Verwaltungen a Servicer

De Wirtschaftsministère huet 3 Verwaltungen ënner senger Tutelle:

  • ILNAS
  • STATEC
  • Kommissariat fir maritim Ugeleeënheeten (Commissariat aux affaires maritimes)

esouwéi 4 Servicer:

  • Nationale Mediatiounsdéngscht fir d’Consommatioun
  • SOLVIT
  • LuxPCN
  • Nationale Rot fir Produktivitéit (CNP, Conseil national de la productivité)

Verwaltungen

ILNAS

Den 2008 gegrënnte Lëtzebuerger Institut vun der Normalisatioun, der Accreditatioun, der Sécherheet an der Qualitéit vu Produiten a Servicer (ILNAS, Institut luxembourgeois de la normalisation, de l’accréditation, de la sécurité et qualité des produits et services) ass eng ëffentlech Verwaltung, déi dem Wirtschaftsministère ënnersteet.

Den ILNAS entsprécht engem Kompetenzreseau am Déngscht vun der Kompetitivitéit an dem Konsumenteschutz.

D'Missioune vum ILNAS ënnerdeele sech a 5 Haaptdomänen:

  • Normen a Norméierung (Lëtzebuerger Organisatioun fir Norméierung (Organisme luxembourgeois de normalisation))
  • Accreditatioun an Notifikatioun (Lëtzebuerger Office fir Accreditatioun an Opsiicht (Office luxembourgeois d’accréditation et de surveillance))
  • Vertrauensbildung am digitalen Ëmfeld & Cybersécherheet (Departement fir Vertrauensbildung am digitalen Ëmfeld (Département de la confiance numérique))
  • Maartiwwerwaachung (Departement fir Maartiwwerwaachung (Département de la surveillance du marché))
  • Metrologie (Lëtzebuerger Büro fir Metrologie (Bureau luxembourgeois de métrologie))

Weider Informatiounen op: ilnas.gouvernement.lu

STATEC

Beim STATEC handelt et sech ëm den Nationalen Institut fir Statistiken zu Lëtzebuerg.

Dës Verwaltung erstellt Statistiken, Etüden an Analysen an hëlleft de Stéit, den Entreprisen an der Politik, richteg Entscheedungen ze treffen.

De STATEC ënnersteet dem Wirtschaftsministère an ass wëssenschaftlech a professionell onofhängeg.

Weider Informatiounen op: statec.gouvernement.lu

Kommissariat fir maritim Ugeleeënheeten (CAM, Commissariat aux affaires maritimes)

Beim Kommissariat fir maritim Ugeleeënheeten handelt et sech um d'Verwaltung, déi fir den ëffentleche Lëtzebuerger Schëfffaartsregëster zoustänneg ass.

En agéiert als Déngschtleeschter an Opsiichtsautoritéit fir de maritimme Secteur an erfëllt seng Aufgaben am Aklang mam Acte maritime vun 1990.

Heizou gehéieren notamment d'Registréierung vu Schëffer am ëffentleche Lëtzebuerger Schëfffaartsregëster esouwéi den techneschen an administrative Suivi vun dëse Schëffer an d'Gestioun vun den Equipagen.

De Kommissariat fir maritim Ugeleeënheete geréiert ausserdeem de Fräizäitschëfffaartsregëster am Optrag vum Minister.

Weider Informatiounen op:  cam.gouvernement.lu

Servicer

Nationale Mediatiounsdéngscht fir d’Consommatioun (Service national du Médiateur de la consommation)

Beim Nationale Mediatiounsdéngscht fir d’Consommatioun handelt et sech ëm eng ergänzend qualifizéiert Entitéit (entité qualifiée résiduelle), déi fir d'aussergeriichtlech Bäileeë vu Sträitfäll am Beräich vun de Konsumenterechter zoustänneg ass.

En ass 2016 ënner der Verantwortung vum Wirtschaftsminister gegrënnt ginn. Fir d'Neutralitéit an d'Onparteieschkeet vum Mediateur fir d’Consommatioun ze garantéieren, ass de Service onofhängeg.

De Service bitt de Lëtzebuerger an europäesche Konsumenten esouwéi de Lëtzebuerger Entreprisen e Mediatiounsprozess un an, wann néideg, och e Conciliatiounsprozess, fir eng Léisung à l'amiable ze fannen.

Weider Informatiounen op: mediateurconsommation.lu

SOLVIT

Bei SOLVIT Lëtzebuerg handelt et sech ëm e gratis ëffentlechen Service fir d'Bierger an d'Entreprisen. Seng Missioun ass et, eng Léisung à l'amiable fir Problemer ze fannen, déi mat enger schlechter Uwendung vun der europäescher Legislatioun duerch d'ëffentlech Verwaltung vun engem aneren EU-Memberstaat zesummenhänken.

Zu Lëtzebuerg gehéiert den nationale SOLVIT-Zenter, deen Deel vun engem europäesche Reseau vu SOLVIT-Zenteren ass, zum Wirtschaftsministère.

Weider Informatiounen op: solvit.lu

LuxPCN

De LuxPCN ass den Nationalen OECD-Kontaktpunkt fir e responsabelt Verhale vun den Entreprisen zu Lëtzebuerg.

De LuxPCN huet d'Aufgab, multinational Entreprisë fir d'Iwwerhuele vun den OECD-Leitsätz fir a responsabelt Verhale vun den Entreprisen ze sensibiliséieren (OECD-Leitsätz (Principes directeurs de l'OCDE)) an zur Léisung vu Froe bäizedroen, déi sech aus der Ëmsetzung vun de Leitsätz am Kader vu Plainten erginn, déi beim PCN deposéiert goufen.

De LuxPCN ass beim Wirtschaftsministère baséiert, wou och d'Gestioun an d'Koordinatioun dovu stattfënnt.

Weider Informatiounen op: pcn.gouvernement.lu

Nationale Rot fir Produktivitéit (CNP, Conseil national de la productivité)

Den Nationale Rot fir Produktivitéit ass aus enger europäescher Initiativ ervirgaangen. Den Nationale Rot fir Produktivitéit, deen 2018 beim Wirtschaftsministère an d'Liewe geruff ginn ass, huet als Aufgab, d'Entwécklungen an d'Politicken am Beräich vun der Produktivitéit an der Kompetitivitéit ze analyséieren.

Fir vum Wëssen an der Erfarung ze profitéieren, déi et elo scho gëtt, stäipt sech den Nationale Rot fir Produktivitéit fir seng Missiounen op dräi besteeënd national Organisatiounen:

Den Nationale Rot fir Produktivitéit huet d'Aufgab, d'Evolutiounen am Beräich vun der Produktivitéit ze suivéieren an dobäi déi national Particularitéiten an d'Aspekter, déi mat der EU zesummenhänken, ze berücksichtegen.

E soll eng Diagnos an eng Analys vun der Produktivitéit zu Lëtzebuerg duerchféieren an sech dobäi op transparent a vergläichbar Indicateure baséieren. De Géigestand vun dëser Aarbecht ëmfaasst d'Produktivitéit am weide Sënn, wouzou och d'Käschten- an Net-Käschte-Facteuren, déi laangfristeg Determinante vun der Produktivitéit esouwéi déi ekonomesch, sozial an ekologesch Defien an Enjeue gehéieren, déi domat zesummenhänken.

Den Nationale Rot fir Produktivitéit schafft e järleche Rapport aus, dee fir Avis un de Wirtschafts- a Sozialrot weidergi gëtt. Dëse Rapport esouwéi den entspriechenden Avis gi verëffentlecht an der Europäescher Kommissioun matgedeelt.

Den Nationale Rot fir Produktivitéit huet eng funktional Autonomie, déi et him erlaabt, seng Aarbecht a Bezuch op d'Analysen an hiren Inhalt objektiv, neutral a vollkommen onofhängeg ze maachen.

Weider Informatiounen op: