Missiounen

De Wirtschaftsministère ass fir follgend Beräicher zoustänneg:

Allgemeng Wirtschaftspolitik, Kompetitivitéit, Wuesstum a Bannemaart

De Wirtschaftsministère féiert mëttel- a laangfristeg statistesch a prospektiv Analysen duerch a suergt fir d'Koordinatioun mat Institutioune wéi der OECD, der EU an dem STATEC. E schafft och mat der Handwierkschamber (Chambre des Métiers), der Handelskummer (Chambre de Commerce) an der Nationaler Kredit- an Investitiounsgesellschaft (Société Nationale de Crédit et d’Investissement) zesummen, fir d'Produktivitéit an d'national Kompetitivitéit ze stäerken.

Allgemeng Politik fir d'Entreprisen, inklusiv déi kleng a mëttel Betriber

Mat méi wéi 36.000 Entreprisen a méi wéi 210.000 Beschäftegte sinn déi kleng a mëttel Betriber (PMEen) zu Lëtzebuerg en essenzielle Wuesstums- a Beschäftegungsmotor. De Wirtschaftsministère versteet sech als privilegiéierten Interlocuteur fir d'PMEen.  E setzt sech dofir an, en transparent an equitabelt wirtschaftlecht Ëmfeld sécherzestellen, andeem en a wichtegen Domäner wéi dem Droit d'établissement, den Hëllefe fir Entreprisen an der Promotioun vun enger PME-frëndlecher Politik intervenéiert. Heibäi läit den Accent besonnesch op der administrativer Vereinfachung duerch de Prinzip Think Small First an d'Aféierung vum Once only-Prinzip.

Ënner d'Zoustännegkeet vum Wirtschaftsministère fält och d'Koordinatioun vun der Politik fir d'Unzéien, d'Bannen an d'Entwécklung vun Talenter.

E suergt fir d'Promotioun vun der Sozialer Responsabilitéit an den Entreprisen an  ass  den Nationalen OECD-Kontaktpunkt fir e responsabelt Verhale vun den Entreprisen zu Lëtzebuerg.

Donieft iwwerhëlt en och d'Koordinatioun vum Konjunkturcomité, dee gemeinsam mam Aarbechtsministère geréiert gëtt.

Energiepolitik

De Wirtschaftsministère dirigéiert déi national Energiepolitik, inklusiv d'Versuergungssécherheet, d'Promotioun vun den erneierbaren Energien, d'Energieeffizienz an d'Elektromobilitéit.

En ënnerstëtzt d'Transitioun hin zu enger nohalteger Kreeslafwirtschaft, e geréiert d'Hëllefen am Energieberäich an en entwéckelt intelligent Infrastrukturen, déi d'Ressourcë schounen.

E féiert och Aktiounen am Beräich Sensibiliséierung, Formatioun a Berodung duerch, fir esou d'Energieeffizienz an d'erneierbar Energië bei de Privatleit, den Entreprisen an de Gemengen ze promovéieren.

Allgemeng Tourismuspolitik

De Wirtschaftsministère elaboréiert a koordinéiert déi allgemeng Tourismuspolitik am Beräich vum Fräizäittourismus a vun de Business-Eventer. E suergt fir d'Tourismus-Promotioun op nationalem an internationalem Niveau, ënnerstëtzt d'Digitaliséierung vum Secteur, entwéckelt Infrastrukture fir den Aktivtourismus (Weeër, Vëlospisten, Mountainbike) an accordéiert staatlech Bäihëllefen am Tourismusberäich. E geréiert och d'Klassifikatioun vun den touristeschen Hebergementer an d'Aféiere vu Labelen a Logoen.

Wirtschaftlech Entwécklung an Diversifizéierung

De Wirtschaftsministère dirigéiert d'Politik am Beräich vun der wirtschaftlecher Entwécklung an Diversifizéierung duerch d'Ënnerstëtzung vu strateegesche Secteure wéi dem Cleantech-Beräich, der Logistik, dem Weltraumsecteur, de Gesondheetstechnologien, der Automobilitéit an den ICT. E fërdert den Ekosystem vun de Start-uppen, geréiert d'HPC-Infrastrukturen a koordinéiert d'Bäihëllefe vum Staat fir Investitiounen, Innovatioun an Nohaltegkeet. E plangt a geréiert d'Zone-d'activité-économiquen an Zesummenaarbecht mam Ministère fir Wunnengsbau a setzt sech a fir déi regional wirtschaftlech Entwécklung, notamment iwwer de FEDER.

Entwécklung vun neie Marchéen, Qualitéit a Reglementéierung

De Wirtschaftsministère iwwerwaacht d'Entwécklung vun neie Marchéen, d'Qualitéit an d'Reglementéierung. E koordinéiert d'Politik am Beräich vum EU-Bannemaart, geréiert SOLVIT an encadréiert Domäner wéi den E-Commerce, d'Cybersécherheet (iwwer Incert, CIRCL an d'Luxembourg House of Cybersecurity) esouwéi d'Accreditatioun an d'Norméierung (iwwer den ILNAS an den OLAS). E suergt fir d'Sécherstelle vu Konkurrenz, fir d'Vertrauensbildung am digitalen Ëmfeld a fir d'Maartiwwerwaachung bei Net-Liewesmëttel an ënnerstëtzt gläichzäiteg d'Mediatioun fir d'Consommateuren.

Innovatiounspolitik an digital Transformatioun vun den Entreprisen

De Wirtschaftsministère spillt, an Zesummenaarbecht mat enger Rei anere Ministèren, eng zentral Roll bei der Elaboratioun an der Koordinatioun vun den nationale Politicken am Beräich vun der Kënschtlecher Intelligenz, der Quantentechnik an der digitaler Wirtschaft. En iwwerwaacht déi privat Fuerschung an Innovatioun, den Technologietransfert, d'Ënnerstëtzung fir Start-uppen, d'ëffentlech-privat Partnerschaften am Beräich Fuerschung, Entwécklung an Innovatioun an international Initiative wéi EUREKA. A Partnerschaft mat Luxinnovation begleet en Innovatiounsclusteren, Kompetenzzentren a strateegesch Projete wéi d'IPCEIen an iwwerhëlt d'Tutelle oder d'Cogestioun vun Acteure wéi Luxprovide, Digital Tech Fund an Terra Matters GIE.

Opgrond vu senger Ambitioun, e wichtegen Acteur am Beräich vun der Kënschtlecher Intelligenz an der digitaler Technik an Europa ze ginn, wäert Lëtzebuerg an noer Zukunft e fir KI optimiséierte Supercomputer mat der Bezeechnung Meluxina-AI kréien an eng domat verbonnen AI Factory (KI-Fabrik) schafen.

Allgemeng Politik am Beräich vum geeschtegen Eegentum

De Wirtschaftsministère ass fir déi allgemeng Politik am Beräich vum geeschtegen Eegentum zoustänneg. Heizou gehéiere Patenter, Marken, Droit-d'auteuren asw. E schafft d'Legislatioun aus, koordinéiert Aktiounen um nationalen an internationalen Niveau a féiert Promotiouns- a Sensibiliséierungsaktivitéiten duerch. E superviséiert och de Lëtzebuerger Institut fir geeschtegt Eegentum (IPIL, Institut de la Propriété Intellectuelle Luxembourg) a schafft mat Organisatioune wéi dem EUIPO, dem Europäesche Patentamt an der Weltorganisatioun fir geeschtegt Eegentum (WIPO/OMPI) zesummen.

Weltraumpolitik a -strategie

De Wirtschaftsministère ass zoustänneg fir d'Weltraumpolitik a -strategie; heizou gehéieren d'Legislatioun, d'Geneemegung vu Weltraumaktivitéiten an d'privat Fuerschung am Beräich vun de Weltraumwëssenschaften an -technologien. E koordinéiert d'Relatioune mat der Europäescher Weltraumorganisatioun, geréiert d'Weltraumreglementatioun a superviséiert Initiative wéi Spaceresources.lu, d'Luxembourg Space Agency an de Space Fund.

Maritim Ugeleeënheeten

Ënner d'Zoustännegkeet vum Wirtschaftsministère falen d'maritim Ugeleeënheeten esouwéi d'Legislatioun iwwer d'maritim Schëfffaart an d'Fräizäitschëfffaart. De Ministère superviséiert och de Kommissariat fir maritim Ugeleeënheeten (Commissariat aux affaires maritimes) an de Maritime Cluster.

Wirtschaftlech Sécherheet

De Wirtschaftsministère ass zoustänneg fir d'wirtschaftlech Sécherheet, d'Iwwerpréiwung vun auslänneschen Investitiounen an d'Sensibiliséierung vun de Lëtzebuerger Entreprisë fir d'Gestioun vun de Risken. E koordinéiert  den Interministerielle Comité fir wirtschaftlech Sécherheet (Comité interministériel sur la sécurité économique).

Promotioun vum Lëtzebuerger Markenimage

D'Cellule fir d'Promotioun vum Markenimage (Cellule de Promotion de l’image de marque), déi vum Wirtschaftsministère aus schafft, huet als Missioun "d'Inspiratioun an d'Koordinatioun vun de Partie-prenanten an d'Promotioun vum Lëtzebuerger Markenimage am Ausland".

Als Vermëttlerin am Interêt vun der Promotioun koordinéiert se de Comité fir d'Promotioun vum Markenimage (Comité de Promotion de l’image de marque), dee sech aus ronn zwanzeg Ministèren an Institutioune wéi Luxinnovation, Luxembourg for Finance (LFF) a Luxembourg for Tourism (LFT), KulturLX, der Handelskummer (Chambre de Commerce), der Stad Lëtzebuerg oder der Maison du Grand-Duc zesummesetzt.

Ënner dem Numm vun der Initiativ "LuXembourg – Let’s make it happen", ënnerstëtzt se gréisser international Promotiounsaktiounen an entwéckelt eng grouss Zuel vu Synergië mat de Partie-prenantë vun der Promotioun vu Lëtzebuerg.