Aktualiséiert den
10 Joer "LuXembourg – Let's Make It Happen": En Owend am Zeeche vun deene Mënschen, déi den Image vu Lëtzebuerg gestalten a promovéieren
Den 1. Oktober 2026 hunn sech bal 400 Vertrieder vun ëffentlechen Institutiounen, dem diplomatesche Reseau, Promotiounsagencen, Entreprisen, Associatioune, souwéi aus de Secteuren Tourismus, Kultur, Fuerschung an Innovatioun am Encore zu Lëtzebuerg-Hollerech versammelt, fir den zéngte Gebuertsdag vun der Initiativ "LuXembourg – Let's Make It Happen" (LMIH) ze feieren.
Den Owend, organiséiert vun der Cellule Image de marque, déi d'Initiativ am Wirtschaftsministère koordinéiert, huet a Presenz vum Eric Thill, delegéierte Minister fir Tourismus a Kulturminister, a villen Acteure stattfonnt, déi an hire jeeweilege Beräicher dozou bäidroen, déi wirtschaftlech, touristesch, kulturell a mënschlech Stäerkte vu Lëtzebuerg international ze valoriséieren.
Zéng Joer vun enger Geschicht, déi gemeinsam geschriwwe gouf
D'Initiativ LMIH gouf 2016 lancéiert an huet Lëtzebuerg eng gemeinsam Ënnerschrëft, gedeelte Wäerter an e Kader ginn, deen et de verschiddenen Acteure vum Land erméiglecht, d'Geschicht vu Lëtzebuerg zesummen ze erzielen. Mat de Joren ass d'Mark vill méi ginn ewéi e Kommunikatiounsinstrument. Si huet eng Gemeinschaft geschaf, déi sech konstant weiderentwéckelt a mëttlerweil ronn 45 Strukturen a Projeten an der Famill vun der Mark vereent. Dës Gemeinschaft spigelt d'Diversitéit vun de Secteuren an Expertisen erëm, déi d'Bild vu Lëtzebuerg an der Welt matgestalten.
Den Owend huet dës Gemeinschaft an de Mëttelpunkt gestallt an och e Réckbléck op d'Realisatioune vun de leschten zéng Joer erlaabt, grad wéi op d'Perspektive vun der Initiativ, déi am Kader vum Bilan vun der Initiativ am Juni 2026 virgestallt goufen.
Dës nei Feuille de route wäert sech ënner anerem a ville konkrete Projeten nidderloossen: der Ouverture vun engem neie LuXembourg House, der Schafung vun engem LMIH Think Tank an der Aféierung vun engem Tableau de bord fir d'Promotioun vu Lëtzebuerg ze suivéieren.
Och grouss international Rendez-vouse wäerten nei Geleeënheete bidden, fir d'Geschicht vu Lëtzebuerg op eng kohärent a kollektiv Aart a Weis ze erzielen, dorënner déi lëtzebuerger Presidence vum Conseil vun der Europäescher Unioun 2029 an d'Spiller vun de klenge Länner vun Europa 2029.
"LUXEMBOURG" erzielt an zéng Buschtawen an zéng Geschichten
Am Kader vun der Jubiläumscampagne "LUXEMBOURG – 10 Years. 10 Letters." hunn zéng Perséinlechkeeten, respektiv Duoen, hir Geschicht an hir perséinlech Verbindung mat Lëtzebuerg gedeelt.
All Bäitrag war un ee vun de Buschtawen aus dem Wuert LUXEMBOURG gekoppelt, deen eng Charakteristik vum Land symboliséiert:
L – Lëtzebuergesch
Jonny Rodrigues Ramos – Méisproochege Globe-Trotter, Japan-Begeeschterten, Rapper
U – Unique
Sasha Baillie – Grënnungsekipp vun LMIH, Maréchale de la Cour
X – X-tra
Avanti & Atreyam (Leo) Sharma – Technologie-Talenter, Entrepreneuren, Conferencieren
E – Europäesch
Mads Nyegaard Outzen – Responsabele fir Strategie an Innovatioun beim Iwwersetzungsdéngscht vum Europäesche Parlament
M – Multikulturell
Maya Balam Meyong – Dänzerin, Choreographin, Directrice
B – Bildschéin
Jorge Valente – Fotograf, Editeur, Globe-Trotter, Journalist
O – Oppen Innovatioun
Virginia Baillie Strong – Entrepreneurin, Co-Grënnerin vu Partao, Verwaltungsrotsmember vu Pulse
U – IwwerraschUng
Niamh Huggard & Chris Wilson – Actricen am Film A Bubble Full of Life
R – Revelatiounen
Francesco Tristano – Pianist, Komponist
G – Grouss ginn
Olha Kiriakova – Jonk Fuerscherin, Wëssenschaftsmediatrice
Duerch dës Zeienaussoen an Optrëtter huet sech Lëtzebuerg aus ganz ënnerschiddlechen, awer komplementare Perspektive gewisen: seng Sprooch, säin eenzegaartege Charakter, seng Energie, seng europäesch Verankerung, säi Multikulturalismus, seng Schéinheet, säin Innovatiounsgeescht, seng Fäegkeet ze iwwerraschen, seng Talenter a säi Wëlle fir sech weider ze entwéckelen.
Eng Erënnerung drun, datt d'Bild vun engem Land net eleng duerch Konzepter, Campagnen oder Indicateure geformt gëtt, mee virun allem duerch d'Mënschen, déi et verkierperen an zum Liewe bréngen.
Gewënnerin vum "LuXembourg 10-Letter Challenge" bekannt ginn
Den Owend war och d'Geleeënheet, déi grouss Gewënnerin vum "LuXembourg 10-Letter Challenge", deen am Summer 2026 organiséiert gouf, virzestellen. D'Laure Lanners krut e Weekend am Wäert vun 800 Euro iwwerreecht, gespent vu Luxembourg for Tourism.
Dës spilleresch Challenge hat d'Zil, de Participanten d'Stäerkte vu Lëtzebuerg méi no ze bréngen an hinnen Argumenter mat op de Wee ze ginn, fir dës och international bekannt ze maachen. D'Campagne war e grousse Succès: méi wéi 10.000 Scanne goufe registréiert an iwwer 600 Persounen hunn et fäerdeg bruecht, all zéng Buschtawen ze fannen.
Lancement vu "Faces of Luxembourg" – Volume 2
Den Owend gouf och duerch déi offiziell Presentatioun vum zweete Volume vu "Faces of Luxembourg" markéiert, engem emblematesche Projet vun LMIH, dee Perséinlechkeeten an de Mëttelpunkt stellt, deenen hire Parcours an hiert Engagement d'Wäerter, d'Stäerkten an d'Diversitéit vu Lëtzebuerg verkierperen.
Bei där Geleeënheet huet den Eric Thill betount: "Den Image de marque vu Lëtzebuerg gëtt gemeinsam opgebaut. D'Promotioun vu Lëtzebuerg ass net d'Aufgab vun engem eenzege Ministère, enger eenzeger Institutioun oder enger eenzeger Ekipp. Si geet eis all eppes un. Well mir alleguer eng Geschicht ze erzielen hunn. Mir droen all dozou bäi, d'Bild vu Lëtzebuerg ze gestalten. Mir sinn all d''Faces of Luxembourg'."
Communiqué vum Wirtschaftsministère