Aktualiséiert den
Nohaltegt Bauen
Missioun vun der Direktioun
Nohaltegt Bauen a Kreeslafwirtschaft si Schlësselinstrumenter vun der Energietransitioun. D'Cellule "Nohaltegt Bauen" (construction durable) vun der Generaldirektioun Industrie, nei Technologien a Fuerschung (DG Industrie, nouvelles technologies et recherche) huet als Missioun, déi national Acteuren am Beräich vun dëse fir Lëtzebuerg extreem wichtege sozioekonomeschen Thematiken zesummenzeféieren, an zwar duerch eng systeemesch a participativ Approche, woubäi gläichzäiteg d'Grondsätz vun der Energieeffizienz an den erneierbaren Energië mat abezu ginn.
Kreeslafwirtschaft am Bauwiesen
An enger Kreeslafwirtschaft (KW) berouen d'Produktioun an den Echange vu Bienen a Servicer grad ewéi d'sozioekonomesch Wäertschöpfung op enger holistescher Gestioun vun de Stocken an de Materialflëss, ënner Berécksiichtegung vun de Limitten an de regenerative Capazitéite vun eisem Planéit. Op de Bausecteur applizéiert, prekoniséieren d'KW-Prinzippien ë.a.:
- Eng Approche, déi sech resolut a Richtung vun der Berécksiichtegung vum biologeschen Zyklus orientéiert: d'Besoine vum Notzer an de Mëttelpunkt stellen, woubäi den Accent op d'mënschlech Gesondheet an de Confort geluecht gëtt; d'Bauen an de natierleche Kontext integréieren, d'biologesch Villfalt fërderen an den Impakt op de Buedem an déi domat verbonnen Ekosystemer reduzéieren; biobaséiert Baumaterialien am Kader vun enger Kaskadennotzung oder engem zouene Kreeslaf benotzen.
- Esou bauen, dass de Wäert vun de Baumaterialien a Bauelementer (Stocken) iwwer hire kompletten Liewenszyklus méiglechst erhale bleift; modulär an demontéierbar Bauweise fërderen, fir de Wäert (a besonnesch déi doran enthale gro Energie) zeréckzegewannen; gesond an ëmweltverdréiglech Materialie benotzen.
- Eng holistesch Vue op déi komplett Wäertschöpfungskette vum Bau esouwéi de Liewenszyklus vu de Gebaier anhuelen, fir systeemesch Plus-valuen an d'Multifunktionalitéit vu Gebaier oder Gebaideeler suergen, och d'Zou- an Offlëss vun Energie, Waasser, Loft an anere Ressourcen esou geréieren, dass de Wäert maximal erhale bleift an d'Auswierkunge miniméiert ginn, Synergië mat der physescher Ëmwelt entwéckelen.
- Ënnerstëtzend IT-Tools wéi BIM (Building Information Modeling), Materialpäss, awer och innovativ Management- a Baumodeller wéi "Produit als Déngschtleeschtung" a Virfäerdegung/Bau aktivéieren, fir d'Produktivitéit vum Secteur, besonnesch am Hibléck op d'Ressourcen, ze steigeren.
Thematesch Prioritéiten
Fir dës Prinzippien ëmzesetzen, entwéckelt d'Departement fir Energie zesumme mat de wichtegsten Acteuren regulatoresch a finanziell Instrumenter esouwéi Formatiouns- a Kommunikatiounsmethoden. Déi thematesch Prioritéite sinn:
- D'Stäerke vun de Gesondheetsaspekter am Zesummenhang mat der Loftqualitéit am Gebai duerch d'Mise en place vun engem nationale Kader fir Berodung, Suivi a Kontrollen zu dëser Thematik. Dës Aspekter ginn an d'Reglementatioun iwwer nohaltegt Bauen an notamment d' LENOZ -Zertifizéierung an d' PRIMeHouse-Subsiden integréiert.
- Bäidroen zur Aktualiséierung vum "Guide de la construction durable" ("Guide fir nohaltegt Bauen") fir Lëtzebuerg, an enker Ofstëmmung mam Ressourcenzenter fir Innovatiounstechnologien am Bauwiesen (CRTI-B, Centre de Ressources des Technologies de l'Innovation pour le Bâtiment), mam Nationalrot fir Nohaltegt Bauen (CNCD, Conseil National pour la Construction Durable) a mam Beruffsverband vun den Architekten a Berodungsingenieuren (OAI, Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils): Integréiere vun de KW-Prinzippien iwwer d'Dekonstruktioun, d'Modularitéit, eng intelligent Gestioun vun de Fluxen, d'Digitaliséierung asw. Eng éischt Versioun vum Guide ass op Däitsch um SiteWissensportal für nachhaltiges Bauen in Luxemburg | noba verfügbar.
- Schaffen un enger Reduktioun vun der Energieintensitéit vun den traditionelle Baumaterialien a Fërderung vu biobaséierte Materialien, an zwar besonnesch vun Holz als CO2-Späicher, dëst an Zesummenaarbecht mat de Clustere CleanTech a Wood vu Luxinnovation
- Zesummenaarbecht mat nationalen ëffentleche Promoteuren, wéi der Verwaltung fir ëffentlech Bauten (Administration des Bâtiments Publics), dem Fong fir d'Urbaniséierung an d'Entwécklung vum Kierchbierger Plateau (FUAK, Fonds d'Urbanisation et d'Aménagement du Plateau de Kirchberg), dem Wunnengsbaufong (Fonds du Logement) oder der Nationaler Gesellschaft fir verbëllegte Wunnraum (SNHBM, Société Nationale des Habitations à Bon Marché), bei der Realisatioun vu Projet-pharen fir nohaltegt Bauen, an zwar besonnesch duerch d'Aktivéierung vun de Marché-publicen, fir zirkulär Demarchen am Bausecteur ze aktivéieren.
- Abanne vun de Gemengen als ëffentlech Promoteure fir d'nohaltegt Bauen an d'Kreeslafwirtschaft am Allgemengen, an zwar als entscheedend Schnëttstell zu de Bierger an de Regiounen, woubäi dëst besonnesch duerch de Klimapakt 2.0 an enker Zesummenaarbecht mat der Klima-Agence Lëtzebuerg geschitt.
- Fërdere vun der Innovatioun am Bausecteur duerch d'Zesummenaarbecht mat Acteuren aus dem Beräich Fuerschung, Entwécklung an Innovatioun (RDI), wéi der Uni Lëtzebuerg, dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST) oder Neobuild, a Promotioun vum Transfert vun neie Kompetenzen an de Secteur an Zesummenaarbecht mam Institut fir sektoriell Formatioun am Bauwiesen (Institut de Formation Sectorielle du Bâtiment), de Kompetenzzentren, der Handwierkschamber, dem House of Training, dem Nationalen Institut fir d'Fërderung vu berufflecher Weiderbildung (Institut National pour le développement de la formation professionnelle continue) asw.
Ofstëmmung an Zesummenaarbecht
Niewent dëse sektoriellen Aktivitéite suerge mir fir d'Ëmsetzung vun der KW-Strategie fir Lëtzebuerg, an zwar an Zesummenaarbecht mam Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit, dem Finanzministère, dem Aarbechtsministère an dem Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau (Direktioun fir Konsumenteschutz) (weider Informatioune fannt Dir um PortalLetsGoCircular).
Mir stinn den ëffentlechen a privaten Acteure fir all Froen zur Verfügung, déi Projete fir d'Ëmsetzung vun der KW zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun, besonnesch am Bauwiesen, betreffen, esouwéi fir Froen am Zesummenhang mam gesonde Bauen.
Roadmap fir CO2-aarmt Bauen
De 14. Juni 2023 huet den Energieminister Claude Turmes op enger Pressekonferenz a Presenz vu Vertrieder vum Nationalrot fir nohaltegt Bauen (CNCD) d'"Roadmap fir CO2-aarmt Bauen" fir Lëtzebuerg virgestallt.
Energiepass: Berécksiichtegung vun den Zäregasemissiounen iwwer de ganze Liewenszyklus vun de Gebaier
D'"Roadmap fir CO2-aarmt Bauen zu Lëtzebuerg", déi vum deemolege Ministère fir Energie a Landesplanung a vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung ausgeschafft gouf, beschreift d'Methoden an d'Instrumenter, déi an den nächste Joren entwéckelt gi mussen, fir déi nei Bestëmmunge vun der europäescher Direktiv iwwer d'Energieffizienz vun de Gebaier ëmzesetzen (DPEB). Si gesäit vir, dass den zukünftegen Energiepass vun engem Gebai d'Zäregasemissiounen iwwer de ganze Liewenszyklus berücksichtegt, an notamment d'Emissiounen am Zesummenhang mat der Produktioun vun de Baumaterialien (gro Energie) esouwéi d'Emissioune vun de Bauchantieren.
Den Energieminister Claude Turmes huet heizou Follgendes erkläert: "Zu Lëtzebuerg ass scho vill gemaach ginn, fir déi direkt Emissioune vun de Gebaier ze reduzéieren, an zwar duerch Mesurë fir d'Fërderung vun Energieeffizienz a Renovatiounen esouwéi vun der Produktioun vun erneierbaren Energien. Duerch d'"Roadmap fir CO2-aarmt Bauen" gëtt am Bausecteur de ganze Liewenszyklus vun de Gebaier berücksichtegt: vun de Baumaterialien, iwwer d'Chantieren, bis hin zur Dekonstruktioun vun de Gebaier."
Ambitiéis Ziler fir d'Reduktioun vun den Zäregasemissiounen am Bausecteur
D'Roadmap ass déi éischt Etapp vum Ëmsetzungsprozess vun enger ambitiéiser Reglementatioun, dee sech iwwer déi nächst 4 bis 7 Joer erstrecke wäert an och Deel vun de Mesurë vum nationalen Energie- a Klimaplang (PNEC, Plan national énergie climat) ass.
Et ass wichteg ze verstoen, dass déi sektoriell Zäregasemissiounen aus dem PNEC, déi an der Rubrik "bâtiments résidentiels et tertiaires" ("Wunn- an Déngschtleeschtungsgebaier") ugi sinn, an éischter Linn vun der Notzungsphas vun de Gebaier kommen; hei gëtt et ambitiéis Reduktiounsziler bis 2030 (-64% par rapport zu 2005), sou dass d'Renovatioun vun de besteeënde Gebaier eendeiteg Prioritéit huet.
D'Roadmap proposéiert, déi complementaire Emissiounen iwwer de ganzen Zyklus vum Gebai ze bestëmmen, deen sech net nëmmen op Lëtzebuerg beschränkt; dëst betrëfft notamment Baumaterialien, déi am Ausland produzéiert ginn. En aneren Defi besteet zum Beispill doran, d'Emissioune vun de Secteuren "transports" ("Transportwiesen") an "industries de l'énergie et manufacturières, construction" ("Energie- a veraarbechtend Industrien, Bauwiesen") aus dem PNEC den Aktivitéite vun de Bauchantieren zouzeuerdnen, zu deenen och den Transport vum Buedemaushub gehéiert.
Mat dëse Resultater kënne wichteg Hiewelen identifizéiert ginn, fir de Bausecteur zu Lëtzebuerg ze dekarboniséieren a gläichzäiteg zu den nationalen Ziler vum PNEC bäizedroen.
Eng enk Zesummenaarbecht mam Bausecteur
En zentralen Aspekt vun der Demarche ass déi enk Zesummenaarbecht mat allen ëffentlechen a privaten Acteuren aus dem Secteur - vun de Materialproduzente bis zu den Dekonstruktiouns- oder Demolitiounsentreprisen -, woubäi och d'Architekten, d'Ingenieuren, d'Handwierker, d'Entrepreneren an d'Promoteure mat abezu ginn. All dës Acteure sinn am Nationalrot fir nohaltegt Baue vertrueden, grad ewéi och déi wichtegst ëffentlech Acteuren, déi fir déi verschidde Volete vum Bauen zoustänneg sinn, sou dass den Nationalrot fir nohaltegt Bauen eng privilegéiert Schnëttstell ass, fir d'Roadmap fir CO2-aarmt Bauen ëmzesetzen.
Den 20. September 2023 huet den Nationalrot fir nohaltegt Bauen an enker Zesummenaarbecht mam Ministère fir Energie eng éischt Konferenz iwwer d'Dekarboniséierung vum Bausecteur organiséiert. Weider Informatiounen iwwer dës Konferenz mat méi wéi 300 Participante sinn iwwert den Artikel Vers une construction zéro carbone (infogreen.lu) oder d' Haaptmessagë vun der Dekarboniséierungskonferenz vum Nationalrot fir nohaltegt Baue verfügbar (Pdf, 7.44 Mb).
Op der Konferenz si Follgeseminairen annoncéiert ginn, fir d'Thematike méi am Detail ze diskutéieren. En éischte Seminaire iwwer d'Methodologien am Zesummenhang mam CO2-Foussofdrock an d'Analys vum Liewenszyklus, un deem 40 Vertrieder vum Secteur deelgeholl hunn, huet den 30. November an de Raimlechkeete vum Ministère fir Energie stattfonnt. D'Presentatiounen, déi gemaach gi sinn, sinn och ënnert der Rubrik "Pour en savoir plus – Publications" ("Weider Informatiounen – Publikatiounen") verfügbar.
Roadmap fir CO2-aarmt Bauen – Séminaire 0 – Presentatiounen (30/11/2023) (Pdf, 5.07 Mb)
Roadmap fir CO2-aarmt Bauen – Seminaire 0 – Rapport (30/11/2023) (Pdf, 884 Kb)
Une collaboration étroite au niveau européen
Grâce à l’affiliation du CNCD au World Green Building Council (CNCD), le Luxembourg a pu se positionner avec la feuille de route construction bas carbone comme partenaire dans le projet européen INDICATE LIFE. Nous pouvons donc profiter du support de partenaires européens expérimentés et de l’échange de connaissances avec d’autres pays membres de l’EU, ce qui contribe à la qualité et la rapidité de la transposition de l’EPBD (refonte).
Une collaboration étroite au niveau européen
Grâce à l’affiliation du CNCD au World Green Building Council (CNCD), le Luxembourg a pu se positionner avec la feuille de route construction bas carbone comme partenaire dans le projet européen INDICATE LIFE. Nous pouvons donc profiter du support de partenaires européens expérimentés et de l’échange de connaissances avec d’autres pays membres de l’EU, ce qui contribe à la qualité et la rapidité de la transposition de l’EPBD (refonte).