Aktualiséiert den
Musteren a Modeller
Bei Musteren handelt et sech ëm zweedimensional Duerstellungen. Bei Modeller handelt et sech ëm Objeten oder Duerstellungen an dräi Dimensiounen. E gewerblecht Muster respektiv e gewerbleche Modell ka fir d'Ausgesi vum ganze Produit oder vun nëmmen engem Deel vum Produit gëllen. respektiv de Modell kann an zweedimensionalen Elementer wéi Motiver, Linnen oder Faarwe vum Produit bestoen oder an dräidimensionalen Elementer wéi d'Form oder d'Iwwerflächestruktur vum Produit.
Wat kann een als Muster oder Modell deposéieren?
Als gewerblecht Muster respektiv als gewerbleche Modell kann een am Weesentleche sämtlech Charakteristiken deposéieren, déi just mam visuellen Erscheinungsbild vum Produit zesummenhänken an net duerch säi Fonctionnement bestëmmt ginn oder doduerch, dass e sech an en anere Bestanddeel vum engem méi komplexe Produit afüügt oder sech dorun upasst. Déi maximal Dauer vum Schutz duerch e Muster oder Modell ass an de Länner vun der Europäescher Unioun 25 Joer.
Vum Schutz ausgeschloss sinn:
- reng dekorativ Objeten, déi kee Gebrauchswäert hunn;
- Iddien, well se net materialiséiert sinn.
Den Déposant gëllt als Titulaire vum Recht un engem Modell oder Muster, woubäi en et net kommerzialiséiere muss.
Firwat soll een e Muster oder Modell androe loossen?
D'Androe vun engem Muster oder Modell kann e gëeegent Schutzmëttel sinn, wann dat visuellt Erscheinungsbild vun engem Produit e Verkafsargument oder e weesentleche Bestanddeel vum Image vum Produit ass. Aus Marketinggrënn kann et wichteg sinn, en eenzegaartegt visuellt Erscheinungsbild vun engem Produit, duerch dat een e vun de Konkurrenzproduiten ënnerscheede kann, ze schützen.
A bestëmmte Fäll kann de Schutz duerch den Droit d'auteur och duergoen. Et muss een allerdéngs wëssen, dass dëse Schutz Drëtter net drun hënnert, bestëmmten Deeler vun engem gewerbleche Muster ze kopéieren. Wann d'Muster agedroe gëtt, ass et besser geschützt. Duerch d'Androe kritt een en exklusiivt Recht, iergend e Produit, wou dat gewerblecht Muster oder de gewerbleche Modell present oder incorporéiert ass, ze realiséieren, ze importéieren, ze exportéieren, ze notzen oder ze stockéieren oder engem Drëtten ze erlaben, se mat engem Accord ze notzen.
Wann een e gewerblecht Muster oder e gewerbleche Modell deposéiert, gëtt dëst engem d'Recht, geriichtlech géint Persoune virzegoen, déi géint dës Exklusivitéitsrechter verstoussen, an esou Schuedenersatz fir den entstanene Schued ze verlaangen, wat potenziell Rechtsverletzer méiglecherweis ofschreckt.
Wéi kritt een de Schutz?
Et gëtt zwou Aarte vun Depôt:
- en einfachen Depôt vu just engem Muster oder Modell,
- e Sammeldepôt, wann et sech ëm méi Musteren oder Modeller handelt, déi solle bei Objeten ugewant ginn, déi zu der selwechter Klass an der internationaler Klassifikatioun vu gewerbleche Musteren a Modeller gehéieren.
Duerch en Depôt beim Benelux-Office fir d'geeschtegt Eegentum (Office Benelux de la propriété intellectuelle) kann ee fir de Benelux en exklusiivt Recht op engem Muster oder Modell kréien.
Wann een iwwer de Benelux eraus wëll goen, kann een en eenheetleche Schutz an de Länner vun der Europäescher Unioun kréien, andeem een eng Demande fir en agedroent EU-Muster oder en agedroenen EU-Modell areecht.
Et gëtt och e Schutz opgrond vun engem Recht un engem Muster oder Modell, dat respektiv deen net agedroen ass; dëse Schutz, deen ee kritt, soubal d'Muster oder de Modell an der Europäescher Unioun verbreet gëtt, ass op dräi Joer begrenzt a schützt virum Kopéiere vum Muster oder Modell.
Wann de Marché vun engem Déposant sech ausserhalb vun der Europäescher Unioun befënnt, gëtt et eng Prozedur fir eng Demande, fir en internationaalt gewerblecht Muster anzedroen (Haager System).