Megatendenzen

D'Generaldirektioun "Allgemeng Affären" (Direction Générale "Affaires générales") vum Wirtschaftsministère suivéiert déi global Megatendenzen, déi vu spezialiséierten internationalen Organisatiounen an Entreprisen aus dësem Beräich identifizéiert ginn.

Heifir erfaasst de Ministère déi wichtegst international Publikatiounen, geet se duerch an hëlt u Konferenzen zum Thema deel.

Intern gëtt eng Analys vun den eventuellen Auswierkunge vun de Megatendenzen op d'Lëtzebuerger Ekonomie gemaach.