Aktualiséiert den
Automobil, Smart Mobility an Dronen
Eng sécher, intelligent an nohalteg Mobilitéit beschleunegen
Lëtzebuerg huet decidéiert d’Automobilindustrie, d’intelligent Mobilitéit an d’Dronetechnologien zu engem vun de Piliere vu senger wirtschaftlecher Diversifizéierung ze maachen. D’Zil ass et, Wuesstem an Aarbechtsplazen ze schafen an innovativ, zukunftsorientéiert Léisungen ze entwéckelen, déi sech op Innovatioun, Donnéeën an d’Zesummenaarbecht tëschent ëffentlechen a privaten Acteure baséieren.
Duerch seng spezifesch Erausfuerderungen am Beräich vum Transport, huet sech Lëtzebuerg dozou engagéiert, de Verkéier ze dekarboniséieren an e vernetzte multimodale Mobilitéitssystem opzebauen. D’Zil ass, Lëtzebuerg en europäesche Pionéier an dësem Beräich ze maachen, an als „liewege Laboratoire“ fir intelligent Mobilitéitsléisungen ze positionéieren.
Eng zolidd industriell Basis an en Ekosystem dat sech transforméiert
D’Land kann op eng gutt opgestallten Automobilindustrie zeréckgräifen (Entwécklung a Produktioun vu Autosstécker, Sitte fir Fuerschung an Entwécklung esou wéi Verkaafszentrale fir Europa) an op en dynamescht Mobilitéitsekosystem, dat Entreprisen, Start-ups, Scale-ups, Spin-offs a Fuerschungszentren zesummebréngt. Dëst Ëmfeld fuerdert d’Entwécklung vun héichtechnologeschen Innovatiounen a vun neie Servicer fir eng méi digitaliséiert an nohalteg Mobilitéit.
De Secteur ëmfaasst, laut Luxinnovation ronn 700 aktiv Entreprisen am Beräich: 58 % hunn d’Automobilitéit an d’Mobilitéit als Haaptaktivitéit, a 47 dovun sinn Start-ups – méi wéi d’Hallschent dovun mat héijem disruptivem Potenzial (Donnéeën/AI, Servicer fir eng méi nohalteg Mobilitéit).
Missiounen vum Service „Automobilitéit“
De Service „Automobilitéit“ an der Generaldirektioun fir Industrie, Nei Technologien a Fuerschung huet follgend Haaptmissiounen:
- De Secteur op nationalem Niveau entwéckelen an d'Innovatioun stimuléieren, andeems d'Emergenz vun neien Akteuren, Technologien a Geschäftsmodeller am Autosberäich, bei der intelligenter Mobilitéit an de Drohnen gefërdert gëtt.
- Lëtzebuerg als „Living Lab“ positionéieren, mat Ënnerstëtzung vun Donnéeën aus der Mobilitéit, andeems real Uwendungsfäll favoriséiert an d'Interoperabilitéit vun den Infrastrukture gefërdert ginn, besonnesch fir d’Ëmsetzung vun der Kooperativer, Vernetzter an Automatiséierter Mobilitéit (Cooperative, connected and automated mobility CCAM).
- Koordinatioun mat anere prioritäre Secteuren sécher stellen, dorënner d’Industrie an d‘Liwwerketten (LINK*), d’Zirkularitéit (LINK*), disruptiv Technologien (LINK*) a Cybersécherheet (LINK*) souwéi de Raumfaartsecteur (LINK*).
- D’interministeriell Koordinatioun assuréieren, a besonnesch d’Ëmsetzung vun der nationaler Strategie fir automatiséiert Fueren, duerch d’Presidence vum Interministerielle Comité fir d’automatiséiert Fueren. Mam Zil: d’Schafen vun engem holisteschen, sécheren a kohärente Kader deen d'Innovatioun fërdert.
- Aktiv um grenziwwerschreidende digitale Testfeld (Cross-border Testbed) mat wierken, fir CCAM-Technologien a Servicer ënner reale Bedéngungen ze evaluéieren.
- Lëtzebuerg a verschiddenen Organisatiounen an Aarbechtsgruppen op europäeschem an internationalem Niveau vertrieden (z. B. Euro NCAP, Data for Road Safety), fir de Secteur ze stäerken, d’Verkéierssécherheet ze verbesseren an d’Valorisatioun vun Donnéeën déi aus de Gefierer an d’Infrastrukture generéiert ginn, ze fërderen.
- Zu de strategeschen Iwwerleeunge ronderëm d’Digitaliséierung vun den Acteuren aus dem Secteur an dem erweiderten Ökosystem bäidroen, andeems Synergien mat nationalen Initiativen erstallt ginn, wéi se an der Luxembourg Data Strategy identifizéiert goufen.
Dës Moossname ergänzen d’Diversifikatiounspolitik vum Land a stëmme mat der lëtzebuergescher Approche iwwerteneen: en Ökosystem dat d'digital Transformatioun fërdert (souveräne Cloud, Supercomputer MeluXina, AI- a Donnéeëstrategie, (Cyber-)Sécherheet a Resilienz) am Déngscht vun der Kompetitivitéit.
Prioritéiten
- Sécherheet a Vertrauen: Tester a Validatioun vun avancéierte Funktioune fir automatiséiert Fueren, kooperativ Automatiséierung, sécheren Austausch vun Donnéeën (z. B. fir d’Verkéierssécherheet ze verbesseren).
- Vernetzt Mobilitéit a Servicer: Plattformen, API’en an Data Spaces fir multimodal Servicer ze entwéckelen, intelligent Koordinatioun, präventiven Ënnerhalt an digital Zwillinge vun Infrastrukturen.
- Dekarboniséierung an Effizienz: Elektromobilitéit, Batterien, Opluedinfrastrukturen, Waasserstofftankstellen, Optimiséierung vun de Liwwerketten, ultraliicht Materialien, Ökodesign a Zirkularitéit vun de Komponente fërderen.
- Integratioun vun Dronen: Opbau vun enger Wäertschäfungsketten, fir Dronen a praktesch Ëmsetzung vu zivillen Uwendungsfäll (z. B. fir d’Inspektioun vun der Infrastruktur, Logistik oder ëffentlechen Déngschter), am Respekt vum europäesche Kader a Sécherheetsnormen.
Inkubator an den „Automobility“ Campus
Am Häerz vum “Luxembourg Automobility Innovation Campus“ zu Biissen steet den Inkubator fir innovativ Firme bereet. Seng Missioun ass et, d’Kompetitivitéit vum nationale Mobilitéits- an Automobilsecteur ze stäerken an d'Entwécklung vun neien Aktivitéiten an dësem Beräich ze ënnerstëtzen.
De Site, dee vum Technoport bedriwwe gëtt, soll Start-ups, Scale-ups, Spin-offs, KMUen an international Acteuren unzezéien, déi op Innovatioun, Fuerschung an d’Entwécklung vun neie Technologien orientéiert sinn. D’Zil ass, déi wichtegst Acteure zesummen ze bréngen, strategesch Partnerschafte ze schafen an d’Aféierung vun intelligenten an nohaltege Mobilitéitsléisungen um Marché ze beschleunegen.
Als liewegen „open-air“ Laboratoire encouragéiert de Site Fuerschungs- an Innovatiounsaktivitéiten. Zënter 2024 steet hei och den éischte Parking mat engem öko-zirkuläre Konzept zu Lëtzebuerg.