Aktualiséiert den
Start-uppen
Dank senger idealer Lag am Zentrum vun Europa a senger méisproocheger Kultur ass de Grand-Duché vu Lëtzebuerg en Hub fir Start-uppen a Scale-uppen, déi hir Aktivitéiten an Europa ausbaue wëllen.
De Lëtzebuerger Ekosystem fir Start-uppen huet sech an de vergaangene Joren op eng impressionnant Manéier entwéckelt an zielt haut ronn 600 Start-uppen.
D'Unitéit fir Start-uppe vun der Generaldirektioun Industrie, nei Technologien a Fuerschung (Direction générale Industrie, nouvelles technologies et recherche) vum Wirtschaftsministère huet als Missioun, de Lëtzebuerger Ekosystem fir Innovatioun an Entreprenariat weiderzeentwéckelen, fir d'Grënnung vun neien innovative Start-uppen ze stimuléieren, d'Wuesstum vun de Scale-uppen ze ënnerstëtzen an international Entrepreneren an Investisseuren op Lëtzebuerg unzezéien.
Strategie
2023 huet de Wirtschaftsministère d'Roadmap fir déi zukünfteg Entwécklung vum Ekosystem fir Start-uppen zu Lëtzebuerg virgestallt, déi den Titel "From Seed to Scale" dréit.
Dës Roadmap proposéiert eng Rei vu Mesuren, déi op 5 Haaptachse baséieren:
- Weiderféiere vun den Efforten, fir Start-uppen vun hirem Lancement un ze ënnerstëtzen
- Schafe vun engem méi vernetzten, méi staarken a méi visibelen nationalen Ekosystem
- Schafe vun engem besseren Zougang zu Talenter fir Start-uppen a Scale-uppen
- Schafe vun engem Ëmfeld, dat d'Entwécklung vu Scale-uppe fërdert
- Fërderung vun engem Ekosystem fir Start-uppen, deen am Häerz vun der EU verankert ass
Plattform Start-up Luxembourg
D'Plattform www.startupluxembourg.com, déi vum Wirtschaftsministère a vu Luxinnovation lancéiert gouf, bitt sämtlech Informatiounen iwwer de Lëtzebuerger Ekosystem fir Start-uppen, de Lancement vun engem Start-up an déi besteeënd Ënnerstëtzungen.
D'Zil ass ausserdeem eng méi pousséiert a méi visibel Vernetzung vun allen Acteure vum Ekosystem, fir d'Start-up-Communautéit an d'Lienen tëschent hire verschiddenen Acteuren ze stäerken an d'Effektivitéit vum entrepreneurialen Ëmfeld insgesamt ze verbesseren.
D'Verzeechnes vum Lëtzebuerger Ekosystem fir Start-uppen, dat vun Dealroom alimentéiert gëtt, ass säit Juni 2023 op Startup Luxembourg verfügbar a kann, dank Echtzäitdonnéeën iwwer d'Aktivitéit vun de Start-uppen, esouwuel vun Entreprisë wéi och vu potenziellen Investisseure profitéiert ginn.
Infrastrukture fir den Accueil vun innovativen Entreprisen
De Wirtschaftsministère ënnerstëtzt aktiv d'Schafung vun Infrastrukture fir den Accueil vun innovativen Entreprisen, inklusiv Start-uppen.
Technoport
Den Technoport, deen am Juni 2012 vum Staat gegrënnt gouf, geréiert verschidden Inkubatiounsinfrastrukturen fir innovativ Start-uppen zu Esch-Belval, Féiz a Biissen a bitt den hebergéierte Start-uppen Raimlechkeeten, déi hiren Aktivitéiten ugepasst sinn, esouwéi déi néideg Encadrementsservicer fir hir Entwécklung.
D'Zil vum Technoport ass et, d'Grënnung an d'Entwécklung vun innovativen Technologie-Entreprisen zu Lëtzebuerg ze promovéieren an ze ënnerstëtzen.
Den Automobility Incubator, deen den 3. Dezember 2024 ageweit gouf, ass ee vun 3 Sitten, déi vum Technoport geréiert ginn. En ass um Automobility Campus zu Biissen ugesidelt an huet als Vocatioun, déi national Kompetitivitéit vum Automobil- a Mobilitéitssecteur ze stäerken an d'Entwécklung vun neien Aktivitéiten an dësem Beräich ze ënnerstëtzen.
Et fënnt een hei Start-uppen, Spin-offen an international Entreprisen, déi an de Beräicher Innovatioun, Fuerschung an Entwécklung vun neien Technologien aktiv sinn; d'Zil ass et, déi verschidde Schlësselacteuren an engem Geescht vun Zesummenaarbecht méi no beieneen ze bréngen.
2017 huet Technoport ausserdeem an Zesummenaarbecht mat der Vodafone Procurement Company den "Joint Innovation Center" Tomorrow Street gegrënnt, deen als Zil huet, op internationalem Niveau Technologie-Scale-uppen ze selektionéieren, déi séier wuessen an e grousst Potenzial hunn, a se an hirem Globaliséierungsprozess ze begleeden.
House of BioHealth
D'"House of BioHealth" zu Esch-Uelzecht ass eng Struktur fir den Accueil vun Entreprisen aus dem Beräich vun de Gesondheetstechnologien, deen zu Lëtzebuerg e prioritäre Secteur ass. Et gëtt am House of BioHealth och en Incubateur fir Start-uppen.
Parc Luxite
Beim Parc Luxite op der Kockelscheier handelt et sech ëm eng Struktur fir den Accueil vun Entreprisen aus dem Secteur vun den Ëmwelttechnologien.
Finanziell Hëllefen
Fit4Start
De Programm Fit4Start, dee vum Wirtschaftsministère initiéiert gouf a vu Luxinnovation geréiert gëtt, huet als Vocatioun, Start-uppen aus dem digitale Beräich, aus dem Health Tech-Secteur an aus dem Weltraumberäich vun der Ulafphas un ze ënnerstëtzen; heifir gi Finanzementer vu bis zu 150.000 Euro proposéiert esouwéi e Coaching, deen den "Early-stage"-Besoine Rechnung dréit.
Digital Tech Fund
Den Digital Tech Fund, dee gemeinsam vum Staat an engem Grupp vu privaten Investisseuren an d'Liewe geruff gouf, ass e Startkapital-Venture-Capital-Fong, dee vun Expon Capital geréiert gëtt an d'Zil huet, de Finanzement an d'Entwécklung vu Start-uppen ze ënnerstëtzen, déi am Beräich vun den Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien aktiv sinn, deen als Schlësselsecteur fir d'Diversifizéierung vun der nationaler Ekonomie gëllt.
Projeten am Beräich Fuerschung an Innovatioun
Op der rechtlecher Grondlag vum Gesetz iwwer d'Bäihëllefe fir Fuerschung, Entwécklung an Innovatioun, gëtt et eng ganz Pallett vu Bäihëllefsregimmen, déi et dem Wirtschaftsministère erlaben, Entreprisen, inklusiv Start-uppen, aktiv bei hire Projeten am Beräich Fuerschung an Innovatioun ze ënnerstëtzen.
Bäihëllef fir Jonk Innovativ Entreprisen
Am Kader vum Gesetz iwwer d'Bäihëllefe fir Fuerschung, Entwécklung an Innovatioun ass d'Bäihëllef fir Jonk Innovativ Entreprisen eng Bäihëllef, déi de Wirtschaftsministère accordéiert, fir innovativ Entreprisen ze ënnerstëtzen, déi manner wéi 5 Joer al sinn a kierzlech eng Levée vu private Fongen ofgeschloss hunn. D'Zil ass et, dass se méi einfach an eng Wuesstumsphas komme kënnen, an zwar duerch eng méi séier Entwécklung vun hire Produiten an d'Stimulatioun vun hire Marketing- a Verkafsaktivitéiten, soudass se sech international entwéckele kënnen.
Programm JUMP
De Wirtschaftsministère kofinanzéiert säit 2023 de Programm JUMP vum Nationale Fuerschungsfong (FNR). D'Zil ass et hei, d'Bedeelegung vun erfuerenen Entrepreneren ze erméiglechen, déi Fuerscher, déi vum Programm profitéieren, bei der Geschäftsentwécklung an der Grënnung vun hirer Spin-off, déi aus der ëffentlecher Fuerschung ervirgaangen ass, ënnerstëtze kënnen.
Dir fannt sämtlech Bäihëllefe vum Wirtschaftsministère an der Rubrik "Servicer fir Entreprisen".
Internationaliséierungsprogrammen
Benelux Catalyst
Benelux Catalyst ass e Programm, dee vun der BelCham New York organiséiert a vum Wirtschaftsministère ënnerstëtzt gëtt; en erlaabt et innovative Scale-uppen, vun New York aus den amerikanesche Marché ze entdecken an dohannen éischt Geschäftskontakter ze entwéckelen.
Internationalization Bootcamp: US Edition
Beim Internationalization Bootcamp: US Edition handelt et sech ëm e Programm, dee vun Gener8tor organiséiert a vum Wirtschaftsministère ënnerstëtzt gëtt; en erlaabt et innovative Start-uppen, vun Chicago, Milwaukee a San Francisco aus den amerikanesche Marché ze entdecken, fir ze gesinn, ob hire Produit fir den amerikanesche Marché gëeegent ass, a fir dohannen éischt Geschäftskontakter entwéckelen ze kënnen.
En Iwwerbléck iwwer all besteeënd Bäihëllefen a Programmer fir Start-uppen fannt Dir op startupluxembourg.com/startup-dedicated-programmes, guichet.lu/entreprises/financement-aides a luxinnovation.lu/innovate/innovation-funding.
International Relatiounen
Lëtzebuerg bedeelegt sech un den Aktivitéite vu villen internationalen Organisatiounen an Associatiounen, dorënner och den Europäeschen Innovatiounsrot (EIC, Conseil européen de l’innovation) oder d'European Startup Nation Alliance (ESNA).