Aktualiséiert den
Weltraumugeleeënheeten
D'Lëtzebuerger Weltraumaktivitéiten hunn 1985 mat der Grënnung vun der Société européenne des satellites (SES) ugefaang, déi haut de weltwäite Leader am Beräich vun der Satellittekommunikatioun ass.
De Bäitrëtt zur Europäescher Weltraumorganisatioun (ESA) am Juni 2005 war fir Lëtzebuerg eng weider wichteg Etapp vu senger Politik fir d'Entwécklung vum Weltraumsecteur. D'Méiglechkeet, sech un den ESA-Programmen ze bedeelegen, huet de Lëtzebuerger Entreprisen nei Perspektiven opgemaach a bitt hinnen e gëeegente Kader, fir hir Technologien, Produiten a Servicer ze entwéckelen.
Weltraumstrategie
D'Weltraumstrategie, déi de Ministère festgeluecht huet, gëtt reegelméisseg aktualiséiert. D'Zil vun der aktueller Strategie (2023-2027) ass d'Weiderféiere vun den Efforte fir d'Entwécklung vum Lëtzebuerger Weltraumsecteur als Vecteur fir d'Diversifizéierung an de Fortbestand vun der Lëtzebuerger Ekonomie, mee och als wichtege Bäitrag fir d'Nohaltegkeet vun den Aktivitéiten op der Äerd, woubäi eng responsabel Approche zu de Weltraumaktivitéite privilegéiert gëtt.
Luxembourg Space Agency (LSA)
D'Weltraumstrategie gëtt vun der Lëtzebuerger Weltraumagence, der Luxembourg Space Agency (LSA), ëmgesat, déi dem Wirtschaftsministère ënnersteet.
D'LSA huet als Zil, d'Entwécklung vun der Lëtzebuerger Weltraumindustrie ze fërderen, andeem se de Wirtschaftswuesstum am Secteur ënnerstëtzt a Synergië mat Gesellschaften an Organisatiounen ausserhalb vum Weltraumsecteur schaaft. D'LSA huet och als Missioun, d'Entwécklung vu Kompetenzen an Expertisen ze fërderen, fir eng laangfristeg Entwécklung vum Lëtzebuerger Weltraumsecteur ze erméiglechen. Donieft ënnerstëtzt d'LSA och Bildungs- a Fuerschungsariichtungen a suergt fir d'international Promotioun vu Lëtzebuerg a sengem Ekosystem.
Rechtleche Kader
2016 huet de Wirtschaftsministère d’Initiativ SpaceResources.lu lancéiert, déi eng friddlech Exploratioun an eng nohalteg Notzung vun de Weltraumressourcë fërdere soll. Mam Gesetz vum 20. Juli 2017 iwwer d'Exploratioun an d'Notzung vun de Weltraumressourcen huet Lëtzebuerg dunn als éischt Land an Europa an als zweet Land op der Welt e rechtleche Kader geschaf, duerch deen unerkannt gëtt, dass fir Weltraumressourcen d'Méiglechkeet vun enger Appropriatioun besteet. Dëst Gesetz definéiert och d'Reegele fir d'Geneemegung an d'Supervisioun vu private Missiounen am Beräich vun der Exploratioun an Notzung vu Weltraumressourcen, soudass et e gëeegente Kader gëtt, vun deem d'Entreprisen aus dem Secteur bei dësen Aktivitéite profitéiere kënnen.
D'Gesetz vum 15. Dezember 2020 iwwer d'Weltraumaktivitéite schaaft e rechtleche Kader fir d'Geneemegung an d'Surveillance vu Weltraumaktivitéiten an erméiglecht esou d'Gestioun vun de Risiken am Zesummenhang mat de Weltraumaktivitéiten an der Responsabilitéit vum Staat.
Dës Texter sinn e Bäitrag zu engem sécheren an attraktiven Ëmfeld fir d'Bedreiwer, d'Investisseuren an d'Entreprisen a sinn domat e wäertvollt Instrument fir d'wirtschaftlech Entwécklung vum Weltraumsecteur zu Lëtzebuerg.
International Relatiounen
D'international Zesummenaarbecht ass e weesentlechen Aspekt vun der Implementéierung vun der Lëtzebuerger Weltraumstrategie.
De Suivi an e staarkt Engagement an de Comité-directeuren vun de Programme vun der ESA, der EU an de Vereenten Natioune sinn essenziell, fir eng Ëmsetzung am Aklang mat den Erwaardunge vum Land ze garantéieren. Lëtzebuerg huet sech donieft vun Ufank un un den internationalen Efforte fir d'Harmoniséierung vun de weltwäite Reegele fir d'friddlech Exploratioun an Notzung vun de Weltraumressourcë bedeelegt.
Gläichzäiteg huet d'Land am Laf vun de leschte Jore vill bilateral a multilateral Kollaboratiounen en place gesat.
Fuerschung a Léier
De European space resources innovation centre (ESRIC), de weltwäit éischten Innovatiounszenter, dee sech ganz op d'Weltraumressourcë konzentréiert, ass 2020 gegrënnt ginn.
Fir d'Formatioun vun den zukünftegen neie Mataarbechter vun den Entreprisen aus dem Weltraumsecteur sécherzestellen, bitt d'Universitéit Lëtzebuerg e "Master in Space Technologies and Business" esouwéi e "Master in Space, Communication and Media Law" un.
De Programm LuxYGT (Young Graduate Trainee) bitt jonken Diploméierten d'Méiglechkeet, wärend zwee Joer bei der ESA ze schaffen.
Hëllefen a Support fir Entreprisen
Lëtzebuerg bitt den Entreprisen aus dem Secteur net nëmmen e gëeegente gesetzleche Kader, mee och eng Rei Hëllefen. Heizou gehéieren:
- den Acceleratiounsprogramm Fit 4 Start, vun deem en Deel sech speziell u Start-uppen aus dem Weltraumberäich riicht;
- den Inkubatiounsprogramm fir Start-uppe vum ESRIC;
- LuxIMPULSE, deen e Finanzement bereetstelle kann, fir Entreprisen, déi zu Lëtzebuerg niddergelooss sinn, bei der Kommerzialiséierung vun innovativen Iddien ze hëllefen.
Dir fannt sämtlech Hëllefe vum Wirtschaftsministère ënner der Rubrik "Servicer fir Entreprisen".
Conclusioun
Wärend de leschte Joren hunn sech zu Lëtzebuerg vill Firmen niddergelooss, déi am Beräich vun de Weltraumtechnologien a besonnesch am Domän vun der Exploratioun a Notzung vu Weltraumressourcen aktiv sinn. 2024 huet de Lëtzebuerger Weltraum-Ekosystem méi wéi 80 Firmen a Fuerschungsorganisatiounen ëmfaasst, déi méi wéi 1.400 Leit beschäftegt hunn.