PMEen, administrativ Vereinfachung, Handwierk a Commerce

D'PMEen (kleng a mëttel Betriber) spillen haut eng dreiwend Roll fir d'Wirtschaftswuesstum an d'Schafung vun Aarbechtsplazen.

De Lëtzebuerger Secteur vun de klengen a mëttele Betriber ëmfaasst ronn 40.000 Entreprisen aus de Beräicher Handwierk, Commerce an Horeca esouwéi verschidde fräi Beruffer. E beschäftegt am Moment nobäi 216.000 Mënschen, wat e bësse méi wéi 67% vun der Inlandsbeschäftegung entsprécht.

Am Laf vun de leschten zéng Joer hunn d'PMEen zu Lëtzebuerg méi wéi 50.000 nei Aarbechtsplaze geschaaft. D'PMEen iwwerhuelen donieft e weesentlechen Deel vun der Beruffsausbildung a leeschten en effikasse Bäitrag zur Stäerkung vun eisem ekonomeschen Tissu an zur Expansioun vum nationalen Aarbechtsmaart.

Ziler

D'Generaldirektioun PME, administrativ Vereinfachung, Handwierk a Commerce (Direction générale PME, simplification administrative, artisanat et commerce) vum Wirtschaftsministère ass de privilegiéierten Interlocuteur fir kleng a mëttel Betriber an intervenéiert a fënnef Haaptzoustännegkeetsberäicher. Dëst sinn:

  • d'Nidderloossungsrecht;
  • d'Geschäftspraktiken an d'Geschäftsentwécklung zum Beispill duerch den Handelskadaster an de Retail Report vum Nationalen Observatoire fir d'PMEen (Observatoire national des PME);
  • d'administrativ Vereinfachung fir d'Entreprisen;
  • d'Digitaliséierung vun de PMEen zum Beispill duerch d'Plattfom Letzshop;
  • d'nohalteg Entwécklung vun de PMEen.

Mëttelen

D'Generaldirektioun PME, administrativ Vereinfachung, Handwierk a Commerce ass bestrieft, hir Aarbechtsofleef bestänneg ze optiméieren an den Entreprisen en excellenten Service ze bidden. Eng wichteg Etapp heibäi ass d'ISO9001-Zertifizéierung fir hire Qualitéitsmanagementsystem.

Mam Haut Comité fir d'PMEen (Haut comité en faveur des PME) an dem Aktiounsplang fir d'PMEen huet si ausserdeem Instrumenter, déi et hir erlaben, am Sënn vun enger horizontaler Approche zu Gonschte vun de PMEen täteg ze sinn.

Bäihëllefe fir d'PMEen

De Wirtschaftsministère bitt eng ganz Rei Bäihëllefe fir Entreprisen un, déi sech u PMEe riichten. Heizou gehéieren:

Dir fannt sämtlech Bäihëllefe vum Wirtschaftsministère ënner der Rubrik "Servicer fir Entreprisen".

Um Site Klimapaktfirbetriber.lu fannt Dir donieft sämtlech Mesuren, déi ugebuede ginn, fir d'Entreprisë bei hiren Efforten am Beräich Dekarboniséierung an Energietransitioun ze begleeden.