Discours de Francine Closener à l'occasion de l'ouverture du salon "Vakanz"

"Eng "sécher" Destinatioun an "onsécheren" Zäiten sinn!"

Seul le discours prononcé fait foi

"Chers invités,

Mesdames et Messieurs,

Léif Visiteuren,

Eng precaire Sécherheets-Situatioun oder eng gewëssen politesch Instabilitéit ass fir jidder Touristendestinatioun "Gëft" !

Di batter Experienz hu Länner wéi Tunesien an Ägypten scho gemaach...elo muss ee kucken, wéi eng Konsequenzen di rezent Evenementer zu Istanbul op d’Entwécklung vum Secteur an der Tirkei kréien. Vill méi no bei eis, zu Paräis, ass no den Attentater am November ziort d’Zuel vun den Hotels-Reservatiounen direkt duerno dramatesch zeréck gaangen.

Och wat an der Silvesternuecht zu Köln oder zu Hamburg geschitt ass, huet negativ Konsequenzen fir den Image vun esou enger Staat, an elo schonn negativ Repercussiounen op de Kongresstourismus do.

Eng "sécher" Destinatioun an "onsécheren" Zäiten sinn! Dat gëtt, ëmmer méi, ee vun den den Haaptcritère fir Leit, di Reese plangen, oder matt hire Familljen wëllen an d‘Vakanz fueren.

Lëtzebuerg huet d’Chance, eent vun de sécherste Länner op der Welt ze sinn, matt engem vun den niddregsten Kriminalitéitstaux‘en. Wat scho laang, schonn ëmmer een Atout vun eisem  Wirtschaftsstanduert war an ass, gëtt duerch di international precaire Sécherheetslag dobaussen an der Welt och ëmmer méi eng Tromp fir Lëtzebuerg als Touristendestinatioun.

Am 2te Semester ziort hate mer, am Kontext vun der EU-Presidence 22.700 Leit, déi fir een Dag oder nach méi laang op Lëtzebuerg koumen. Dorënner waren vill auslännesch Fonctionnairen, an natierlech och Ministeren aus ganz Europa a Perséinlechkeeten aus der internationaler Wirtschaft.

Si hunn no hirem Openthalt zu Lëtzebuerg, d’Bild vun engem sécheren an engem oppene Land matt heem geholl.

Di Renommée, di mer eis esou erschafft hunn, an di Experienz matt groussen internationalen Meetingen, déi mer dat läscht Semester gesammelt hunn - speziell deen domadder verbonnenen Elan am Kongresstourismus - ALLES dat wëlle mer matt riwwer an d‘Joër 2016 huelen. Dat gëtt dem Kongresstourismus nach méi, zousätzlechen Opdriff.

Mir hunn nämlech modern Infrastrukturen, vun deene mer nach méi profitéiere sollten. 

D’Uni, an de ganze Fuerschungssite Esch-Belval bidden och e grousst Potenzial, fir an Zukunft méi wëssenschaftlech orientéiert, gréisser Manifestatiounen op Lëtzebuerg ze kréien.

Di aktuell, grouss Motivatioun, déi bei all den Acteuren vum nationale Geschäfts- a Kongresstourismus ze spiren ass, musse mer notzen. Am Kader vun eisem Cluster schaffen si all drun, fir Lëtzebuerg als Kongress- a Geschäftsdestinatioun nach besser, iwwer d’Grenzen eraus, ze positionéieren. An der Planung ass ënnert anerem ee „guichet unique“, also een eenzegen Uspriechpartner fir Clienten, déi esou een Event wëllen hei am Land organiséieren. Fir esou eng Struktur brauche mer net bei null unzefänken, mir wëllen se ausbauen an besser opstellen. Dat ass eng vun eise grousse Prioritéiten.

An et ass jo och esou, datt Organisateure vun engem internationale Kongress vun enger gewësser Envergure eng finanziell Hëllef beim Wirtschaftsministère kënnen ufroen.

Den Tourismus, sief et am Segment Kongress- oder Beräich Fräizäit-Tourismus, de ganze Secteur entwéckelt sech permanent weider an brauch duerfir natierlech och eng dynamesch Hotellerie.

D’Erwaardungen an d’Uspréch vun de Client‘en sinn héich an klammen ëmmer nach weider. Et gëllt duerfir, den Acteure vum Terrain ze hëllefen,  fir sech dorobber ze preparéieren.

Den iwwerschafften Gesetzprojet iwwer d‘Klassifikatioun vum Hebergement gëtt an der Chamber deposéiert.

Och wann dëse Klassement net obligatoresch, mais fakultativ gëtt, wëlle mer domadder di ganz Branche incitéieren, fir ze innovéieren an ze moderniséieren.

Eng qualitativ héichwäerteg Offer ass essentiell fir Client’en ze halen an fir neier dobäi ze kréien. Dofir hate mir als Ministère och der Horesca proposéiert, fir de Qualitéit’s-Label „Wëllkomm“ fir Bistroen a Café’en an ze féieren. 

Mir iwwerlé'en och am Ministère, op mer net nees sollen een Innovatiounspräiss am Tourismus-Secteur aféieren. Ech wées, datt ëtt daat schon eemol gouf, awer deemools nëmmen fir Gemengen a Syndicat’en. Wa mer esou e "Prix de l’innovation" nees re-lancéiren, da sollen och di privat Acteuren mattmaan. 

Dir Dammen an dir Hären,

Mir mussen den Accueil op deene Site verbesseren, wou d’Touristen an d’Land erakommen, um Findel, oder op de Grenzen op den Autobunnen. T’kritt een nämlech ni eng 2t Gelé’enhéet fir den 1ten Androck nach eemol ze änneren.Den Tourismus spillt eng wichteg Roll, wann et drëm geet, e positiivt Bild vu Lëtzebuerg no baussen ze vermëttelen. Mais ëmgedréit ass dat och wouer: den Tourismus profitéiert méi wéi all aner ökonomesche Secteur vu jiddwer Initiativ a Saachen "Nation branding". All EURO, deen mer doranner investéieren, bréngt mëttelfristeg och eng positiv Retombée fir de Secteur a méi auslännesch Touristen op Lëtzebuerg. Ech hunn de Moien am Regierungsrot den Aktiounsplang vir 2016 a Saachen Nation Branding virgestallt, deen och gutt geheescht gouf. Di interesséiert Leit invitéieren ech fir Mëttwochs, den 27. Januar op eng Konferenz an de groussen Theater. Do ass d’Presentatioun vun deem, wat mir wëlles hunn.

Léif Gäscht,

Den nationalen Tourismus huet sech déi lescht Joere ganz gutt entwéckelt, speziell zanter 2012. An och zejoert sinn d’Zuelen vun den Iwwernuechtungen iwwer Land generell nees an d’Luucht gaangen.

Di éischt 10 Méint 2015 hate mer 1,4% méi Nuité’en ewéi dinämmlëcht Period dat Joer virdrun. Ët deit also alles op een neit Rekordjoer bei den Iwwernuechtungen hinn, dat 3t Joer noeneen. Den Effet "Présidence" huet do sécherlech dozou bäigedroen.

Di Tendenz konfirméiert awer och den positive Bilan vum "Luxembourg City Tourist Office" matt baal 681.000 Visiteuren, déi hei an der Staat "en charge" geholl goufen.

Ech sinn iwwerzeegt, datt de ganze Secteur nach weider ka wuessen, datt et nach Sputt no uewe gëtt.

2016 ass dat éischt Joer, wou mer matt "Luxembourg for tourism" matt enger vill méi professioneller Struktur operationell sinn.

Eng méi staark Implikatioun vu professionellen Acteuren an dës Promotiounsstruktur vum nationale Tourismussecteur war sënnvoll an néideg fir d’Destinatioun Lëtzebuerg nach méi, an nach besser bekannt ze maan. De Privatsecteur an déi professionell regional Acteuren sinn an där neier Struktur besser vertrueden.

Dofir grënne mir dest Joer nach e weideren "Office Régional du Tourisme" am Zentrum/Westen. Domadder ass endlech dat ganzt Land vun enger professioneller, regionaler Tourismusstruktur couvréiert.

Dir Dammen an dir Hären,

Hei um Salon si vill exotesch an interessant Vakanz-Destinatiounen vertrueden. Well et awer heiheem am schéinsten ass, invitéieren ech iech fir de "visitluxembourg Stand" hei op der Foire ze besichen. Kuckt iech un, wat der alles hei am Land an ärer Fräizäit ënnerhuele kënnt. Dir wärt staunen.

Ech wënschen alle Visiteuren, datt si hei déi perfekt Vakanz fir sech, hir Famill an hir Frënn fannen..an ech erlaben mer, an deem Kontext vum Ephraim Kishon ze widderhuelen, wat ech dëser Deeg op enger Cabaretsbühn héieren hunn:

Wann een ufänkt, esou aus ze gesinn wéi op der Foto op der Carte d’identité, dann ass et Zäit, fir Vakanz ze man. 

An deem Sënn: iech all eng gutt Saison an eng flott Foire.

Merci."

Dernière mise à jour