Aktualiséiert den
Cleantech
D'Implantatioun an d'Entwécklung vun Entreprisen am Beräich vun den Ëmwelttechnologië sinn eng vun de Prioritéite vun der wirtschaftlecher Diversifizéierungsstrategie vun der Lëtzebuerger Regierung; si sinn essenziell, fir d'Defie vun der grénger Transitioun, vum Klimawandel a vum Réckgang vun der Biodiversitéit ze bewältegen.
Lëtzebuerg setzt sech an, fir e Virreider vun der ekologescher an digitaler Transitioun ze ginn, andeem et a Projeten investéiert, déi d'Kreeslafwirtschaft fërderen, déi nohalteg sinn an déi d'CO2-Neutralitéit als Zil hunn.
Lëtzebuerg huet d'Ambitioun, resilient Wäertschöpfungsketten ze entwéckelen, déi zu wéineg CO2-Emissioune féieren an de Kreeslafprinzip respektéieren; heibäi gëtt sech op de Bausecteur an d'Aktivitéiten aus dem Agrar- a Liewensmëttelsecteur konzentréiert.
Den Accent gëtt op d'Energieeffizienz an eng rationell Notzung vun de Ressourcë geluecht, woubäi gläichzäiteg d'Versuergungssécherheet an d'Notzung vun den erneierbaren Energië gestäerkt ginn; als nächst Etappe sinn d'Elektrifizéierung duerch erneierbar Energië virgesinn, den erneierbare Waasserstoff a schlussendlech d'Afänken an d'Notze vun CO2 fir bestëmmten Aktivitéiten, déi mat anere Mëttelen net kënnen dekarboniséiert ginn.
Vu dass et sech ëm e ganz heterogeenen a diversifizéierte Secteur handelt, betreffen d'Efforten net nëmme reng Cleantech-Entreprisen, mee och aner Secteuren, an deenen nohalteg a propper Technologien entwéckelt ginn, ewéi d'nohaltegt Bauen, d'nohalteg Mobilitéit an d'Kreeslafwirtschaft.
Kreeslafwirtschaft
Zënter der industrieller Revolutioun fonctionéieren eis Ekonomien op eng linear Aart a Weis. Et ginn natierlech Ressourcen exploitéiert, fir Produiten ze maachen, déi duerno als Offall endegen. Et ass eng Wirtschaft, déi nom Prinzip "huelen, maachen, ewechgeheien" fonctionéiert.
D'Kreeslafwirtschaft proposéiert eng aner Aart, d'Ekonomie ze organiséieren, eng, déi net um lineare Modell berout. D'Haaptprinzippie vun der Kreeslafwirtschaft sinn einfach: Produiten a Servicer konzipéieren, bei deene keng oder manner Offäll an Ëmweltverschmotzung entstinn; d'notzbar Liewensdauer vun dëse Produiten an de Materialien, aus deenen se gemaach sinn, maximal verlängeren; schlussendlech erëm verwenden oder recycléieren. Et ass e Wiessel vun engem linearen hin zu engem Kreeslafmodell.
De Wirtschaftsministère ënnerstëtzt dëse Paradigmewiessel hin zu enger Kreeslafwirtschaft a leet besonnesch Wäert op d'Prinzippie vun der Produktkonzipéierung nom Kreeslafprinzip, op d'Ausweidung vun der Nohaltegkeet an d'Verlängerung vun der Liewensdauer vun de Produiten, op Betribsmodeller am Sënn vun der Kreeslafwirtschaft an op d'Notze vu Kreeslafdonnéeën.
Am Februar 2021 huet d'Regierung d'"Strategie fir eng Kreeslafwirtschaft zu Lëtzebuerg" verëffentlecht; dës Strategie bitt Instrumenter a Methode fir d'Ëmsetzung vun de Prizippie vun der Kreeslafwirtschaft a Wirtschaftssecteuren, déi fir Lëtzebuerg besonnesch wichteg sinn, a berout op enger holistescher Approche vun der Wäertschöpfungsketten, déi als e Ganzt betruecht gëtt. De Portal economie-circulaire.lu erkläert déi wichtegst Elementer vun dëser Strategie.
D'Regierung huet ausserdeem d'Initiativ Product Circularity Data Sheet (PCDS) lancéiert, déi d'Kreeslafdonnéeë vun de Produite standardiséiere soll, an zwar duerch d'Bereetstelle vu kloren, iwwerpréifbaren a standardiséierten Informatiounen iwwer d'Konzipéierung an d'Fabrikatioun vun engem Produit, déi säi gesamte Liewenszyklus ofdecken.
2023 huet de Wirtschaftsministère Terra Matters an d'Liewe geruff; d'Zil ass et hei, d'Gouvernance an d'Kommerzialiséierung vum Product Circularity Data Sheet (PCDS) sécherzestellen an d'Transitioun hin zu enger Kreeslafwirtschaft ze begleeden.
Nohaltegt Bauen
De Wirtschaftsministère ass Grënnungsmember vum Nationalrot fir nohaltegt Bauen (CNCD, Conseil national pour la construction durable), deen d'Zil huet, eng concertéiert national Approche am Beräich vum nohaltege Bauen ze etabléieren, d'nohaltegt Bauen ze fërderen, Lëtzebuerg um Marché vun der Groussregioun ze positionéieren a staark Liene mat internationalen Associatioune wéi dem World Green Building Council ze schafen.
E ganz wichtege Projet, deen de Ministère säit 2023 an enker Zesummenaarbecht mat de Partie-prenantë vum Nationalrot fir nohaltegt Bauen entwéckelt, ass d'"Roadmap fir CO2-aarmt Bauen zu Lëtzebuerg (Feuille de route construction bas carbone Luxembourg)"; hei geet et drëm, déi néideg Instrumenter ze entwéckelen, fir d'europäesch Direktiv iwwer d'Energieeffizienz vun de Gebaier ëmzesetzen, an dës Instrumenter dem Secteur zur Verfügung ze stellen.
De Wirtschaftsministère ass donieft och Matgrënner vun Neobuild GIE, dem Hub fir technologesch Innovatioun am Secteur vum nohaltege Bauen. Neobuild huet als Vocatioun, d'Beobachtungs- an Transfertmissiounen am Beräich vun der Technologie an de Reegelungen am Interêt vun der Innovatioun am Bausecteur ze acceleréieren an ze vereinfachen. D'Haaptkompetenzberäicher vum GIE ëmfaassen d'nohaltegt Bauen (Materialien, Kreeslafwirtschaft am Bausecteur, gesond Gebaier, intelligent Gebaier) an d'Baue 4.0 (Digitaliséierung, Automatiséierung, Montagetechniken um Chantier).
De Ministère huet zur Entwécklung vum neie "Guide de la construction durable" ("Guide fir nohaltegt Bauen") bäigedroen, dee vun elo un a Form vum digitale Portal www.noba.lu (Nohalteg Bauen) ëffentlech zougänglech ass an eng Zesummestellung vu bewäerte Praktiken am Beräich vum nohaltege Bauen zu Lëtzebuerg bitt.
Fir weider Informatiounen iwwer d'nohaltegt Bauen zu Lëtzebuerg kënnt Dir d'Rubrik "Nohaltegt Bauen" consultéieren.
Nohalteg Mobilitéit
D'Regierung ënnerstëtzt och de Secteur vun der intelligenter Mobilitéit als eng vun de Prioritéite vun der wirtschaftlecher Diversifizéierung. D'Entwécklung vun datebaséierte Mobilitéitsservicer, wouzou och déi gedeelt, kooperativ, vernetzt an automatiséiert Mobilitéit gehéiert, gëtt aktiv encouragéiert.
Ënner dem Afloss vu sengen eegene spezifeschen Defien am Beräich vun der Mobilitéit huet d'Land sech engagéiert, de Verkéier ze dekarboniséieren an en integréierte multimodale Mobilitéitssystem ëmzesetzen.
D'Zil ass et, Lëtzebuerg zu engem europäesche Pionéier an dësem Beräich ze maachen a sech als liewege Laboratoire fir intelligent Mobilitéitsléisungen ze positionéieren.
Den AutoMobility-Campus zu Biissen soll dës Ziler ënnerstëtzen. Dëse Site ass e reegelrechte Fräiliichtlaboratoire, deen d'Implantatioun vun Aktivitéiten am Beräich Fuerschung an Innovatioun begënschtegt. Zënter 2024 gëtt et op dësem Campus deen éischte Parking, deen op eng "éco-circulaire" Manéier gebaut gouf, esouwéi e spezifeschen Incubateur.
Hëllefe fir Entreprisen
De Wirtschaftsministère bitt eng Rei vu Hëllefe fir Entreprisen un, vun deene verschiddener sech spezifesch un de Cleantech-Secteur riichten.
Aner Hëllefe ginn iwwer d'Agence fir d'Promotioun vun Innovatioun a Fuerschung Luxinnovation ugebueden.
D'Klima-Agence, déi national Struktur fir Informatioun a Berodung am Beräich vun der Energieeffizienz an den erneierbaren Energien, bitt eng neutral a gratis Grondberodung fir Entreprisen un, fir hinnen en Iwwerbléck iwwer déi verschidde Méiglechkeeten ze ginn, hiren Energieverbrauch ze reduzéieren, déi erneierbar Energien opzewäerten an dobäi vu staatleche Subventiounen ze profitéieren.
Donieft bitt d'Initiativ Klimapakt fir Betriber eng Zesummestellung a Form vun engem Katalog, wou ee sämtlech verfügbar Mesuren a Léisunge fënnt, fir d'Entreprisë bei hiren Efforten am Beräich Dekarboniséierung an Energietransitioun ze begleeden.