Logistik / supply chain 4.0

D'Logistik an de Liwwerkettemanagement sinn ee vun de Piliere vun der Regierung hirer wirtschaftlecher Diversifizéierungspolitik, fir Wuesstum an Aarbechtsplazen ze schafen.

D'Strategie vum Secteur berout op dräi Pilieren:

  • Et geet éischtens drëm, Lëtzebuerg als innovativ, interkontinental a multimodal europäesch Logistikplattform am Beräich vun der Logistik mat héijer Valeur ajoutée (zum Beispill Pharma-Logistik) ze positionéieren.
  • Zweetens ass am Secteur selwer eng op ënnerschiddlech Produiten ausgeriichte Spezialisatiounspolitik initiéiert ginn, fir verschidde Kategorië vu Produite mat spezifesche Besoinen a puncto Lagerung an/oder Transport ze identifizéieren a wa méiglech Synergië mat deenen aneren ekonomeschen Zilsecteuren ze entwéckelen.
  • Schlussendlech ass et d'Zil, d'Entreprisë bei der grénger Transitioun an der Integratioun vun den neien Technologien ze ënnerstëtzen.

An dësem Kontext bestinn d'Missioune vun der Cellule Supply Chain 4.0 vun der Generaldirektioun "Industrie, Fuerschung an nei Technologien" (Direction Générale "Industrie, recherche et nouvelles technologies") vum Wirtschaftsministère notamment doran, zu engem bessere Lëtzebuerger Geschäftskader fir de Secteur bäizedroen, d'Promotioun vum Secteur sécherzestellen an Entreprisen ze begleeden, déi zu Lëtzebuerg e Projet am Beräich Logistik / Supply Chain realiséiere wëllen.

Zone-d'activité-logistiquen

Lëtzebuerg verfüügt iwwer ronn zwanzeg national a regional Zone-d'activité-économiquen. Verschidde vun dëse Zone-d'activitéen, wéi de Site Eurohub Sud, si vum Wirtschaftsministère spezifesch als Zone-d'activité-logistiquen entwéckelt ginn, fir d'Implantatioun vun neien Aktivitéiten ze erliichteren.

Doniewent encouragéiert de Wirtschaftsministère d'Logistik-Entreprisen, déi a sengen nationalen Zone-d’activité-économiquen implantéiert sinn, aktiv dozou, op den Diech vun hire Lagerhaiser Fotovoltaikanlagen ze installéieren, fir esou d'Energietransitioun ze ënnerstëtzen.

Ënnerstëtzungsmoossnamen

De Ministère ass net nëmmen e privilegéierten Uspriechpartner fir Entreprisen, déi zu Lëtzebuerg e Logistikprojet realiséiere wëllen, mee en huet och eng Rei vu finanziellen Ënnerstëtzungsmoossname fir Entreprisen, notamment an de Beräicher Innovatioun, Digitaliséierung an Dekarboniséierung, initiéiert.

Dir kënnt och  d'Säit "Aides financières" (Finanziell Hëllefen) op logistics.public.lu consultéieren.

Dir fannt sämtlech Bäihëllefe vum Wirtschaftsministère an der Rubrik "Servicer fir Entreprisen an op der Säit Klimapaktfirbetriber.lu.

Single Window for Logistics

Um Internetsite logistics.public.lu fannt Dir iwwer en eenzegen Zougang sämtlech Informatiounen iwwer d'Logistik zu Lëtzebuerg: Atoute vum Land, wéi ee seng Aktivitéit lancéiert, finanziell Hëllefen, Demarchen, Kontakter asw.