Sozial Responsabilitéit vun den Entreprisen

D'sozial Responsabilitéit vun den Entreprisen (RSE, responsabilité sociétale des entreprises) gehéiert zu den Attributioune vum Wirtschaftsministère. De Ministère positionéiert sech esou als Promoteur vun Nohaltegkeet a senge Relatioune mat den Entreprisen. Gläichzäiteg gouf eng wichteg Aarbecht am Wirtschaftsministère geleescht, dee säit 2015 selwer den RSE-Label vum INDR huet.

Am Beräich vun der sozialer Responsabilitéit vun den Entreprisen ass de Wirtschaftsministère deemno op e puer Niveauen aktiv. Hei ass en Iwwerbléck iwwer seng haaptsächlech Aktivitéiten, fir d'Ëmsetzung vun der RSE bei den Entreprisen ze fërderen an ze stimuléieren:

De legislativen Niveau

Um legislativen Niveau huet de Wirtschaftsministère follgend Aufgaben:

Strategien, Roadmappen a Guiden

De Ministère huet eng Rei vu Strategien, Roadmappen a Guiden am Zesummenhang mat der sozialer Responsabilitéit vun den Entreprisen ausgeschafft. Heizou gehéieren:

Projeten

De Ministère begleet eng Rei vu Projeten. Heizou gehéieren:

  • d'Product Circularity Data Sheet Initiative (PCDS), duerch déi jiddereen detailléiert Informatiounen iwwer de Kreeslafcharakter vu Materialien a Produite kréie kann,
  • Pilotprojeten am Beräich vum nohaltege Bauen (zum Beispill de Lëtzebuerger Pavillon op der Weltausstellung zu Osaka 2025), de Schoulcampus zu Wolz, de Parking an den Incubateur um Automobility Campus zu Biissen...),
  • eng Politik fir d'Densificatioun an d'Energieoptiméierung vun de Zone-d’activité-économiquen,
  • Initiativen am Beräich vun der Dekonstruktioun vun de Gebaier an der Reutilisatioun vu Bauressourcen,
  • d'"Green Business Events"-Zertifizéierung,
  • deSolarkadaster zu Lëtzebuerg,
  • d'Schafe vun enger ëffentlecher "Chargy/SuperChargy"-Luedstatiouneninfrastruktur.

Cf. och eis Rubrik "Cleantech".

Groupement-d'intérêt-économiquen

De Wirtschaftsministère ass Grënnungsmember vun enger Rei vu Groupement-d'intérêt-économiquen, déi mat der sozialer Responsabilitéit vun den Entreprisen zesummenhänken. Heizou gehéieren:

  • Neobuild GIE, en technologeschen Innovatiounszentrum aus dem Secteur vum nohaltege Bauen
  • Terra Matters GIE, deen d'Entreprisë bei hirer grénger Transitioun duerch eng innovativ vum PCDS inspiréiert Traçabilitéitsléisung begleet
  • d'Klima-Agence, eng national Struktur fir d'Promotioun vun enger nohalteger Energietransitioun

Nationale Kontaktpunkt fir e responsabelt Verhale vun den Entreprisen (PCNLux)

De Wirtschaftsministère stellt de Fonctionnement vum Nationale Kontaktpunkt fir e responsabelt Verhale vun den Entreprisen (PCNLux, Point de Contact National pour la conduite responsable des entreprises) sécher; dësen ass zoustänneg fir d'Ëmsetzung vun den OECD-Leitsätz (Principes directeurs de l'OCDE) fir multinational Entreprisen a Bezuch op a responsabelt Verhale vun den Entreprisen (Leitsätz) an organiséiert reegelméisseg Evenementer wéi Seminairen, Konferenzen an Atelieren, déi d'Entreprisë fir e responsabelt Handele sensibiliséiere sollen.

Bäihëllefen

De Wirtschaftsministère huet eng Rei vu Bäihëllefen am Zesummenhang mat der sozialer Responsabilitéit vun den Entreprisen ausgeschafft. Heizou gehéieren:

  • de "Pakt Pro-Artisanat 2023", deen notamment als Zil huet, d'PMEen ze encouragéieren, sech ze engagéieren, den Accent bei hirer Entwécklung méi op d'Nohaltegkeet ze leeën
  • den SME-Package "RSE Starter kit"
  • de "Klimapakt fir Betriber", fir d'Dekarboniséierung an d'Energietransitioun vun den Entreprisen ze ënnerstëtzen
  • d'Klimabonus-Bäihëllefen, Bäihëllefe fir Bioenergie asw.
  • Bäihëllefen, fir d'Schafe vu Luedinfrastrukture fir elektresch Gefierer an den Entreprisen ze stimuléieren
  • Bäihëllefe, fir d'Installatioun vu Fotovoltaikpanneauen an den Entreprisen ze stimuléieren
  • e Projetsopruff fir d'Schafe vun Espacë fir d'Deele vun Ekipementer, fir "Sharing economy"-Kreeslaf-Geschäftsmodeller ze entwéckelen
  • e Projetsopruff fir d'Mise en place vun enger Waasserstoff-Wäertschöpfungsketten

Dir fannt sämtlech Bäihëllefe vum Ministère an der Rubrik "Servicer".

De Wirtschaftsministère bitt ausserdeem Strukture fir den Accueil vun Entreprisen aus dem Secteur vun den Ëmwelttechnologien un (zum Beispill: de Parc Luxite op der Kockelscheier, den Incubateur fir Entreprisen um "Automobility Campus" zu Biissen…).

Donieft ënnerstëtzt e Schlësselacteuren aus dem RSE-Beräich, wéi den INDR, den IMS oder d'House of Sustainability.

Weider Informatiounen

Et handelt sech hei just ëm eng Auswiel vu Projeten an Initiative vum Ministère am Beräich vun der sozialer Responsabilitéit vun den Entreprisen Méi detailléiert Informatiounen iwwer sämtlech Mesurë fannt Dir am Aktivitéitsrapport vum Wirtschaftsministère.