Kompetitivitéit

De Wirtschaftsministère ass dofir zoustänneg, d'Kompetitivitéit vun der Lëtzebuerger Wirtschaft ze analyséieren. Dës Analyse gi vun der Generaldirektioun Ekonomesch Ugeleeënheeten, Kompetitivitéit an strategesch Viraussiicht (Direction Générale Affaires économiques, compétitivité et prospective)

Seng Roll, seng Abannung an déi international ekonomesch Gouvernance, säi Suivi vun den internationale Benchmarken esouwéi den Nationale Rot fir Produktivitéit (Conseil national de productivité) gi weider ënne virgestallt.

Observatoire fir Kompetitivitéit

Bei der Generaldirektioun Ekonomesch Ugeleeënheeten, Kompetitivitéit an strategesch Viraussiicht  (DG ECOPRO) handelt et sech ëm eng Cellule am Wirtschaftsministère, déi fir makroekonomesch Analysen a Beobachtung zoustänneg ass. Seng Roll ass et, der Regierung dobäi ze hëllefen, d'Orientatiounen an den Inhalt vu Politicke festzeleeën, déi eng laangfristeg Kompetitivitéit fërderen a mat dëser kompatibel sinn.

D'Aufgab vun der DG ECOPRO besteet notamment doran, d'wirtschaftlech Entwécklung an d'Evolutioun vun der Kompetitivitéitslag vum Grand-Duché vu Lëtzebuerg duerch d'Analyséiere vun internationale Benchmarken a Klassementer ze suivéieren.

D'DG ECOPRO e fir Kompetitivitéit sammelt, analyséiert a vergläicht besteeënd Informatiounen op nationalem an internationalem Niveau, woubäi dëst entweder intern oder duerch d'Mandatéiere vun externen Experte gemaach gëtt. E suergt och fir eng cibléiert Diffusioun vun ausgewielten an traitéierten Informatiounen, déi nëtzlech sinn, fir déi wirtschaftlech, sozial an ekologesch Erausfuerderunge vum Land ze verstoen an deemno och fir strateegesch Decisiounen ze huelen.

Opgrond vu senge Kompetenzen ass d'DG ECOPRO am Kader vun enger transversaler Aufgab dofir zoustänneg, déi aner Entitéite vum Wirtschaftsministère beim Ausschaffe vun hire Politicken ze ënnerstëtzen, andeems en aktualiséiert Zuelen, international Vergläicher a wëssenschaftlech Erkenntnisser aus der Wirtschaftswelt liwwert.

Déi haaptsächlech Tätegkeetsfelder vun der Generaldirektioun Ekonomesch Ugeleeënheeten, Kompetitivitéit an strategesch Viraussiicht  (DG ECOPRO) sinn:

  • d'Abannung an déi international ekonomesch Gouvernance, notamment am Kader vun der Europäescher Unioun (europäescht Semester) a vun der Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung (OECD);
  • d'Evaluatioun vun der Kompetitivitéit vu Lëtzebuerg duerch de Suivi vun internationale Benchmarken;
  • d'Ënnerstëtzung vun der Aarbecht vum Nationale Rot fir Produktivitéit.