Geeschtegt Eegentum

Allgemeng Aspekter

Rechter vum geeschtegen Eegentum si Rechter, déi Persounen op hire geeschtege Kreatiounen accordéiert kréien. Duerch dës Rechter kritt de Createur oder den Erfinder am Allgemengen en exklusiivt Recht iwwer d'Notze vu senger Kreatioun oder Erfindung wärend engem bestëmmten Zäitraum.

Déi éischt Funktioun vu Rechter vum geeschtegen Eegentum besteet am Schutz an an der Stimuléierung vun der Entwécklung an Distributioun vun neie Produiten esouwéi vum Erbrénge vun neien Déngschtleeschtungen, déi op der Kreatioun an der Exploitatioun vun Erfindungen, Marken, Musteren oder Modeller, vu kreative Contenuen oder vun aneren immaterielle Verméigenswäerter berouen.

D'Exploitatioun vu Rechter vum geeschtegen Eegentum ass eng vun den Haaptmethoden, mat deenen Entreprisen, Createuren an Erfinder e Rendement op hiren Investitiounen a Wëssen, Innovatioun a Kreatioun generéieren.

Duerch Rechter vum geeschtegen Eegentum kréien hir Titulairen nämlech en exklusiivt Recht, dat sech an engem gesetzleche Monopol op hirer Erfindung an hirer Kreatioun äussert, dat heescht der Méiglechkeet, wärend engem bestëmmten a begrenzten Zäitraum ze decidéieren, wéi hir Erfindungen a Kreatioune musse respektiv däerfe genotzt, reproduzéiert a kommerzialiséiert ginn.

Ier een eng Strategie am Zesummenhang mat de Rechter vum geeschtegen Eegentum envisagéiert, ass et ganz wichteg, dass een dat jeeweils ënnerschiddlecht Wiese vun all Aart vu Recht vum geeschtegen Eegentum versteet a berücksichtegt. All Aart vu Recht vum geeschtegen Eegentum ënnerläit engem spezifesche juristesche Kader, deen op engem jeeweils ënnerschiddlechen Zil an enger spezifescher Logik berout.

Fir seng immateriell Verméigenswäerter ze valoriséieren, brauch een dofir eng adaptéiert Strategie an Approche.

D'Rechter vum geeschtegen Eegentum kënnen an zwou Haaptbranchen ënnerdeelt ginn:

  • d'Propriété industrielle, zu där Patenter, Musteren oder Modeller a Marke gehéieren;
  • d'Droit-d’auteuren an d'Droit-voisinen, duerch déi literaresch a kënschtleresch Wierker geschützt ginn.

De wichtegsten Ënnerscheed tëschent deenen zwee Haaptberäicher vum geeschtegen Eegentum ass, dass d'Rechter vun der Propriété industrielle bei engem nationalen, regionalen, europäeschen oder internationalen Amt agedroe gi mussen, fir geschützt ze sinn, wärend bei den Droit-d’auteuren an den Droit-voisinen keng Formalitéiten erfuerdert sinn, virausgesat, d'Krittäre vun der Originalitéit an der Materialitéit sinn erfëllt.

All Rechter vum geeschtegen Eegentum sinn territorial Rechter. Dat heescht, dass all Land seng eege Legislatioun a säin eegenen Encadrement an dësem Beräich huet.

Wirtschaftlech Aspekter

D'geeschtegt Eegentum ass e Mëttel, dat d'wirtschaftlech Entwécklung vun den Entreprisen, de Createuren an den Erfinder begënschtegt, andeems et hir Wettbewerbsfäegkeet um nationalen, regionalen, europäeschen an internationalen Niveau stäerkt.

Dëst sinn déi véier wichtegst Avantagë fir Entreprisen, Createuren an Erfinder, déi op geeschtegt Eegentum zeréckgräifen:

  • Innovatioun a Kreativitéit stimuléieren: d'Rechter vum geeschtegen Eegentum fërdere Fuerschung, Entwécklung a Kreativitéit, andeems se den Entreprisen, den Erfinder an de Createuren e gesetzleche Monopol accordéieren, duerch dee se aus hiren Investissementer Profit zéie kënnen;
  • Kreatiounen an Erfindunge méi valoriséieren: d'geeschtegt Eegentum erlaabt et, Kreatiounen an Erfindunge bei Vertrags- a Geschäftspartneren ze valoriséieren an eng Notorietéit um Maart a bei den Notzer ze begrënnen;
  • Kredibilitéit stäerken: d'Acquisitioun vu Rechter vum geeschtegen Eegentum féiert zu méi Kredibilitéit bei den Investisseuren, Finanzpartner an Notzer;
  • Expansiounsméiglechkeete fërderen: duerch en nationalen, regionalen, europäeschen oder internationale Schutz kënne sech fir d'Entreprisen an d'Titulairë vu Rechter nei Geschäftsméiglechkeeten erginn.

Den Office fir d'geeschtegt Eegentum

Am Kader vun der Regierungspolitik fir eng multisektoriell Diversifizéierung ginn d'Entreprisen an déi concernéiert Acteuren encouragéiert, d'Aspekter am Zesummenhang mam geeschtegen Eegentum an hir Strategien am Beräich Fuerschung an Entwécklung mat anzebezéien.  

Den Office fir d'geeschtegt Eegentum (OPI, Office de la propriété intellectuelle) ass zoustänneg fir d'Festleeën an d'Mise en place vun der allgemenger Politik, vun den administrativen, legislativen a regulatoresche Voleten am Beräich vum geeschtegen Eegentum (Patenter, Marken, Musteren oder Modeller, Droit-d’auteuren an Droit-voisinen), wärend de Lëtzebuerger Institut fir geeschtegt Eegentum (IPIL-GIE, Institut de la Propriété Intellectuelle Luxembourg), dee Servicer am Beräich Support a Begleedung ubitt, den éischte Kontaktpunkt fir d'Entreprisen an d'Acteuren aus dem Fuerschungsberäich ass.

Missioune vum Office fir d'geeschtegt Eegentum:

  • Koordinéiere vun der nationaler Politik mat den nationalen ëffentlechen a privaten Acteuren;
  • Légiferéieren am Beräich vum geeschtegen Eegentum (Patenter, Marken, Musteren oder Modeller, Droit-d’auteuren an Droit-voisinen);
  • Liwwere vun Informatiounen am Zesummenhang mat juristeschen a praktesche Froen (Patenter, Marken, Musteren oder Modeller, Droit-d’auteuren an Droit-voisinen);
  • Sécherstelle vun der administrativer a comptabilitéitsméisseger Gestioun vun de Patenter an den ergänzende Schutzcertificaten (iwwer d'Benelux Patent Platform (BPP));
  • Vertriedung vu Lëtzebuerg an den europäeschen an internationalen Organisatiounen an Expertscomitéen; 
  • Weiderféiere vun de Sensibiliséierungsaktivitéiten (dës Aktivitéite ginn am Allgemengen an Zesummenaarbecht mam Lëtzebuerger Institut fir geeschtegt Eegentum organiséiert);
  • Opsiicht iwwer d'Verwäertungsgesellschaften.