Europapolitik

De gréissten Deel vun der Legislatioun huet säin Ursprong haut um Niveau vun der Europäescher Unioun.

D'Generaldirektioun Europapolitik a geeschtegt Eegentum (Direction Générale (DG) Politique européenne et propriété intellectuelle) vum Wirtschaftsministère gëtt dem europäesche Volet bei der Aarbecht vun de Servicer, déi dem Wirtschaftsminister ënnerstinn, méi Gewiicht.

Dës Generaldirektioun ass zoustänneg fir d'Koordinatioun vun der Europapolitik am Ministère a fir d'Relatioune mat den europäeschen Institutiounen, inklusiv iwwer d'Beamten, déi bei d'Représentation Permanente bei der EU (RPUE, Représentation Permanente auprès de l’UE) zu Bréissel detachéiert gi sinn.

Se suergt fir de Suivi vun der Bannemaart- a Konkurrenzpolitik op europäeschem a nationalem Plang.

Ënner d'Zoustännegkeet vun der Generaldirektioun fält och d'Ëmsetzung vun der Europäescher Regionalpolitik duerch d'Gestioun vu Projeten, déi iwwer d'Strukturfongen (FEDER) finanzéiert ginn.

Zu hir gehéiert ausserdeem den Office fir d'geeschtegt Eegentum (OPI, Office de la Propriété Intellectuelle), deen zoustänneg ass fir d'Entwécklung vun der Strategie a vun der nationaler Politik am Beräich vum geeschtegen Eegentum.

Bannemaart a Konkurrenzpolitik

D'Generaldirektioun Europapolitik a geeschtegt Eegentum këmmert sech ëm d'Politicken an de rechtleche Kader am Zesummenhang mam Bannemaart an der Konkurrenz, inklusiv d'Aushandelen an d'Ëmsetzung vun europäeschen Direktiven a Reglementer:

  • Suivi, op europäeschem a nationalem Niveau, vun der Bannemaartpolitik, notamment a Bezuch op de fräie Verkéier vu Servicer a Wueren; 
  • Europäesch an national Legislatioun am Beräich vum Konkurrenzrecht;
  • Iwwerwaachung vun der Gesetzeskonformitéit op nationalem Niveau, fir d'Konformitéit vum Lëtzebuerger Recht mat de Reegele vum Bannemaart sécherzestellen.

Matdeelungen am Zesummenhang mat Nidderloossungen an dem grenziwwerschreidenden Déngschtleeschtungsverkéier

D'Direktiv 2006/123 iwwer d'Déngschtleeschtungen am Bannemaart (" Déngschtleeschtungsdirektiv "), déi duerch d'geännert Gesetz vum 24. Mee 2011 iwwer d'Déngschtleeschtungen am Bannemaart an nationaalt Recht ëmgesat gouf, huet als Zil, Obstaclë beim Erbrénge vun Déngschtleeschtungen am Bannemaart ze suppriméieren.

D'Direktiv profitéiert Prestatairë vun Déngschtleeschtungen, déi sech permanent nidderloosse wëllen oder hir Déngschtleeschtunge fir eng begrenzten Zäit an engem aneren EU-Memberstaat erbrénge wëllen.

Fir d'Konformitéit vun den nationale Mesurë sécherzestellen a ze verhënneren, dass ongerechtfertegt Obstaclë geschaf ginn, obligéiert d'Direktiv d'Memberstaaten, all national Mesure, déi an hiren Uwendungsberäich fält, matzedeelen. 

Zu Lëtzebuerg ass d'Generaldirektioun Europapolitik a geeschtegt Eegentum vum Wirtschaftsministère dofir zoustänneg, der Europäescher Kommissioun all national Mesure matzedeelen, déi Auswierkungen op d'Nidderloossungsfräiheet oder de fräien Déngschtleeschtungsverkéier huet. D'Kommissioun préift d'Kompatibilitéit vun dëser neier Bestëmmung mam europäesche Recht an adoptéiert gegeebenefalls eng Decisioun, fir de betraffene Memberstaat ze froen, dass en se net adoptéiert oder se suppriméiert.

Nationale Kontaktpunkt fir reglementéiert Beruffer

D'fräi Zirkulatioun vun den Aarbechtskräften, d'Nidderloossungsfräiheet an de fräien Déngschtleeschtungsverkéier däerfen net behënnert ginn duerch d'Aart a Weis, wéi d'Memberstaaten decidéieren, d'Ausübung vu bestëmmte Beruffer ze reglementéieren.

D'Restriktiounen, déi e Memberstaat fir den Zougang zu oder d'Ausübung vun engem Beruff aféiert, däerfen net diskriminatoresch sinn, se mussen duerch en Zil motivéiert sinn, dat am allgemengen Interessi läit, a se musse verhältnisméisseg sinn.

Heifir gesäit d'"Gesetz iwwer d'Verhältnesméissegkeetskontroll" (Gesetz vum 2. November 2021 iwwer eng Verhältnesméissegkeetskontroll virun der Adoptioun vun enger neier Reglementatioun vu Beruffer) vir, dass d'Regulateure bei all neier Reglementatioun virun der Adoptioun d'Verhältnesméissegkeet préiwen, an zwar onofhängeg dovun, ob et sech ëm eng legislativ, eng regulatoresch oder eng administrativ Reglementatioun handelt. Dës Kontroll betrëfft och all Ännerung vun der besteeënder Legislatioun.

D'Iwwerpréiwung fënnt am Kader vun enger objektiver an onofhängeger Kontroll statt. Duerchgefouert gëtt dës Kontroll:

  • vum Staatsrot bei all Projeten a Propositioune fir Gesetzer a Règlement-grand-ducallen,
  • vun enger Onofhängeger Kommissioun , déi sech aus Membere vum Wirtschaftsministère a vum Héichschoulministère esouwéi aus externen Experten zesummesetzt, bei dringende Règlement-grand-ducallen a bei Verwaltungsakten (ministeriell Reglementer),
  • vum Nationale Kontaktpunkt (PCN, Point de contact national) bei Reegelen, déi vun engem Etablissement public oder enger Beruffsorganisatioun kommen.

Kontakt: Nationale Kontaktpunkt (PCN, Point de contact national), Wirtschaftsministère, Generaldirektioun Europapolitik a geeschtegt Eegentum: proportionnalite@eco.etat.lu

SOLVIT

De SOLVIT-Zenter, dee bei der Generaldirektioun Europapolitik a geeschtegt Eegentum ugesidelt ass, hëlleft Bierger an Entreprisen, déi mat engem grenziwwerschreidende Problem konfrontéiert sinn, deen duerch eng potenziell Verletzung vum EU-Recht duerch eng ëffentlech Autoritéit entstanen ass.

Kontaktéiert SOLVIT, wann Dir Schwieregkeete bei der Ëmsetzung vum EU-Recht à l'amiable léise wëllt.

FEDER

D'Generaldirektioun Europapolitik a geeschtegt Eegentum stellt ausserdeem d'Ëmsetzung vun der europäescher Kohäsiounspolitik (FEDER) zu Lëtzebuerg sécher.

D'operationell Programmer fir d'Zäitraim 2014-2020 an 2021-2027, déi vun der Europäescher Kommissioun approuvéiert goufen, falen ënner d'Zil "Investitioune fir Wuesstum a Beschäftegung", mat Gesamtbudgete vun ronn 48,2 Milliounen Euro respektiv 49,2 Milliounen Euro.

Déi zwee Programmer hunn 2 Ziler:

  • Ënnerstëtze vun der Transitioun hin zu enger Ekonomie mat niddregen CO2-Emissiounen an alle Secteuren duerch:
    • Investitiounen an Anlagen, déi erneierbar Energië valoriséieren;
    • d'Verbesserung vun der Energieeffizienz, notamment vun den (ëffentlechen a private Gebaier), an eng rationell Energienotzung;
    • d'Promotioun vun enger nohalteger urbaner Mobilitéit.
  • Verbesserung a Stäerkung vum Wuesstum a vun der Beschäftegung duerch d'Stimuléierung vu wëssens-, innovatiouns- a fuerschungsbaséierten Aktivitéiten esouwéi d'technologesch Entwécklung.