Industrie

D'Cellule "Industriell Entwécklung" (cellule "Développement industriel") vun der Generaldirektioun Industrie, nei Technologien a Fuerschung (Direction générale Industrie, nouvelles technologies et recherche) vum Wirtschaftsministère huet als Haaptzil, industriell Entreprisë bei hirer digitaler Transformatioun, bei der Dekarboniséierung an a Bezuch op de Kreeslafprinzip ze stimuléieren an ze begleeden, fir d'Kompetitivitéit ze erhalen an d'Produktivitéit vun den Entreprisen aus dem Lëtzebuerger Veraarbechtungssecteur ze steigeren, an nei Acteuren um Territoire ze begleeden.

Strategie

D'Regierung ass amgaang, eng Strategie "Industrie du futur" ("Industrie vun der Zukunft") auszeschaffen, déi op enger nohalteger an digitaler Transitioun baséiert a sécherstelle soll, dass déi Lëtzebuerger Veraarbechtungsindustrie um internationale Plang an héijem Mooss kompetitiv bleift.

D'Visioun ass et, d'CO2 -Emissioune vun der Lëtzebuerger Veraarbechtungsindustrie bis 2035 ze reduzéieren an esou zum Erreeche vum nationalen Zil vun der Netto-Null-Emissioun bäizedroen.

D'Zil vun der Strategie ass eng ëmmer méi automatiséiert datebaséiert Fabrikatioun am Grand-Duché, woubäi et ëm qualitativ héichwäerteg Produite geet, déi ëmmer méi héijen Uspréch gerecht ginn.

D'Regierung huet ee fir dës Digitaliséierung gënschtegen Ekosystem geschaf: d'Sovereign Cloud, de Supercomputer Meluxina, de Quantecomputer Meluxina-Q, de Luxembourg National Data Service, Gaia-X, d'KI-Strategie, d'Open-Data-Strategie …

Héije Comité fir d'Industrie (HCI, Haut Comité pour l’Industrie)

De Wirtschaftsministère moderéiert a koordinéiert d'Aarbechte vum Héije Comité fir d'Ënnerstëtzung, d'Entwécklung an d'Promotioun vun der Industrie zu Lëtzebuerg (HCI, Haut comité pour le soutien, le développement et la promotion de l’Industrie au Luxembourg) mam Zil, d'Geschäftsëmfeld vun de Veraarbechtungsentreprisen ze verbesseren.

Den HCI ass 2013 gegrënnt ginn als Orientéierungs- a Koordinéierungsinstrument bei Entscheedungen a Moossname vun der Regierung, déi en Afloss op den Industriesecteur zu Lëtzebuerg hunn. En erlaabt en Austausch tëschent de Vertrieder vun der Lëtzebuerger Industrie an de concernéierte Ministèren. E kënnt am Prinzip ee- bis zweemol d'Joer zesummen.

En huet als Zil, de besteeënden industriellen Acquis an Tissu ze erhalen an zum Schafe vun engem fir d'Implantatioun vun neien industriellen Aktivitéite gënschtegen Ëmfeld bäizedroen, andeem en déi concernéiert ëffentlech Acteuren an d'Vertrieder vun der Lëtzebuerger Industrie zesummebréngt.

Bäihëllefen

Et gëtt zu Lëtzebuerg eng Rei vu finanziellen Hëllefe fir Industriebetriber, an zwar besonnesch am Beräich vun der Fuerschung an Innovatioun an am Domän vum Ëmweltschutz an der rationeller Energienotzung.

Dir fannt sämtlech Bäihëllefe vum Wirtschaftsministère an der Rubrik "Servicer fir Entreprisen" oder um Site Klimapaktfirbetriber.lu, dee sämtlech verfügbar Mesuren enthält, fir d'Entreprisë bei hiren Efforten am Beräich Dekarboniséierung an Energietransitioun ze begleeden.

Donieft huet de Wirtschaftsministère an enker Zesummenaarbecht mam Finanzministère  eng Steierbonifikatioun fir Investitiounen an e Projet am Beräich vun der digitaler Transformatioun agefouert an eng Steierbonifikatioun fir Investitiounen an e Projet am Beräich vun der ekologescher an energeetescher Transitioun.

Schlussendlech ass och den Digital Innovation Hub fir d'Industrie 4.0 ze nennen, dee vum Wirtschaftsministère initiéiert gouf a vu Luxinnovation geréiert gëtt. Dësen Hub proposéiert verschidde Servicer fir d'Industrien, fir zur digitaler Transformatioun vun der Lëtzebuerger Industrie bäizedroen: Vernetzung, Formatioun, Berodung, Begleedung bei der Sich no Investitiounen asw.