International Benchmarken

Fir d'Kompetitivitéitslag vu Lëtzebuerg ze evaluéieren, suivéiert den Observatoire fir Kompetitivitéit opmierksam eng grouss Zuel vun internationale Benchmarken, déi verschidden Themen aus dësem Beräich ofdecken; heizou gehéieren d'Attraktivitéit an d'territorial Kompetitivitéit, d'Geschäftsëmfeld, Innovatioun an Digitalisatioun, Kompetenzen an Talenter esouwéi Prosperitéit a Liewensqualitéit.

Zu Lëtzebuerg wéi och an anere Länner gëtt den Debat iwwer d'Kompetitivitéit reegelméisseg relancéiert, wann international Benchmarken a Klassementer vun de Länner verëffentlecht ginn. Och wa se verschidden Defauten a methodologesch Limitten opweisen, déi duerchaus fir Kritik suerge kënnen, erlaben d'Benchmarken awer en nëtzleche Vergläich vun de Performancen, deen et verdéngt, suivéiert ze ginn. Et handelt sech ëm Outilen, déi de politeschen Debat fërderen an et den Autoritéiten erlaben, hir Politicken ze evaluéieren, andeems se se mat de beschte Praktike vergläichen. Wéinst hirer Resonanz an de Medien hunn d'Benchmarken och en duerchaus wichtegen Impakt op de Markenimage vun engem Land a kënnen esou en Afloss op d'Perceptioun vu potenziellen Investisseuren hunn.

D'Benchmarke beroue meeschtens op Gesamtindicen, déi eng grouss Zuel vun Informatiounen an Donnéeën an engem eenzege Score zesummefaassen. Doduerch, dass dës Indicen eng Synthees vu ganz verschiddene Charakteristiken duerstellen, vermëttelen se e kompakt a momentaant, awer och ze vereinfacht an approximatiivt Bild vun enger oft komplexer Thematik.

Benchmarke reflektéieren am Allgemengen eng wirtschaftlech Situatioun, déi vill méi schwéier ze erfaassen ass, wéi een opgrond vun de scheinbar esou einfache Klassementer kéint mengen. Aus deem Grond ass eng detailléiert a gewëssenhaft Analys noutwendeg, fir erauszefannen, wat fir Mesure geholl kënne ginn, fir d'Kompetitivitéit vum Land ze stäerken. De Choix vun de Moossnamen, fir d'Kompetitivitéit ze stäerken, ass deemno ëmmer e Kompromëss, deen notamment déi wirtschaftlech, sozial an ekologesch Zwäng vum Land berücksichtege muss.

Den Observatoire fir Kompetitivitéit erfëllt haaptsächlech dräi Aufgaben am Beräich vun den internationale Benchmarken:

  • Den Observatoire fir Kompetitivitéit hält en Inventaire à jour mat de relevante Benchmarke fir déi verschidde Beräicher an Determinante vun der Kompetitivitéit.
  • Den Observatoire fir Kompetitivitéit evaluéiert d'Performancë vu Lëtzebuerg an ausgewielte Benchmarken, fir d'Stäerkten an d'Schwächte vum Land an d'Defien, mat deenen et an dësem Beräich konfrontéiert ass, ze identifizéieren. Den Observatoire fir Kompetitivitéit faasst engersäits d'Resultater zesummen, déi d'Editeure vun de respektive Benchmarke verëffentlechen, anerersäits mécht den Observatoire fir Kompetitivitéit awer och seng eege spezifesch Analysen.
  • Den Observatoire fir Kompetitivitéit suergt fir eng cibléiert Diffusioun vun den Informatiounen innerhalb vun der Regierungsverwaltung.