Discours de Francine Closener à l'occasion de la cérémonie d'ouverture du salon Vakanz 2015

Francine Closener:"Eis kulturell Offer ass eng grouss Stäerkt an domadder een vun den wichtegsten Critèren beim Choix vun der Vakanzendestinatioun."

  1. ©MECO

    Cérémonie d'ouverture du salon Vakanz - Francine Closener, secrétaire d'Etat à l'Economie
  2. ©MECO

    Cérémonie d'ouverture du salon Vakanz -Gilles Scholtus, ministère de l'Economie; Marc Schaeffer, Président de l'ONT; Francine Closener, secrétaire d'Etat à l'Economie; Jean-Michel Collignon, Directeur de Luxexpo

"Merci Monsieur le Directeur,

Chers invités,

Mesdames et Messieurs,

Chers visiteurs,

Il est vrai que le tourisme international affiche d’excellents résultats depuis des années ! Les gens voyagent de plus en plus. Heureusement pour notre économie nationale, ils choisissent aussi davantage le Luxembourg comme destination touristique. Les chiffres de l’Office National du Tourisme le confirment. Entre janvier et octobre de l’année passée, les nuitées dans l’hôtellerie ont connu une augmentation de 2,5% par rapport à la même période en 2013.

Nous ne disposons pas encore des chiffres pour les deux derniers mois de l’année passée. Mais il paraît de plus en plus probable, que le nouveau record de nuitées hôtelières atteint en 2013, sera encore dépassé cette année-ci!

Les campings terminent la saison avec une progression spectaculaire de 10% sur l’année 2014 !Ces chiffres sont d’autant plus encourageants qu’au niveau régional, nous pouvons constater cette tendance à la hausse à travers l’ensemble des régions, dont les les plus performantes se situent à l’Est avec en particulier le Mëllerdall. D’où viennent les touristes? 

Nous observons l’excellente performance du marché allemand, en hausse de 8% dans tous les types d’hébergement confondus depuis le début de l’année. Une hausse de 2% a été enregistrée depuis le marché belge.

Dir Dammen an dir Hären,

Op Gronn fun deene gudde Chiffren fir d’lécht Joer klappen mir eis awer elo net op d’Schëller. T’ass nämlech nach Sputt no uewen do, quitt datt den Tourismus elo schonn’s e Pilier vun der lëtzebuerger Economie as matt engem "chiffre d’affaires" vu ronn 3 Milliarden EURO. Vir dat Verbesserungs-Potential z’erfaassen a spéider émool ze notzen, schaffe mer am Ministère un der globaler Strategie, fir d’Promotioun vum nationalen Tourissem ze hannerfroen an z’adaptéieren.

An zu deeër Strategie gehéiert jo och, fir d’Professionaliséierung vun eisen nationale Strukturen virun ze dreiwen, do wou et Sënn mecht. 

E wichtege Pilier vun deeër Strategie ass de Kongress- an Geschäftstourismus. Den Här Collignon huet et schonn ugeschwat: mir hunn ziort e Cluster gegrënnt, fir d’Aktören aus deem Beräich ze regroupéieren a se besser ze positionéieren fir international Client’en op Lëtzebuerg ze zéien. Ëmmerhin hu mer an dësem Segment haut schonn eng attraktiv Offer di soll esouwäit wie méiglech ausgelaascht sinn. 

De Moien si mer am Regierungsrot dofir nach e Schratt mie wäit an déi Direktioun gaangen: mir hunn decidéiert, datt Organisateuren fun engem Kongress, engem Colloque, enger Konferenz oder soss vun enger internationaler Manifestatioun, ab enger gewësser Envergure, dofir eng finanziell Hëllef beim Wirtschaftsministère kënnen ufroen. 

Viséiert si privat Associatiounen, ëffentlech Institutiounen oder "carrément". International Organisatiounen, déi vun dësem Subsid vu bis zu 18.000 Euro théorétëch profitéiere kënnen. Eng vun de Konditiounen, di muss erfëllt sinn ass, datt dat Event op mannst 100 Iwwernuechtungen an Hotellen hei matt sech bréngt. 

D'Hôtellerie op déi Manéier ënnerstëtzen, dat ass also kloer eng vun de lokalen, wirtschaftleche Retombée’en di des Hëllef indirekt bewierke soll. 

Dëss Mesür gesi mir als zousätzlechen Atout fir d’Promotioun vum Kongress- a vum Geschäftstourismus iwwer di national Grénzen eraus ze mann. Matt haut scho ronn 160.000 Séjouren pro Joer eleng am Kongresstourismus, si mer eis der economescher Importénz vun dësem Segment bewosst, an et ass och extrem wichtech fir den "Image" vum Land, wat nom Openthalt zu Lëtzebuerg bei dëser Clientèle hänke bleift. All Tourist, all Geschäftstourist deen émool zu Lëtzebuerg war ass nämlech bei sech doheem jo e potentiellen Ambassadeur fir eist Land. 

An eben grad op deem Punkt gräifen Tourismuspolitik an "Nation Branding" an en een! 

A propos Zefriddenheet an Image vu Lëtzebuerg: Wat kénnen a wat wëssen Leit iwwer Lëtzebuerg, di bei eis an d’Vakanz kommen? Virwaat komme se iwerhaapt an de Grand-Duché ? Oder virwaat hu se kéen Intérêt ? Waat hunn déi Touristen sech erwart, a wéi zefridden gi se no hirem Séjour hei nées héem? 

D'Äntwerten op déi Froen si natierlech kruzial fir eis Strategie am Tourismus an di richteg Direktioun un ze passen. Wann een eng Décisioun hëlt fir eppes ze änneren, dann hëlt een déi Décisioun nämlech op Gronn vu konkrete Fakten, an net op Basis vun engem Gefill, enger Ménung oder just op Drock vu Lobby-Gruppen. 

Dofir hu mer TNS Ilres chargéiert fir iwwer 2.600 Interviewen mat Touristen uechtert d'ganz Land ze maachen an hinne genee di do Froen ze stellen. D’Touristen sinn op de klasseschen Touristesiten wie de Kasematten, zu Beefort, Esch-Sauer, Iechternach oder bei der gëlle Fra interviewt ginn. E puer honnert Persounen sinn och op der Aire de Berchem befrot ginn, wie se do getankt hunn. 

Do wou mir den Hiewel mussen usetzen ass bei der Informatioun. Nëmmen 15 % vun de gefrote Leit soen, dass si ganz gutt iwwert déi touristesch Avantagen vum Land informéiert sinn. 40 % soen souguer dass si schlecht oder ganz schlecht informéiert sinn. Dess zwou Zuele koumen zum Beispill bei den Interview’en op der Aire de Berchem raus. 

Mir wëllen, datt Tanktouristen och normal Touriste ginn an e puer weider Suen och nach anzwuesch anescht zu Lëtzebuerg hänke loossen. Deemno ass d’Informatioun an d’Promotioun nach duerchaus generell ze optimiséieren. 

Am Ausland existéiert allgemeng keen richtegt Bild vu Lëtzebuerg als Touristendestinatioun. Dat ass eng aner Konklusioun di mer allgemeng aus deeër Etude zéie mussen. D’Leit sinn einfach net genuch informéiert. Dat ass natierlech schued, awer gläichzäiteg och eng Opportunitéit, well et ass méi einfach eng Meenung bei de Leit ze forméieren, wéi eng Meenung ze changéieren. 

Nach e puer aner Constat’en di sech aus der Etude erginn an niwwert déi ee sech ka freen: Eis Infrastrukturen, de Service an den Séjour zu Lëtzebuerg am Allgemengen gi bis op e puer wéineg Ausnahmen ganz positiv bewäert. Iwwer 3/4 vun den Touristen sinn ganz zefridden. Et besteet am Beräich vun der touristescher Offer also keen imminentem Handlungsbedarf. Dat heescht awer net, datt eis Offer net permanent muss verbessert ginn fir nach méi Leit unzezéien an och laangfristeg attraktiv a kompetitiv ze bleiwen.

Déi Leit di bis hei waren, ginn immens zefridden a mat enger positiver Meenung nees heem. Wat Touriste sech mie laang zu Lëtzebuerg ophalen, wat hir Meenung iwwer Lëtzebuerg besser ass. 88% vun de gefrote Leit soen, datt si Lëtzebuerg duerno als Reesdestinatioun recommandéieren, doropp kann éen opbauen. 

Eis kulturell Offer ass eng grouss Stäerkt an domadder een vun den wichtegsten Critèren beim Choix vun der Vakanzendestinatioun. Niewt der Kultur ginn Gastronomie/Oenologie, Aktivtourismus, a Shopping souwuel als Haaptmotivatiounen fir eng Rees, wéi och och als Haaptaktivitéiten genannt. 

D'Stad Lëtzebuerg ass dee gréissten Unzéiungspunkt fir Touristen. Och wann aner Géigenden am Land zousätzlech besicht ginn, 2 Drëttel vun den Touristen kommen an d’Staat. De Süden vum Land ass fir Touriste manner bekannt. Ech hoffen datt sech datännert wann zu Esch bei der Gare di nei Jugenherberg opgeet. All di Resultater aus deeër Etude si mer nach am gaangen am Detail aus ze wäerten. 

An der nächster Phase vun dën Ârbëchten fir eis national Strategie z’iwwerschaffen schwätzen mir och matt den lokalen touristeschen Acteuren fir bei hinnen de Boltz ze fillen. Op Gronn vun alleguer den Äntwerten an den konkreten Donnée’en di sech dorausser erginn, schiele sech Stäerkten a Schwächten eraus di eis erlabend‘Promotiouns- an d‘Informatiounsstratégie aus de léchte Joren kritesch ze hannerfroen, un ze passen oder – wann et muss sinn - esouguer carrément ze änneren.

Chers invités,

L’opinion sur le Luxembourg comme destination touristique étant en général très bonne, je prédis à notre industrie touristique un grand potentiel de développement. Je suis persuadée qu’il contribuera encore davantage à la création de la richesse nationale dans les années à venir. 

Je souhaite une excellente saison touristique 2015 aux exposants, un grand succès aux organisateurs du Salon et beaucoup de plaisir ainsi que de bonnes vacances aux visiteurs que j’espère nombreux. 

Finalement, je tiens à vous inviter cordialement à visiter notre stand du Luxembourg. Vous pourrez non seulement y découvrir l’offre touristique du Grand-Duché, mais également le nouveau guide Architectour édité par l’Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils ou déguster les vins et crémants de notre Moselle. A wéi den Här Collignon et richteg gesot huet : de perséinleche Kontakt as graad hei am Tourismus duerch näicht z’ersetzen. An diem Senn gesi mir eis duerno um Stand. Vill Spaass a Merci fir d’Nolauschteren."

Dernière mise à jour