Patenter

E Patent ass e Rechtstitel, deen dem Erfinder an/oder dem Déposant d'Recht gëtt, aner Persounen dorun ze hënneren, d'Erfindung, déi am Patent beusprocht gëtt, ze exploitéieren. Als Ausgläich fir d'Verbreedung vun der betreffender Erfindung accordéiert de Staat dem Erfinder en Exploitatiounsmonopol fir eng maximal Dauer vun 20 Joer.

Fir e Patent ze kréien, muss d'Erfindung zum Beräich vun de patentéierbaren Erfindunge gehéieren a bestëmmte Krittären a Bezuch op d'Patentéierbarkeet erfëllen:

  • d'Erfindung muss nei sinn;
  • d'Erfindung muss eng erfinderesch Tätegkeet viraussetzen;
  • d'Erfindung muss eng industriell Uwendung erméiglechen.

E Patent kann een net kréie fir:

  • Entdeckungen, wëssenschaftlech Theorien a mathematesch Methoden;
  • ästheetesch Kreatiounen;
  • Pläng, Prinzippien a Methoden am Kader vun der Ausübung vu geeschtegen Tätegkeeten, am Zesummenhang mat Spiller oder am Beräich vu wirtschaftlechen Aktivitéiten, esouwéi fir Computerprogrammen;
  • Presentatioune vun Informatiounen;
  • Medezinesch Behandlungsmethode fir Mënschen oder Déieren (am Géigesaz zu de medezinesche Produiten);
  • Planzenzorten oder Déiererassen esouwéi am Weesentleche biologesch Procedéë fir d'Ziichtung vu Planzen oder Déieren, mat Ausnam vu mikrobiologesche Procedéen a Produiten, déi duerch dës Procedéë gewonn ginn.

Wéi kritt een de Schutz?

Eng Demande fir e Lëtzebuerger Patent ka beim Office fir d'geeschtegt Eegentum vum Wirtschaftsministère agereecht ginn.

En Erfinder, deen eng Demande fir e Patent zu Lëtzebuerg agereecht huet, kann se och an anere Länner areechen, andeem e vum Prioritéitsrecht Gebrauch mécht, dat e wärend 12 Méint ab dem Datum vum Umelle vum nationale Patent huet.

En europäescht Patent, dat bis zu 40 Länner vum europäesche Kontinent ofdecke kann, jee nodeem, fir wat den Déposant sech entscheet huet, ka beim Europäesche Patentamt (Office européen des brevets) ugemellt ginn. Wann en europäescht Patent ausgestallt gëtt, huet dëst an de Staaten, déi ugi sinn, dee selwechte juristesche Wäert ewéi en nationaalt Patent.

D'europäescht Patent mat eenheetlecher Wierkung (brevet européen à effet unitaire), dat op dem europäesche Patent baséiert, garantéiert am Moment en eenheetleche Schutz an 18 EU-Memberstaaten.

Den Traité iwwer d'Zesummenaarbecht am Beräich vun de Patenter (PCT, traité de coopération en matière de brevets) ass e globalen Accord mam Zil, et an enger grousser Zuel vu Staaten (méi wéi 150) méi einfach ze maachen, e Patent ze kréien. Iwwert eng eenzeg international Demande kann den Déposant e Patent a sämtleche Länner ufroen, déi den Traité ënnerschriwwen hunn.

Den Erfinder kann op Institutiounen zeréckgräifen, déi a verschiddene Beräicher spezialiséiert sinn:

  • den Office fir d'geeschtegt Eegentum liwwert Basisinformatiounen iwwer de Patentsystem a féiert e Regëster vun de Beroder fir Propriété industrielle, déi autoriséiert sinn, zu Lëtzebuerg als agreéiert Mandatairen am Patentberäich ze agéieren;
  • am Kader vu sengen anere Missioune mécht de Lëtzebuerger Institut fir geeschtegt Eegentum (IPIL) am Virfeld vun enger Demande Recherche-documentairen a beobacht permanent déi technologesch Entwécklung bei Patenter, déi technesch gesinn no un der Erfindung sinn, sou dass den Erfinder d'Orientatioun vu senger Strategie en toute connaissance de cause ka festleeën.

Praktesch Informatiounen

Den Déposant kann de Lëtzebuerger Volet vum Portal vun der Benelux Patent Platform consultéieren; hei fënnt en detailléiert Informatiounen iwwer d'Formalitéiten, fir e Patent ze kréien, dat de Lëtzebuerger Territoire ofdeckt.

Patent-Datebank

D'Titulairë vu Patenter mussen d'Informatiounen iwwer hir Erfindungen ëffentlech bekanntmaachen; dës Verëffentlechungen, déi de Bestand un techneschem Wësse beräicheren, sinn einfach a gratis an der "Patent-Literatur" zougänglech:

  • mat der espacenet-Datebankkann een Informatiounen aus Patentdemandë sichen, déi a méi wéi 100 Länner a Regioune verëffentlecht goufen;
  • iwwer den ëffentleche Regëster vun der Benelux Patent Platform kann een d'bibliografesch Donnéeë vun de Lëtzebuerger Patenter consultéieren an, fir Depôten, déi nom 1. Januar 2017 gemaach goufen, kann een iwwer dëse Regëster de kompletten Dossier vun de Patentdemanden consultéieren, déi beim Lëtzebuerger Office fir d'geeschtegt Eegentum deposéiert gi sinn.