Informatiounstechnologien

D'Generaldirektioun Industrie, nei Technologien a Fuerschung (Direction générale Industrie, nouvelles technologies et recherche) vum Wirtschaftsministère verfüügt iwwer eng Cellule fir digital Technologien (Cellule "technologies digitales") an eng Cellule fir Cybersécherheet (Cellule "cybersecurity").

De Ministère këmmert sech notamment ëm follgend Voleten:

  • Cybersécherheet
  • E-Commerce
  • Nei Technologien

INFORMATIOUNSSÉCHERHEET / CYBERSÉCHERHEET

D'Informatiounssécherheet oder Cybersécherheet ass e weesentleche Beräich vun der Generaldirektioun Industrie, nei Technologien a Fuerschung (DG INTER) vum Wirtschaftsministère.

D'Cybersécherheet huet sech säit dem Ufank vun der Digitaliséierung zu engem staark wuessende wirtschaftleche Pilier an zu engem weesentleche Vertrauensfacteur fir d'Entreprisen an d'Bierger am digitale Beräich entwéckelt.

Als wirtschaftlechen Attraktivitéitsfacteur fir d'Land baséiert d'Cybersécherheet op enger kollaborativer an inklusiver Approche mam Zil, en héijen Niveau u Confidentialitéit, Disponibilitéit an Integritéit bei den informatesche Systemer an den Donnéeën ze garantéieren.

De Wirtschaftsministère huet als Missioun, d'Entwécklung vu Capacitéiten a Kompetenzen am Privatsecteur a bei de Gemenge sécherzestellen. D'Ëmsetze vun der Sécherheet a klenge Strukturen erfuerdert méi Fuerschung mam Zil, jidderengem den Zougang zu Servicer a Produits de confiance ze erméiglechen.

Esou fërdert de Ministère zum Beispill d'Schafung vun innovativen Instrumenter, Léisungen a Servicer duerch de Finanzéierungsprogramm LU-CID (Cybersecurity Innovation and Development).

National Strategie fir Cybersécherheet

De Ministère bedeelegt sech un der Elaboratioun vun der Nationaler Strategie fir Cybersécherheet. Déi lescht deckt den Zäitraum 2021-2025 of an huet follgend Haaptachsen:

  • d'Stäerkung vum ëffentleche Vertrauen an déi digital Welt an de Schutz vun de Mënscherechter am Internet;
  • d'Sécherheet an d'Resilienz vun den digitalen Infrastrukturen;
  • d'Entwécklung vun enger fiabeler, nohalteger a sécherer digitaler Wirtschaft.

Nationalen Ekosystem vun der Cybersécherheet

Lëtzebuerg verfüügt iwwer en dediéierten, dynameschen an ausgeräiften Ekosystem vun der Cyberresilienz, dee vum Luxembourg House of Cybersecurity (LHC) ënnerstëtzt gëtt.  

D'LHC ass bestänneg beméit, d'Kompetenzen an d'Capacitéite vun allen Acteure vum Ekosystem duerch d'Fërderung vun Innovatioun a Kollaboratioun op nationalem an europäeschem Niveau ze stäerken.

E-COMMERCE

Um Niveau vum E-Commerce ass et der Regierung hiert Zil, e modernt a pragmatescht Ëmfeld ze schafen, wou d'Acteuren am Beräich E-Commerce an d'Prestatairë vu Services de confiance sech ënner gënschtege Viraussetzungen entwéckele kënnen.

De Wirtschaftsministère suivéiert d'Entwécklung vum legislative Kader a follgende Beräicher:

  • E-Commerce;
  • elektronesch Ënnerschrëft;
  • elektroneschen Archivage (Déngschtleeschter an de Beräicher Dematerialiséierung an digital Konservéierung).

NEI TECHNOLOGIEN

De Wirtschaftsministère spillt eng zentral Roll bei der Promotioun an der Entwécklung vun den neien Technologien. E bedeelegt sech un enger Rei vu gréissere Projeten a Strategien, fir d'Land zu engem Leader am Beräich vun der Datewirtschaft ze maachen.  

D'Generaldirektioun Industrie, Nei Technologien a Fuerschung fërdert ënner anerem d'Mise en place vun Infrastrukture wéi de Supercomputer Meluxina an de Quantecomputer Meluxina-Q, déi fir d'Entwécklung vun der KI a vun innovative Start-uppen erfuerdert sinn.

Datestrategien

Bei der Erstellung vun der Strategie handelt et sech ëm eng Kollaboratioun tëschent dem Ministère fir Digitaliséierung, dem Staatsministère (Service fir Kommunikatioun a Medien), dem Ministère fir Fuerschung an Héichschoul an dem Wirtschaftsministère.

Dës Strategie beschreift déi national Approche, fir d'Valorisatioun vun den Donnéeën an den Algorithmen ze stimuléieren.

Si abordéiert verschidden Themen, wéi d'Stäerkung vun de souveränen Infrastrukturen an de Services de confiance, d'Formatioun, d'Unzéien a Banne vun Talenter, d'Innovatioun, a fërdert d'Zesummenaarbecht op nationalem an internationalem Niveau.

Gaia-X

Bei Gaia-X handelt et sech ëm eng europäesch Initiativ (AISBL), déi d'Zil huet, eng sécher, transparent an interoperabel Dateninfrastruktur ze schafen, wou d'Donnéeën an engem vertrauenswierdege Kader bereetgestallt an ausgetosch kënne ginn. Gaia-X konzentréiert sech op d'Festleeë vun de Spezifikatiounen, Standarden a Reegelen, déi d'Infrastrukturen an d'Servicer anhale mussen.

Dës Initiativ ass en zentrale Pilier vun den Efforte vu Lëtzebuerg, fir e Leader am Beräich vun den Donnéeën an den digitalen Technologien ze ginn.

De Wirtschaftsministère vertrëtt d'Regierung am Governmental Advisory Board vun der ASBL.

Supercomputer Meluxina

Den nationale Supercomputer Meluxina ass a senger Kategorie ee vun de performantsten an Europa. E berout op enger innovativer modulärer Architektur a gehéiert zu enger grousser Famill vu Supercomputeren, déi a ganz Europa innerhalb vum europäeschen EuroHPC-Netz matenee verbonne sinn.

En ass säit 2022 operationell an ass dofir konzipéiert, ganz grouss Datevolummen ze verschaffen a komplex Berechnungen extreem séier auszeféieren.

Seng Haaptmissioun besteet doran, de wirtschaftlechen Ekosystem a senger digitaler Transformatioun ze ënnerstëtzen, andeem en déi néideg Outilen bitt, fir dass all Acteure vu där héichperformanter Recheleeschtung profitéiere kënnen.

De Meluxina ass eng Äntwert op Optiméierungsbesoinen esouwuel am technologesche Beräich ewéi och am Beräich vun der Fuerschung (Optiméierung vu Kryptographiealgorithmen, Erstellung vun avancéierte Klimamodeller oder Entwécklung vun neie Materialien).

Strategie fir Kënschtlech Intelligenz

Déi national Strategie fir Kënschtlech Intelligenz gëtt an Zesummenaarbecht mam Staatsministère (Service fir Kommunikatioun a Medien), dem Ministère fir Digitaliséierung, dem Ministère fir Fuerschung an Héichschoul an dem Wirtschaftsministère ausgeschafft.

Zu dëser Strategie gehéiert och de Konzept vun den "AI Factories", déi de Wirtschaftsministère en place setze soll.

AI Factory

D'Zil vun der "AI Factory" ass et, den Ekosystem ronderëm d'Kënschtlech Intelligenz zesummenzeféieren. D'Haaptpiliere vun dëser Initiativ sinn d'Bereetstelle vun enger Infrastruktur fir héichperformant Recheleeschtung, vun engem Zougang zu Kompetenzen an Experten esouwéi zu grousse Volumme vun Daten a KI-Modeller.

Quantestrategie

Bei de Quantentechnologien handelt et sech ëm e jonke Secteur, dee weltwäit am Entstoen ass; e betrëfft esouwuel de Beräich vun der Fuerschung ewéi och dee vun der Wirtschaft an huet e grousst Verännerungspotenzial mat beträchtleche sozialen a wirtschaftlechen Auswierkungen.

Niewent der Initiativ fir de Quantecomputer MeluXina-Q ënner der Leedung vum Wirtschaftsministère ëmfaasst déi zukünfteg national Quantestrategie och d'Quantekommunikatioun an d'Post-Quante-Kryptographie. Hiert Zil ass d'Mise en place vu konkreten Aktiounen an Initiativen, fir e kohärenten nationale Quanten-Ekosystem ënner Abannung vum ëffentlechen, vum privaten a vum akadeemesche Secteur ze entwéckelen. Dësen Effort wäert dozou bäidroen, d'Kompetitivitéit vu Lëtzebuerg an dësem spëtzentechnologesche Beräich nohalteg ze stäerken.

Quantecomputer Meluxina-Q

De Quantecomputer, deen de Numm MeluXina-Q dréit, wäert vun 2026 u vu LuxProvide installéiert a geréiert ginn; dëst wäert zu Biissen am nationale Kompetenzzenter fir de Lëtzebuerger Supercomputer MeluXina geschéien. 

De MeluXina-Q stellt e weesentleche Fortschrëtt duer a stäerkt d'Positioun vu Lëtzebuerg als Leader vun den digitalen Technologië vun der neier Generatioun.

D'Zil vun dëser strateegescher Investitioun ass d'Entwécklung vun de Kompetenzen an Expertisen, déi néideg sinn, fir d'Land als zentralen Acteur am Zäitalter vun der Quantentechnologie ze positionéieren, woubäi dëst och direkt Uwendungen an essentiellen Domäner wéi der Cybersécherheet an dem Finanzsecteur erméigleche soll.

De Quantecomputer gëtt vun EuroHPC JU mat engem Budget aus dem Programm Digital Europe (DEP) a Bäiträg vu Lëtzebuerg kofinanzéiert.