Aktualiséiert den
Tourismus
D'Bedeitung vum Tourismus
Déi verschidde Facteuren, déi den Tourismus beaflossen, hunn am Laf vun de leschte Joerzéngten evoluéiert a sech weiderentwéckelt.
Gesellschaftlech gesinn, ass d'Reese fir de Consommateur eng Prioritéit ginn: Reese gëllt net méi als Luxusproduit, mee entsprécht engem reegelrechte Besoin. Laut der Deutsche Reiseanalyse [1] steet d'Reesen esou no de Liewensmëttelen un zweeter Plaz vun de Konsumprioritéiten. A laut Oxford Economics huet d'Part vum Budget, deen d'Stéit fir Reesen ausginn, 2023 10% vum Gesamtbudget vun de Stéit an Europa erreecht.
Gläichzäiteg hëlt déi weltwäit wirtschaftlech Bedeitung vum Tourismus bestänneg zou. UN Tourism schätzt déi weltwäit Zuel vun internationalen Arrivéeë fir 2023 op 1,3 Milliarden an de Bäitrag vum internationalen Tourismus zum weltwäite Bruttoinlandsprodukt op 3%. Am Grand-Duché hänken 0,8% vum Bruttoinlandsprodukt a méi wéi 40.000 Aarbechtsplazen direkt vum Tourismus of.
De wirtschaftleche Wäert vum Secteur dréckt sech allerdéngs net nëmmen an Zuelen aus: Business Eventer (Kongresser, Konferenzen, Geschäftsevenementer) sinn nämlech och en Instrument fir d'wirtschaftlech Promotioun vum Land. Dës Evenementer sinn Networking-Plattformen, déi Fuerscher, Experten, Politiker, Investisseuren an Talenter unzéien an esou en Ekosystem bilden, deen Innovatioun an Investissementer fërdert.
Doriwwer eraus ass den Impakt vum Tourismus a vun der Promotioun vum Tourismus op de Markenimage vum Grand-Duché beträchtlech an d'Zefriddenheet vun de Visiteuren ass exzellent: Laut Enquêten, déi Luxembourg for Tourism (LFT GIE) bei Leit, déi reesen, duerchgefouert huet, recommandéiere 96% de Grand-Duché als Destinatioun, woubäi 91% der Meenung sinn, dass d'Destinatioun "Lëtzebuerg" hir Erwaardungen iwwertraff huet. Den Image vum Grand-Duché, deen duerch den Tourismus weltwäit vermëttelt gëtt, ass gutt an an der Moyenne ganz positiv konnotéiert.
D'Generaldirektioun fir Tourismus
D'Generaldirektioun fir Tourismus (Direction générale du tourisme) vum Wirtschaftsministère ënnerstëtzt d'Entwécklung vun der Tourismusinfrastruktur an ass fir d'Gestioun vun de staatleche Bäihëllefe fir Investisseuren an Acteuren aus dem Tourismusberäich zoustänneg.
Der Generaldirektioun hir Aufgab ass et, d'Strategie fir d'Entwécklung vu Lëtzebuerg als Destinatioun fir de Fräizäittourismus a fir Business-Eventer festzeleeën.
Tourismusstrategie Lëtzebuerg
Déi laangfristeg Visioun fir den Tourismus zu Lëtzebuerg léisst sech follgendermoossen zesummefaassen:
Mënschen, Regiounen an Ekonomie: de wäertorientéierten Tourismus als aktiven Dreiwer fir méi Liewens- an Openthaltsqualitéit.
Dës Visioun mécht däitlech, dass den Tourismus kee Selbstzweck ass, mee dass en eng aktiv Roll fir d'Mënschen, d'Regiounen an d'Wirtschaft ze spillen huet.
Lëtzebuerg huet e kloren Engagement fir den Tourismus geholl, e Wirtschaftssecteur, deen net duerch Zoufall entstanen ass, mee deen unerkannt, appreciéiert a promovéiert gëtt. D'Land setzt dobäi bewosst op en Tourismus, deen den Accent op Qualitéit a Wäertschöpfung leet. Den Tourismus zu Lëtzebuerg stäerkt d'Regioune mat hiren Atouten a Specificitéiten esouwéi och déi regional a lokal Wirtschaftskreesleef. All Investitioun an den Tourismus ass och eng Investitioun an d'Liewensqualitéit vun de Residenten. Donieft bitt d'Tourismusdestinatioun no an no eng ëmmer besser Zougänglechkeet fir all Mënschen a fërdert kloer eng nohalteg Entwécklung op sozialem, wirtschaftlechem, kulturellem an ekologeschem Plang.
Bäihëllefen
D'Generaldirektioun fir Tourismus ënnerstëtzt déi Professionell aus dem Tourismussecteur, d'ASBLen an d'Gemengen duerch verschidde Bäihëllefen, déi Dir op Luxembourgtravel.lu fannt.
D'Rubrik "Servicer fir Entreprisen" bitt en Iwwerbléck iwwer sämtlech Bäihëllefen, déi de Ministère Entreprisen accordéiert.
[1] Representativ Enquête vun der Forschungsgemeinschaft Urlaub und Reisen e.V.