Aktualiséiert den
Erneierbar Energien
Nieft der Energieeffizienz ass den Ausbau vun den erneierbaren Energien essenziell, fir d'Zil vun der CO2-Neutralitéit bis 2050 ze erreechen. Lëtzebuerg muss effektiv eng honnertprozenteg Deckung vum Endenergieverbrauch aus erneierbaren Energiequellen ustriewen.
D'Energieversuergung muss am Kontext vun der Dekarboniséierung an der Digitaliséierung nohalteg, sécher a konkurrenzfäeg sinn. Den Iwwergang vun engem zentraliséierten zu engem méi dezentraliséierte Produktiounssystem wäert ee Schlësselelement vun der Energietransitioun sinn. De Verbraucher gëtt bei der Ëmsetzung vun der flexibeler Energienofro mat agebonnen, fir d'Integratioun vun den erneierbaren Energien ze erliichteren.
Am Energiesystem wäert et zu enger staarker Elektrifizéierung kommen, déi eng maximal Valoriséierung vu Stroum aus erneierbaren Energiequellen erméigleche wäert. Déi verschidde Secteure gi matenee verbonnen, fir d'Aspeise vun engem wuessenden Undeel un erneierbarem Stroum an d'Netz esouwéi seng optimal Valoriséierung ze erméiglechen. D'Gläichgewiicht an d'Sécherheet vum erneierbaren Energiesystem ginn duerch d'Secteurskoppelung an, bis 2050, duerch H2-Technologië wéi zum Beispill Power-to-X garantéiert.
Hei e puer Prioritéite fir d'Erreeche vun den Ziler vum Nationalen Energie- a Klimaplang (PNEC):
- Solaroffensiv duerch:
- Ausschreiwunge fir grouss Fotovoltaikanlagen;
- ugepassten Hëllefsregimmen;
- Eegeverbrauch a gemeinschaftlech Notzung vu Stroum aus erneierbaren Energiequellen.
- Ausbau vun der Wandenergie duerch eng konstant Weiderentwécklung vu Wandenergieanlagen;
- Entwécklung an Ëmsetzung vun engem Solar- a Wärmekadaster;
- Notzung vun Holz am Aklang mat Nohaltegkeetskrittären an der Verfügbarkeet an der Groussregioun; Prioritéit fir d'Notzung vun Holzoffäll nom Prinzip vun der Kaskadennotzung an am Sënn vun der Kreeslafwirtschaft;
- Am Beräich Biogas läit de Schwéierpunkt op der verstäerkter Notzung vu Piff an Offall, wouduerch déi positiv Auswierkunge vu Biogasanlagen op Buedem, Loft a Waasser gefërdert ginn;
- Geziilten Ausbau am Beräich vun der Wärmeproduktioun aus erneierbaren Energien: Wärmepompele ginn zum Standard an neien a renovéierte Gebaier. D'Geothermie vu mëttlerer Déift gëtt nach méi erfuerscht (besonnesch am Süde vum Land) a Fernwärmenetzer ginn do gefërdert, wou hir Rentabilitéit garantéiert ass. Dës Netzer ginn entweder mat erneierbarer Wäermt oder mat Ofwäermt bedriwwen;
- Am Beräich vun der Mobilitéit ass d'Fërderung vun der Elektromobilitéit mat erneierbarem Stroum déi wichtegst Sail, an zwar nieft dem Biosprit vun der zweeter Generatioun, deen nach eng Zäit gebraucht wäert ginn. Erneierbare Waasserstoff (Franséisch, Pdf, 7.40 Mb) wäert virun allem am Schwéiertransport eng Roll spillen.
Et däerf een allerdéngs net vergiessen, dass dat nationaalt Potenzial opgrond vun der Gréisst vum Lëtzebuerger Territoire limitéiert ass. Verbindungsleitunge mat den Nopeschlänner esouwéi d'Zesummenaarbecht op europäeschem Niveau spillen eng Schlësselroll bei der Produktioun vun erneierbarem Stroum.
Fir bi- oder multilateral Initiative bidden sech bestoend Strukturen un: de Benelux an déi uschléissend Lëtzebuerger Affiliatioun bei der "North Seas Energy Cooperation" (NSEC) esouwéi de Pentalateralen Energieforum (Forum Pentalatéral de l'Énergie - Däitschland, Frankräich, Benelux, Éisträich, Schwäiz). De Benelux/d'NSEC bidden Lëtzebuerg souzesoen en Zougang zum Mier an zu Offshore-Wandenergieanlagen. D'Europäesch Kommissioun schätzt, datt d'Offshore-Wandenergie an der Nordséi 2030 bis zu 12% vum Stroumverbrauch an der EU decke kann.
Zousätzlech zu dëse bilateralen a multilateralen Initiativen huet Lëtzebuerg wëlles, den Europäesche Finanzéierungsmechanismus voll auszeschöpfen, déi et europäeschen Länner erméiglecht, sech zesummenzeschléissen, fir konkret Projeten zur Produktioun vun erneierbaren Energien ze entwéckelen an ze finanzéieren, déi fir de Lëtzebuerger Steierzueler kloer erkennbar sinn.