d'Betriber den Effort deelen?

Étienne Schneider: Selbstverständlech, mir hu jo all déi Mesuren do quantifizéiert. Et ass awer lo schwéier soe wéi eng trëfft lo genee wien. Et sinn eng Rei Mesuren, do kann een driwwer streide wien se finalement trëfft. Zum gudden Deel trëfft et de Staat selwer. Mä ech mengen einfach, datt et sou ass, datt mir hei jo ee Seeldanz musse maachen tëscht engem Équiliber fannen tëscht de Privatleit an dee Betriber wat déi musse bäisteieren. Op där anerer Säit kënne mir eis et och net erlaben eis Kompetitivitéit sou dramatesch ze verschlechteren duerch sou Mesuren, datt muer d'Betriber hei zoumaachen, respektiv net méi heihinner kommen. Ech wëll hei den Däiwel net un d'Wand molen, mä d'Konkurrenz an Europa ass extrem schlëmm ginn. Kuckt all déi Länner ronderëm eis. Kuckt wéivill Misär déi alleguerten hu fir hir Budgeten an d'Rei ze kréien a wat déi alles well maache fir d'Entreprisen unzezéien. Do geet alles just an déi aner Richtung, nämlech d'Betriber drastesch ze entlaaschten. Ech brauch just un Italien ze erënneren, déi lo d'Steierlaascht vun de Betriber massiv wäerten erofsetzen. Mä alles dat féiert dozou, datt mir natierlech, datt d'Konkurrenz fir Lëtzebuerg natierlech nach vill méi grouss gëtt. Wa mir awer lo just an déi aner Richtung gi fir massiv just d'Betriber ze belaaschten, jo dann hu mir herno näischt geschafft, well da brécht d'Steierrecetten dramatesch an an da geet de Chômage dramatesch an d'Lut an da mengen ech hu mir am Endeffekt näischt geschafft.

An dann nach eng Kéier, d'TVA Erhéijung trëfft 2/3 vum Wuerekuerf net. D'Kannergeld trëfft all déi bestehend Kanner net. Déi 0,5% CSG menge mir, datt se jiddwerengem zouzemudden ass a si ass en plus sozial gestaffelt, sou datt déi déi vill verdéngen och vill musse bezuelen an déi déi wéineg verdénge wéineg musse bezuelen. Also et kann een hin an hir diskutéieren sou laang wéi ee wëll, mä 1 Milliard bleift 1 Milliard, déi feelt an déi muss een iergendwou fannen.

Jean-Claude Franck: A vill vun där Milliard geet iwwer Steieren. Domat hutt Dir als LSAP Politiker sécherlech kee Problem, well eng LSAP mat Steierhaussen prinzipiell manner Schwieregkeete gesäit wéi lo eng DP, déi jo och an der Regierung ass. Ass dat ee Punkt wou Dir Iech duerch d'DP duerchgesat kritt hutt? Well d'DP huet jo virun de Wahlen ëmmer gesot, d'Steieren dat wär dat Allerlescht wat eng Kéier géif kommen.

Étienne Schneider: Also lauschtert, Dir sidd nach ëmmer an der Logik vu fréiere Regierungen. Mir sinn net an enger Logik wou eng Partei sech géint déi aner duerchsetzt. Mir sinn an enger Logik, wou mir an enger Koalitioun sinn, déi wéi Dir virdru gesot hutt, déi eng knapp Majoritéit huet an déi dofir weess, datt si muss zesummen eens ginn an datt si muss zesumme Léisunge fannen. An all déi Léisungen déi hei fonnt gi sinn, si laang a fair an oppen ënnerteneen diskutéiert ginn an dee Package deen hei erauskënnt ass de Package vu rout, vu blo a vu gréng zesummen a jiddereen dréit deen.

Jean-Claude Franck: Dee schonn an de Sondéierungsgespréicher sou ähnlech um Dësch louch oder?

Étienne Schneider: Gelift?

Jean-Claude Franck: Dee schonn an de Sondéierungsgespréicher sou ähnlech um Dësch louch?

Étienne Schneider: Ma et ass esou, datt mir natierlech an de Sondéierungsgespréicher, respektiv an de Koalitiounsverhandlunge jo gesinn hu wat de Problem wär an datt mir missten ee gréissere Spuereffort maachen an do ware Sujete wéi d'Kannergeld, Sujeten wéi d'TVA natierlech ee Sujet an déi hu mir lo iwwert déi Méint hu mir déi ausdiskutéiert an dat do ass d'Resultat dovun. Mä nach eng Kéier, hei huet kee sech géint deen aneren duerchgesat, hei ass eng  Decisioun geholl gi vun enger ganzer Regierung, déi als Ganzt deen dote Pak wäert dobausse verteidegen. An ech maachen eng Wett mat Iech, datt Dir kee Regierungsmember fannt, dee wäert soen, do hu mir eis duerchgesat an do hunn déi aner sech duerchgesat. Dat ass net d'Aart a Weis wéi déi heite Majoritéit zesummeschafft.

Jean-Claude Franck: An awer missten déi eenzel Parteie jo mol eng eegen Identitéit hunn. Lauschtere mir vläicht kuerz, wa mir beim Thema Steiere sinn, wat Dir an Ärem Wahlprogramm nach d'lescht Joer versprach hutt:

Journalistin: “Es bedarf einer Steuerpolitik, die auf Verteilungsgerechtigkeit gründet. Seit 2002 hat es im Bereich der direkten Steuern eine wesentliche Verschiebung zu Gunsten der Betriebe und zu Lasten der Privathaushalte gegeben. Während die  Steuerlast 2002 fast ausgeglichen verteilt war und ein leichtes Übergewicht von 2% bei den Privathaushalten auswies, hat sich die Lastenverteilung 2011 grundlegend verändert. 35,3% der direkten Steuern werden von den Unternehmen aufgebracht, während die Privathaushalte 64,7% schultern. Die LSAP wird eine Trendwende herbeiführen und für mehr Ausgewogenheit bei der Besteuerung von Arbeit und Kapital, Betrieben und Privatpersonen, so wie direkten und indirekten Steuern sorgen.”

Jean-Claude Franck: Etienne Schneider, mat deem wat Dir dës Woch virgeluecht hutt, hutt Dir awer net onbedéngt eppes dofir gemaach, fir Äre Wahlprogramm ze respektéieren oder ass et sou wéi Dir schonn eng Kéier op enger Table ronde gesot hutt, datt ee sou Saache just an de Programm schreiwe muss fir verschidde Fligelen an der  eegener Partei zefridden ze stellen?

Étienne Schneider: Oh Mamm, ech mengen dee Saz wäert mir nach laang nolafen. Lauschtert mol [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Franck: Dir hutt e gesot.

Étienne Schneider: Jo ech soe jo net, datt ech en net gesot hätt. Lauschtert et ass, fir d'éischt muss ech mol eppes feststellen, et ass dee Ratio tëscht direkte Steieren, also komm mir soen et einfach, déi vun de Privatleit musse bezuelt ginn an déi déi vun de Betriber musse bezuelt ginn, datt deen a ganz Europa, ech géing soen a groussen Deeler vun der Welt sech permanent an déi dote Richtung verschiebt, datt ëmmer manner Steierlaascht op de Betriber läit an ëmmer méi am Endeffekt  op de Privatleit. Dat ass leider eng Realitéit an ech bedaueren déi och. An déi Realitéit soen ech Iech, kënnt duerch d'Globaliséierung an där mir dra sinn an duerch de Konkurrenzkampf deen doduercher entstanen ass, tëscht deene verschiddene Länner, fir Betriber an hir Länner unzezéien. A Lëtzebuerg mécht do äifreg mat, dat ass ganz kloer. Och mir probéieren eis Steierlaaschte wat d'Betriber ugeet ëmmer sou ze adaptéieren, datt mir een Avantage hu fir d'Betriber op Lëtzebuerg ze kréien. Am Endeffekt muss ee jo awer kucke wat ass de Choix? Mir kënne soen, mir loossen d'Steiere bei de Betriber héich, respektiv mir setzen se nach méi héich wéi se lo sinn an dann hu mir dann dee gerechten Ausgläich, mä dann hu mir awer keng Betriber méi an dann hu mir iwwerhaapt keng Recettë méi. Da kommen déi Betriber och net op Lëtzebuerg. An dat ass awer ee reelle Problem. Datt dat bedauerlech ass, ass evident a mir wäerten och probéieren dat do wou mir Afloss hunn, wäerte mir och probéieren dat ze revidéieren oder zumindest deelweis ze revidéieren, mä alles dat kënnt am Kader vun der Steierreform déi mir 2016 wäerte presentéieren an déi 2017 soll a Kraaft trieden. Nach eng Kéier [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Franck: Dat heescht während der Lëtzebuerger EU-Présidence suergt Dir dofir, datt an Europa eng harmoniséiert Steierpolitik kënnt.

Étienne Schneider: Also mir sinn, fir Iech dat just ze soen, um OECD Niveau genee op där dote Schinn, genee op där dote Schinn, datt mir d'OECD doranner ënnerstëtzen, datt et Mindestcritèrë gëtt wat d'Steierlaascht an de verschiddene Länner ugeet. Well wat maache mir dann lo de Moment alleguer, ee Land vis-à-vis un deem aneren? Mir probéieren  mat, ech soen elo emol, Dumping-Steiersätz een deem aneren d'Betriber ewech ze huelen fir eben datt dat Land dat se kritt, datt dat besser do steet wéi een anert. Dat ass alles de bonne guerre, mä dat féiert dozou, datt mir generell an eng Steierspiral no ënne gi fir d'Betriber, datt mir ëmmer méi Drock op de private Ménagen hunn an datt natierlech d'Betriber dat doten immens flott fannen, dee Konkurrenzkampf. Dee kritt een awer net unilateral geregelt an dofir brauche mir een Organismus wéi d'OECD déi dat doten duerchsetzt an déi probéiert, an dat si si am gaangen, ech hu selwer Rieden dozou gehalen op der OECD zu Paräis, déi ebe just dat do ënnerstëtzen, datt mir higinn datt mir ee level playing field, wéi een dat haut sou schéin nennt, schafe bei der Steierlandschaft. Lo kann ee soen, an ech sinn dat dës lescht gefrot ginn, jo mä wat huet Lëtzebuerg dann nach fir een Avantage wann d'Steieren herno méi oder wéineger déi nämlech sinn, hei oder an Holland oder a Frankräich oder an England oder wou och ëmmer? Mä den Avantage dee mir hunn, dat sinn der vill. Dat sinn eis Infrastrukturen, dat ass eis Aarbechtskraaft déi mir hei hunn, dat ass de Multilinguisme, dat ass eis geografesch Lokalisatioun, dat ass eisen Accès direct zu den decision takers, also zur Politik an deem heite Fall, dat sinn eis kuerz Weeër, och wann ee seet eis Weeër mussen nach méi kuerz ginn, mä si sinn awer kuerz am Verglach zu anere Länner. An da sinn et, dat sinn déi richteg Avantagen, déi sollen ziele fir Betriber heihin ze kréien an da solle, pour le reste solle Betriber net aus dem Bezuele vu Steieren entlooss ginn an aus hirer Verantwortung entlooss ginn fir mat drun deelzehuelen, un deene ganzen Infrastrukturen déi mir brauchen, sief dat Schoulen, sief dat Stroossen, sief dat Schinnen. An ech mengen dofir datt deen Trend vun der OECD, datt deen an déi richteg Richtung geet an datt Lëtzebuerg dat natierlech ënnerstëtzt an ech perséinlech dat souguer ganz staark ënnerstëtzen.

Jean-Claude Franck: A mat wéi enge Sanctioune rechent Dir wann d'EU-Kommissioun enquêtéiert, weider enquêtéiert an zur Conclusioun kéim, datt den Tax ruling am Fall vu Fiat oder Amazon zum Beispill, datt do effektiv illegal Staatshëllef dra wär, op wat stellt Dir Iech als Regierung an?

Étienne Schneider: Ma jo ech menge, mir musse lo mol ofwaarde wat do erauskënnt. Ech kennen déi Rulingen net, déi do gemaach gi sinn. Ech hunn net den Abléck an déi Tax-rulingen, déi iergendwann eng Kéier gemaach gi sinn tëscht der Steierverwaltung an deene Betriber. Dat Eenzegt wat ech Iech ka soen dat ass, wa sech sollt erausstellen, datt mir do net konform sinn, da musse mir eis konform maachen. Ech mengen dat ass ganz evident an dat ass kloer. Wat d’Sanktioune sinn, ech mengen datt déi haaptsächlech, also ech weess et net, mä ech gi mol dovun aus, datt dat haaptsächlech dann an déi Richtung geet, datt déi Betriber déi een Avantage kritt hätten, deen net dû wär laut europäeschem Recht, datt déi deen da mussen nobezuelen. Da stellt sech d'Fro wouhin. Bezuelen déi dat dann no un de Lëtzebuerger Staat oder gëtt da gekuckt wou den Ausfall eigentlech ass, ob dat iergendwou am Ausland muss beglach ginn oder wat och ëmmer.  Also dat do ass fir eis och lo e bëssen eng Virwëtztut déi mir och geierft hunn an déi mir lo musse kucken ze handelen, wou mir musse kucke mat der Kommissioun dann eng Léisung ze fannen, wann et da sou wäit ass.

Jean-Claude Franck: An der Chamber gouf och lo da profitéiert vun der Geleeënheet bei der Presentatioun vum Budget, fir d'Schafe vum Fonds souverain vum Lëtzebuerger Staatsfong ze annoncéieren. Dat ass eigentlech keng Iddi vun dëser Regierung. De fréiere sozialistesche Wirtschaftsminister Jeannot Krecké, Äre Virgänger, an den CSV Finanzminister Luc Frieden hunn am Januar 2012 schonn d'Schafe vun engem Luxembourg Future Fund annoncéiert gehat. D'Iddi ass wéi gesot net nei.

Étienne Schneider: Nee, Dir verwiesselt lo zwou Saachen: de Luxembourg Future Fund  ass eppes anescht. Luxembourg Future Fund ass ee Fong dee mir zesumme mat dem Fonds européen d'investissement hunn an deen huet de Staat 120 Milliounen dragestach an de Fonds européen d'investissement huet 30 Milliounen dragestach.

Jean-Claude Franck: Genau.

Étienne Schneider: Dat sinn 150 Milliounen déi sinn do als Moyen fir Start-upen op Lëtzebuerg ze zéien, fir bei déi an d'Kapital eranzeklammen an déi domatter unzelackelen, datt si hir Gesellschaft op Lëtzebuerg bréngen, datt se se hei developpéieren.

Jean-Claude Franck: Genau.

Étienne Schneider: Dat ass dat Eent, dat wat dee Fonds souverain vun deem lo Rieds geet, dat ass eppes aneschters, dat ass am Fong eng Spuerbéchs vum Staat, fir et lo mol ganz banal [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Franck: Dat heescht dee Projet ergänzt deen aneren, deen ersetzt en net?

Étienne Schneider: Absolut, nee deen ersetzt en definitiv net. De Luxembourg Future Fund dee bleift definitiv bestoen, dee gëtt wahrscheinlech och an Zukunft nach ausgebaut, soubal nei Moyene gebraucht ginn, wäerten déi och dodra fléissen. Mä dee Fonds souverain vun deem de Pierre Gramegna geschwat huet an deen d'Regierung decidéiert huet, dat ass eng Iddi fir ze soen, ma mir huelen ee Fong, wou mir all Joer ee Mindestbeitrag dra fléisse loosse vu ronn 50 Milliounen hu mir lo gesot. An dann all méiglech Recetten déi extraordinaire sinn, wéi zum Beispill hätt ee missen, wann een anstänneg geréiert hätt, dann hätt missen de vireschte Finanzminister schonn déi Recetten, zumindest een Deel vun deene Recetten aus dem E-Commerce, wou mir wossten, datt déi jo just op eng gewëssen Zäit erakommen, hätt dee missen an dee Fonds souverain eraginn a se net einfach consomméieren an eis dann lo virun déi Problemer stellen déi mir hunn. Also d'Iddi ass ee Fong ze schafe wou mir Suen afléisse loossen déi mir, wou mir eng fix Dotatioun hunn, wou mir Participatiounen, also Dividende vu Participatioune kënnen drafléisse loossen, wou mir soss extraordinaire Recetten déi mir hu kéinten drafléisse loossen. Ech ginn Iech ee Beispill wat mir am gaang sinn ze diskutéieren, dat ass awer nach net decidéiert: wa mir déi Déngschtwunnenge vun deene mir schwätzen, wa mir déi wëlle verkafen, wat maache mir domatter? Ma déi Recetten déi si jo unique Recetten, dat gëtt jo eemol ee Pak Suen déi do erakommen. Ma anstatt datt mir déi einfach an de Budget fléisse loossen, kéint een déi zum Beispill an dee Fonds souverain erafléisse loossen.

Jean-Claude Franck: Fir datt wat geschitt mat deene Suen? Géifen déi Sue reinvestéiert ginn, géif do?

Étienne Schneider: Ma ja d'Iddi ass, datt dee Fong déi Suen hëlt an déi investéiert, an Entreprisen, an Aktien, an alles Méigleches, e bësse sou no deem Modell wéi lo eis Pensiounskeesen hir Sue jo och investéiere fir ee Rendement ze kréien. A mir hu gesot, réischt wann dee Fong 1 Milliard Euro Kapital huet, réischt ab dann kënnen d'Halschent vun de Recetten, d'Halschent vun den Dividenden déi do rausfléissen, rëm an de Budget goen. Dat heescht, an der Zukunft kënnt eng Kéier de Moment wou dee Fong dann eng Milliard huet, gespeist ass mat enger Milliard an dann déi Recetten déi dorauser fléissen, déi kënnen zur Halschent dann an de Budget erëm zeréckfléisse fir Investissementer an Infrastrukturen ze garantéieren etc. Et ass also ee Spuerbuch dat de Staat sech selwer opmécht fir zukënfteg Generatioune. Mir als Regierung wäerte mat Sécherheet net méi dovu profitéieren, fir dorauser kënne Suen ze schäffelen, mä et weist awer, datt mir eng wäitsiichteg Politik, Finanzpolitik wëlle bedreiwen,  fir den zukënftege Generatiounen net nëmme Scholden ze hannerloossen, mä och eng déck Cagnotte ze hannerloossen, fir all déi Éventualitéiten déi eng Kéier op Lëtzebuerg duerkommen, fir déi kënnen ze contréieren.

Jean-Claude Franck: A wier geréiert dann déi Investissementer, well dat ass jo awer och mat Risiko verbonnen, do schéngt mir awer nach keng Struktur do definéiert ze sinn?

Étienne Schneider: Nee mir hunn d'Iddi definéiert. Et gëtt jo Beispiller am Ausland wou dat dote gemaach gëtt. Mir wäerten eis och dorunner orientéieren. Ech hat de Moien nach ee kuerzt Gespréich, wou mir e bësse gekuckt hu wéi een dat eventuell kéint maachen, mä do ass awer nach näischt sprochräif, do musse mir natierlech Professioneller dropsetzen, déi dat dote kënne geréieren. Mä d'Zil ass kloer, datt mir eis fir d'Zukunft eng Cagnotte uleeën, ee Spuerbuch uleeën, dat deenen zukënftege Generatioune soll hëllefen.

Jean-Claude Franck: Mir hunn Informatiounen, datt am Luxembourg Future Fund awer vläicht och an deem neie Fong, datt och Kontakter mam Gerard Lopez do waren, mam Lëtzebuerger Investisseur a wou dunn awer lo bekannt ginn ass, datt dee grouss Scholde mat Genii Capital hätt, datt do e bësse gezéckt gi wär als Politik fir sech op sou eng Aventure anzeloossen.

Étienne Schneider: Bon dat ass net richteg déi Informatioun, also d'Informatioun ass wuel richteg, datt den Här Lopez ee Compartiment an deem Future fund soll mat geréieren, mä firwat hu mir him dat ugebueden? Mä well hien Expert an deem Compartiment ass, an deem Beräich ass a well mir jo ebe just, Dir hutt et virdru gesot, Dir braucht Experte fir dee Fonds souverain ze geréieren, Dir braucht och Experte fir de Luxembourg Future Fund. A wa mir där Leit hunn déi hei am Land liewen an déi vill Succès hate mat hirem Gespier fir erauszefannen a wat ee soll investéieren a wat een net soll, ech wëll elo net d'Formel 1 als, als ee positiivt Beispill do gesinn, ech gesi lo net, datt eise Fonds souverain wäert eng Kéier an esou eppes investéieren, zumindest net mat deene Returnen déi een am Moment do kann erwaarden. Mä ech mengen et ass awer normal, datt ee sech déi Experte ronderëm een Dësch hëlt, et ass jo net, datt hien dat alleng decidéiert. Hie soll eis beroden, mä do gëtt et ee Gremium wou natierlech de Staat dra sëtzt a wou natierlech de Fonds européen d'investissement dra sëtzen, déi herno a leschter Instanz d'Decisioun huelen ob mir an dee Projet X oder Y investéieren oder net.

Jean-Claude Franck: Wéini huelt Dir déi definitiv Decisioun ob Dir dëst Joer zesumme mat der SES ee Militärsatellit lancéiert, also ee Satellit dee militäresch Kommunikatioune maache kann?

Étienne Schneider: D'nächst Woch.

Jean-Claude Franck: Dat heescht dat steet um Ordre du jour vum Regierungsrot. A wéi geet déi Decisioun aus?

Étienne Schneider: Ma jo ...

Jean-Claude Franck: Dir wësst dat jo schonn.

Étienne Schneider: Dir sot dat esou, ech hunn de Punkt haut op den Ordre du jour setze gelooss fir de Regierungsrot vun nächster Woch. Ech hunn de Kollegen haut meng Note a mäi Projet, mäin Avant-Projet dozou verschéckt. Ech ginn hinnen natierlech lo Zäit dat och ze liesen an da wäerte mir dat diskutéieren. Ech mengen déi Froen déi opkomm sinn an der Koalitioun, déi och ganz berechtegt sinn, déi hu mir iwwert ee Jurist préiwe gelooss, iwwert ee grousse Cabinet d'avocats préiwe gelooss an déi ginn eis gréng Lut, déi hunn Äntwerten op all déi Froe fonnt. Par acquit de conscience hu mir gesot, mir géingen och nach een zweeten Avis anhuelen, fir wierklech op der sécherer Schinn ze sinn. Deen Avis hu mir kritt. Deen ass, deen deckt sech mat deem éischten Avis an alles dat hunn ech lo mat engem konkrete Projet afléisse gelooss an den Avant-projet de loi an dee wäert ech der Regierung d'nächst Woch presentéieren an dann hoffen ech, datt mir eis doropper eens ginn, datt mir dee Projet kënne maachen. Mä firwat? Ma well dat, wa mir scho musse Sue fir de Militär ausginn, fir eis Défense ausgi well mir Obligatiounen hu vis-à-vis vun der Nato als Alliéierten an der Nato, mä da komm mir maachen eppes anescht wat déi virescht Regierungen all gemaach hunn, komm mir huelen déi vill Suen net a mir investéiere se a militäresch Gefierer, déi mir am Ausland musse kafen, déi null Retombée op d’Économie zu Lëtzebuerg hunn, mä komm mir maachen et iwwer Saachen déi éischtens mol ziville Charakter hunn, well hei geet et just ëm Kommunikatioun, Kommunikatiounsmoyenen zur Verfügung stellen fir d'Alliéierten, komm mir maachen et a Richtungen wou mir och een Effet op d'Lëtzebuerger Économie hunn. An Dir wësst, datt d'SES jo och eng Gesellschaft ass an där de Staat direkt Aktionär ass. Mat deem dote Projet, wa mir deen da sollten d'nächst Woch decidéieren, gi mir der SES een neit Standbeen, nei Wuesstumsméiglechkeeten an dat do huet en plus ee Rendement fir de Staat deen am zweestellege Beräich läit, dat heescht et ass dir d'alleréischt an der Geschicht vun dem Lëtzebuerger Défensebudget datt mir Investissementer maachen déi ee Rendement hunn. Bis lo hu mir ëmmer nëmme cash-out gehat, déi hu mir iergendwou fir militärescht Material an d'Ausland iwwerwisen a mir hunn ni méi ee Sou gesinn, au contraire dat huet dann nach enorm Folgekäschte gehat. Hei maache mir een Investissement wat enger Lëtzebuerger Firma an där mir Aktionär sinn hëlleft ze wuessen a wat eis och nach Dividende wäert abréngen, net nëmmen iwwert d'SES, mä och iwwert déi extra Firma déi hei geschaf gëtt. Well déi Déngschtleeschtungen déi mir lo hei dann zur Verfügung stellen, déi hu jo ee Rendement, well mir do enger Rei Alliéierten wäerte Capacitéiten zur Verfügung stellen, déi déi natierlech musse bezuelen a mat deene Sue lieft déi Firma a mat deene Sue bezilt se natierlech och herno zweestelleg Dividenden aus, déi alt rëm eng Kéier dem Staat wäerten zegutt kommen. Also ee Paradigmewiessel an eiser Ausgabepolitik an der Défense.

Jean-Claude Franck: Eng Fro um Schluss vun der Sendung, déi näischt mat Budget ze dinn huet. Dir braucht een neie Chef d'état major fir d'Arméi.

Étienne Schneider: Jo. Sidd Dir interesséiert?

Jean-Claude Franck: Wéi wäit sidd Dir? Ech selwer sécher net, ech mengen och net, datt ech dofir a Fro kommen, mä wéi wäit sidd Dir?

Étienne Schneider: Also et ass sou, datt ech als alleréischt wéi den Här Daubenfeld mir gesot huet, datt e géing seng Pensioun wëllen huelen, wat ech d'ailleurs bedaueren, well ech ganz gutt mam Här Daubenfeld gefuer sinn, hunn ech als alleréischt mam Grand-Duc geschwat, deem d'Situatioun erkläert an him och gesot wat meng Propositioun wär fir virzegoen, nämlech, datt ech eng Rei Leit wäert uschreiwen, déi en rang utile si fir neie Chef d'état major ze ginn, fir datt déi mir solle schrëftlech eragi wat hire Projet fir d'Zukunft vun der Arméi ass an datt ech op Basis vun deem Dossier, op Basis vun deenen Iddien déi ech do ënnerbreet kréien, dann eng Diskussioun och mam Grand-Duc wäert féieren fir eis dann op ee Kandidat ze eenegen an dee mat Sécherheet sou wäert fréizäiteg wäert genannt ginn, datt e kann den 1. Dezember den neien Chef d'état major sinn.

Jean-Claude Franck: Also hutt Dir nach keen?

Étienne Schneider: Ech hunn eng Rei Leit, ech hunn een enke Krees vu Leit déi ech ugeschriwwen hunn an aus deene wäert et wuel ee ginn.

Jean-Claude Franck: Voilà Radio 100,7 dat war et fir d'Emissioun “Riicht eraus”. Bei eis am Studio déi lescht Stonn war de Minister fir Défense, bannescht Sécherheet an Économie. Merci Étienne Schneider, datt Dir bei eis waart.

 

Étienne Schneider: Merci Iech.

Dernière mise à jour