Aktualiséiert den
Gesondheetstechnologien
2008 huet Lëtzebuerg decidéiert, d'Gesondheetstechnologien zu engem vun de Piliere vu senger wirtschaftlecher Diversifizéierung ze maachen; heibäi läit de Fokus vu senge strateegesche wirtschaftleche Prioritéiten op de Medezinprodukter, op den In-vitro-Diagnosen a besonnesch op der digitaler Gesondheet, mam Zil, zu enger präventiver a personaliséierter Medezin op nationalem Niveau bäizedroen.
D'Cellule fir Gesondheetstechnologien (Cellule "Technologies de la santé") vun der Generaldirektioun Industrie, nei Technologien a Fuerschung (Direction générale Industrie, nouvelles technologies et recherche) vum Wirtschaftsministère wëll zu Lëtzebuerg déi néideg Viraussetzunge schafen, fir d'Ambitioun vun der Regierung ze konkretiséieren, Lëtzebuerg als europäeschen HealthTech-Hub fir d'Entwécklung, d'Evaluatioun an d'Adoptioun vun digitale Gesondheetstechnologien um europäesche Marché ze positionéieren.
Den nach jonke Lëtzebuerger HealthTech-Secteur wiisst staark an zielt nobäi 140 Entreprisen, vun deenen nobäi 30% Outilen fir d'digital Gesondheet entwéckelen.
Strategie
D'Innovatiounsstrategie fir d'Entwécklung vum HealthTech-Secteur zu Lëtzebuerg ass an der nationaler datebaséierter Innovatiounsstrategie verankert a stäipt sech op de Wäert vu Gesondheetsdaten iwwer de Wee vun:
(1) Spëtzeninfrastrukturen wéi Meluxina, LNDS a Clarence; an
(2) Fäll, wou Gesondheetsdate genotzt ginn, déi duerch d'Mise en place vu Patientekohorten entstinn, déi interoperabel a qualitativ héichwäerteg Donnéeë fir Applikatiounen an der personaliséierter Medezin liwweren, wéi zum Beispill NCER-PD-Projeten (Pilotkohort, déi sech op d'Parkinson-Krankheet konzentréiert, mat Donnéeën aus enger verdéifter Geno- a Phänotypiséierung) a Clinnova (erweidert Kohorten, déi sech op chronesch entzündlech Krankheete konzentréieren). Dës Projete gi vu Konsortien ënner Bedeelegung vun der Lëtzebuerger ëffentlecher Fuerschung (LIH, UniLU), Lëtzebuerger Klinicken an internationale Partner gedroen.
Hëllefen
Fir besonnesch Entreprisen aus dem HealthTech-Secteur ze ënnerstëtzen, déi um nationalen Territoire implantéiert sinn, huet de Wirtschaftsministère an Zesummenaarbecht mat senge Partner Luxinnovation an/oder FNR eng Rei vu Finanzéierungs- an Ënnerstëtzungsprogrammen, ëmgesat. Heizou gehéieren:
- Den Acceleratiounsprogramm Fit4Start HealthTech, deen all Joer villverspriechend Start-uppen aus dem Secteur duerch Coaching, Bäihëllefen, Bürosraim an Networking-Opportunitéiten ënnerstëtzt, fir hir Entwécklung zu Lëtzebuerg ze erliichteren.
- De Programm Fit4Innovation HealthTech Market, deen den Entreprisë beim Definéiere vun hirer regulatorescher Roadmap hëlleft, fir d'CE-Kennzeechnung fir hir innovativ digital Medezinprodukter ze kréien, esou dass hir Entrée op den europäesche Marché beschleunegt gëtt.
- "Joint Call HealthTech"-Projetsopriff, déi d'Entstoe vun enger kollaborativer Fuerschungskultur tëschent der Lëtzebuerger ëffentlecher Fuerschung, Lëtzebuerger Organisatiounen aus dem Gesondheetsberäich a Lëtzebuerger HealthTech-Entreprisë stimuléiere sollen.
De Wirtschaftsministère ënnerstëtzt och d'Mise en place vun Ënnerbréngungsinfrastrukture fir Entreprisen aus dem HealthTech-Secteur:
- D'House of BioHealth bitt eng zu Lëtzebuerg eenzegaarteg schlësselfäerdeg Ënnerbréngungsléisung fir HealthTech-Entreprisen un a stellt hinne Surfacen zur Verfügung, déi als Laboratoire ageriicht kënne ginn, sou dass se fir hir Fuerschungs- an Entwécklungsaktivitéit séier operationell kënne sinn;
- Am House of BioHealth befënnt sech och e Bioincubateur mat nobäi 350 m2 Laboratoiresespacen, déi schonn ageriicht a prett sinn, fir Spin-offen a Start-uppen aus dem HealthTech-Secteur Plaz ze bidden;
- Beim Projet Health and Life science innovation Campus (HE:AL) handelt et sech ëm e gréisseren Infrastrukturprojet, duerch deen der Regierung hir Ambitioun, de Secteur ze entwéckelen, konkretiséiert gëtt. E wäert tëschent dem House of BioHealth, dem zukünftege SüdSpidol an net wäit vun der Cité des Sciences op Belval ugesidelt sinn.
De Ministère war och un der Schafung vum Luxembourg HealthTech Cluster bedeelegt. Zu dësem Cluster, dee vu Luxinnovation realiséiert gouf, gehéieren déi national Acteuren, déi am HealthTech-Secteur aktiv sinn. Säin Zil ass et, duerch Innovatioun d'Entwécklung vun neien a besteeënden Entreprisen ze fërderen an dem Land seng gutt entwéckelt digital Capacitéiten a Kompetenzen ze notzen, fir d'Entwécklung vum Secteur ze stimuléieren.