Aktualiséiert den
Ugespaante Situatioun bei der Versuergung mat Pëtrolsproduiten
D'Versuergung vu Lëtzebuerg mat Pëtrolsproduite baséiert op enger Kombinatioun aus Schëffs-, Zuch- a Camionstransport. Dës dräi Transportméiglechkeete si wichteg, fir e reegelméissegen Oflaf vun de Liwwerungen ze garantéieren. Zanter e puer Woche steet d'Versuergung allerdéngs ënner Drock, well et op de wichtegsten Transportweeër den Ament zu Aschränkunge kënnt. De Wirtschaftsministère suivéiert d'Entwécklung vun de Liwwerungen dofir opmierksam an hält sech bereet, bei Bedarf entspriechend Moossnamen ze ergräifen, fir méiglech Auswierkungen ze begrenzen an d'Versuergungssécherheet ze garantéieren.
An dësem Kontext ass ze bemierken, datt vun nächster Woch u Bauaarbechten op der Zuchstreck Lëtzebuerg–Waasserbëlleg–Tréier geplangt sinn an dës Streck dofir temporär net disponibel ass. Iwwer dës Streck ass den Hafe vu Mäertert ze erreechen, deen eng wichteg Roll beim Transport vu Brennstoff spillt. Duerch déi temporär Spär kënnt zousätzlechen Drock op déi aner Transportméiglechkeeten, déi schonn duerch d'Stéierungen am Schëffstransport betraff sinn.
Wéinst der Dréchent sinn d'Waasserstänn am Rhäin an an der Musel niddereg, wat d'Transportkapazitéite fir Brennstoffer iwwer d'Waasser den Ament aschränkt. Déi betraffen Entreprisë mussen dofir hir Transportweeër upassen, fir d'Versuergung vun de Bensinnsstatiounen ze garantéieren. Donieft besteet zanter e Méindeg de Risiko vu Verspéidunge bei de Liwwerunge mam Schëff an d'Regioun Léck, déi fir d'Versuergung vu villen Importateuren aus Lëtzebuerg vu strategescher Bedeitung ass. Grond dofir ass déi deelweis Spär vum Albertkanal, fir d'Läschaarbechte beim Brand am Héije Venn ze erliichteren.
An dëser komplexer Situatioun suivéiert de Wirtschaftsministère d'Entwécklung weiderhin opmierksam an encouragéiert eng méi enk Koordinatioun tëscht allen Acteuren, déi un der Versuergung bedeelegt sinn, fir d'Liwwerungen ze optiméieren.
D'Energieversuergung vum Land bleift garantéiert. Verspéidungen oder lokal Enkpäss kënnen an dëser aussergewéinlecher Situatioun awer net komplett ausgeschloss ginn.
Communiqué vum Wirtschaftsministère