Aktualiséiert den
Energie
Energiepolitik - hin zu enger nohalteger, sécherer a kompetitiver Energieversuergung am Kontext vun der Dekarboniséierung
D'Zil vun der Lëtzebuerger Energiepolitik ass et, d'Erausfuerderungen am Beräich Klima an Ëmwelt unzegoen an d'Versuergungssécherheet vum Land ze garantéieren. Lëtzebuerg passt sech de Klima-Ambitiounen, déi sech déi international Gemeinschaft duerch d'Paräisser Ofkommes ginn huet, un. Fir dëst Zil ze erreechen, ass et wichteg, d'Objektiver vun null Emissioune bis 2050 an den Iwwergang zu 100% erneierbaren Energien unzestriewen an ze realiséieren.
Den integréierten nationalen Energie- a Klimaplang (PNEC, Plan national intégré en matière d’énergie et de climat) stellt d'Grondlag vun der Klima- an Energiepolitik zu Lëtzebuerg duer. E beschreift d'Politik an d'Moossnamen, déi et erméiglechen, déi ambitiéis national Ziler fir d'Reduzéierung vun den Zäregasemissiounen (-55%), d'erneierbar Energien (25%) an d'Energieeffizienz (40 bis 44%) bis 2030 ze erreechen. E stellt d'Roadmap duer, déi duerch d'Adoptioun vu Reglementer, Programmer a Projeten an de spezifesche Beräicher tëschent 2020 an 2030 ëmgesat soll ginn.
D'Haaptpiliere sinn de massiven Ausbau vun den erneierbaren Energien, hir Integratioun an d'Energienetz notamment duerch d'Entwécklung vun dezentraliséierten Energiespäicheren, intelligent digitaliséiert Energienetzer, déi vill méi effizient sinn, d'Notzung vu méi nohaltegen Transportmëttelen, en intelligenten Immobiliebestand an eng Reduktioun vun der groer Energie bei de Materialstocken a -stréim.